Baschti, Philippe a Joe
Erklär&Laach
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Ep.46: 'FCK 2020' 08.11.2020 1:08:43
Mir starten direkt mam Joé Bidon senger Victoire iwwert den orangen Af am wäissen Haus, haangelen eis geschéckt duerch d'Minnefelder vum Covid-19 an diskutéieren à distance de gewinnte Blödsinn. Allerdéngs gi mer Iech och wäertvoll Tipps fir den Lockdown Lite, deen sech esou lues uschläicht. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Lic...
Ep.45: 'Epesche 5-Kampf am Secteur 93' 25.10.2020 1:31:02
Aus eisem Special 'on the road' gouf schlussendlech e gemittlechen Ethanol-Nomëtteg doheem am Studio (thanks rona): Mir spillen eng nei Oplag vun eisem 5-Kampf, bei deem et esou wuel eng Belounung, wéi och eng Bestrofung gëtt... Des Weideren dierfen natierlech kriddeleg Wuertspiller, domm Geschichten, an de Merci vun der Woch net feelen. Dee ganze Misär gëtt et des Woch och rëm op Youtube,...
Ep.44: 'Postcast (PLS POST GËFF EIS €€)' 12.10.2020 1:06:21
Mir sinn op eng Minn gestouss: Dem mysteriéise Ben säi Youtube-Channel ass voll mat lëtzebuergeschem Content-Gold, wat mir an dëser Folg fläisseg ofdroen. Niewebäi potere mir iwwert d'US-Walen, Dreem, 5G-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, d'Sandra aus de Ressources Humaines, a villes méi. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Lice...
Ep.43: 'Gastrokomiker' 04.10.2020 1:02:25
En Intro vum Gastron Vogel, Wine-Tasting-Tipps, de World Veggie Day, eng Dan-Spogen-Fro zum Fiederwäissen, eis Dram-Restauranten, a villes méi zum Thema Schnabulatioun kritt dir des Woch bei enger geballter Portioun Spaghetti al Ketchup an Audioform. Dëse Podcast consomméiert een am Beschte mat engem Kanister Gedrénks.
Ep.42: 'Morningshow (mam Gönnjamin Yves Mersch)' 27.09.2020 1:13:43
Mir maachen aus eisem Podcast kuerzerhand eng gutt gelaunte Morningshow, inklusiv Presserevue, schlechte Witzer, Dramberuffer, Merci vun der Woch, enger Fro vum Dan Spogen, a villem méi. Eben sou wéi RTL fir déi aarm a geeschteg Sëlwermedailen. Mir iwwerhuele wéi gewinnt KENG Responsabilitéit falls Nolauschterer duerch dëse Podcast dauerhaft gesondheetlech Problemer kréien. Falls awer eng Persoun,...
Ep.41: 'Nowitschok... oder dach just schlecht gefrühstückt?' 21.09.2020 1:43:10
De Monseigneur Joe Dennenwald duerft alt erëm d'Theme fir dësen Episod opstellen: Mir danzen um Vulkan vun der politescher Korrektheet a siche fläisseg no de Grenze vum gudde Goût. Et geet em d'State of the Union vum Flintenuschi, Streamingstars, Nowitschok, an d'Skandaler vum Tour de Luxembourg. Net feelen dierf natierlech de Merci vun der Woch! De Joe huet souguer een... Bonus: Mir l...
STAFFEL 3 Ep.40: 'Level up' 06.09.2020 1:19:58
Säit eiser leschter Episode si 34.000 nei Eldo-Podcasts erauskomm, Hei Elei ass an d'Ausland gewiesselt, an de Benoit Joachim huet es endlech genuch. Mee lo si mir nees do, d'Podcast-Autokraten, vum Titel hier Fournisseurs de la Cour, vum Verstand hier liicht méi domm wéi e Stéck Toast. Mir hu vill ze beschwätzen: D'Erklär&Laach ass elo méi professionell, den Dan Spogen huet Froen fir eis, de...
Ep.39: 'De Bam brennt' 27.06.2020 1:00:52
De Joe ass Host... an et entsteet eng interessant Diskussioun? Wierklech? Jo! Dat ass zwar ongeféier esou warscheinlech wéi en Nobelpräisgewënner, deen am Éislek wunnt, mee et ass wierklech geschitt! Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.38: 'Boris de Briecher' 17.06.2020 1:20:02
Maacht Iech prett fir dem Joe säi Gigabagger, dem Philippe seng Lektiounen aus der Kris, an dem Baschti säi gigantesche Penis! (Jo, dee leschten hei genannten schreift och ëmmer d'Texter...) Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.37: 'MAACHT D'SPILLPLAZEN ERËM OP!' 09.06.2020 53:14
Alles wat dir braucht: Meenungen zum Thema George Floyd, déi beschte Corona-Verschwörungstheorien, eng Täscheluucht, an e Blauwalfakt. Bon appétit.
