Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio
Gamer Things
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.
Author
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio
Category
Podcast website
Latest episode
Jul 1, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 76 - THE FIRST DESCENDANT just eppes fir d'Aen? D'Flemm mat Gaming-Shenanigans? 17.07.2024 1:01:48
Eis Gamer maachen sech Gedanken iwwert d'Gaming-Industrie, ënnert anerem iwwert de Release vum neie Looter-Shooter THE FIRST DESCENDANT, mee och iwwert d'Ukomme vum neien Doppel-Battlepass fir APEX LEGENDS. De Mike schwäermt awer och (zur Ofwiesslung) mol rëm iwwert ELDEN RING, et ass also net alles schlecht. ;)
Episod 75 - ELDEN RING DLC, Dr Disrespect an Tarisland! 03.07.2024 1:05:10
D'Jungs klaatschen an traatschen iwwert den Downfall vun engem vun de gréisste Streamer dëser Deeg: dem Dr. Disrespect, den Elden Ring DLC a säi Reviewbash, ob dee gerechtfertegt war oder net. Dozou kënnt Tarisland, den Ënnergang fir WoW? Lauschtert eran, a schwätzt mat!
Episod 74 - Ee Showcase nom aneren 19.06.2024 1:30:22
Microsoft, Ubisoft a Sony hunn nei Spiller virgestallt an dann si mir natierlech dobäi a ginn déi wichtegst Saachen zesummen duerch...
Episod 73 - XDefiant slapt a Microsoft slapt Studios 05.06.2024 1:18:05
XDefiant ass endlech released. Ass et da lo den COD-Killer? Den Dream-Killer fir Fans vun Tango Gameworks, an anere Bethesda Studios ass op alle Fall Microsoft, déi weiderfuere mat hiren onduerchbléckbaren Decisiounen. Dat a villes méi wéi ëmmer mat eisen 3 NoobenBuben. Vill Spaass.
Episod 72 - ASSASSINS CREED geet endlech a Japan an HADES 2 geet direkt an eist Häerz 22.05.2024 1:13:43
Dës Woch hu mer e Special Guest, den Danilo vu LuxPlay a mat him ënnerhale mer eis ënnert anerem iwwert den neien Assassins Creed Shadow, de Mike stierft mat engem Laachen am Gesiicht am Early Access vun Hades 2, mee mir schwätzen awer och iwwert den Zoustand vun der Gaming Industrie, deen duerch déi rezent Entloossunge bei Blizzard, an de Studio Opléisunge bei Microsoft weider an de Laberenten as...
Episod 71 - Cosy Game Manor Lords an Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert 08.05.2024 1:14:14
Et ass vill geschitt an der Lescht. Manor Lords erobert d'Häerze vun all Opbausimulatiouns Fan a Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert. Dëst an nach vill méi hu mir an dëser Episod ze beschwätzen.
New Episode 24.04.2024 1:12:44
D'Jungens vu Gamer Things iwwerleeën haut, wie wuel dru Schold ass, dass d'Publisher esou Saachen ofzéie, wéi elo Ubisoft mat Star Wars Outlaws, se staunen a schwäermen iwwert d'Fallout Serie an diskutéieren iwwert déi ëmstridden Entscheedung vu Blizzard an Overwatch 2 all Spiller dee flucht ze bannen. Dat an natierlech villes méi an dëser Episode Gamer Things!
Episod 69 - Wat ass besser: Dragons Dogma 2 oder Madame Web? 10.04.2024 1:16:01
Dragon's Dogma 2 ass eraus an trëfft op gemëschte Gefiller. Net sou Madame Web, deen di ganz Welt instant verdrängt huet. Ausserdeem klammert de Marc sech un all kleng News zu Hollow Knight 2, an de Petz kann et net méi verheemlechen, dass e Starfield trotz allem liebt. Dat avilles méi, diskutéiert mat a Good Game.
