Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Gamer Things

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: www.eldo.lu

Autor

Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Kategoria

Fiction

Strona podcastu

www.eldo.lu

Ostatni odcinek

1 lip 2026

Gdzie słuchać?

Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótce

Podcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów

Pobierz z Google Play Zainstaluj za darmo Android 5 mln+ pobrań · ocena 4,8 iOS niedługo

Odcinki

Episod 126 - GTA, Steam Machine a Memberships 01.07.2026

Et geet deier hier an der Industrie! Egal ob et 1.000 Euro fir eng Steam Machine sinn oder 100 Euro fir GTA6, ee GTA Premium Membership fir Multiplayer oder den normalen Online Abo. Also ëmmer fläisseg Suen an d'Spuerbéchs leeën! Ass dann alles wierklech elo ëmmer nëmme méi schlecht oder gëtt et awer nach Hoffnung? Lauschter eran a schwätz mat an der neitster Episod vu Gamer Things!

Episod 125 - NEE3 SEASON ASS DOOO 17.06.2026

Wat fréier E3 geheescht huet, ass haut op lauter verschidde Präsentatiounen opgedeelt: Sony State of Play, Summer Games Fest, Xbox Showcase an Nintendo Treehouse. Mir hunn eis dës all ugekuckt a schnëssen iwwer alles wat eis opgefall ass: déi gutt an déi schlecht Saachen. Wat häls du da vun all deene Präsentatiounen?

Episod 124 - JAMES BOND: First Light a PARALIVES 03.06.2026

Ass Modern Warfare eng nei Luucht um Enn vum Tunnel vun onbeléifte Call of Doodies? Kann ee jonken James Bond d'Fans iwwerzeegen, dass et och emol anescht goe kann? Wéi ass et een James Bond-Film ze spillen? Ausserdeem huet "Paralives" am early Access alle Sims-Spiller frësche Wand ugebueden. Dat a villes méi gëtt et an dëser Episode GamerThings! Kuckt eran, lauschter eran a schwätzt mat!

Episod 123 - UFOS! Ah jo a Saros a Forza Horizon 6 20.05.2026

Ongescript, onzenséiert an ongeplangt! D'Jonge vu Gamer Things schwätzen an der neitster Episod iwwer Ufoen. Iergendwann hunn si sech awer erëm drun erënnert wéi de Podcast eigentlech heescht an et gouf nees op Gaming-Theeme geswitcht. De Marc huet Saros duerchgespillt a gëtt säi Review. An de Mike iergert sech iwwert déi neitste Money-Tricks vu Microsoft bei Forza Horizon 6. Dat alles a villes mé...

Episod 122 - SAROS ass do an AC BLACK FLAG kënnt zeréck! 06.05.2026

Saros ou Saros pas? De Rahul Kohli Simulator vun Housemarque ass endlech do an de Marc huet villäicht spicy Take zum Spill? Mir freeën eis all iwwert d'Annonce vun Assassins Creed Black Flag Resynced an dem Remake vum Franchise-Libling. Dat bréngt eis zu enger, mëttlerweil reegelméisseger Diskussioun ronderëm Ubisoft a seng Lamentéierungen. Alles dat an erstaunlech vill Filmdiskussiounen erwaart d...

Episod 121 - CRIMSON DESERT a PRAGMATA... mir iesse gutt! 22.04.2026

De Petz huet fir sech en neit Doheem a Crimson Desert geschaf a wëll do net méi fort. Kuerz huet e säi Wee dann awer bei eis fonnt fir ze schwäermen. Dann ass mat Pragmata och en neie Banger um Marché an de Mike huet sech dat da mol intensiv ugekuckt. A fir Battlefield 6 goufen et mol erëm eng Kéier keng sou schlecht Norichten, si hunn eng Roadmap presentéiert, déi de Marc ënnert d'Lupp geholl hue...

Episod 120 - Ass Crimson Desert gutt? Ass DLSS5 een AiSlop? 25.03.2026

D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der Gaming-Industrie endlos ginn an ob DLSS5 dann esou skandaléis ass, wéi jidderee seet. Wat denks du iwwert déi Saachen? A fënns du, dass den Hype ronderëm Crimson Desert berechtegt ass?

Episod 119 - High Guard geet a MIDNIGHT kënnt 11.03.2026

Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei Erweiderung eraus, Resident Evil 9 schléit a wéieng Bomm a Marathon fënnt méi Uklang wéi erwaart. Vill Spaass a good game wënschen d'Jonge vu Gamer Things mat der neitster Episod.

