Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

Comedy LB ↓ 149 episodes

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Author

Baschti, Philippe a Joe

Category

Comedy

Podcast website

neon.page

Latest episode

Jun 26, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Ep.93: Akupunktur Abrigado 23.03.2023

Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating. Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special).  Siiiiiuuu. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/lice...

Ep.92: Pippo will's wissen 10.03.2023

Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti säi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehtt...

Ep.91: Mir ginn ze al fir dee Schäiss 20.02.2023

Dësen Episode vum zertifiéiert beschte Podcast aus der Kategorie 'Gëlle Fro an Erklär&Laach' ass d'Kinneksdisziplin fir all Fësch: Wien sech duerch déi éischt 20 Minutte wuertwiertleche Schäiss wullt, gëtt belount duerch dat, woufir mir mat eisem Numm stinn. Erklären a laachen. Laang ass et hier.

Ep.90: Heroin am Superwaljoer 23.01.2023

2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer...

Ep.89: De Grousse 'Féck Dech 2022' Joresréckbléck 15.12.2022

2. TAUMEL Awards Zeremonie LIVE aus dem kléngen Turnsall vu Peppeng melle mir eis mat der wuel gréisster Präisgala östlech vun der Wäisser Iernz: haut decidéiert sech, wien am leider och nees miese Joer 2022 déi beléiften Taumel Awards mat heem huelen dierf. A Kategorien vu 'Vull vum Joer' bis zum 'Richtege Peoples Choice Podcast Award' ass alles dobäi fir de grousse Joresréckbleck...

Ep.88: Pöbel's Choice Awards 01.12.2022

Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobäi, Happy Hippos net dobäi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTL Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://crea...

Ep.87: Flantes, Dräibiz a Fléipéiter 15.11.2022

An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun läit an...

Ep.86: Blowal, Robb a Bison 06.11.2022

Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch. Meat...

Ep.84: Baschti's Bucket Brothers 17.10.2022

Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschäftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen. Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompe...

Ep.83: Joe du bass sou anescht ginn 10.10.2022

Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kif...

Ep.82: Antihistamin fir Intelligenzallergiker 13.07.2022

Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt. Also léif F...

Ep.81: Squattage um Stau 19.06.2022

Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat! An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer d...

Ep.80: Joe's next Topmodel 14.06.2022

Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel. A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier. Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen. Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt. De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.

Ep.79: Stammdëschgespréicher an der Zanzibar 20.05.2022

Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt. Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen. (Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un echhukeenhumor@feckdech.lu) Meatball Parade Kevin MacLeod (i...

Ep.78: Deng Mamm geet Ettel 28.04.2022

Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Crea...

Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn 20.04.2022

Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet. D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un. Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Ep...

Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien' 11.04.2022

Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast. Z...

Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir 07.03.2022

Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest. Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer. Pas de prob. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Lice...

Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach? 28.02.2022

Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'.  *Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as...

Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021' 25.12.2021

Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen. Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer. De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wé...

Ep.72: 'Vum Peacock bis op Fribourg' 14.12.2021

Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi. Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adv...

Ep.71: 'Dem Joe seng lescht Folg op fräiem Fouss' 24.11.2021

De Podcast fänkt des Kéier an trauter Zweesamkeet un - de Joe huet nämlech eng mysteriéis Verspéidung. Hien bréngt ofgesinn vun enger klenger Strofdot awer mat Retard och eng kleng Preparatioun als Host mat. A behandelt do alles vu Märercher bis Nazien zu Schraasseg.

Ep. 70: 'Klappjuegd mam Camion' 16.11.2021

Mir komme mam Kackcamion vun Dubai bis bei deng Oueren an tippen 7 Tonnen Blödsinn direkt an däi Kapp. Inhaltlech wéi ëmmer mannerwäerteg, mat Themen wéi Klappjuegd, Marche Blanche Leaks, Pissconcerten an engem laang iwwerfällege Comeback vum Prager Fenstersturz.

Ep.69: 'Nice' 04.11.2021

Beim insulinbedengten Zockerschock ënnert de lëtzebuergesche Podcasts geet et des Woch em d'REEL, héich qualifizéiert Tipps fir der Inflatioun entgéint ze wierken, Déieren an d'Marche Blanche. Net feelen dierfen natierlech eis Social Media Fësch, de Merci vun der Woch, an dem Pippo seng philosophesch Fro. Hei nach d'Kaart vun den Allergenen: Dëse Podcast enthält Cringe, Roserei an Trig...

Ep.68: 'Benchmark vum Wahnsinn' 24.10.2021

De Joe huet den Host. Soss nach Froen? Ok, kuerz zesumme gefasst: Autobiographien, Baldwin-Schoss, Baschti um RTL, Ganzkierperzongen, Verfassung. Ofwiesslungsräiche Contenu à la Dennenwald. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Listen to the Erklär&Laach podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.