Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Gamer Things

Fiction LB ↓ 126 episodes

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Author

Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Category

Fiction

Podcast website

www.eldo.lu

Latest episode

Jul 1, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 101 - DEATH STRANDING 2, REMATCH an DONKEY KONG 02.07.2025

Eis Gamer erfuerschen d'Welt vum Hideo Kojioma sengem neisten Titel Death Stranding 2 a schwätzen driwwer wat dann am beschten hëlleft an och NET hëlleft fir bëssen ze "escapen". E bësse Fussball am Style vu Rocket League hëlleft dann och vläit am Spill Rematch, wat de Petz sech natierlech als RL-Fan ganz gären ënnert d'Loup hëlt. Dann ass op der neier Nintendo Switch 2, Donkey Kong Direct present...

Episod 100 - Summer Games Fest Saison ass do 18.06.2025

Mam Summer Games Fest huet, wat fréier als E3-Saison bekannt war, alles ugefaang. Soumat hunn eis dräi Gamer vill ze vill Theeme fir just an eng Episod ze stiechen. E puer hunn si sech awer erausgepickt a fir déi 100. Episod gëtt et och mol erëm eppes richteg Flottes ze gewannen.

Episod 99 - Elden Ring, Battlefront & TLOU 04.06.2025

Nei Welten a bekannte Geschichten: An dëser Episod vu Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren déi spannendsten Neiegkeeten aus der Gaming-Welt:  • 🗡️ Elden Ring: Nightreign – Dëse Standalone-Titel am Elden Ring-Universum bréngt nei Gameplay-Elementer an en 3-Spiller Koop-Modus.  • 🌌 Star Wars Battlefront 3 – Gerüchter iwwer eng méiglech Fortsetzung maachen d’Ronn, nodeems een...

Episod 98 - DOOM THE DARK AGES ass doo(m) a GTA VI ass schéin 21.05.2025

Eng gutt gefëllten Episod gëtt et dës Woch: esou ass zum Beispill DOOM The Dark Age released an huet, trotz fantastesche Reviews, duerch säi Präis d'Debatt ronderëm 80 Euro-Games weider ugefacht, GTA 6 huet alt nees eise Podcast gelauschtert an eise Wonsch no engem neien Trailer erhéiert an de Mike schwäermt an den allerhéchsten Téin vu Clair Obscur. Dat alles a vill méi an dei neier Episod vu Gam...

Episod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY? 07.05.2025

Et ass souwäit: GTA 6  gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes...

Episod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon? 23.04.2025

BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!

Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet 09.04.2025

D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 94 - ASSASSINS CREED SHADOWS Top? AI-LEAKS Flop? 26.03.2025

No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Li...

Episod 93 - MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS 12.03.2025

De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.

Episod 92 - Sony State of Play 26.02.2025

Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!

Episod 91 - KINGDOM COME 2 a CIV 7, ee Fest fir Sim-Fans? 12.02.2025

Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.

Episod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2 29.01.2025

Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk 15.01.2025

MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt! Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméie...

Episod 88 - Déi grouss Zeréckkuck 2024 01.01.2025

D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss. VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéie...

Episod 87 - Bombastesch Game Awards 18.12.2024

Lescht Woch goufen d'Game Awards zu Los Angeles verdeelt. Mir hu bombastesch Game Awards hannert eis, mee trotzdeem ginn et divers Kontroversen déi beschwat musse ginn... De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 86 - Vill Neies bei SONY an d'Game Awards 04.12.2024

SONY mat allerlee Neiem an d'Game Awards sti virun der Dier! Sony léisst vill vun sech héieren an der Lescht an dat mat engem eventuelle Kaf vum Publisher FromSoftware, enger neier Handheld-Konsol a Cloudgaming op der Playstation Portal! Dobäi dierfen d'Nominatioune vun de Game Awards 2024 awer net ze kuerz kommen. De Mike an de Marc kucken iwwert d'Lëscht a ginn hire Pefferkär bei all Kategorië b...

