Gëlle Fro

Gëlle Fro

News LB ↓ 102 episodes

Lëtzebuerg huet an der Kulturszen, wei och am Sozialen, Sport a Business vill ze bidden – dat fannen den Tom an de Philippe och. Wisou also net mat deenen Leit schwätzen fir se besser kennenzeléieren? All zweet Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Café Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro. D’Folgen ginn all Samschden op Youtube Spotify an Apple Podcasts gesat.

Author

Gëlle Fro

Category

News

Podcast website

podcasters.spotify.com

Latest episode

Dec 13, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

YAYA IWWER MOBBING, AUTHENTESCH SINN AN DEN XAVIER BETTEL - GËLLE FRO EP. 27 16.06.2021

Wat gëtt et Besseres fir zwee Podcasthosts, wéi e Podcast mat engem Podcasthost? Dofir hunn den Tom an de Philippe mam Yaya Schuhmacher des Woch eng Hallschent vum 'Paus Podcast' invitéiert. Fir dass awer déi besser Hallschent vum Yaya net vergiess gëtt, ruffen déi zwee och dem Jill un,– an schonn ass eng Kooperatioun tëscht deenen zwee Podcasts gebongt. An dëser Episode vu Gël...

DR. SCHOCKMEL, WÉINI ASS CORONA ERIWWER?! - GËLLE FRO EP. 26 14.06.2021

Wéini ass d’Corona Pandemie endlech eriwwer? Wat kann een géint Verschwierungstheoretiker maachen? Ass d’Impfung geféierlech? Dat sinn Froen di den Philippe an Tom hirem Gaascht des Woch stellen. Dëse ass nämlech hiren eichen richtegen Dokter op Gelle Fro, an keen gerengeren wéi den prominentsten Virologe zu Lëtzebuerg: Den Dr. Gérard Schockmel. Dësen erzielt eis, dass et eigentlech eng vill méi b...

JOE 'PIT POL WITZEG' DENNEWALD PACKT ET VUN DUCK FÉISS BIS OP NETFLIX - GËLLE FRO EP. 25 01.06.2021

Haut als Gaascht op der Gelle Fro hunn den Philippe an den Tom den Joé Dennenwald. Déi eng kennen en als Joé Mores aus Capitani, déi aner als Pit Pol Witzeg vun Duck Féiss – egal vun wou een en kennt eppes ass kloer: Den Joé verkierpert lëtzebuergeschen Entertainment. Als Co-Host vum Podcast Erklär & Laach war hien an den Nummer 1 Podcast-Beef zu Lëtzebuerg verwéckelt, an ass haut op der Gelle...

ALAIN WELTER DRÉINT DE SPIISS ËM - GËLLE FRO EP. 24 25.05.2021

Dës Woch ass den Alain Welter, de Moler vu Koler, am Gruppetto zu Besuch. Am Podcast mëscht hien Reklamm fir säin néit Buch, wat en duerch Crowd-Funding konnt realiséieren. Den Alain huet zu Hollerech ugefaangen ze sprayen an ass mëttlerweil zum Mural Artist an Illustrator ginn. T'Mëschung aus Graffiti an klassescher Typographie mëscht de Kënschtler eenzegaarteg&...

JEFF SCHREINER PAAKT SENG SCHLAANGEN AUS - GËLLE FRO EP. 23 19.05.2021

An dëser Episode hunn den Tom an de Philippe de Jeff Schreiner an den Gruppetto invitéiert, – hien ass awer net eleng komm. Mam Barti an enger léiwer Schlaang am Schlepptau schwätzen déi dräi iwwert dem Jeff säin Studium a Werdegang zum Déierendokter. Den Reptilien-Liibhaber huet am Moment e Bestand vun 30 exoteschen Déieren doheem an huet sech quasi en 'Terrariumzëmmer ma...

MARIE VUN MOKUCHSDAG IWWERT MENTAL GESONDHEET AN EISER GESELLSCHAFT - GËLLE FRO EP. 22 11.05.2021

An dëser Episode vu Gëlle Fro hunn de Philippe an den Tom d'Marie vu Mokuchsdag bei sech an de Gruppetto invitéiert. Mat Mokuchsdag huet d'Marie eng Plattform gegrënnt, op der en sech kann op lëtzebuergesch iwwert psychesch Gesondheetsproblemer informéieren an austauschen. Mat enger mentaler Krankheet fillt en sech oft eleng an iwwerwältegt – genau dem well hat entgéint wi...

FLAVIO GIANNOTTE FECHT FIR NET ZE VERLÉIEREN - GËLLE FRO EP. 21 03.05.2021

Dess Woch um Podcast: den Flavio Ginotte mat deem fousten Equipement wat den Philippe an Tom bis elo um Set haten. Den 5-fachen Landesmeeschter erkläert wisou Fechten eng Randsportart ass, mais och wisou et sou eng spannend Sportaart ass. No den Basics vum Fechten an wéi d‘Sportart funktionéiert, zielt den Flavio wéi hien et als beschten am Land fäerdeg bréngt sech ëmmer nees selwer ze motivéieren...

DEBBIE KIRSCH PRODUZÉIERT ETHESCH KLEEDUNG AN INDIEN - GËLLE FRO EP. 20 26.04.2021

Debbie Kirsch steet fir Women Empowerment an Sustainable Fashion an stellt an dëser Episode seng Kleedermark Devï vir. Mat der Intentioun nohalteg Projeten ze plangen an ze ënnerstëtzen ass hat 2018 an Indien gereest fir mat Saheli Women zesummenzeschaffen. Saheli Women gëtt indesche Fraen, déi rejetéiert goufen aus hirer Societéit oder an enger niddreger Kast gebuer...

LUCA DE MICHELE SCHMINKT DEN TOM UM PODCAST - GËLLE FRO EP. 19 18.04.2021

Dës Woch hunn de Philippe an den Tom de lëtzebuerger James Charles bei sech op Besuch. Den Luca de Michele ass leidenschaftleche Make-up-Artist an huet och seng eege Make-up-Linn. Wéi et dozou komm ass, an wéi hien et bis op Berliner Fashion Week gepackt huet, zielt hien deenen zwee an dëser Episode. Als Mann ass hien an senger Jugend ni mat Make-up an Verbindung...

TURNUP TUN: REALTALK - GËLLE FRO EP. 18 12.04.2021

No zwou Wochen Paus, starten den Philippe an den Tom mam Turnup Tun an déi néi Season. An dëser Episode steet net nëmmen den Tun selwer am Fokus mee och aner lëtzebuerger Rapper, ënner aneren den Bazooka Brooze. Do huet wuel en an e Beiennascht gepickt - No hirer Zesummenaarbecht huet den Brooze den Tun lenks léien gelooss, obwuel en zesummen méi erreechen kéint. Nodeems den Tun den...

JEREMY 'SKOBE' PALLUCE GËTT PHILOSOPHESCH - DEEL 2 - GËLLE FRO EP. 17 23.03.2021

Et ass esou wäit: Den zweeten Deel mam Skobe ass do! No enger längerer Fëmmpaus ass den Jeremy zeréck fir domat weider ze maachen, woumat en opgehalen huet: Engem philosopheschen Gespréich iwwert Fashion an villes méi. Mat senger angeneemer Aart a Weis ze erzielen an sengen extraen Denkustéiss huet hien den Philippe an Tom an säin Bann gezunn, sou dass si no enger Stonn Podcast spontan decidéiert...

SALOMON CARLOS STAND-UP COMEDIAN ZU LËTZEBUERG - GËLLE FRO EP. 16 15.03.2021

Mam Carlos Salomon hunn den Philippe an Tom den éischten Stand-Up Comedian um Podcast. Dësen erkläert hinnen wei en zum Stand-Up komm ass, wien seng Inspiratiounen sinn an wei hien eegen Shows organiséiert. Des Weideren erzielt hien den Jongen wat Stand-Up Comedy him bäibruecht huet - z. B soll een generell d'Liewen méi mat Selbsthumor liewen, well dëst extrem "empowering" ass. Vue dass den Carlos...

