radio 100,7
Ey gars
De Simon schwätzt mat der Jugend.
Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: www.100komma7.lu
Gdzie słuchać?
Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótcePodcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów
Odcinki
Museksfestivaller 07.07.2026
Elo am Summer sinn nees ganz vill Festivaller. Mee wéi ass et mat de Jonken, ginn si nach op Museksfestivaller a wo jo, op wéi een? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Téin um Handy 30.06.2026
Schellt et iwwerhaapt nach bei de Jugendlechen, wann een hinnen urifft? A wéi eng Téin héiert een dann? De Simon Larsoche war mam Mikro ënnerwee an huet gelauschtert.
Grillen 16.06.2026
Wa gutt Wieder ass, da gëtt de Grill erausgeholl. Mee ass dat och esou bei de Jugendlechen? Grillen si a wa jo, mat wiem?
D'Fussball-Weltmeeschterschaft 09.06.2026
Den 11. Juni fänkt d'Fussball-Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada un. En Turnéier, deen am Virfeld staark kritiséiert gouf. Hunn déi Jugendlech dovunner eppes matkritt? Wäerte si d'WM suivéieren a fir wien drécke si d'Daumen? De Simon Larosche huet nogefrot.
Sozial Medien esou schlëmm wéi d’Fëmmen? 02.06.2026
Déi brittesch Federatioun vun den Dokteren huet viru Kuerzem gesot, datt fir si déi Sozial Medie fir Kanner a Jugendlecher genee esou schlëmm si wéi d'Fëmmen. Gesinn déi Jugendlech dat genee esou?
Sprangpressessioun 26.05.2026
Eng al Lëtzebuerger Traditioun. Mee wat wëssen eigentlech déi Jonk driwwer? De Simon Larsoche war nofroen.
De Mound 19.05.2026
Wat wëssen déi Jugendlech iwwert de Mound a géife gär selwer mol bis dohinner fléien? De Simon Larosche huet nogefrot.
Europa 12.05.2026
Am Kader vum Europadag, war de Simon Larosche mam Mikro ënnerwee an huet mat de Jugendlechen iwwert Europa an d'Europäesch Unioun geschwat.
Wéi gesäit et mam Waasser aus? 05.05.2026
Drénken déi Jugendlech vill Waasser? An éischter aus der Fläsch oder dach Waasser aus dem Krunn? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Wat soll mam Timmy geschéien? 28.04.2026
Zënter Wochen hänkt de Wal Timmy an der Ostsee fest a kënnt net méi fort. Vill Fräiwëlleger probéieren zanterdeem him ze hëllefen. Mee wéi ass et mat de Jugendlechen, hu si dat iwwerhaapt matkritt a wéi enger Meenung si si? Sollt een dem Wal hëllefen oder soll een der Natur léiwer fräie Laf loossen?
K-Pop 21.04.2026
Déi südkoreanesch Popmusek gëtt ëmmer méi beléift. Och hei zu Lëtzebuerg? De Simon Larosche wollt vun de Jugendleche wëssen, ob si dës Musek lauschteren oder och Fan vun der Kultur ronderëm sinn.
Wéi fillt ee sech, Wochen nom 16. Gebuertsdag? 14.04.2026
An engem viregten Episod hat sech de Simon Larosche d'Fro gestallt, wat sech alles mat dem 16. Gebuertsdag ännert. Dës Woch wollt hie wëssen, wéi ee sech dann elo e puer Wochen no dësem wichtege Gebuertsdag fillt?
Et geet an de Gaart 24.03.2026
Wat halen déi Jugendlech vu Gäert an hëllefen si och am Gaart? Oder ginn se léiwer an d'Gréngt fir ze entspanen? De Simon Larosche huet nogefrot.
Ramadan 17.03.2026
De Faaschtemount vun de Muslimen ass nach bis den 19.03 um gaangen. Dofir wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche gewuer ginn, wat si driwwer wëssen oder ob si och selwer matmaachen.
D'Situatioun am Noen Osten 10.03.2026
Wat wëssen déi Jonk iwwer den aktuelle Krich an der Regioun? Wat sinn d'Grënn a wien ass iwwerhaapt dru bedeelegt? De Simon Larosche war ënnerwee an huet bei de Jugendlechen nogefrot.
Internationalen Weltfraendag 03.03.2026
Wat soen déi Jugendlech zum Weltfraendag a gi si op d'Marche Féministe, déi op dësem Dag organiséiert gëtt. A wat sinn och hir weiblech Virbiller? De Simon Larosche huet sech nees mam Mikro op de Wee gemaach an nogefrot.
Roboter am Stot? 24.02.2026
Verschidde Firmen hunn ugekënnegt, datt se 2026 Roboteren op de Marché wëlle bréngen, déi am Stot hëllefe kënnen. Wéi fannen déi Jugendlech déi Iddi? Wier dat eppes, wat si géifen notzen oder gesi si do och Problemer? De Simon Larosche huet nogefrot.
Wat ännert mam 16. Gebuertsdag? 17.02.2026
Grad wann ee Jonk ass, ginn et eng ganz Partie Gebuertsdeeg, déi Saachen änneren. Et dierf een dann zum Beispill Saache maachen, déi ee virdrun net huet dierfen. De 16. Gebuertsdag ass esou eng wichteg Etapp. Wéi fillt ee sech dann no dësem groussen Dag? De Simon Larosche wollt dat wëssen.
Weltradiodag 10.02.2026
Den 13. Februar ass de Weltradiodag. An deem Kontext ass de Simon Larosche lassgaangen an huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat, ob si Radio lauschteren a wa jo, wéi?
Genderneutral Toiletten 03.02.2026
En Theema iwwert dat an der lescht vill geschwat gouf. Mee wat soen déi Jugendlech dozou? Halen si dat fir eng gutt Iddi? De Simon Larosche huet nogefrot.
Ginn déi Jonk nach an de Kino? 27.01.2026
A wa jo, wéini a fir wéi eng Aart vu Filmer? De Simon Larosche huet bei de Jugendlechen nogefrot. A wat si Snacks, déi dobäi net feelen dierfen?
25 Joer Wikipedia 20.01.2026
25 Joer feiert mëttlerweil schonn d‘Internet-Enzeklopedie Wikipedia. Well awer ëmmer méi Leit hir Infoen duerch eng kënschtlech Intelligenz raussiche loossen, ass den Traffik op der Säit ëm e gutt Stéck erofgaangen. Mee wéi ass et bei de Jugendlechen. Ginn si nach vill op Wikipedia? De Simon Larosche huet nogefrot.
Ob wat freeë sech déi Jonk dëst Joer? 13.01.2026
Wéi hunn déi Jugendlech déi éischt Woche vum Joer 2026 erlieft an ob wat freeë si sech dëst Joer? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
Chrëschtmäert 16.12.2025
Eppes, wat mëttlerweil fir vill Leit fest an d'Chrëschtzäit gehéiert, sinn d'Chrëschtmäert. Mee wéi bei allem ginn déi ëmmer méi deier. Wéi gesinn déi Jugendlech dat, kënne si sech op deene Mäert iwwerhaapt nach eppes leeschten? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee.
Social-Media-Verbuet an Australien 09.12.2025
Vum 10. Dezember un dierfe Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer an Australie keng Sozial Medie méi notzen. Wat soen déi Lëtzebuerger Jugendlech dozou? De Simon Larosche huet nogefrot.
Podobne podcasty
Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS