Gëlle Fro

Gëlle Fro

News LB ↓ 102 episodes

Lëtzebuerg huet an der Kulturszen, wei och am Sozialen, Sport a Business vill ze bidden – dat fannen den Tom an de Philippe och. Wisou also net mat deenen Leit schwätzen fir se besser kennenzeléieren? All zweet Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Café Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro. D’Folgen ginn all Samschden op Youtube Spotify an Apple Podcasts gesat.

Author

Gëlle Fro

Category

News

Podcast website

podcasters.spotify.com

Latest episode

Dec 13, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Nicolas Havé iwwert Have Films, Ultraschall an Rieslings Paschtéiten - GËLLE FRO EP. 52 07.01.2023

SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi

Thierry Faber huet et mat Capitani op Netflix gepackt - GËLLE FRO EP. 51 29.12.2022

SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto

Raoul Roos interviewt eis - GËLLE FRO EP. 50 17.12.2022

SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat

Bazooka Brooze: Can't Cancel Culture - GËLLE FRO EP. 49 29.11.2022

SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi

Georges Christen hieft suguer deng *Schwéier*Mamm mat den Zänn op - GËLLE FRO EP. 48 14.11.2022

Haut um Podcaststull setzt keen gerengeren wéi den stäerksten Mann aus dem Land: den Georges Christen. Dësen zielt de Jongen iwwert säin onkonventionellen Wee, wéi en aus engem skurrillen Hobby eng Karriäre opgebaut huet an wéi eng Tipps en huet fir Jonker, déi net wëllen an enger normaler Struktur 8h den Dag schaffen. Dass et awer net ëmmer sou entertaining ass Entertainer ze sinn, an dass een se...

Jessie Thill, jéngst Member an der Chamber - GËLLE FRO EP. 47 30.10.2022

D'Jessie Thill ass déi jéngst Member an der Chamber, an eng ganz engagéiert gréng Politikerin. Mat him hunn den Tom an Philippe ënner anerem diskutéiert iwwert de Klimawandel an den Zesummenhang mat der Wirtschaft (Stéchwuert China), awer och iwwert Fraen- an Männerrollen an eiser Gesellschaft.

Jeffrey Drui erklärt eis wéi mir räich ginn - GËLLE FRO EP. 46 23.10.2022

An dëser Episode vun der Gëlle Fro hunn d'Jongen den Jeffrey Drui bei sech op de Podcast invitéiert. Als Privat Banker, deen d'Eco-News um RTL an Uni-Coursen hält, ass hien genau déi richteg Persoun, fir den Philippe an den Tom iwwert d'Finanzwelt opzeklären. Enner anerem stellen si him Froen wéi "Wouran soll ech investéieren?", "Wéi wäert sech eis ekonomesch Situatioun weidere...

SIXO fuerdert all Lx Rapper zum Kampf eraus - GËLLE FRO EP. 45 13.10.2022

Des Woch zu Gaascht bei der Gëlle Fro ass den Sixo. Hien ass een jonken, motivéierten Rapper, deen mat sengen déifgrënnegen Texter an melodeschen Lidder säin eegenen Sound zu Lëtzebuerg etabléiert. Hien huet grouss Pläng, an ass iwwerzeegt dovun, dass en an Zukunft wäert vun senger Musek liewen. Donieft mécht en allerdéngs seng Schoul fäerdeg, an eng Ausbildung z...

Amir Vesali säin Wee aus dem Iran bis an d'Chamber - GËLLE FRO EP. 44 14.08.2022

Den Amir huet schonn als klengen Jong missen mat senger Famill aus dem Iran flüchten, well säin Papp als Spioun beschëllegt gouf. Mat 20 Cent an der Täsch hunn si sech dunn missen hei zu Lëtzebuerg alles opbauen. An dëser Episode diskutéieren d'Jongen iwwert Privatsecteur vs Staat, Immobiliëpräisser, Integratioun, Lëtzebuerg vs Iran, an villes méi.

Jana Degrott iwwert den Barack Obama, Xavier Bettel an wat hatt areechen well - GËLLE FRO EP. 43 06.08.2022

Obwuel d'Jana Degrott eng immens aktiv an engagéiert Fra ass, huet hatt sech d'Zäit geholl, fir bei d'Gëlle Fro laanscht ze kommen. Am Gruppetto erzielt hatt dem Philippe an Tom, wéi hatt den Obama kennen geleiert huet, wat dat eicht war wat hatt him sot an wat hien him fir Rotschléi mat op de Wee ginn huet. Doriwwer eraus hellt hatt eis awer och mat hannert d'Kulissen vum Aktivismus an der Politi...

