radio 100,7
Fënster Op
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Trinidad an Tobago 05.07.2026
Dës Kéier geet et an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner. D’Haaptstad ass Port of Spain, déi gréisste Stad ass awer Chaguanas. D’Land ass bekannt fir seng aussergewéinlech kulturell Diversitéit: afrikanesch, indesch, europäesch an aner Aflëss prägen d’Gesellschaft, d’Reliounen, d...
Senegal 28.06.2026
De Senegal läit a Westafrika um Atlantik, gëtt bal komplett vu Mauretanien, Mali, Guinea a Guinea-Bissau ëmginn an ëmschléisst de klengen Noper Gambia wéi eng Insel am Land. D'Haaptstad Dakar läit op enger Hallefinsel a gëllt als eng vun de wichtegste kulturellen a wirtschaftleche Metropole vum afrikanesche Kontinent. Nieft dem Franséischen als Amtssprooch ass virun allem Wolof am Alldag pres...
Nationalfeierdag-Spezial 2 21.06.2026
Nationalfeierdag gëtt hei zu Lëtzebuerg grouss gefeiert, och schonn um Owend virdrun. Mee wéi ass et an anere Länner, gëtt do och Nationalfeierdag gefeiert? Oder sinn et do aner Deeg, déi am Vierdergrond stinn, a firwat? An natierlech och ganz wichteg, wéi ginn déi Deeg do gefeiert a wéi ënnerscheet sech dat zu Lëtzebuerg? Mir maachen eng Rees uechtert Welt a kucken op verschidde Länner, wéi den U...
Albanien 14.06.2026
Albanie läit am Balkan un der Adria an um Ionesche Mier a grenzt u Montenegro, de Kosovo, Nordmazedonien a Griichenland. Laang Zäit war d’Land bal komplett vun der Welt ofgeschnidden, ënner enger kommunistescher Diktatur, déi méi wéi 40 Joer gedauert huet. Haut ass Albanien och bekannt fir säi räiche kulturelle Patrimoine: d’UNESCO huet net nëmmen d’historesch Stied Berat a Gjirokastër als Weltkul...
Kuba 07.06.2026
Kuba ass déi gréissten Insel an der Karibik. E Land mat kolonialer Geschicht, Revolutioun, Zigaren, Rum a weltbekannter Musek. Kuba läit tëschent dem Golf vu Mexiko an dem Atlantik an huet eng ganz speziell politesch a kulturell Identitéit entwéckelt. Trotz wirtschaftleche Schwieregkeeten an Emigratioun bleift d’Land fir vill Leit e Symbol vu Resistenz, Nostalgie a Liewensfreed. Vum Havana Jazz bi...
Bulgarien 31.05.2026
Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei. D’Land um Schwaarze Mier verbënnt osteuropäesch, slawesch an orientalesch Aflëss a kann op eng laang a komplex Geschicht zeréckblécken. Mat eiser Rees entdecke mir net nëmmen d’Haaptstad Sofia, mee och Plaze wéi Plovdiv oder d’Küst um Schwaarze Mier. Mir schwätzen iwwer Traditiounen, orthodox Kultur, Mus...
Ecuador 24.05.2026
Haut entdecke mir e klengt, mee immens villsäitegt Land a Südamerika. Ecuador vereent véier ganz ënnerschiddlech Regiounen: d’Pazifikküst, d’Anden, den Amazonas-Reebësch an d’Galápagos-Inselen. D’Land ass kulturell räich a geprägt vun indigene, kolonialen an afro-ecuadorianeschen Traditiounen. Och kulinaresch huet Ecuador vill ze bidden, ënner anerem Ceviche, Locro de Papa, Empanadas oder Patacone...
D’Vereenegt Staate vun Amerika 17.05.2026
D’Vereenegt Staate vun Amerika sinn eent vun de gréissten an aflossräichste Länner op der Welt. E Land tëscht Kanada a Mexiko, dat sech iwwer méi wéi 4000 Kilometer vun der Ost- bis un d’Westküst zitt – mat legendäre Stroossen wéi der Route 66. D’USA hunn eis all iergendwéi gepräägt: duerch Musek, Film, Sportsspektakeler wéi de Super Bowl oder d’Oscars, an och duerch eng Iesskultur, déi weltwäit v...
