radio 100,7

Invité:e vum Dag

News LB ↓ Odcinki: 50

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: www.100komma7.lu

Autor

radio 100,7

Kategoria

News

Strona podcastu

www.100komma7.lu

Ostatni odcinek

10 lip 2026

Gdzie słuchać?

Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótce

Podcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów

Pobierz z Google Play Zainstaluj za darmo Android 5 mln+ pobrań · ocena 4,8 iOS niedługo

Odcinki

Dr. Bernard Thill, Éierepresident vu Médecins du Monde Lëtzebuerg 10.07.2026

Aarmut mécht krank, seet d'ONG, a widderhëlt hir Fuerderung no enger Couverture universelle des soins de santé (CUSS) fir Leit ouni CNS-Versécherung.

Gusty Graas, DP-Deputéierten 09.07.2026

Nom NATO-Sommet zu Ankara: Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.

Barbara Agostino, DP-Deputéiert 08.07.2026

Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert.

Elisabeth Margue, Justiz- an delegéiert Medieministesch 07.07.2026

De Gesetzesprojet iwwer d'Comparution accélérée gouf op den Instanzewee geschéckt. Et ass e weidere Schrëtt am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit. Haut ass an der Chamber iwwerdeems de Vott iwwer de Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten. De Presserot hat den Text zwar generell begréisst, eenzel Punkten awer kritiséiert.

Diane Dhur, Presidentin vun Omega 90 06.07.2026

D'Associatioun, déi Leit um Enn vun hirem Liewen esouwéi Famille begleet, wëllt d'Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen ausbauen. Omega 90 wëllt dofir en Zentrum fir pediatresch Palliativfleeg zu Hamm schafen.

Lex Faber, President vun AULa 03.07.2026

Wéi sollen eis Stied an Dierfer méi resilient gi géint Hëtztwellen? Doriwwer schwätze mir mam President vun der ASBL vun de Lëtzebuerger Amenageuren an Urbanisten. Hie reagéiert och op Iddie vun eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen, wéi den urbane Raum kéint méi gréng ginn.

Bettina Steinbrügge, MUDAM-Directrice 02.07.2026

De MUDAM feiert 20 Joer. Spiert seng Directrice haut nach Nowéie vu senger turbulenter Entsteeungsgeschicht a wéi soll de Musée sech zukünfteg entwéckelen?

Michelle Friederici, Presidentin vum OAI 01.07.2026

Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. D'Architekte mussen déi haiteg klimatologesch Realitéit scho bei der Konzeptioun vun neie Constructioune bedenken.

Paul Galles, Stater CSV-Schäffen 30.06.2026

Wéi eng Léieren zitt de Stater CSV-Schoulschäffen aus der Organisatioun an de Schoulen a Foyere wärend der Hëtztwell? War et richteg, fir kee generelle schoulfräi ze ginn?

Martine Hansen, Ministerin fir ë. a. Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau 29.06.2026

Wéi soll d'Lëtzebuerger Landwirtschaft zukünfteg ausgesinn? Dat froe mir déi zoustänneg Ministesch. E Gespréich iwwer Hëtztwell, EU-Düngemëttel-Plang a Mëllechbaueren

Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg 26.06.2026

Zanter genee 65 Joer këmmert de Fonds Kirchberg sech ëm d'Entwécklung vun deem groussen Deel vun der Stad, deen ursprünglech just e Feld war. Wat sinn d'Ziler fir de Quartier haut?

Andrew Ferrone, Direkter fir europäesch an intl. Affären am Ëmweltministère 25.06.2026

Mir schwätze mam Klimatolog iwwer déi aktuell Wiederlag, ëmmer méi heefeg Hëtztwellen a wat Lëtzebuerg nach muss maachen, fir seng Klimaziler ze erreechen.

Beryl Koltz, Responsabel fir den Nation Branding 24.06.2026

Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.

Asylpak: wat hätt Lëtzebuerg missten anescht maachen, Noémie Sadler? 22.06.2026

An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.

Dr. Marc Berna, Direkter vum HRS 19.06.2026

D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or. De Projet kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Regierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat d’Zukunft vun de Spideeler? A wéi grouss gëtt d’Konkurrenz tëschent Klinicken a privaten Initiativen? Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert...

Estelle Beck, Presidentin vun der ALBAD 18.06.2026

D'Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes begréisst dat neit Bibliothéiksgesetz, dat d'Chamber gëschter gestëmmt huet - mat just e puer klengen Aschränkungen.

Alexa Ballmann, Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun 17.06.2026

D'FDA fuerdert, datt d'Reform vum Statut vum Independant - déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt gouf - elo endlech ugepaakt gëtt.

Tom Baumert, CEO vun der Luxembourg Confederation 16.06.2026

E Freideg trëtt dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce a Kraaft. Wat ännert?

David Lentz. Procureur d'État 15.06.2026

No der Affaire Lyhanna a Frankräich: wéi geet d'Lëtzebuerger Justiz a Fäll vun Abus sexuel mat de presuméierten Täter ëm?

Joëlle Welfring, Deputéiert vun déi gréng 12.06.2026

Theeme sinn déi Klima-onfrëndlech Mesuren am Resilienzpak, Ännerungen um Naturschutzgesetz a Warnunge ronderëm déi schlecht Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer.

Gilles Roth, CSV-Finanzminister 11.06.2026

Wéi grouss ass den Impakt vum Resilienzpak op d'Staatsfinanzen an op zukünfteg Projete wéi z. B. d'Steierreform?

Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister 10.06.2026

De Sozialdialog schéngt nees ze funktionéieren. Mee wéi stabil ass deen neie Fridden tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung? A wéi koum en op eemol esou séier zustanen?

Meris Sehovic, Deputéierte vun déi gréng 09.06.2026

Huet de "séieren Tram" säin Numm nach verdéngt? Ass den Arrêt Wickreng noutwenneg? An ass den Tram op der Metzeschmelz, wann déi éischt Leit do eraplënneren?

Carole Hartmann, DP-Parteipresidentin 08.06.2026

Nom DP-Kongress ass d'Parteipresidentin bei eis am Studio, fir iwwer d'Tripartite, d'Zesummenaarbecht mat der CSV an d'Zukunft vun der Partei ze schwätzen.

Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique 05.06.2026

Ginn op der Tripartite ënner dem Deckmantel vun der Inflatiounsbekämpfung Decisioune geholl, déi net gutt fir Ëmwelt a Klima sinn?

Słuchaj podcastu Invité:e vum Dag w Replaio

Radio i podcasty w jednej aplikacji - za darmo, bez zakładania konta. Zainstaluj już dziś i nie przegap premiery

Pobierz z Google Play

Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS