radio 100,7

Euranet Plus Podcast

News LB ↓ 41 episodes

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jun 29, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Europa Muer: Kann de Label “Made in Europe” d’Ekonomie an der EU garantéieren? 29.06.2026

An den nächste Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm d’Kompetitivitéit, also ëm d’Fäegkeet an de Wëllen, sech an dem ekonomeschen Ëmfeld an och géint eng zolidd Konkurrenz ze behaapten. D’Kompetitivitéit ass e Motor fir Fortschrëtt, Innovatioun an Entwécklung. Aktuell geet et virun allem dorëms, d’Kompetitivi...

Europa Muer: Spiounen a Geheimdéngschter: Wiem kann een nach trauen? 22.05.2026

Dës Kéier geet et awer ëm e Beräich, wou ee wuel eppes driwwer weess an awer huet ee kaum en Duerchbléck. An zwar geet et ëm Geheimdéngschter oder Noriichtendéngschter. Wat sinn hir Missiounen? Wat sinn déi nei Erausfuerderungen, déi op d’Noriichtendéngschter duer kommen, a wéi preparéiere sech d’EU-Memberstaaten dorobber. Besonnesch well et net ganz kloer ass, wéi eng Roll d’USA an deem Ganze spi...

Europa Muer: Si mir prett fir déi nächst Generatioun vu Kricher? 29.04.2026

An den nächsten dräi Episode vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d'Defense a Sécherheet, Arméi an alles wat mat Militär ze dinn huet, am Mëttelpunkt. An dat schéngt jo u sech kloer mat der aktueller Krich-Situatioun an Europa, de Konflikter am Noen Osten an och mat der dach alles anescht wéi stabille...

Europa Muer: Ass d’Gras op anere Plazen an Europa méigréng? 26.03.2026

Am leschte vun dräi Podcasten iwwer déi aktuell Situatioun an Europa am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Migratioun. Awer eng aner Migratioun wéi déi iwwert déi et meeschtens an der Aktualitéit geet. Nämlech eng gewësse Migratioun bannent Europa a méi genee beschriwwen, ëm Europäer, déi ban...

Europa Muer: Si mir zum Mësstraue condamnéiert? 26.03.2026

D’Vertrauen ass eng grouss Erausfuerderung vun eiser aktueller Zäit. Datt een deem Anere vertraut hëlt méi a méi of, oder ass deels scho bal komplett verschwonnen. Dofir ass d’Iwwerleeung sécher net all ze vermessen, ob d’Generatioun vun haut dozou verdaamt ass, ze mësstrauen. Gëtt d'Skepsis zu Alles a Jidderengem lues awer e sécher e Standard an eiser Welt? Genee dorëms geet et an dësem Podc...

Europa Muer: Muss Europa sech tëschent engem Sozialstaat an dem Krich decidéieren? 26.03.2026

An den nächsten dräi Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der aktueller Situatioun an Europa, mat där, datt de Krich nees zeréck um Kontinent ass, a wéi et soll weider goen, och am Kontext mat der dach destabiliséierter Situatioun am Wäissen Haus zu Wa...

Europa Muer: Wäerten an Zäite vun der KI Schoulen hiert Existenzrecht behalen? 19.12.2025

An der leschter Episod vun de Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” hate mir eis mat der KI an hirem Afloss an hirer Entwécklung an der Aarbechtswelt beschäftegt. Mir bleiwen och déi Kéier nach beim Theema KI, mee mir wiesselen de Beräich a ginn an d’Schoul. Well d’KI jo, gewollt oder ongewollt, och bei Enseignanten,...

Europa Muer: Wäerte mer iergend eng Kéier eis Aarbechtsplazen duerch d’KI verléieren? 19.12.2025

Viru 15 Joer konnt nach kee sech richteg virstelle wat Kënschtlech Intelligenz ass. An haut an der aktuelle Welt huet d’KI scho méi oder manner en zolitten Afloss a quasi all Beräicher vun eisem Liewe fonnt.  An de nächsten dräi Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” stelle mir d’kënschtlech Intelligenz, d’KI, oder AI,...

Europa Muer: Kann d’Europa vu muer d’Sécherheet bei der Ernärung garantéieren? 19.12.2025

An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der Liewensmëttelsécherheet. An virun allem ëm d’Fro op d’Sécherheet vun eiser Ernärung och an Zukunft ka garantéiert ginn, besonnesch wou et mat dem Klimachangement ëmmer méi dacks Problemer bei de Recolte...