Episod 85 - Comeback bei Bioware a Gebuertsdag bei Warcraft 20.11.2024

Bioware ass zeréck am RPG a Warcraft feiert 30 Joer! Bioware féiert hir bekannten Dragon Age-Rei weider a kann endlech erëm iwwerzeegen. Dann feiert Warcraft 30 Joer a Blizzard huet divers News zu deem Thema...

Episod 84 - CoD Black Ops 6, UBISOFT a BLIZZARD 06.11.2024

CALL OF DUTY Black Ops 6 ass do, UBISOFT a BLIZZARD maache Money-shenaniggans. Ee vun de Shooter-Spiller vun allen Zäiten ass endlech do. Eis Gaming-Jongen hunn den neie Call of Duty natierlech getest an zielen dir wat si dovunner halen. Donieft huet Blizzard awer och nach e kontroverse Montant fir Echtgeld rausbruecht an de Petz mécht seng Podcast-Kolleege mam neien NFT-Hit vun Ubisoft bekannt. A...

Episod 83 - Horror Oktober 23.10.2024

Horror Oktober mat Silent Hill 2 an aneren Titelen - egal op Game oder Film! Eis Gaming-Nerds haten zwar ufanks nach News um Programm stoen, mee duerch d'Gespréich ronderëm de Silent Hill 2-Remake sinn si an d'Oktober-Horroreuphorie geroden an hunn sech iwwert déi grujelegsten Erfarungen aus der Entertainmentbranche ausgetosch. Hunn si déi Schlëmmste genannt oder fält dir nach en Titel an deen si...

Episod 82 - LGX ass zeréck & Ubisoft léist eng kommen 09.10.2024

An der neier Episod vu Gamer Things steet een Thema am Vierdergrond an dat ass d'LGX. Nieft dem Haaptthema hunn si nach een Debakel ronderëm d'USK-Steam  mat dobäi an Ubisoft huet schonn nees eng komme gelooss.

Episod 81 - CONCORD schlëmmer wéi geduecht? BATTLEFIELD Hopium start! 25.09.2024

De grousse Sony-Flop CONCORD huet anscheinend nach vill méi kascht wéi bis elo ugeholl, de Vince Zampella an EA hunn éischt Informatiounen iwwert den nächsten BATTLEFIELD verëffentlecht, an allerhand méi kleng Themen hu mir haut um Programm. Vill Spaass a Good Game.

Episod 80 - Concord ass schlecht an SW Outlaws ass esou schlecht wéi se soen 10.09.2024

Negativitéit ass modern! D'Leit schéngen sou verwinnt, se kritiséieren mëttlerweil Alles! D'Jongen vun Gamer Things bléiwen do léiwer um Buedem an weiderhinn mam vollen Duechbléck. Concord, en AAA Game ass no 2 Wochen schon annuléiert. Black Ops présentéiert omni-movement, Star Wars Outlaws gett aus Loscht an Laun schlecht geschwaat an Black Myth Wukong weist (spillerech) dass et nach geet wann ee...

Episod 79 - Gamescom, Gamescom, Gamescom 28.08.2024

Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...

Episod 78 - Summerlach? Zäit fir d'Update-Season 14.08.2024

Mir fëllen däi Summerlach trotz de schweessegen Temperaturen awer mat Genoss, andeems mir dir vun de gudden a schlechten Updates an der Gaming-Welt erzielen. Op där enger Säit steet mat THE WAR WITHIN eng WOW Expansion virun der Dier an dem Marc säi Liblingsspill APEX PREDATORS kritt en Update. Op där anerer Säit geet et leider ëmmer nach weider mat den Entloossungen an der Gaming-Industrie, et hu...

Episod 77 - Throne and Liberty, Tempest Rising, Betas an Updates a villes méi! 31.07.2024

De Petz huet e Review iwwert d'Open Beta vun "Throne and Liberty", a verréit wat him ganz gutt gefall huet. Gëtt "Tempest Rising" den Impuls fir en RTS Revival? Den Update vun "Helldivers 2" an "No Man's Sky" gëtt beschwat, an doriwwer, dass SBMM villäicht awer eng Noutwennegkeet ass? Lauschtert/Kuckt an déi nei Episod vu Gamer Things eran!

Listen to the Gamer Things podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.