Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

Comedy LB ↓ 149 episodes

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Author

Baschti, Philippe a Joe

Category

Comedy

Podcast website

neon.page

Latest episode

Jun 26, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

STAFFEL 4 Ep.67: 'Du bass ee Schäiss' 17.10.2021

Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.

Erklär&Live @ Millebières 14.10.2021

Mir hunn et endlech hikritt: No gefillt 69 Uleef hu mer eisen éischten Erklär&Live gefeiert, am Café Millebières. Leider ass de Joe kuerzfristeg malade tombéiert, mee d'Jill vu 'Paus.' an '(On)bekannt' konnt kuerzfristeg asprangen an huet e fantasteschen Ersatz gebueden. Hei sinn e puer Ausschnëtter, éier et dann e Méindeg nees lassgeet, mat Staffel 4 vun der Erklär&Laach.

Ep.66: 'Summer21: Mam Wingsuit an de Bierkönig' 26.07.2021

Mir 3 al Schaffpäerd jetsetten endlech an de Summer - awer net ouni et nach eng Kéier knuppen ze loossen! Mam Baschti senger fantastescher (illegaler?) Prankshow, de makaberste Sportaktivitéite fir de Summer, dem sangende Joe, an och e puer sérieuxe Gedanken.

Ep.65: 'Clownen klonen' 13.07.2021

Den Zirkus ass nees an denger virtueller Stad! Deng Liblings-Entertainer (Jongleur Joe, Wuertakrobat Pippo & Dompteur Baschti) bidden nees eng vun hiren typesche Shows: frëscht Hallefwëssen an eng gesond Portioun Iwwerhieflechkeet, gemëscht mat engem Schoss Humor. Bonne dégustation.

Ep.64: 'Pinkwashing fir Faarweblanner' 06.07.2021

Et ass PrideWeek! Nom absolut onkontroversen Erfolleg vun eiser Folge iwwer Verhütung ass et elo um Thema LGBTIQ-Akzeptanz. Wat soll do scho schif goen? Ausserdeem: De Philippe ass nom Joe lo schonn deen zweeten, dee mat engem anere Podcast friem gaangen ass, de Joe huet e Merci vun der Woch, an de Baschti ass och do.

Intermezzo V - Who are you Andy Schtrack? 22.06.2021

Et ass roueg an der nationaler Podcast-Landschaft, just bei eis dräi Toperte brennt nach Luucht. An dat huet e gudde Grond. No wochelaangem Sichen, féiwerhaftem Gerätsels, a mystériéisen Noriichten ass et endlech souwäit: Den Andy Schtrack weist seng hässlech Fratz.

Ep.63: 'Sex Education fir Dommer' 14.06.2021

De Joe ass Host a steiert eist Podcastschëff (et ass just e klénge Kutter, mee ëmmerhin) riicht an en onrouegt Gewässer mat politesch inkorrekte Strudelen, engem Genderstuerm, a ville Froen, op déi mir keng Äntwert hunn. SOS! Niewebäi hu mir awer och e ganz emotionale Merci vun der Woch, villes zu der EM, an natierlech gutt Laun fir jiddereen.

Ep. 62: 'Pippo's Pub Quiz' 08.06.2021

-Mir behandelen an eiser Antiagressiounstherapie déi verschiddensten Themen: Vu BIcher iwwer Reklammen bis hin zum Andy Schtrack sengem neiste Message. Ausserdem huet de Philippe e Pub Quiz organiséiert, an de Joe verstréckt sech an enger Rechnung, déi sou komplizéiert ass, dass hien elo an der Klinick läit Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribu...

Ep.61: 'SI MIR A GEFOR?' 24.05.2021

Mir kruten eng mysteriéis Noriicht op eisem Instagram... a mir brauchen Hiweiser, wat do geschitt ass. Ausserdeem beschwätze mir alles aus der leschter Woch, vu verschwonnenen Zaldoten an der Belsch bis zum Test-Concert an der Rockhal. Wéi ëmmer delikat gewierzt mat mëttelméissegem Humor an Experts-Wësse vun dräi Idioten (dat si mir).

Ep. 60: 'Den Tommy wëll eis net' 12.05.2021

Fir eise 60. Jubiläum sëtze mir mat engem Feierowendbéierchen a beschter Laun beieneen - a poteren iwwer méiglech Gäscht fir eise Podcast, dem Joe säin neiste PR-Stunt fir den Handball, den Auto vun der Pizzeria Le Special, an nach eng ganz Rëtsch aner Dommheeten.

Ep.59: 'Déi däischter Säit vun der Party' 03.05.2021

Mir liewen nach! Oder nees... a mir lafen direkt mat Wuppes an eise gewinnten Dall aus schwaache Pointen, flaachem Humor an enger handverliesener Selektioun un dommen Themen. Bon appétit! (Beim Lauschtere vum Podcast gëtt d'Anhuele vu Paracetamol oder Ibuprofen staark recommandéiert) Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp...

Intermezzo IV 13.04.2021

Et gëtt emol nees Zäit, fir eis kuerz ze mellen. Fir eng ganz Folg ass et eis zäitlech leider net erausgaangen, mee mir trälleren iech awer kuerz e Lidd vun engem Super-GAU, méigleche Partnerschaften - an natierlech der gefallener Legend Frank Engel.

Ep.58: 'Being Joe' 24.03.2021

Wann de Joe den 'Houscht' huet, weess een ni esou genau, wat geschitt. Vu Fun Facts iwwer Naturkatastrophe bis zu der Erklärung, firwat hien ni eng Carte d'Identité dobäi huet - alles ass couvréiert. De Philippe gëtt och neien CSV-Presi. You're welcome. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons....