Mandy Graff iwert seng Erfahrungen bei GNTM - GËLLE FRO EP. 42 20.07.2022

An dëser Episode hunn den Philippe an den Tom d'Mandy Graff um Podcast. Enner anerem verzielt hatt, wéi et deemools bei GNTM war, wéi d'Heidi Klum privat ass, wisou se hatt erausgeheit hunn, an villes méi. Niewent senger Erfarung als Model, diskutéieren déi 3 awer och zesummen iwwer verschidden Themen, wéi iwwer sozial Medien, d'Kanner vun haut, Disziplin, oder Empathie. Lauschtert eran :)

Laachen an schmaachen mam Anne's Kitchen - GËLLE FRO EP. 41 02.07.2022

D'Anne huet seng Kichen mat op den Podcast bruecht. Niewent Iessen an Wäin huet hatt dem Tom an Philippe awer och vill Tipps ginn, wéi een en Self-made Business mécht. Et huet vun sengen eegenen Erfarungen, vum Journalismus, Grand-Ducs, an villem méi geschwat.

Dylan Pereira iwwert den Max Verstappen an dat einsamt Liewen als Motorsportler - GËLLE FRO EP. 40 25.06.2022

Ween kennt en net, dem Dylan Pereira säin rosa Auto? Den Dylan selwer huet am Rennsport areecht, wat nach keen zu Lëtzebuerg areecht huet. Hien zielt dem Philippe an Tom um Podcast iwwert déi schéin awer och manner schéin Momenter am Sport, wéi eleng een ass, awer och wéi seng Relatioun zum Max Verstappen ass.

Maale Gars, den Nr. 1 Proffen-Sänger zu Lëtzebuerg - GËLLE FRO EP. 39 26.02.2022

Den sympatheschsten Proffen-Sänger zu Lëtzebuerg ass haut net op der Stage an och net am Klassesall, mais bei der Gelle Fro um Podcast. An wat haten se Spaass d'Jongen! Mais niewent Laachen an Béier, hunn se awer och serieux Themen beschwat, z. B. wéi et ass ADHS ze hunn, oder wéi een Rapper an Proff sinn ënnert een Hutt bréngt. Lauschtert eran :)

Claire Asselborn ass méi breed wéis du - GËLLE FRO EP. 38 05.02.2022

Veganismus, Bodybuilding, Body Positivity, Sport als Therapie, Fraen mat Muskelen, an nach vill méi beschwätzen den Philippe an Tom mam Claire Asselborn, enger veganer Bodybuilderin.

Serge Tonnar: Papp vun der lëtzebuerger Musek - GËLLE FRO EP. 37 15.01.2022

Mam Serge hunn den Tom an de Philippe en vun deenen gréissten (wann net souguer DEN gréissten) lëtzebuerger Museker bei sech am Gruppetto. Zesummen schwätzen si iwwert dem Serge säin Werdegang zum selbststännegen Museker, quasi vum Egotrip zu Legotrip. Dass dobäi dei lëtzebuerger Sprooch hien an senger Entwécklung ni gestoppt huet, leit op der Hand - dat wëssen se an der Chamber sou gutt wei op de...

Tessy Antony De Nassau: Mama, Entrepreneurin, Philantropin - GËLLE FRO EP. 36 08.01.2022

Entrepreneurin, Philanthropin, Influencerin, Podcasterin, Mamma, an nach vill méi verkierpert Tessy Antony de Nassau an enger Persoun. An dëser Episode leieren den Tom an de Philippe déi eemoleg Prinzessin kennen, seng Héichten an seng Déiften, seng zuelräich Projeten, seng Astellung zum Liewen an och säin super léiwen Bebe. Ganz oppen schwätzt hat iwwer seng Vergaang...

Ceci weist eis seng Nëss - GËLLE FRO EP. 35 03.01.2022

An dëser Episode hunn de Philippe an den Tom d‘Konkurrenz um Podcaststull setzen. Konkurrenz? Dei dréi eenegen sech drop, dass et éischter e mateneen ass, fir lëtzebuergesch Kultur ze pushen. Zesumme schwätzen si iwwer Rassismus, de Xavier Bettel an wat hien mam Cëss sengen Nëss ze dinn huet, de Berghain an doriwwer, wat fir si Lëtzebuerg ass. Si probéieren och ze klären, als wat si sech als Podca...

