Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Gamer Things

Fiction LB ↓ 126 episodes

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Author

Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Category

Fiction

Podcast website

www.eldo.lu

Latest episode

Jul 1, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 26 - APEX Legends Special - Weapon Tiers, Legend Tiers an Laughing Tears 03.08.2022

Den Marc kéint, wéi ee gesäit, stonnelaang iwwert säin Liblings-Battleroyale - APEX LEGENDS - schwätzen. Dofir huet hien sech mat de Jungs vu Relyon Esports, enger Lëtzebuergescher Esport Ekipp, déi ënnert anerem op der LGX den Apex Turnéier matgespillt huet, zesummegesat, an dat Spill eemol gutt duerch diskutéiert. Wéi eng sinn déi beschte Waffen, wéi eng déi beschte Legends? Dat a Villes méi an...

Episod 25 - Nei Releases: Stray an Quarry 20.07.2022

D'Jongen vu Gamer Things schwätzen iwwert déi nei Releases: Stray an Quarry. Waart dir och op der Beerdegung vun Read Dead Online? Oder hudd dir iech schonn e Motiv fir äer Diablo 4 Tätowéierung erausgesicht? Den Mike ass op alle Fall net ganz ofgeneigt, sech dat Spill vu Blizzard gratis besuergen ze goen! Sou laang keng Microtransactions domadder a Verbindung stinn! Alles dat an der neier Episode...

Episod 24 - F1 2022 fir de Mike, STARFIELD fir de Petz, a wou ass de Marc? 06.07.2022
State of Play a schonn erëm News zu Battlefield 07.06.2022
ASH IS BACK an de COD King Kong ass ellen? 26.05.2022

Eis 3 Gamer hu sech dat neit EVIL DEAD Spill ugekuckt. Bëlleg Kopie vun Dead By Daylight oder kann et op eegene Féiss stoen? Och vum rezenten Event am COD Warzone gett geschwat an d'Meenunge gin auserneen... Dat a vill leschtegt Geplänkel haut an der Episod.

Episod 21 - Blizzard penibel, Stanleys Dorfromantik en Hit 11.05.2022

Wärend den Marc sech op den Apex Legends update freed an den Mike sech an daat rouegt Spill "Dorfromantik" verléift huet, schwätzen se iwwert d'Enttäuschung vun Overwatch2 an Warcraft-Arclight Rumble. En Äquivalent zu CnC Rivals. Dobäi kënnt nach, deen een oder aneren Spilltipp, Youtube Channel an Mod. Eranlauschteren lount sech, wéi ëmmer!

Episod 20 - Luxcon, Springames a World of Warcraft 27.04.2022

Des Kéier geet et ëm Lokal Events ewéi Springames an d'Luxcon. Dozou ginn et nach News zu Diablo Immortal, World of Warcraft an Saints Row.

Episod 19 - 250 fir een Auto a GT7?! 300 € fir 2 Buttons?! 06.04.2022

"Alles gëtt méi deier!" - Eis Nerds vu Gamer Things fueren sech ganz verdutzt iwwert de Kapp wann se mieken waat d'Industrie fir en Courage huet wann et ëm Sue geet. Sinn 250 Euro ok fir en Auto a Gran Turismo 7? Sin 300 Euro zevill fir eng Manette? An da bezillt EA emol net hier Apex-Teams hier Rees?! Dat ganzt "sur un lit de": Elden Ring Geschärms vum Mike, accompagné des Wambo Combos; à la Marc...

Episod 18 - ELDEN RING di Zweet, HOGWARTS LEGACY an eng Ode u "kleng" Spiller 23.03.2022

De Mike ass net méi vun Elden Ring ewech ze kréien, de Petz entdeckt seng Léift zu engem neie Genre, an de Marc well, DASS DE PETZ DUNE KUCKT! Ausserdeem hunn eis 3 Spillisten sech natierlech och di lescht SONY State of Play ugekuckt, an där dat laang erwaarten Hogwarts Legacy virgestallt gouf.

Episod 17 - Déi grouss Elden Ring Episod 08.03.2022

Vill Leit hunn drop gewaart an och mir konnten et bal net ofwaarden. Elden Ring ass endlech eraus a krit bombastesch Wäertungen. Mee huet Elden Ring dann och an eisen Aen déi Wäertunge verdéngt? Jo dat erziele mir iech hei bei Gamer Things.

Episod 16 - Spiller déi Konscht sinn! 23.02.2022

Mir hunn iwwert déi wonnerbar Landschaften vun Horizon II: Forbidden West, iwwert Flashbacks vun Dying Light an onmoosseg laang iwwert SIFU geschwat. An och haut erëm Battlefield mam Motto: "wéi schëppt een säin Gruef ëmmer méi déif?!"

Episod 15 - APEX Update, COD VANGUARD, Skill-based Matchmaking suckt 09.02.2022

Des Woch schwäermen eis 3 Gamer iwwer al Zäiten awer och iwwert den neien Update fir Apex Legends, de Winmi huet sech awer rem vun engem COD kreie geloss, mee et gëtt och eng Diskussioun iwwert den allsäits onbeléifte Skill-based Matchmaking. Dat a villes méi an dëser Episod.

Episod 14 - De gréissten Deal an der Entertainment Branche 26.01.2022

De gréissten Deal an der Entertainment Branche ass iwwert d'Bün gaangen. An doriwwer gëtt et méi ewéi genuch ze schwätzen. Wat eis Impressiounen iwwert den Deal sinn a wéi mir eis elo d'Zukunft vun Activison virstelle gesitt dir hei bei Gamer Things.

