radio 100,7

Invité:e vum Dag

News LB ↓ 50 episodes

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Hubert Wurth, fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau 04.06.2026

Wéi eng Perspektive gesäit hie fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen? A wéi eng Roll kann d'Diplomatie dobäi spillen?

Georges Engel, Co-Parteipresident vun der LSAP 03.06.2026

D'Gewerkschafte fuerderen, datt si an Zukunft iwwer d'Sozialpolitik vum Land kënne matdecidéieren. Wat halen d'Sozialiste vun där Propos?

Journalisteronn virun der Tripartite 02.06.2026

Wat ass sech ze erwaarde vun de Verhandlungen tëschent Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi haut uginn? Mir froen d'Nadine Schartz vum Wort an de Pol Reuter vu Reporter.lu.

Alex Schumann, President vum Industrielleverband FEDIL 01.06.2026

Wéi staark ass d'Lëtzebuerger Industrie elo scho vun den héijen Energiepräisser betraff? Déi Fro stelle mir dem FEDIL-President éier muer d'Tripartite-Verhandlungen ufänken.

Pascal Husting, Aktivist bei der ONG Steelwatch 29.05.2026

D'Stolindustrie ass fir 10 Prozent vun de weltwäiten CO2-Emissioune verantwortlech. Steelwatch wëllt de Wandel zu enger decarboniséierter Stolproduktioun virundreiwen.

Raymond Manes, Direkter vun der Miami University Lëtzebuerg 28.05.2026

Zënter bal 25 Joer ass de Lëtzebuerger an der Direktioun - fir d'éischt als 2. Mann, zënter 2020 als Haaptchef - vum Miami University Dolibois European Center in Luxembourg (MUDEC)

Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police 27.05.2026

Gi Polizisten ëmmer méi dacks selwer Affer vu Gewalt? Dat ass eng vun de Froen, déi mer dem Police-Direkter stellen.

Carlos Teixeira, President vum FC Atert Bissen 26.05.2026

Bissen ass dëse Weekend gelong, wat virun der Saison kee geduecht hätt: Den Opsteiger huet gepackt Champion ze ginn! Mir froen de President vum Club wat säin Erfollegsrezept ass.

Yuriko Backes (DP), Ministesch fir Verteidegung 22.05.2026

Bis 2029 soll de Lëtzebuerger Defense-Budget all Joer ëm 0,1 % op dann 2,3 % vum RNB wuessen: déi präzis Trajectoire huet d'Ministesch virgëscht an der Chamber presentéiert.

Guy Entringer, Direkter vum ëffentleche Promoteur SNHBM 21.05.2026

Fir d'SNHBM war 2025 ee Rekordjoer - eng gutt Nouvelle fir Mënschen déi op een abordabele Logement hoffen. Mee wéi sinn d'Perspektiven?

Sam Tanson, wat waren d'Stäerkten an d'Schwächten an der Ried vum Premier? 20.05.2026

Mat der Cheffin vun de gréngen Deputéierten an der Chamber gi mir op d'Ried zu Lag vum Land an. Wat hätt si anescht gemaach?

Marc Lauer, zukünftege President vum Patronatsverband UEL 19.05.2026

Wat fir Annoncen erwaarden déi Lëtzebuerger Entreprise sech vum Premier Luc Frieden senger Ried zur Lag vun der Natioun?

Energiepräisser: Firwat ass Encevo sou optimistesch? 18.05.2026

De Mammekonzern vun Enovos a Creos geet net dovun aus, datt Stroum a Gas deemnächst vill méi deier wäerte ginn. Wou déi Conclusioun hierkënnt froe mir säin CEO, Claude Seywert.

De leschte Rekord fir den Nuetsmarathon? 15.05.2026

Mir schwätze mam Coordinateur Erich François iwwer de Rekord vun 18000 Leeferinnen a Leefer, déi e Samschdeg un de Start ginn, an iwwer d'Defie ronderëm de Risen-Event.

Thomas Dentzer 13.05.2026

De neien Direkter vum Laboratoire national de santé verréit, mat wéi enger Strategie hien den LNS an déi no Zukunft féiere wëll.

No negativem Audit iwwert den ONA: wat soll änneren? 12.05.2026

Vill Personalwiesselen, komplizéiert administrativ Prozesser, en Direkter dee quasi net präsent ass a schlecht Zoustänn an de Strukturen – den ONA huet am Audit vun der IGF, der Generalinspektioun vun de Finanzen, ganz schlecht ofgeschnidden. Dobäi goufe verschidde Problemer scho jorelaang kritiséiert. Firwat ass näischt dogéint ënnerholl ginn a wéi soll den Office national de l’accueil elo reform...

Tom Haas 11.05.2026

Wéi sinn déi wirtschaftlech Perspektive fir d'Land a wéi eng Roll spillt de Statec eigentlech bei der Tripartite? Doriwwer schwätze mir mam Direkter vum Lëtzebuerger Statistikamt.

Jean-Michel Campanella 08.05.2026

De Logementsminister Claude Meisch huet dës Woch d'Schafung vun enger nationaler Loyerskommissioun ugekënnegt. Domat gëtt eng laangjäreg Fuerderung vum Mieterschutz erfëllt. Wéi kann déi hëllefen, d'Situatioun um Locatiounsmaart ze berouegen? Dat froe mir de President vun der Asbl.

Martine Deprez 07.05.2026

Wéi eng Mesurë sinn néideg fir ze verhënneren, datt geschwë keng Sue méi an der Gesondheetskeess sinn? Mir froen d'Gesondheetsministesch, déi gëschter eng wichteg Reunioun dozou hat.

Michel Wolter 06.05.2026

Den CSV-Deputéierte reagéiert op déi schlecht Sondage-Wäerter vu senger Partei an erkläert, firwat hie säi Buergermeeschterposten zu Käerjeng viru Kuerzem opginn huet.

Anne Kaiffer 05.05.2026

D'Stater DP-Conseillère seet si géif "net méi un de Garer Quartier gleewen". Mir froe si, wéi vill Schold hir eege Partei dorunner huet.

Marc Spautz 04.05.2026

Den Aarbechtsminister reagéiert op d'Kritik, déi d'Gewerkschaften den 1. Mee un him geäussert hunn, a bléckt no vir op d'Tripartite, déi d'nächst Woch ugeet.

Sidney Wiltgen 30.04.2026

D'ALJP, d'Associatioun vun de professionelle Journalisten, feiert de Weekend hir 100 Joer. Wéi steet et haut ëm de Beruff? Froen un hire President

Claude Meisch 29.04.2026

Geet op der Tripartite och iwwer de Logement rieds? A wat geschitt elo wierklech fir d'Loyeren zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien? Mir froen den DP-Logementsminister.

Chris Roller 28.04.2026

Eigentlech sinn d'CNS an d'Dokteschassociatioun AMMD sech eens iwwer eng nei Konventioun. Mee d'Doktere wëlle méi a signéieren den Text net. Firwat, froe mir hire President.

Listen to the Invité:e vum Dag podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.