Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#21: Sex am Film 11.02.2019 22:03
A bal all Mainstream-Film kënnt eng Sexzeen vir. Mee wat kritt een do iwwerhaapt ze gesinn? A ginn et Saachen, déi nie gewise ginn? D’Anne an d’Tessie deelen hier Andréck. Duerno kläert d’Kelly mat Mythe ronderëm de Penis op.
#20: Sex-Dreem 01.02.2019 35:20
Wat huet et mat eroteschen Dreem op sech? Wat bedeiten se? Wat schwätzt dofir a wat dogéint aneren dovun ze erzielen? Doriwwer huet d'Tessie mat eisem Gaascht, dem Isabel geschwat. Dëst Kéier gëtt et souguer zwou Rubriken an enger: "Eng Gudd Froo" an "HowTo" Pegging!
#19: Schweessen 26.01.2019 25:03
Wéivill schweessen ass normal? Wéi kann een domat ëmgoe, wann een d'Gefill huet zevill ze schweessen? D'Anne an d'Tessie hu sech doriwwer hier Gedanke gemaach. Am Kelly senger Rubrik dréit sech alles em de Sextoys.
#18: Frëndschaft oder Bezéiung? 18.01.2019 28:44
Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Frëndschaft an enger romantescher Bezéiung? Gemeinsam Aktivitéiten, Gefiller, Dauer, Intimitéit!? D'Kelly an Tessie schwätzen driwwer. An der Rubrik geet et ëm Oralsex an doriwwer, wann ee sech weder als Jong nach als Meedchen définéiert.
#17: Sex-Fantasien 13.01.2019 26:14
Wéieng sexuell Fantasie ginn et - a firwat? Wat hu Fantasien mat der Realitéit ze dinn? Wéi schwätzen ech mat Sexualpartneren iwwert déi Fantasien? Ass et normal beim Sex un aner Leit ze denken?
#016: Menstruatioun II 04.01.2019 28:27
Binden, Tampon'en, Menstruationsënnerwäsch an -tasen... Wann et drëm geet, d'Reegelblutt ofzefënke stinn engem eng ganz Rei Produkter zur Verfügung. Mir hun der e puer getest a schwätzen driwwer. Duerno erwaard ich eng praktesch Uleedung zu Analsex.
#15: Ech wëll dech këssen 28.12.2018 25:57
Ëmmer wann et drëms geet, eng aner Persoun fir d'éischt ze këssen, stellen sech déi selwecht Froen: Wourun erkennen ech, ob déi aner Persoun dat och wëll? Wéi ginn ech hier ze verstoen, dass ech si kësse wëll? Wéi soll de Kuss selwer idealerweis sinn? Nodeems d'Anne an d'Tessie iwwer hier Erfahrunge geschwat hunn, erkläert d'Kelly an der Rubrik, wat Sex-Shaming ass.
#14: Net-Monogamie 21.12.2018 32:32
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Net-Monogamie an Polyamorie? Wei kënnen net-monogam Bezéiungen ausgesinn? D'Kelly schwätz mam Lucie driwwer, wéi se dozou komm sinn, net-monogam ze liewen an wat dat alles sou mat sech bréngt. An der Rubrik schwätzt d'Tessie- passend zur Saison - iwwert Chrëschtdagsiessen!
#13: Raséieren 14.12.2018 23:33
Vun alle Methode fir sech Kierperhoe wechzemaachen ass raséiere wahrscheinlech déi heefegst. Mee firwat eigentlech? A wat huet dat Thema an engem Sexpodcast verluer?
#12: Selbstbefriddegung 10.12.2018 24:29
Wee masturbéiert a firwat a wéi? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou hier Gedanke gemaach. D’Kelly huet sech iwwerdeems fir d’Rubrik “Eng gutt Fro” mat der Klitoris befaasst.
#11: Wat bass de sou schéin! 05.12.2018 29:10
Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.
#10: Hey Bebe, gäilen Aarsch! 23.11.2018 30:17
Vun engem Friemen op der Strooss oder am ëffentlechen Transport ugepakt oder op opdrägelech Aart a Weis ugeschwat ze ginn, hannendrugeruff oder –gepaff ze kréien – eng Erfahrung, déi vill Leit ëmmer nees an hierem Alldag maachen. D’Anne an d’Tessie schwätzen doriwwer wéi si an hiert Emfeld domat ëmgin. Passend dozou erkläert d’Kelly duerno an der Rubrik wéi ee ka Sex hunn, deen op Einvernehmlechke...
#9: Vulva, Titten, Penis, Fotz 16.11.2018 26:51
Firwat soe mir am Podcast eigentlech Penis an net Schwanz? A wat mengen d’Leit genee domat, wa se Muschi soen? Vagina ? Kitzler? Dat Ganzt? Wann et ëm Begrëffer geet, gëtt et séier komplizéiert – d’Kelly an d’Tessie hu probéiert e bëssen Uerdnung an de Chaos ze bréngen. Am Uschloss geet et ënnert anerem ëm Asexualitéit an Aromantik.
#8: Flirten 12.11.2018 21:00
Wat ass den Ënnerscheed tëscht flirten a frëndlech sinn? An ab wéini ass d’Grenz zu sexueller Belästegung iwwerschratt? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou e puer Gedanke gemaach. Duerno an der Rubrik hëlt d’Kelly de Sex a Porno’en ënnert d’Lupp.
#7: Gudde Sex 02.11.2018 30:43
Wéieng Virstellungen ginn dovunner vermëttelt, wat gudden oder schlechte Sex ass? A wéivill ass un deene Saachen drun? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.
#6: Lo gëtt et hoereg! 29.10.2018 23:14
D’Fro, ob een Hoer wechmécht oder net, stellt sech net fir all Kierperdeel an all Mënsch dselwecht. An dëser Episode hu sech d’Tessie an d’Anne méi genau domadder befaasst. An der Rubrik erkläert d’Kelly wat den Ënnerscheed tëscht trans a cis ass.
#5: Wat ass eng gutt Bezéiung? 19.10.2018 22:21
Wat mécht eigentlech eng gutt Bezéiung aus? Doriwwer hu sech d’Kelly an d’Tessie ënnerhalen. Am zweeten Deel vun der Folleg geet et ëm de Film „A Star is born“, deen de Moment am Kino leeft.
#4: Orgasmus 12.10.2018 20:38
An dëser Folleg erwaard iech en Dialog iwwer Orgasmus (en Thema iwwer dat et nach souvill méi ze soe gëtt!) an en „How To“ vum Kelly doriwwer, wéi ee während dem Sex matenee schwätze kann. Fir méi Infoen zum Thema multipel Orgasmen bei Persoune mat engem Penis, kuckt iech dëse Video vun der Youtuberin a Sexualpädagogin Laci Green un. Och zum Thema Orgasmus bei Persoune mat enger Vagina huet d̵...
#3: Erreegung 07.10.2018 23:46
D’Kelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erreegung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt d’Tessie mat zwee Viruerteeler ronderëm d’Kavanaugh-Affär op.
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.