Episod 68 - Wat leeft mat Star Wars? 27.03.2024 1:12:59
Mir hunn erëm e ganze Pack Theme fir iech. Nieft der Battlefront Classic Collection an Dragon's Dogma 2, schwätze mir nach iwwert esou munch nei Traileren déi erauskomm sinn.
Episod 67 - HELLDIVERS 2 huet eis demokratiséiert a KI verännert alles 13.03.2024 1:11:52
Eis Jonge schwärmen iwwert hier gemeinsam Zäit am neien Helldivers 2, Elden Ring Fans levelen ëmsoss, an de rasante Fortschrëtt a kënschtlecher Intelligenz, wéi zB de SORA vu Google, gëtt ëmmer méi Ustouss zum Nodenken...
Episod 66 - Koop Action an Helldivers 2 a et geet zeréck an Elden Ring 28.02.2024 1:02:03
An Helldivers 2 stierze mir eis kooperativ an e groussen Intergalaktesche Krichan erliewe grandios Action. Dann hu mir laang drop gewaart, mee endlech ass et esouwäit, den Trailer zum Elden Ring DLC Shadow of the Erdtree ass endlech online.
Episod 65 - Skull and Bones versenkt am Mier a Suicide Squattet mat der Gang 14.02.2024 1:19:19
De Petz huet sech duerch d'Open Beta vu Skull and Bones gequäält, de Mike huet nom Spaass bei Suicide Squad gesicht an de Marc huet Angscht ëm Apex Legends. An natierlech ass Fuesent zu Lëtzebuerg an eis Gamer freeën sech schonn op d'Verkleeden. Loosst iech dat op kee Fall laanscht d'Clownen-Nues goen.
Episod 64 - An Palworld no Pokemon sichen, zum schaffen bréngen an Prince of Persia ass einfach perfekt! 31.01.2024 1:14:52
D'Jungs hunn den neie Prince of Persia gezockt an hir Meenung ass am grousse Ganze positiv. D'Phänomen Palworld léist eng grouss Diskussioun aus an ass wéi e Meteorit ageschloen! Ausserdeem gëtt nach iwwert d'Hygienemacken a vereelzte Game-Mechanike geschwat! Lauschtert eran an deelt iech gäre mat!
Episod 63 - Wat erwaart eis am Joer 2024 17.01.2024 1:22:48
D'Joer 2024 huet ugefaangen a mir hunn an dëser Episod beschwat wat mir esou an de Feierdeeg gezockt hunn. Dozou hu mir eis ugekuckt wat fir Spiller eis am Joer 2024 esou erwaarden...
Episod 62 - VILL GLÉCK AM NEIE JOER! 03.01.2024 1:14:28
Mir loossen 2023 Revue passéieren, e fantastescht Joer fir d'Gamer, mee och mat e puer Anti-Banger. Wat waren är Liblingsspiller vum leschte Joer, a wéi eng hunn iech am meeschten enttäuscht ?
Episod 61 - The Scam Before the final GTA6 Trailer 20.12.2023 1:02:09
D'Jonge vu Gamer Things beschäftegen sech mam sagenhaften Release vun "The Day Before"! Nach ni an der Geschicht vun der Gamingindustry huet e Spill 4 Deeg no dem Release esou vill Welle geschloen. Do kënnen se sech just nach mam GTA6Trailer an The Finals tréischten!
Episod 60 - FALLOUT TV SHOW, FORTNITE ECOSYSTEM a POST ESPORTSMASTERS 06.12.2023 1:13:47
Amazon bréngt mat Fallout eng vun de beléiftste Gaming Franchisen an de Fernsee a begeeschtert mat engem fantasteschen éischten Trailer eis 3 Vaultdwellers. Fortnite kënnegt mat Lego a Rocket League zwou grouss Partnerschaften un an d'Post Esport Masters kritt en Upgrade mat 3 beléifte Spiller. Alles dat a villes méi, wéi ëmmer mat enger gudder Portioun "Humor".
