Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Gamer Things

Fiction LB ↓ 126 episodes

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Author

Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Category

Fiction

Podcast website

www.eldo.lu

Latest episode

Jul 1, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 51 - Miese Summer fir déi eng, perfekt Gamer-Wieder fir déi aner 02.08.2023

Zwee Spiller hun an de leschte Wochen en enorme Succès fonnt, BATTLEBIT Remastered an Only Up! A wie wonnert et? Et gëtt vläit nees déi eng oder aner onerwaarte Meenung vun eisen 3 Podcastagnetten. The Crew Motorfest, Ratchet and Clank, an Tinykin sin aner Spiller iwwert déi mer och e bësse schwätzen, sou wéi och rëm e ganze Koup lëschtegt Gebraddels, sou wéi eis Zuschörer et gewinnt sinn.

Episod 50 - Summer-Vakanz ass Gaming-Zäit! Wat spillen? 20.07.2023

De Mike an den Marc maachen sech Gedanken wat dann esou déi beschten a fetteste Spiller sinn, an déi ee kann an der Summervakanz erantauchen fir gutt ze profitéieren. Hunn se Spiller vergiess? Sot eis Bescheed!

Episod 49 - Gollum ass de Wahn, Call of Duty Timeline an Diablo 04 05.07.2023

D'Jonge vu Gamer Things maachen sech Gedanken doriwwer, wéi ee Spill wéi The Lord of the Rings: Gollum am Joer 2023 kann op den Marché kommen an den Petz versteet d'Timeline vu Call of Duty net. Ausserdem maachen si sech Gedanken iwwert d'Filmwelt a schwätzen iwwert SSMM. Wann der net wësst wat daat heescht, dann "hereingehört"!

Episod 48 - E3 oder NEE3, dat ass d'Fro 21.06.2023

Och wann d'E3 offiziell net méi stattfënnt, hunn all di grouss Publisher an Developer di lescht Woch hir Summer Showcase presentéiert. Obwuel eis 3 Gamer d'Genéck am Jelli hate vum Slipknot Concert, hunn si sech natierlech alles ugekuckt a sech e puer Spiller rausgepickt iwwert déi se schwäermen (an "haten").

Episod 47 - PlayStation Showcase 2023 31.05.2023

Mir hunn eis déi éischt Playstation Showcase säit iwwer 600 Deeg ugekuckt. Konnt Sony domat en erfollegräiche Startschoss fir d'E3 Season ofginn? Mir laberen iwwer all dat Positiivt an dat Negatiivt vun dëser Presentatioun.

Episod 46 - Redfall de beschte Lootershooter zënter Anthem 17.05.2023

Den neien The Legend of Zelda steet an de Startlächer a mir gi scho mol ganz gär eis Prognosen dozou of. Mee leider hu mir net nëmmen schéin Themen dobäi. Well Redfall konnt net onbedéngt glänzen. Wat dann do alles schif gelaf ass an op wat mir eis bei The Legend of Zelda alles freeën, erzielen mir iech an dëser Episod.

Episod 45 - Jedi:Surviving the Release, Dead Island 2, mam Golfschléier an d'Gesiicht 03.05.2023

Schlechte Start fir Star Wars Jedi: Survivor. Firwat sinn ëmmer méi Releases op deem Niveau ukomm? Dead Island 2 huet et besser hikritt! A wéi krass ass Unrecord w.e.g.?! D'Jungs vu Gamer Things sinn an der Achterbunn vun den Emotionen, hei an der neier Episod.

XDEFIANT vs COD, SUPER MARIO brecht Rekorder an en neien MMORPG vu BLIZZARD? 19.04.2023

De Mike huet sech mat XDefiant den neie Call of Duty Killer vun Ubisoft ugekuckt an zielt seng éischt Andréck, de Petz disst einfach de ganze Genre. Den neie Super Mario Film brecht Rekorder wat d'Verkafszuelen ugeet, mee ass en da wierklech sou gutt? A schafft Blizzard mat hierem "Survivalspill" Odyssea net a Wierklechkeet heemlech un hierem nächsten MMORPG? Alles dat a vill méi an deser Episod.

Episod 43 - Resident Evil 4 - de Marc ass verléift 05.04.2023

Resident Evil 4 ass eraus an mir kréien domat en neien fantasteschen Remake. Dann hu mir nach als Themen The Last of us fir den PC, LGX, an News zu The Legend of Zelda dobäi.

Episod 42 - The Finals: Eng Zopp aus lauter gudden Saachen! 22.03.2023

De Resident Evil 4 Remake ass do, kann dëse mam Dead Space Remake mathalen, oder ass deen Standard elo ze héich? Ausserdeem huet de Mike d'Beta vun Diablo 4 ugezockt. Sidd dir och sou begeeschtert wéi hien, oder ass do nach vill ze verbesseren?

Episod 41 - WOLOLOOONG a SONS OF DEFOREST, zwou Releasen awer just ee Gewënner 08.03.2023

Eis 3 Spilliste beschreiwen hir lëschteg Abenteuer am Survival-Horror Sons of the Forest, de Petz reegt sech iwwer de PC-Port vu Wo Long: Fallen Dynasty op, an aus engem klenge Rant gëtt eng philosophesch Metapher fir d'modernt Daten. Alles dat a vill méi an dëser Episod.