Nordmazedonien 10.05.2026
Nordmazedonien ass e Binnestaat am Balkan am Südoste vun Europa, deen u Serbien, Bulgarien, Griichenland, de Kosovo an Albanie grenzt. D’Land ass 1991 onofhängeg ginn an dréit säin haitegen Numm eréischt zanter 2019 - virdru gouf et international dacks Former Yugoslav Republic of Macedonia gekannt. D’Haaptstad Skopje ass déi gréisste Stad am Land an e wichtegt kulturellt a wirtschaftlecht Zentrum....
Portugal 03.05.2026
Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora. Zanter den 1960er Jore koume vill Portugisen a Portugisinnen op Lëtzebuerg - dacks fir hei ze schaffen a sech e Liewen opzebauen. Haut ass dës Communautéit déi gréisst am Land an e feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Zesumme mat eise Gäscht schwätze mir iwwer hir perséin...
Russland 26.04.2026
Zënter dem 24. Februar 2022 an der Invasioun op d’Ukrain ass Russland definitiv e Land ginn, an deem och vill Landsleit net méi kënnen a wëlle liewen. E puer vun dësen huet et och (dacks iwwer Ëmweeër) op Lëtzebuerg verschloen. Wat heescht et fir si hautdesdaags Russen ze sinn? Wéi huet d’Verhältnis zur russescher Sprooch changéiert? Wéi gesi si déi russesch Communautéit zu Lëtzebuerg? Iwwer all d...
Paraguay 12.04.2026
Paraguay ass e sougenannte Binnenstaat, also e Land ouni Zougang zum Mier. Et läit tëscht Brasilien, Argentinien a Bolivien. D’Land gëtt duerch de Floss Río Paraguay an zwou grouss Regioune gedeelt. Am Oste läit déi méi fruchtbar Géigend, wou déi meescht Leit wunnen a wou Landwirtschaft bedriwwe gëtt. Am Weste läit de sougenannte Gran Chaco, eng dréchen an dënn besidelt Regioun mat vill Natur a wé...
Belarus 22.03.2026
Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt. Fälschlecherweis ass dëst Land a villen Schoulbicher nach als Wäissrussland bezeechent ginn. Belarus gëtt och oft als déi leschten Diktatur an Europa bezeechent. D’Land besteet zu 40% aus Bëscher an do lieft ënner anerem dat gréisste Mamendéier an Europa, nämlech den europäesche Bison. De Cédric...
Ukrain 15.03.2026
D’Ukrain ass de 24. Februar 2022 vu Russland iwwerfall ginn, mä eigentlech huet de Krich scho méi fréi ugefaangen. Mat 603.700 km² ass dëst Land mat Ofstand dat gréisste Land an Europa. Eigentlech liewen em déi 45 Mënschen do, mä vill hunn an de leschte Joren d’Land verlooss. E puer Dausend sinn och op Lëtzebuerg komm. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Yevgeniya Inozemtseva, der Iryna Skrypak...
Lettland 08.03.2026
Lettland läit am Nordoste vun Europa, tëschent Estland a Litauen, un der Ostsee, an ass eent vun de baltesche Länner. D’Haaptstad Riga ass déi gréisste Stad am Baltikum a bekannt fir hir schéi Jugendstil-Alstad. Am Land mat ronn 1,9 Milliounen Awunner ass méi wéi d’Hallschent vun der Fläch mat Bëscher bedeckt. Zanter 2004 ass Lettland Member vun der EU an der NATO an zanter 2014 bezilt een do mam...
Uganda 01.03.2026
Uganda läit an Ostafrika a grenzt am Norden un de Südsudan, am Osten u Kenia, am Süden un Tansania, am Südwesten u Ruanda an am Westen u d’Demokratesch Republik Kongo. D’Land grenzt och un de Victoriaséi, deem gréissten afrikanesche Séi. Ronn 45 Millioune Mënsche liewen do; Englesch ass d’Amtssprooch, Swahili eng wichteg Lingua franca, nieft ville Regionalsproochen. Uganda ass eng Republik, um Fän...
Kapverden 22.02.2026
D’ Kapverden sinn eng fréier portugisesch Kolonie a bestinn aus zéng Inselen, déi ongeféier 570 Kilometer virun der Westküst vum afrikanesche Kontinent leien. Déi gréissten Insel heescht Santiago. Aus de Kapverden kënnt och eng vun de gréissten net-europäesche Communautéiten zu Lëtzebuerg. Am Land selwer liewe ronn eng hallef Millioun Mënschen, an ongeféier esou vill Kapverdianer wunnen am Ausland...