Ep.36: 'RIP Summer 2020' 29.05.2020 1:13:33
Eise Special fir de Summer no der grousser Quarantäne vun 2020. Mat Features vun nationale Musiker a vill méi! Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Intermezzo II 26.05.2020 15:00
D'Liewe geet nees un. A mir wäerte ganz geschwënn nees beienee sëtzen! Bis et souwäit ass, hei nach e klénge Kaffisbraddler mam Pippo a Baschti.
Ep.35: 'Joe's Geschlechter-Special' 12.05.2020 1:15:08
Den Numm seet eigentlech schonn alles. Héich intellektuell Betruechtunge vu Mann a Fra, zervéiert als auditiven Hors-d'oeuvre. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.34: 'D'Liewen an d'Revanche nom Dout' 06.05.2020 1:20:05
Mir gesinn eng Luucht um Enn vum Tunnel. Dofir musse mir eis wichteg Froen stellen: Gett et e Liewen nom Dout? Wat maache mir, wa mir eis nach un engem op der Äerd räche mussen? A firwat huet de Joe de Bauch wéi? Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.33: 'Baschti = Beschten Host' 27.04.2020 1:03:34
Mir klären op, wien an der geheimer Corona-Taskforce vun der Regierung sëtzt. Ausserdeem: eis fonkelnei Rubrik, a lauter onangeneem Froe fir de Joe an de Philippe... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.32: 'Diss vun der Woch?' 20.04.2020 1:09:43
Eis véiert Folg mat Social Distancing, dofir awer wéi gewinnt ouni Niveau an Intellekt. Mir sinn op der Sich no engem neie Segment, wat mir all Woch maache kënnen. Spoiler Alert: Mir fannen eppes... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.31: 'Vu Corona-Partyen, Elsteren an Nutella-Lyoner-Schmieren' 15.04.2020 57:31
De Joe probéiert seng Frëndin mat engem sténkege Kalzong ze betäuben. De Pippo iwwerhëlt beim Schwammen d'Leit vun ënnen. An de Baschti war lescht Woch op enger Corona-Party. Op mannst eng vun dësen Aussoe stëmmt... Checkt eisen offizielle Merch-Shop! Link an der Bio op Instagram. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp:/...
De Feierstorch: Kapitel 5 06.04.2020 13:31
Nodeems Hei Elei, Paus, Happy Hippo, an Tun&Max schonn de Feierstorch op senger Rees begleet hunn, ass et elo un eis. Maacht Iech prett fir eng Achterbunn vun de Gefiller op der Sich nom Scoville-Rubin.
Ep.30: 'Dag 420 an der Quarantäne' 31.03.2020 50:44
De Joe ass haut als Host drun. Wierklech, ganz éierlech. Dir kënnt jo zréck goen a lauschteren. Baschti, Pippo, Joe, Special. Baschti, Pippo, .... an dann de Joe! Naja, oder och net. (Beschte Promotext ever gell) Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.29: 'Vu Social Distancing bis Biberschwänz' 23.03.2020 1:08:11
Lescht Woch hu mir eis nach live gesinn... a lo geet dat net méi! Wat ass geschitt? Wien ass schold? Dat a vill aner wichteg Themen (zum Beispill Eclairen a Biberen) kläre mir op! Haalt duerch doheem a bleift gesond. P,B&J Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
STAFFEL 2 Ep.28: 'De Krisepodcast' 16.03.2020 1:11:42
Mir sinn erëm do, well d'Land eis braucht! Corona leet d'ëffentlecht Liewen op Äis, also komme mir mam Bunsenbrenner, enger Petitioun an Tonne vun (net) eescht gemengten Tipps... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.27: 'De Joe a seng lieweg Zwibbel' 02.02.2020 1:27:55
De Joe huet schlëmm Problemer doheem... dat hënnert eis awer net drun, fir aner Themen ze bebraddelen: Corona, Gerüchter a Mythen, e Sproochquiz, a villes méi. Mindest-IQ vu 50 ass erfuerderlech! Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
Ep.26: 'Deng Mamm kéint sech roueg hier Couille raséieren' 25.01.2020 1:12:56
Är dräi Heelpraktiker vum Déngscht si rëm do! Mir trippen op enger Iwwerdosis Globuli a beschwätzen alles Wichteges am neie Joer: Eis Virsätz, déi national Kulturzeen, wei ee richteg an de Kino geet, a vill Froen aus der Fësch-Community! Plus geheime Bonus... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licens...
Ep.25: 'De groussen (a wichtege) Joresréckbléck 2019 24.12.2019 1:41:14
Megaeditioun genau fir Chrëschtdag a Silvester! Mir loossen d'Joer Revue passéieren a beschwätzen alles Wichteges vun Area 51 bis zum Tornado. Dëse Podcast ass zertifiéierte Fournisseur de la Cour, made in Luxembourg.
Ep.24: 'Yakuza-Joe, Russepippo a Big Baschti' 08.12.2019 1:10:28
De grousse Mafiameeting vun der Erklär&Laach ass do! De Podcast fir all Mobsters, Halunken an illegal Gesellen. (Léisst sech am Beschte genéisse mat Wäin an/oder Koks)
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.