ERIC 'DJ NOSI' NOSBUSCH SETZT MAT SENGER KRIIBSDIAGNOSE ALLES AN PERSPEKTIV - GËLLE FRO EP. 15 08.03.2021

Hunn den Tom an den Philippe an dëser Episod endlech d'Léisung fir den Schoulsystem zu Lëtzebuerg fonnt? Den Eric Nosbuch erzielt hinnen wei hien am Lycée Ermesinde, déi éischt Beréierung mam DJ'en hat. Aus enger schoulescher Aktivitéit ass eng Leidenschaft ginn, déi den DJ Nosi eng Kéier wëll zum Beruff maachen. Mat sengem éischten Lidd 'Schëdden' an sengen Optrëtter am M, huet hien den éisc...

PASCAL ZIMMER HUET SENG PASSIOUNEN ZUM BUSINESS GEMAACH - GËLLE FRO EP. 14 01.03.2021

"Baue wie ein Architekt, trainiere wie ein Champion, kleide und verhalte dich wie ein Gentleman." Sou dem Pascal Zimmer seng Wieder, déi wuel bei den bäschtgekleedsten Gaascht, den déi zwee Jongen vun 'Gëlle Fro' bei sech am Gruppetto setzen hunn, passen, wéi d'Fauscht op d'Aen. Säit iwwer 30 Joer ass den Pascal Entrepreneur an huet domadder seng Passioun zum Beruff gemaach. No senger éischter kle...

ALEXANDRA OXACELAY DIREKTESCH VUN DER STËMM VUN DER STROOSS - GËLLE FRO EP. 13 23.02.2021

Wéi kann en an engem räichen Land wéi Lëtzebuerg Aarmut bekämpfen? Dat ass net nëmmen dem Alexandra Oxacelay seng 'Gëlle Fro' mee och eng, déi den Philippe an den Tom sech gestallt hunn. D'Stëmm vun der Strooss gouf am Joer 1996 gegrënnt, 1998 huet d'Alexandra ugefaangen do ze schaffen, fir d'éischt als Journalistin, fir d'Zeitung erauszebréngen, dann als Directrice – an ass sä...

MAZ 'RAPPT' AN 'SCREAMT' UM PODCAST - GËLLE FRO EP. 12 15.02.2021

Ween rappt am schnellsten am Land? Dat hunn den Philippe an den Tom sech och gefrot an den Maz an den Gruppetto invitéiert an en direkt mol seng Rap-Skills ënner Beweis stellen gelooss. Nodeems hien Godzilla Challenge gemeeschtert huet, schwätzen déi dräi iwwert déi lëtzebuerger Musekszeen an generell iwwert d'Rapindustrie. Well hien gelangweilt ass vum Mainstream Rap - dësen a...

PHILIPPE ERNZER VUN MÉTÉO BOULAIDE GRÄIFT NO DEN WOLLEKEN - GËLLE FRO EP. 11 09.02.2021

Mat 10 Joer krut den Philippe Ernzer seng éischt Wiederstatioun vun sengen Elteren geschenkt, doraus ass Météo Boulaide ginn - an domadder wuel déi genausten Wiederprognosen fir Lëtzebuerg entstaanen. D'Wieder ass dem Philippe seng gréissten Leidenschaft an den stereotyppen Smalltalk iwwert Wieder, gehéiert wuel zu sengem Alldag. Säin&nbs...

JEREMY 'SKOBE' PALLUCE LIEFT FIR D’KONSCHT - DEEL 1 - GËLLE FRO EP. 10 01.02.2021

Dëse Samschden hunn den Philippe an den Tom den Jeremy Palluce, den och nach ënnert sengem Kënschtlernumm 'Skobe' bekannt ass, an den Gruppetto invitéiert. Wärend sengem Bachelorstudium an Freier Konscht huet hien sech dozou decidéiert seng eegen Kleedermark 'Palazzoparano' rausbréngen. An der Konscht an an der Moud huet den Skobe seng Passioun fonnt an ass rausgebrach aus der 'Comfort-Zone' Lëtze...

SCOTT KIRSCH ERKLÄERT EIS BITCOIN - GËLLE FRO EP. 9 25.01.2021

Cryptocurrency? Säit der Coronakris huet sech de Wäert vu Bitcoin vervéierfacht. Keng aner Anlag huet sech sou attraktiv entwéckelt wéi de Bitcoin an doduerch wiisst och den Interessi un der Digitalwärung. Mee lount et sech dran ze investéieren an wat ass iwwerhaapt e Bitcoin? De Scott Kirsch – selwer ernannten Trading Lord – erkläert dem Tom an dem Philippe, wéi t’Welt vu Cryptocurrencies ausgesä...