Zürcher Bal 2021 gouf ofgesoot - GËLLE FRO EP. 34 25.12.2021

Et ass häerzzerbriechend... Den Zuercher Bal 2021 däerf net stattfannen. Mir hunn eis mat den Organisateuren am Grupetto getraff, fir sie ze froen, wéi et hinnen dowéinst geet, an wat dat fir den Studenteveräin an d'Zukunft vum Bal bedeit...

Bazooka Brooze hellt keen Blaat virun den Mond - GËLLE FRO EP. 33 19.12.2021

De Philippe an den Tom sinn nees do, an mat kengem anere Gaascht wei dem Bazooka Brooze, quasi e full circle moment! Vill huet sech geännert bei Gëlle Fro, awer och beim Brooze, zum Beispill säin Ëmgang mat Drogen. An dëser Episode geet et em d‘Legaliseieren vu Cannabis, dorems wat Amerika mat Lëtzebuerg ze dinn huet, de Brooze kritt e klengen 1x1 vum Tom, wat Kommunikatioun ugeet - an villäicht k...

CLAIRE THEISEN ERKLÄERT EIS DEN MODELBUSINESS - GËLLE FRO EP. 32 23.07.2021

Modelen oder Danzen? Dat ass eng schwéier Fro fir d'Claire. Amfong wollt hat Dänzerin ginn – dunn koum Corona, dofir bléiht awer lo seng Karriäre als Commercial Model op. An dëser Episode erkläert d'Claire Theisen eis den Ënnerscheed tëscht engem Commercial Model an engem Instagram Model an weist, wéi sech de Modelbusiness duerch Social Media verännert huet. An enger frans...

WÉI WAR D'PANDEMIE FIR D'FLEEGEPERSONAL MAT DER PRESIDENTIN VUN DER ANIL - GËLLE FRO EP. 31 15.07.2021

Be safe, drink with a nurse! Dat hunn de Philippe an den Tom sech och geduecht, wei se d'Anne-Marie Hanff – Präsidentin vun der ANIL – bei sech an de Gruppetto invitéiert hunn. An dëser Episode stellen déi dréi eis de Beruff vun dem/der Infirmièr(e) fir,– mee wisou grad dëse Beruff? Jidderee kennt de Klischee, nëmme Frae ginn Infirmière, et ass eng ondankbar Aarbecht, an Weekender schaff...

KIM HEART TRENNT SECH VUN SENGEM BÉBÉ - GËLLE FRO EP. 30 07.07.2021

Kim Heart, Zoe Muse, Kimberly Muse? Dat ass déi grouss Fro, déi muss gekläert ginn! Sech selbststänneg maachen, war schonn ëmmer den Dram vum Kimberly, an huet domat schonn eppes gemeinsam mam Philippe an mam Tom. Ugefaangen huet hat mat Schmuck, ass dunn awer op Kleeder gewiesselt. Seng Visioun mat Zoe Muse war et, eng nohalteg Kleedermark ze erschaffen, déi méiglechst mi...

ISAIAH WILSON ASS KONSCHT A PERSOUN - GËLLE FRO EP. 29 29.06.2021

Heiansdo ass d'Liewen bëssen gerëffelt! Dat fënnt op alle Fall mol den Isaiah Wilson – Dänzer, Choreo- an Videograph. Als Kand huet den Isaiah sech fir Danzen entscheet, an domadder géint de Basket – géint den Trend vu senger Famill. Sou erkläert hien dem Tom an dem Philippe am Podcast, dass hien ni opgehalen huet mat danzen, an dass doran schlussendlech den Ënnerscheed léit. A...

NICOOL, WANN ET NET GEET, GEI AN DE BËSCH! - GËLLE FRO EP. 28 22.06.2021

"Nicole du bass wei eng Fläsch Rosport Spruddel." – Wat et sech domadder op sech huet, gi der an dëser Episode vu Gëlle Fro gewuer. Mam Nicool sëtzt déi éischt lëtzebuergesch Rapperin um Podcaststull am Grupetto. Mat de Jongen schwätzt hat doriwwer, wéi hat sech als Fra an der Lëtzebuerger Rapindustrie afüügt, dass hat déi grouss Chance huet vill Concerten kënnen ze spillen an...

Listen to the Gëlle Fro podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.