Episod 13: Dei nei Sony VR2! 12.01.2022

Vill Gléck am neien Joer! Wat gouf dann esou iwwert Chrëschtdeeg gezockt? Sony presentéiert seng nei VR mam beschten Numm deen een dofir auswielen kann: Sony VR2 ! Eisen Battlefield 2042 Rant gëtt esou lues zum Running-Rant an et ginn nach eng Rëtsch interessant Leaks, déi dëst Joer eventuell zu engem Top Joer am Gaming kéinten maachen.- raumt är Festplatten, huelt äerch Zäit. 2022 ass lancéiert!

Episod 12: D'Game Awards 21.12.2021

D'Game Awards si laascht an dobäi krute mir ganz vill Traileren ze gesinn. Wat mir dann dovun halen a wat eis am Joer 2022 erwaart, dat gesitt dir an dëser Episod Gamer Things.

Episod 11: RECKBLECKEND MUSS EE SOEN... 08.12.2021

... 2021 war definitiv e Joer. E Joer an dem och erëm Spiller rauskomm sinn. Wéi eng waren da fir eis 3 Gamer Topps a wéi eng Flopps? Doriwwer gëtt diskutéiert. Maacht mat a schreift eis wat fir Iech dann déi flottst (oder miesst) Gaming-Erënnerung vum Joer? Vill Spaass mat dëser Episod.

Episod 10: HALO KLINGT, BATTLEFIELD STINKT GTA LEGT EIN EI 25.11.2021

D'Jonge vu Gamer Things diskutéieren iwwert déi grouss Releasen am November. Dorënner dat laang erwaardend Battlefield2042 den alljärleche Call of Duty, an den Release vum Halo: Multiplayer. Awer och GTA Devinitive Edition an Edlen Scrolls a villes méi! Dës Folleg leider ouni de Petz, mee deen ass sécher déi nächste Kéier erëm dobäi!

Episod 9: Guardians of the Galaxy, Far Cry 6 an Woodkid 03.11.2021

Mir hunn fir iech an dëser Episod en Interview mam Woodkid an dobäi hunn mir mol Guardians of the Galaxy a Far Cry 6 ënnert d'Lupp geholl. Dobäi huet de Marc nach missen seng Roserei iwwert Kena erausloossen.

Episod 8 - Battlefield 2042 Beta Versioun Review 20.10.2021

Impressioune vun der Battlefield 2042 Beta. Erwaart eis do endlech erëm en Battlefield op daat mer sou laang gewaart hunn oder gesinn do en rise Flopp op eis zoukommen? Wat gutt gaangen ass a waat definitif nach muss geännert ginn! Zéckt net alles nach dobäi ze schreiwe wat mer eventuell vergiess hunn, wou der eis Recht gitt a wou mer ärer Meenung no total dernieft leien! Vill Spaass!

Episod 7 - NEW WORLD, Kena Bridge of Spirits an Hierschtgefiller 06.10.2021

Amazon huet mat New World en neit MMORPG erausbruecht a brécht Rekorder. Ausserdeem huet den Hierscht ugefaange an dat mécht eisen 3 Gamer nach méi Loscht ze Gamen, dat awer ënnert der Decken a mat enger gudder Taass Téi. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod.

Episod 6: Playstation Showcase, den neie Shooter Splitgate an Deatloop 22.09.2021

Mir hunn erëm eng vollgepaakte Sendung fir iech. Net nëmmen dass mir déi zwee Spiller Deathloop a Splitgate an der Review hunn. Nee mir hunn och nach de gesamte Playstation Showcase ze beschwätzen. An do war esou munches ze gesinn. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!

Episod 5: GAMESCOM 2021 a wat dëst Joer nach op eis zoukënnt! 05.09.2021

No der Summerpaus maache mir eng klenge Réckbléck op d'Gamescom Presentatioun 2021 a Call Of Duty Vanguard! Natierlech kenne mer net all Eenzel Spiller déi op der Gamescom uschwätzen, also wann mer eent vergiess hunn wat iech besonnesch interesséiert huet an ob dir eiser Meenung sinn oder net, kennt der eis roueg als Kommentar wësse loossen!  Mir si frou erëm zeréck ze sinn a freeën eis op en neit...

Episod 4: EA Play an UBISOFT Announcement (GONE WRONG) plus STEAM DECK 25.07.2021

An dëser Episod diskutéiere mer déi dësjäreg EA Play, oder och "die vielleicht schlechteste (not-E3) Präsentation der Welt"? Ausserdeem schwäerme mer e bësse fir den nei ugekënnegte Steam Deck vu Valve, an allgemeng erfreeë mer eis drun endlech rëm mateneen kënnen ze laberen! Vill Spaass!

Episod 3: Special Guest T the Boss! 10.07.2021

Mir hunn mol erëm eng Kéier eng schéin Special Episode fir iech. An zwar ass des Kéier den T the Boss zu Gaascht. An wat hien alles gären zockt a wat seng Liblingsspiller sinn, dat fannt dir hei bei Gamer Things eraus.

Episod 2: Iwwert Tops an iwwert Flops! 27.06.2021

D’Jonge vu Gamer Things analyséieren d’Präsentatioune vun der E3, déi dëst Joer erëm just online stattfonnt huet. Op wat si sech besonnesch freeën a wou se hier Ae gerullt hunn soen si iech an dëser Episod. Wéi eng Trailer hunn iech op den « Hype-Train » bruecht?

Listen to the Gamer Things podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.