Episod 40 - De Bréif fir an Hogwarts ass ukomm 22.02.2023

Hogwarts Legacy ass erauskomm an mir hunn eis mol alles ganz genau ugekuckt. Dozou ass endlech Season 2 vun Call of Duty erauskomm. A wat do alles geännert huet, dat erziele mir iech an der neier Episode Gamer Things.

Episod 39 - Gestëppel, Gezauber, Gemetzel a Geligen 08.02.2023

Eis Jonge schwätzen haut iwwert déi schéi Welt an éischt Andréck vum neien Harry Potter Spill: Hogwards Legacy, iwwert d'HBO Serie The Last of Us. De Marc schwärmt vum Gemetzel an Dead Space an den Petz erzielt iech iwwert den "The Day Before" Debakel.

Episod 38 - Gaming-Industrie an de Laberenten? BF2042 endlech "OK"? Weltfridden? 25.01.2023

A ville Gaming-Firmen brodelt et, bei Verschiddenen ass et schon iwwergelaf. Eis 3 Experte lamentéieren iwwert déi rezent Entloossunge bei Microsoft a Co. an déi méiglech Konsequenzen. Och gëtt driwwer argumentéiert ob Battlefield 2042 dann lo sou lues "ganz OK" ass, a wéi gewinnt ginn et och rëm e puer Andréck an déi privat first world problems deenen de moderne Gamer hautesdags géigeniwwer steet...

Episod 37 - Neit Joer, nei Games 11.01.2023

Wéi gëtt wuel d'Joer 2023 am Gaming Beräich? Wat iech am neie Joer erwaart an op wat mir eis am meeschte freeën, dat héiert dir an dëser Episod Gamer Things...

Episod 36 - Gaming oder Philosophéieren? 28.12.2022

D'Jongen hu sech ganz ambitionéiert virgeholl iwwert d'Game Awards an iwwert déi beschten Spiller 2022 ze schwäetzen, hunn awer dono ganz vergiess iwwert d'Game Awards an iwwert déi beschten Spiller 2022 ze schwäetzen. Philosophéieren an der Gamer-Selbsthilfegruppe.

Episod 35 - WOW Dragonflight a Callisto Protocol, zwou Iwwerraschungen 07.12.2022

Déi nei Erweiderung fir World of Warcraft ass endlech do, a mir sinn iwwerrascht iwwert dat wat Blizzard hei ofliwwert. Och iwwerrascht si mer iwwert The Callisto Protocol. Wéi eng vun den zwou Iwwerraschungen da lo eng schéin ass, vill gerants iwwer Streaming-Säiten, an de Petz erliichtert sech enges düstere Geheimnis... alles dat a vill méi des Woch an der Sendung. Vill Spaass a good game.

Episod 34 - Warzone 2.0, DMZ an wat gëtt wuel Game of the year 2022? 23.11.2022

Warzone 2.0 ass erauskomm an elo muss natierlech doriwwer geschwat ginn. Dozou hu mir nach fir iech DMZ, Infos zu God of War an et deet sech eppes an der neie WoW Erweiderung.

Episod 33 - Modern Frustfare 2, God of War 2, Plague Tale 2 an PS VR2 09.11.2022

D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hier Hass/Liebe Call of Duty a froen sech wisou een d'Spill awer ëmmer erëm umëcht- dozou kënnt God Of War Ragnarok, A Plague Tale Requiem a Playstation VR2 zu engem Spottpräis!

Episod 32 - SILENT HILL a RESIDENT EVIL Hype fir HALLOWEEN 26.10.2022

Ist die Katze aus dem Haus, tanzen die PC-Mäuse? Gëtt et eng besser Zäit wéi Halloween fir iwwer Horrorspiller a Filmer ze laberen? Mir fannen net. Mat Silent Hill a Resident Evil hunn direkt zwou vun de gréissten Horrorfranchisen am Gaming Presentatiounen iwwert hier Zukunft gehal. Dëst hunn eis Nerds sech natierlech ugekuckt an deele mat Iech hier Iwwerleeungen a Spekulatiounen. Vill Spaass mat...

Episod 31 - Overwatch 2 an maachen Remakes iwwerhaapt Sënn? 19.10.2022

Overwatch 2 ass eraus, mee huet dat Spill déi Nummer 2 am Titel verdéngt? Mir diskutéieren op Remakes iwwerhaapt Sënn maachen. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!

Episod 30 - LGX, Modern Warfare an Metal:Hellsinger 28.09.2022

D'Jonge vu Gamer Things waren op der LGX! Déi gréissten Gaming Foire vu Lëtzebuerg! Wéi gutt et hinnen do gefall huet, an wat si alles erlieft hunn an och e bësse konstruktiv Kritik fannt der hei an der neier Episod Gamer Things! Natierlech hunn si sech och d'Modern Warfare Beta net entgoen gelooss an iwwert den GTA6 Leak diskutéiert! Lauschtert eran!

Episod 29 - Nei Assassins Creed Spiller, eng Singleplayer Campaign fir Battlefield a KEE Co-op fir Halo Infinite 14.09.2022
Episod 28: Praise The Sun! - Soulsborne Special mat LuxPlay 31.08.2022

LuxPlay huet sech eisem Podcast ugeschloss fir iwwert From Software an hir Soulsborne Rei ze schwätzen. An wat dobäi erauskënnt wann 3 Soulsborne Fans iwwert déi Rei schwätzen, gesitt dir hei bei Gamer Things

Episod 27: Star Wars Serien Special 16.08.2022

Listen to the Gamer Things podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.