Episod 59 - Call of Duty Rage an Game Awards 22.11.2023 1:12:45
Call of Duty steet an dëser Episod erëm voll am Fokus. Mir diskutéiere wéi mir de Start vun COD empfannen. Dozou sinn déi Nominéiert fir d'Game Awards eraus an och do ginn et verschidde Saachen ze beschwätzen...
Episod 58 - HORROR BEI ALAN WAKE 2, GRAUEN BEI DER CAMPAGNE VUN MW3 08.11.2023 1:13:18
D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hir Freed fir den neie "Survival Horror" vun "Alan Wake 2" a sinn net d'Accord mat der Solo-Campagne vun MW3. Awer och "The Finals Beta" huet se begeeschtert. Villverspriechend an alles wat e Shooter brauch! Dat a villes Aneres an der neier Episode vu Gamer Things!
Episod 57 - D'Welt keeft SPIDERMAN 2 an MICROSFT keeft d'Welt 25.10.2023 1:06:53
Eis hauseege Gamer schwéngen sech am neie Spider-Man 2 duerch New York, bouncen duerch de Flower Kingdom a Super MarioBros. Wonder, an diskutéieren iwwert d'Vir- an Nodeeler vum Monopoliséiere vun der Gaming Industrie. Schwätzt mat a gewannt eis vollst Bewonnerung.
Episod 56 - ASSASSIN'S CREED MIRAGE a MODERN WARFARE 3 11.10.2023 1:07:07
Mat Assassin's Creed Mirage a Modern Warfare 3, wëllendirekt zwou vun de laangbewährteste Gaming Franchisen domat Punkten erëm an nees "back to the roots" goen. Ob et hinne geléngt, an ob dat dawierklech ëmmer gutt ass, doriwwer a villes méi philosophéieren eis 3 Manetten. Lauschtert ran, schwätzt mat, a genéisst di schéin Hierschtfaarwen déi lues alues zur Geltung kommen ;) Vill Spaass.
Episod 55 - Hierschtufank mat Starfield a Cyberpunk 27.09.2023 1:00:35
D'Jonge vu Gamer Things mierken, dass ENDLECH de Summer eriwwer ass, an se ongestéiert doheem zocke kënnen, ouni ee schlecht Gewëssen an en iwwerhetzte PC ze hunn! Starfield, Cyberpunk a Resident Evil 4 maachen daat och ganz angenehm.
Episod 54 - GAMESCOM Review a STARFIELD / BALDUR'S GATE 3 Double Rpg Release 13.09.2023 1:17:51
Eis kleng Summerpaus ass eriwwer, a wat gëtt et besseres fir di lescht Sonnestralen ze verjoe wéi di gréisste Gaming Convention op der Welt? Mir loossen d'Ukënnegunge vun der Gamescom Revue passéieren, a ginn eisen éischten Androck vu Starfield, dem neie Bethesda Blockbuster sou wéi och de Game of the Year Contender Baldur's Gate 3. An natierlech gëtt et och rëm de Fan-Favorite: Lëschtegt GEPLÄNKE...
Episod 53 - De grousse Filmspecial 30.08.2023 1:06:57
Mëttlerweil ginn et super vill Videospill-Verfilmungen an och Serien dozou. Wéi eng eis Liblings-Verfilmunge sinn a wat fir eng fir eis déi Schlechtste sinn, erziele mir iech an dëser Episod...
Episod 52 - IMPAKT VUN AI OP VIDEOGAMES - Ai Special Episode 16.08.2023 1:18:41
D'Jungs schwätzen, spekuléieren an erënneren un di kënschtlech Intelligenz an de Videospiller. D'Gamer kennen se io elo schonn sou laang wéi et Videospiller ginn, mee wat fir een Impakt huet déi modern "AI" dann op d'Industrie an op de Konsument? Eng Spezial Episode fir matzeschwätzen!
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.