Europa Muer: Gëtt an Zukunft aus europäesche Stied eng Zort Häll op Äerden? 22.11.2025

Besonnesch duerch déi extrem Wiederphänomener, mat deenen ëmmer méi dacks Länner a Stied konfrontéiert ginn, muss ee léieren domadder ëmzegoen, a virun allem och no Initiativen ze sichen, wat een dergéint ka maachen. An do ass jidderee gefuerdert: Vum Urbanist, de Politiker bis bei d’Architekten. De Jean Claude Majerus huet dësen Euranet Podcast zesummegesat, a fir de Radio 100,7 och mat enger Arc...

Europa Muer: Wëlle se all an d’Arméi? 22.11.2025

De Rearmement ass sécher e Sujet an der EU, dee muss diskutéiert ginn, besonnesch mat der aktuell geopolitescher Situatioun, déi mir an Europa an och op der ganzer Welt hunn. Et si vill d’Froen, déi ronderëm d’Arméien am Raum stinn, virun allem natierlech, wéi d’Arméien - besonnesch duerch déi nei Technologien an d’KI, déi ëmmer méi eng dominant Roll am modernen oder hybride Krich spillen - sech o...

Europa Muer: Kënne mir d’Konsequenze vum Klimachangement op d’Gesondheet maîtriséieren? 22.11.2025

An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt d'Fro opgeworf, ob d’Mënschen iwwerhaapt à même si mam Impakt vum Klimachangement op eisen Alldag eens ze ginn, an ob si sech scho bewosst sinn, wat dat fir d’Gesondheet vun de Biergerinnen a Bierger an der europäescher Unioun heescht. An ee Bei...

Europa Muer: Wäert eist kulturellt Ierwen an Zukunft verschwannen? 22.11.2025

An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech dës Kéier ëm déi kulturell Ierfschaft, déi jidderee vun eis eppes ugeet, a et och e wichtege Punkt ass an der Diskussioun iwwer Wäerter an eiser Gesellschaft. Et ass virun allem och d’UNESCO, déi probéiert, mat hi...

Europa Muer: Wäerte mir um Enn all déi selwecht Sprooch an Europa schwätzen? 06.10.2025

An dëser Episod vun de Podcasten mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt Fro op geworf, ob eng gemeinsam europäescher Sprooch eng Kéier Realitéit gëtt. Et geet awer och ëm den Impakt, deen d’Digitalislierng an d’Globaliséierzung op eis Sproochen kënnen hunn. Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podc...

Europa Muer: Kann Europa seng Geschicht vergiessen, fir um Enn déi selwecht Feeler nach emol ze maachen? 06.10.2025

Grad elo an dëser Zäit wou d’Fiabilitéit vun der Geschicht a Fro gestallt gëtt oder esou guer a Gefor ass verdréint ze ginn. Et ass un der europäescher Unioun ëmmer nees an ëmmer nees un d’Wichtegkeet vun der, deels gemeinsamer Geschicht ze erënneren. De Jean Claude Majerus huet dëse historeschen Euranet Podcast zesummegesat.

Europa Muer: Wat wär wann Europa an der neier Welt keng Stëmm méi hätt? 06.10.2025

An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftege mer eis déi Kéier mat der Stëmm déi Europa an enger neier Weltuerdnung wäert oder kéint hunn, oder och net. De multilaterale Weltsystem fänkt un ze bréckelen, oder sti grouss weltwäit Organisatiounen virun Zesummebroch. A wéi eng Konsequenze kann...

Europa Muer: Wat gëtt aus der EU an enger Welt vum Protektionismus? 21.08.2025

An dëser Episod vum Podcast "Tommorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetztwierk Euranet plus beschäftege mir eis mam Trend vum wirtschaftleche Protektionismus an den Auswierkungen op Europa. D’EU gouf op der Iddi vum Fräihandel a Liberalismus gegrënnt. Mee de Fräihandel huet u Popularitéit verluer, och bannent der EU. Dat gesäit een un der ëffentlecher Reaktio...