Zentralafrikanesch Republik 15.02.2026
D'Zentralafrikanesch Republik läit zimmlech genau am geografeschen Zentrum vum afrikanesche Kontinent. Des Republik ass 1958 onofhängeg vu Frankräich ginn. Niewent Franséisch ass Sango ei Sprooch déi vun allen ethnesche Gruppe geschwat gëtt. An de Reebëscher liewen ënner anerem och nach Gorillaen. Dëst Land vun iwwer 600.000 km2 ass mat 5,5, Milliounen Awunner*innen éischter dënn besidelt. De...
Libanon 08.02.2026
De Libanon läit am Noen Osten, an huet ee vun de markantste Fändelen iwwerhaapt: e gréngen Zedernbam op engem rout-wäiss-gesträifte Fong. Et liewe ronn 5 Millioune Mënschen op enger Fläch vu gutt 10.000 km² am Libanon, woubäi d’Diaspora bal dräimol esou grouss ass wéi d’Bevëlkerung am Land selwer. De wirtschaftlechen a kulturelle Mëttelpunkt vum Land, an och wäit doriwwer eraus, ass Beirut. Am Lib...
Peru 01.02.2026
De Peru läit op der Westküst vu Südamerika, a grenzt am Norden un den Ecuador a Kolumbien, am Osten u Brasilien, am Südosten u Bolivien an am Süden u Chile. De Peru ass bekannt als Häerz vun der fréierer Inkakultur mam absolutten Highlight Machu Pichu. Haut ass dëst Land e wichtege Produzent vu Koffer a Selwer. Niewent der fréierer Kolonialsprooch Spuenesch, sinn de Quechua an Aymara och nach haut...
Südafrika 25.01.2026
Südafrika läit un der Südspëtzt vum afrikanesche Kontinent an zielt als eenzegt afrikanescht Land zu de G20 a gehéiert och zu de BRICS-Staaten. Iwwer 60 Millioune Mënsche liewen do, an et ginn 11 offiziell Landessproochen. Südafrika huet dräi Haaptstied: Pretoria als Regierungssëtz, Kapstadt als Parlamentssëtz a Bloemfontein als Sëtz vun der Justiz. D’Kinnekräich Lesotho ass als Enklav. komplett v...
Kirgistan 18.01.2026
Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst: méi wéi 90 Prozent vu senger Landfläch besteet aus Bierger. D'Tian-Shan-Bierger, och bekannt als Himmelsbierger, si besonnesch prominent. Bekannt ass och de Séi Issyk-Kul, ee vun de gréissten Héichteséien op der Welt, an deen, wéinst sengem héije...
Australien 11.01.2026
Australie läit op där anerer Säit vun der Welt, ee vun den éischte Länner, an deem dat neit Joer begréisst gëtt. Staatschef ass de Kinnek Charles III., an am Land liewen ongeféier 26 Milliounen Awunner:innen, virun allem an de Küstestied. Déi riseg bannenzeg Géigenden, den Outback, sinn haaptsächlech dréchen a wéineg besidelt. Eng zentral Roll an der Kultur spillen d’Aborigines, déi schonn zënter...
Feierdag-Spezial 2 21.12.2025
Wann et dorëms geet, wéi een d’Feierdeeg verbréngt, huet jiddweree seng eegen Traditiounen. Wa mir dann nach e bëssen iwwer den Tellerrand kucken, ginn déi Ënnerscheeder nach eemol e gutt Stéck méi grouss. An dat maache mir an enger Spezial-Feierdag-Editioun vun eiser Serie Fënster Op. Mir hunn och dëst Joer nees bei eisen Invitéen nogefrot, wéi an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silve...
Uruguay 14.12.2025
Uruguay ass e Land mat 3,5 Milliounen Awunner:innen, dat tëschent Brasilien an Argentinie läit an als stabil Demokratie an der Regioun gëllt. Déi éischt Fussballweltmeeschterschaft gouf hei ausgedroen, bei där d’Heemekipp och gewonnen huet. Bekannt sinn d’Uruguayer:innen och fir hire Mate-Konsum. Doriwwer an iwwer villes méi schwätzt de Cédric Reichel mat der Maria Dupin, der Clara Etcheverry an d...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.