Episod 118 - PHIL SPENCER, STATE OF SONY a CRIMSON DESERT 25.02.2026

De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat Crimson Desert kënnt ganz geschwë vläit schonn de Main Contender fir d'Game of the Year eraus. Dat a villes méi, wéi gewinnt bei eise low-cortisol Gamer vu Gamer Things.

Episod 117 - Ze vill Haass an der Gaming Welt 11.02.2026

An dëser Episod geet et ëm de Schluss vun Ashes of Creation a wéi World of Warcraft weider um MMO-Troun sëtzt. Dann huet dat neit Spill Highguard nach fir Schlagzeile gesuergt a wat mécht AI elo nach alles an der Filmindustrie? Dat a villes Méi wéi gewinnt mat eise Jongen aus der Gaming-Zeen an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 116 - FABLE kënnt an ARC RAIDERS geet? 28.01.2026

Mir hunn eis d'XBOX Developer Direct vum Januar ugekuckt an u sech waren et mat FABLE, Forza Horizon 6, Beast of Reincarnation a KILN lauter Banger. De Marc huet awer mat enger schwéierer Trennung mat ARC RAIDERS ze kämpfen. Wat et domat op sech huet an ob hien elo trotzdeem nach offiziell als "Gamer" bezeechent dierft ginn, gëss du an dëser neier Episod vu Gamer Things gewuer. Mee natierlech gëtt...

Episod 115 - Alles Guddes 2026 14.01.2026

Dat neit Joer huet ugefaang a well dëst e Podcast mat mëttelale Männer ass, ass aus dem geplangte Preview op 2026 eng Jéimersessioun ginn... genuch gelaacht hu mer trotzdeem erëm an dat eent oder anert d'Spill ass awer méi genee ënnert d'Lupp geholl ginn.

Episod 114 - De Joresréckbléck 2025: Wat waren d'Highlights 31.12.2025

2025 ass duerch an et war alles, mee just net langweileg. An dëser Episod vu Gamer Things kucke mir zeréck op d’Gaming-Joer 2025. Dat heescht mir kucken op déi gréissten Highlights, op déi Spiller, déi eis komplett zerstéiert hunn an och op déi Titelen, déi eis positiv iwwerrascht hunn. Mir schwätzen iwwer Spiller, déi nei Standarde gesat hunn, iwwer staark Story-Momenter, süchteg Gameplay-Loopen...

Episod 113 - THE GAME AWARDS 2025 & Réckbléck op 2025 17.12.2025

D'Game Awards 2025 si laanscht an dat alt Joer geet och gläich op een Enn. D'Jonge vu Gamer Things hunn sech d'Awards genee ugekuckt, mee dat lescht Joer gouf awer och nach eemol genau ënnert d'Lupp geholl. Wéi ëmmer gëtt alles an enger nawell lëschteger Episod analyséiert. Mee wéi hunn deng Favoritten dann iwwerhaapt ofgeschnidden? A wéi huet däi Joer a Punkto Gaming ausgesinn? Schreif de Jonge v...

Episod 112 - GAME AWARDS SEASON ass eröffnet 03.12.2025

Den Dezember huet ugefaang a soumat geet de Gaming-Endspurt an d'Startlächer. Mir kucken eis d'Nominatioune fir d'GAME AWARDS un, bedeelegen eis un den neie Gerüchter ronderëm d'Half Life 3 an de Petz huet een Deel vu senger Séil verluer, well hien den neien Trailer fir Destiny 2 Renegades gekuckt huet.

Episod 111 - COD: ee Black Flop 7 dofir ARC RAIDERS um Top? 19.11.2025

Den neie Call of Duty ass endlech do an ass sengen Erwaardungen eigentlech zimmlech gerecht ginn an dat muss net onbedéngt eng gutt Saach sinn. Arc Raiders dogéint schéint anzeschloen, wéi eng Bomm an den Extraction Genre gëtt doduerch méi an de Mainstream  gedréckt. Natierlech hunn d'Jonge vu Gamer Things sech och schonn hannert den neien ANNO 117 Pax Romana gesat. Des Weideren ass de Petz traure...

Episod 110 - AI Spezial 2: Wat gëtt et Neies? 05.11.2025

Haut gëtt et alt eemol erëm een Update aus der Welt vun der kënschtlecher Intelligenz. Et gëtt spekuléiert, assuméiert a philosophéiert an dat iwwert déi neitsten Updates, déi eis d'AI-Welt esou ze bidden huet. Ass wierklech alles nëmme gudde Fortschrëtt oder sollte mir méi virsiichteg mat eiser Euphorie ëmgoen? Schwätz roueg mat!