Europa Muer: A wéi engem Team wäert Europa an Zukunft matspillen? 21.08.2025

An dëser Episod vum Podcast "Tomorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet Plus beschäftege mir eis mat de Relatiounen oder méiglechen neie Relatioune vun der europäescher Unioun mat Partner op der ganzer Welt. Eng Fro déi am Raum steet ass: Wéi gesäit et aktuell mat den traditionelle Partnerschaften aus? Wéi zum Beispill der NATO, der UNO oder soss...

Europa Muer: Wat, wa mir selwer misste fir den Zougang zu rare Matière-premièrë misste suergen? 05.08.2025

Et ass en Term, dee kengem méi wäert friem sinn, well en an de leschte Méint méi a méi gebraucht gëtt an och dacks an der Aktualitéit steet: Da wa vu sougenannten “Terres Rares” riets geet. Iwwerhaapt ass d'Theema vu Matière-premièrë ganz aktuell, well besonnesch am Beräich vun den neien Technologië ginn där “Terres rares” a verschidden aner kriddeleg Matière-premièrë méi a méi gebraucht. E w...

Europa Muer: Wat, wa mir op eis selwer ugewise wieren, fir all eis Engergiebesoinen ze decken? 05.08.2025

Am zweete Podcast vun der neier Serie vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet plus “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer” geet et ëm d’Energie. Besonnesch mat der aktuelle Situatioun, déi d’Europäesch Unioun erlieft, mam Krich an der Ukrain, an domadder verbonnen datt ee sech net méi wëllt op Energieressourcen aus Russland stäipen, muss een iwwerleeën, wéi een de Problem mat den Energiereserven a...

Europa Muer: Wat, wann Europa an der Defense op sech selwer ugewise wier? 05.08.2025

Dat paneuropäescht Radionetzwierk Euranet Plus lancéiert eng nei Serie vu Podcaste mat der Iwwerschrëft "Tomorrows Europe" oder "Europa Muer".  D’Radiostatiounen aus dem Reseau Euranet Plus beschäftege sech mat enger Panoplie vun Theemen, déi déi Europäesch Unioun aktuell concernéieren. Am éischte Podcast vun der neier Serie geet et ëm Defense an d’Sécherheet an Europa, oder besser...

Wéi kann d'EU d'Leit, déi schaffen, protegéieren? 29.12.2024

An dësem Euranet-Podcast geet et ëm d’Rechter vu manner qualifizéierte Mënschen a wéi si um Aarbechtsmaart kënnen iwwerliewen. Wéi eng Karriärsméiglechkeete kënne si hunn a wéi gesäit et mat de Paien aus? Well vill Mënschen, déi manner Qualifikatiounen hunn, lafe Gefor, duerch nei Technologien an och duerch KI ersat ze ginn. Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

Wéi een Afloss huet den technologeschen Ecart op d’Gesellschaft? 29.12.2024

Déi technologesch Changementer, déi mir aktuell erliewen, hunn d’Muecht, eis Gesellschaft nawell zolidd ze splécken. An dofir ass et wichteg, eng gewësse Kontroll am Beräich vun den neien Technologien ze halen. Et gi scho grouss Ënnerscheeder tëschent den EU-Länner, wat zu enger Diskriminéierung bannent der Populatioun ka féieren. Wat kann d’EU an dësem Fall maachen? Dat ass de Sujet vun dësem Eur...

Wat kann d’EU bei den transatlantesche Relatioune maachen? 23.12.2024

Et gouf vill doriwwer diskutéiert a spekuléiert, datt den Ausgang vun den amerikanesche Walen e sougenannten “Turning Point” bei den transatlantesche Relatioune kéint sinn. D’Resultat ass elo kloer: Donald Trump heescht vu Januar 2025 un deen neien oder ale President vun den USA. Wat bedeit eng Trump-Regierung 2.0, a wat hätt d’EU sech bei enger Victoire vun der Kamala Harris erwaart. Doriwwer gee...

Wat soll d’EU maache fir Fraerechter ze garantéieren? 20.12.2024

Och wann et vill Fortschrëtter gëtt, bleift déi geschlechtsspezifesch Gewalt e grousse Problem an der Europäescher Unioun. An och d’Recht op Ofdreiwungen ass a villen EU-Länner nees a Fro gestallt. Besonnesch EU-Memberstaate mat konservative Regierunge sinn an de Froe vun Avortement a Fraerechter nees amgaangen zeréckzegoen, amplaz progressiv no vir. Dat ass de Sujet an dësem Euranet-Podcast vum J...

Listen to the Euranet Plus Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.