PIERRE BECK KONNT NET OP DE BÉIER VERZICHTEN - GËLLE FRO EP. 8 18.01.2021

Ween sech un eng Low Carb Diät well halen, soll natierlech och op Béier verzichten – en Virsaz un den sech de Pierre Beck net halen wollt. Dofir huet hien säin eegene Béier kreéiert, den net nëmmen manner Zocker mee och manner Kalorien huet. Mat senger Fra huet hien t’Start Up ‚Fox Beer‘ gegrënnt, déi entretemps zu ‚Fox Drinks‘ ginn ass. An dëser Episode vu ‚Gëlle Fro‘ erzielt de Pierre, wéi seng...

CHAILD GËTT DEN NÄCHSTEN LËTZEBUERGER WELTSTAR? - GËLLE FRO EP. 7 11.01.2021

An dëser Folge vu 'Gëlle Fro' hunn de Philippe an den Tom den Chaild invitéiert. An engem lockere Gespréich erzielt hien deenen zwee Hosts, wei aus dem 'Adrian' den Chaild ginn ass, iwwert seng Musek an de Business hannendrun. Wéi gutt hien seng eege Lyrics kennt, stellt hien och ënner Beweis, natierlech net ouni en Ständche vu sengem néie Bebe 'Raindrops' ze ginn. No dësem Sneakpeak vum Chaild se...

BEN HAMES HUET MAT 15 JOER SENG ÉISCHT FIRMA GEGRËNNT - GËLLE FRO EP. 6 04.01.2021

Am Alter vun nëmmen 15 Joer, hunn den Ben an säin Associé den Maurice hier eegen Kleedermark gegrënnt – en Alter an dem déi meescht Jugendlecher sech iwwer Entrepreneurship nach keng Gedanken maachen. 70 Stonnen d’Woch hunn si niewent der Schoul un hirer Firma geschafft. Obgebaut hunn sie dunn den Drockmeeschter, eng Firma, déi sech em d’Bedrécken an Brodéieren vu Kleeder këmmert. Mëttlerweil ass...

EISEN KARDINOL AN ÄERZBËSCHOF JEAN-CLAUDE HOLLERICH IWERT GOTT AN D'WELT - GËLLE FRO EP. 5 28.12.2020

Wéi eng Persoun stécht eigentlech hannert dem Titel vum ‚Äerzbëschof‘? Genau dat hunn sech den Tom an de Philippe an der neier Episode vun ‚Gëlle Fro‘ gefrot. Den Äerzbëschof an Kardinol Jean-Claude Hollerich erzielt, wéi hien sech di éischte Kéier verléift huet, wéi en mat de Jesuiten duerch Frankräich gezunn ass an wéi hien de Wee op Tokio fonnt huet – wat mëttlerweil zu sengem Doheem ginn ass....

NIIA GËTT VUN GYMSHARK GESPONSERT - GËLLE FRO EP. 4 21.12.2020

 An der néier Folge vu ‘Gëlle Fro‘ erzielt de Philippe vu sengem Erliefnis beim Zänndokter, d’Niia toppt déi Story awer mat sengem Gymsharksponsorship. Schonn 6 Joer mëscht hat Youtube an erreecht mëttlerweil mat senge Videoen iwwer 60 000 AbonnentInnen. Privates an Youtube ze trennen, ass dem Niia immens wichteg, sou dass seng Viewers weder säi Frënd zu Gesiicht kréien, an seng Elteren eng Z...

MARIANNE DONVEN HUET 4 FLÜCHTLINGEN DOHEEM OPGEHOLL - GËLLE FRO EP. 3 14.12.2020

 „Chiche!“ – Keng Challenge ass dem Marianne ze schwéier! Nodems d’Marianne selwer jonk Flüchtlingen en Doheem geschenkt huet, huet et sech dofir agesat, dass och aner Famille kennen auslännesch Mineuren bei sech ophuelen. Matt wéi enge Virurteeler an Challengen hat bei sengem Asaz konfrontéiert ass, erzielt hat dem Philippean dem Tom an der neier Episode vu ‚Gëlle Fro‘. Matt senge mëttlerwei...

Listen to the Gëlle Fro podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.