Ep.57: 'Casting Lux cherche...' 15.03.2021

Esouguer fir eis dräi bildungsresistent Intelligenzallergiker ass um Casting fir Capitani 2 eppes ganz faul. Mir ginn also fir d'éischte Kéier der Richtung 22 Recht - an dat net gär! Ausserdeem an dësem Potpourri fir Podcast-Schneekerten: Hexejuegd beim Impfen, en net-wäissen James Bond, an eng ganz grujeleg Naturkatastroph.

Ep.56: 'De Kack-Krimi' 08.03.2021

D'Liewen huet eis dräi intellektuell Redoublant'en leider e puer Wochen vun dësem Podcast fortgehal - dofir ass eist Postfach gerammelt voll. Mir huelen eis d'Zäit fir op eng ganz Retsch Messagen anzegoen. Ënnert Anerem héiere mir eppes vum grousse Freiburger Strulleleeër, dem Tankentrio, der ALEM, a villen aneren.

Ep.55: 'Mentale Keller (ausser fir den Netflix-Joe)' 18.02.2021

Mir probéiere mat alle Mëttelen eis (an är?) schlecht Laun wegzeimpfen: Domm Gedichter, flaach Witzer, Ablécker an eise kreative 'Prozess'. Ahjo, an de Joe an de Philippe plapperen iwwer extrem peinlech Geschichten, déi si zesummen erlieft hunn.

Ep.54: '1. TAUMEL Awards Zeremonie' 05.02.2021

Mir huelen eis Zäit fir d'Welt ronderëm eis ze feieren - a mat Präisser ze bedenken. Vum Top Vull bis zur beschter PLZ, se sinn all dobäi, an d'Prominenz gëtt sech d'Klensch an d'Hand! Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Ep.53: 'D'Oochener Stréckel-Verschwörung' 25.01.2021

Zäit fir eng Stonn Eskapismus mam Netflix-Joe, dem Wahrig-Philippe & dem Bukkake-Baschti. Haut brénge mir, nieft villen anere Saachen, och endlech dem Pier seng Geschicht vun der legendärer Hausparty zu Oochen op en Enn. Also maach dir et gemittlech, verschränk d'Hänn genau esou wéi d'grumpy chicc Bernie Sanders, a lass geet et.

Ep.52: 'Era of Misinformation' 17.01.2021

Wat ass an eiser Zäit eigentlech nach wouer? A wéi engen Informatioune kann ee vertrauen? Dat diskutéieren an dësem Experte-Gespréich de Mieresbiolog Dr. Philippe Berscheid, de Prof. Joe Dennenwald vun der Uni Sorbonne, an de weltwäit renomméierte Fake-News-Expert Sebastien Gudenburg vun Oxford. Leider ass deenen dräi am Endeffekt selwer net méi bewosst, wat si elo gleewe sollen a wat net. Vill Sp...

Ep.51: 'Maacht är Aen op! No New World Order' 10.01.2021

De perfekten Audiobegleeder fir esou gemittlech an dat neit Joer ze starten, dass et einfach guernet sou schlëmm ka gi wéi 2021. Mir maachen e klenge Quiz, héieren Neies vum Pier vun Oochen, a beschwätzen natierlech d'Aktualitéit, ënnert anerem d'Season Finale vun der amerikanescher Demokratie, Demonstranten zu Lëtzebuerg, an de wäisse Wanter. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com...

Ep.50: 'Christmas Special' 21.12.2020

Hohoho! Déi dräi mannerbemëttelt Kleesescher sinn do, fir Iech d'Chrëschtgeschicht aus dem Joer 2020 ze verzielen! Ausserdeem an dësem Späschel: Liicht Esoterik, de Podcastkrich, an dem Pippo seng Verwandlung vum Grinch hin zum empatheschen Darling. An elo scho mol: Schéi Feierdeeg, loosst et iech gutt goen. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By At...

Ep:49: 'Je suis Eric Rolgen' 13.12.2020

Mir mussen natierlech direkt iwwert d'Bomm schwätzen, déi des Woch an der Podcastszeen geplatzt ass: Den Eric Rolgen mat senger *opgepasst: Ironie* Libeserklärung un Enseignanten an Déifferdeng. A wien ass eigentlech déi gëlle Fro? Donieft schwätze mir och emol endlech rëm iwwert eis Liiblingsleit: Iech. Bienvenue au cirque de la lune.

Ep.48: 'Monocock' 06.12.2020

Genéisst elo: Eng liicht ugeschimmelt Portioun auditive Kaviar, deen ee beim Discounter an der Reklamm kritt. Disclaimer! Nieft eiser Propose fir d'Lëtzebuerger*in vum Joer, der deeper Diskussioun em Schéinheetsoperatiounen, an der Seuche, geet et och ganz kuerz em e Monocock.

Ep.47: 'When I start to fight then I fight maximum' 23.11.2020

Mat leschter Kraaft distilléiere mir déi wéineg Glécksgefiller, déi eis nach bleiwen, an en illegal gebranntene Podcast mat 69% Blödsinnsgehalt. Vum Meisch-Meisch bis zum Marcel Ewen: Och des Woch betruechte mir aus eisem virtuellen Elfebeentuerm d'Promiszeen zu Lëtzebuerg an an der Welt. De Joe ass ausserdem erëm opgetaucht a bréngt e puer Geschichte mat. Bonus: Witzer zum Thema Supermarché.

Intermezzo III 17.11.2020

E kuerze Liichtbléck am groen Alldag vum Joer 2020: Et gëtt Zäit fir op eng Rei Noriichten aus Internetz ze äntweren. Ënnert anerem eng wichteg Fro vu Spogens hirem Dan. An dann freeë mir eis fir d'Lynn, a froen eis wou de Joe mat sengem Liegerad wuel hin ass...

Listen to the Erklär&Laach podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.