radio 100,7
Ey gars
De Simon schwätzt mat der Jugend.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Sproochen an de Schoulen 02.12.2025
Muer (03.12.) gëtt an der Chamber de Projet de Loi iwwer d’Alphabetiséierung op Franséisch gestëmmt. Sollt deen ugeholl ginn, besteet an Zukunft d‘Méiglechkeet, datt d’Kanner schonn am éischte Schouljoer op Franséisch schreiwen a liese léieren, am Plaz vum Däitschen. Fir den Ey Gars wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche wëssen, wéi et da mat de Sproochecoursen am Secondaire ass.
Hausaufgaben 25.11.2025
Viru Kuerzem hate sech Eltere beschwéiert, datt d'Kanner ze vill Hausaufgaben an der Primärschoul hätten. Mee wéi ass et am Lycée? De Simon Larosche huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat.
Klimawandel 18.11.2025
Et gëtt vill iwwer de Klimawandel geschwat. Mee geschitt och genuch fir eppes dogéint ze maachen? De Simon Larosche huet bei de Jugendlechen nogefrot.
Gesellschaftsspiller 11.11.2025
Spillen déi Jonk iwwerhaapt nach Briet- oder Kaartespiller? De Simon Larosche huet nogefrot.
D'Grippesaison 04.11.2025
Gefillt ass jiddereen aktuell krank oder op d'mannst gesondheetlech ugeschloen. Wéi ass et mat de Jugendlechen? Wéi komme si duerch dës Zäit? De Simon Larosche huet nogefrot.
Allerhellegen 28.10.2025
Traditionell deen Dag, op deem ee bei d’Graf vun de verstuerwenen Familljen-Membere geet. Wat halen déi Jugendlech vun dëser Traditioun a maachen si dat nach? De Simon Larosche huet nogefrot.
KI a Chatbots 14.10.2025
Déi Kënschtlech Intelligenz ass ëmmer méi present, och an der Schoul. Wéi kucken déi Jugendlech op des Entwécklung? De Simon Larosche huet nogefrot.
Vapen 07.10.2025
Déi ginn ënner de Jugendlechen ëmmer méi populär. Mee wéi vill wësse si iwwerhaapt doriwwer.
Den Trounwiessel 30.09.2025
Lëtzebuerg kritt en neie Grand-Duc. Ass dat en Event, dat déi Jonk interesséiert a wëssen déi jonk iwwerhaapt, wéi eisen neie Grand-Duc heescht? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
En Israel-Boykott? 23.09.2025
Aktuell gëtt doriwwer diskutéiert, ob een israeelesch Museker:innen oder Sportler:innen net méi invitéiere soll wéinst dem Konflikt an der Gazasträif. De Simon Larosche huet bei de Jonken nogefrot, wat si dovunner halen.
Labubu 16.09.2025
Deene klenge Figure kënnt een aktuell net aus dem Wee. No der Rentrée wollt de Simon Larosche vun de Jonke wëssen, wat si vun deem Trend halen.
Insekten am Summer 08.07.2025
Summer bedeit net nëmme waarm Temperaturen, Plage a flott Aktivitéiten dobaussen, mee och Insekten, wéi Harespelen, déi een nerven. Wéi kann een sech virun deene schützen? De Simon Larosche huet bei de Jonken nogefrot.
Ofkillung 01.07.2025
Aktuell ass et richteg waarm, do ass et eng gutt Iddi sech ofzekillen. Mee wéi? Dat huet de Simon Larosche bei de Jugendlechen nogefrot.
Nationalfeierdag 17.06.2025
Den 23.06. an um Virowend gëtt nees de Lëtzebuerger Nationalfeierdag gefeiert. Mee wat bedeit dësen Dag de Jugendlechen? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Archiven 10.06.2025
Wéi stelle sech Jugendlecher d'Aarbecht an engem Archiv vir? Wësse si iwwerhaapt, wat alles an engem Archiv geschitt? Am Kader vum Mois des archives huet de Simon Larosche nogefrot.
Uebst iessen 03.06.2025
Uebst ass gesond. Mee iessen déi Jonk dann och nach Uebst a wéi vill? De Simon Larosche huet nogefrot.
Handyverbuet 27.05.2025
Vum 2. Juni u gëllen och an de Lycéeë méi streng Reegele fir den Ëmgang mat Smartphonen an der Schoul. Déi genee Ëmsetzung bleift de Lycéeë selwer iwwerlooss, mee eng Grondreegel ass verflichtend. Wärend dem Unterrecht muss eng physesch Distanz tëschent Handyen a Schüler garantéiert ginn. Mee kucken déi jonk do drop? De Simon Larosche huet nogefrot.
De Vëlo 20.05.2025
Fuere Jonker nach mam Vëlo, a fillen si sech dee Moment sécher? An hunn si selwer e Vëlo oder léinen se sech éischter e vel'OH aus? De Simon Larosche huet nogefrot.
Neie Poopst 13.05.2025
"Habemus Papam" huet et lescht Woch geheescht, mir hunn en neie Poopst. Mee wéi gesinn déi Jonk dat? Interesséiert si dat iwwerhaapt? De Simon Larosche wollt dat erausfannen.
Emojien 06.05.2025
Wann ee mat anere Mënschen iwwer déi verschidde Messenger-Déngschter kommunizéiert, da gehéieren d'Emojie fest dozou. Mee ass dat och bei de Jonken esou? Benotzen déi Jonk Emojien an hire Message a wa jo, wéi eng? De Simon Larosche wollt dat wëssen a war nees mam Mikro ënnerwee.
Hausdéieren 22.04.2025
Hunn déi Jonk Hausdéieren a wéi eng Bedeitung hu se? De Simon Larosche wollt dat gewuer ginn a war nees mam Mikro ënnerwee.
Serientipps 15.04.2025
Elo an der Vakanz huet ee jo méi Zäit, zum Beispill fir Serien ze kucken. Mee wéi eng? De Simon Larosche wollt vun de Jonke wëssen, wat si da grad kucken oder wat si recommandéiere kënnen.
Ouschtervakanz 08.04.2025
D'Schüler:innen hunn elo an der Vakanz fräi. Wat maachen si elo déi nächst zwou Wochen? An wat bedeit hinnen eigentlech Ouschteren? Dat huet de Simon Larosche bei de Jugendlechen nogefrot.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.