Episod 109 - BATTLEFIELD 6! 21.10.2025

Back to Battlefield! Nom Release um 10. Oktober kennen d'Jonge vu Gamer Things (bal) nëmmen dovu schwäermen erëm zeréck an e Battlefield ze sprangen, dat sech och sou ufillt wéi ee Battlefield sech ufille soll. Et gi knackege Sounds, Action am Iwwerfloss an ee risege Choix u Spaass. Mee d'Spill ass nach net ganz a sengem vollem Potential opgebléit! Lauschtert eran a schwätzt mat!

Episod 108 - Moien BF a COD SHOWDOWN an Äddi EA? 07.10.2025

De grousse Showdown steet bevir an nodeems mëttlerweil dann och COD seng Beta released huet kann ee spekuléiere wien d'Nues vir wäert huet. Dofir huet EA vun elo un hir Nues op anere Plazen an dës Entscheedung wäert warscheinlech net dee beschte Geroch bei der Fancommunity hannerloossen. Mat Dësen a ville weideren Theeme beschäftegen sech eis Gamer nees fir dech. GG

Episod 107 - SILKSONG kickt eis asses a BORDERLANDS 4 kickt hir Fans? 24.09.2025

Elo nodeems mir e bëssen Zäit mat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass mega gäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 ass frësch um Marché, mee wat soen dann d'Kriticken? Dann huet Nintendo och nach eng laang Direct presentéiert, déi mir eis méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn. GG a vill Spaass.

Episod 106 - September ass Neijoerschdag! 10.09.2025

Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal Gear Solid3 huet de Mike sech natierlech schonn ugekuckt, woubäi kucke wierklech déi richteg Wuertwal ass! D'Updates an den Trailer vum neie James Bond-Game sinn och absolut derwäert an dow...

Episod 105 - Gamer Things op der Gamescom: Live aus Köln 27.08.2025

An dëser Episod vu Gamer Things geet et ëm déi gréisste Gaming-Foire vun Europa: d’Gamescom 2025 zu Köln! Et ass also Zäit fir eng grouss Zesummefaassung 🎮  Zesumme schwätzen d'Jonge vu Gamer Things iwwer déi spannendst nei Ukënnegungen, hir Highlight-Spiller, d’Stëmmung op der Foire an déi kleng Momenter, déi een nëmme matkritt, wann een op der Plaz ass.

Episod 104 - Gamescom 2025: Mir si prett! 13.08.2025

D’Gamescom 2025 steet virun der Dier – an de Mike mécht sech prett fir eleng dohinner ze fueren! 🎒🎮 An dëser Episod vu Gamer Things schwätze mir zu zwee iwwer dat wat kënnt, ob wat de Mike sech am meeschte freeë kann a wéi säin Agenda op der Foire ausgesäit. Natierlech geet et och ëm Battlefield 6 Beta: éischt Andréck, Highlights an e bësse Gejéimers, wann et nach hapert.  💬 Wat erwaarts du vun...

Episod 103 - BATTLEFIELD an DONKEY KONG BANANZA 30.07.2025

Battlefield 6 gouf offiziell mat engem Trailer ugekënnegt an domat fänkt den Hype un. De Mike boxt sech grad duerch Donkey Kong Bananza op der Switch 2 an erzielt eis vu sengen éischten Andréck. Dat an nach villes méi, gëtt et dës Woch bei GAMER NET OP DE... THINGS!

Episod 102 - Nei Spiller,grouss Hoffnungen: Wildgate, Battlefield & méi 16.07.2025

An dëser Episod vun Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren iwwert de crewbaséierten Extraction Shooter Wildgate – kann dëse Mix aus Raumfaart, Action a Strategie de Genre nei definéieren? 🚀 Donieft schwätze mir iwwer de Remake vun Tony Hawk’s Pro Skater 3+4, deen elo offiziell eraus ass: Wéi gutt funktionéiert d'Skate-Nostalgie am Joer 2025? 🛹 Zum Schluss kucke mir op Battle...

Słuchaj podcastu Gamer Things w Replaio

Radio i podcasty w jednej aplikacji - za darmo, bez zakładania konta. Zainstaluj już dziś i nie przegap premiery

Pobierz z Google Play

Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS