Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

Comedy LB ↓ 149 episodes

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Author

Baschti, Philippe a Joe

Category

Comedy

Podcast website

neon.page

Latest episode

Jun 26, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€% 07.04.2025

Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser. D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST...

Ep.111: Bom Dia Baaschterten 24.03.2025

Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.

Ep.110: Gëllene Schoss 17.03.2025

Mir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer Wohfühlstubn, beim zweetbeschte Podcast vu Lëtzebuerg.

Ep.109: KI-Chaos nom Tatort 03.03.2025

No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat iech am Moment net beweegt. Dee ganze Mélange gëtt gewierzt mat enger Prise AI-Witzer an enger B...

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel VI) 19.02.2025

40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech Zäit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools...

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel V) 10.02.2025

D'Situatioun spëtzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de Waldbëlleger soulues d'Léisungen aus... hunn si et lo engülteg ze wäit gedriwwen? Oder gëtt et nach en Auswee aus dëser Eskalatiounsspiral?

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel IV) 02.02.2025

Et gëtt eescht fir d'Waldbëlleger, déi et nach eng leschte Kéier ganz grouss packe wëllen. Mat engem Iwwerfall, deen et sou zu Lëtzebuerg virdrun nach ni gouf... an dat aus guddem Grond.

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III) 27.01.2025

D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel II) 20.01.2025

No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net d'Band selwer.

Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel I) 19.01.2025

Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun der Waldbëlleger Band nei ze vertounen an iech se als Hörspiel z'erzielen, mat esou villen Detail...

Ep.108: Ee Leschte virum Tatort 13.01.2025

Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre. Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Gen...

Ep. 107: 5/6 Pensioun fir de Jang Linster 19.12.2024

Häerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen. Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch a mir schwätze fir d'éischte Kéier iwwert en neie Projet um Horizont...

Ep.106: Kardinol Sënnen 01.12.2024

Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei ärem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der Wanterzäit (fréier Adventszäit genannt) brauche mer nees méi Wäermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech. Onoofhängeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl. Themen si wéi gewinnt net kontrovers: D'politesch Shitshows an Däitschland an an den USA; de P...

Ep.105: Meuterei op der Bounty 25.07.2024

Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat...

Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette 01.07.2024

De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?

Intermezzo VI - Rumeur oder Wourecht? 06.06.2024

Mir mellen eis just kuerz aus eisem Erklär&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nächst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?

Ep. 103: Zréck aus der Vacannes 27.05.2024

Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle! No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT ONNÉIDEG??1? Dir musst eis d'Äntwert ginn... Bis mir gecancelt ginn, kommen hei awer wéi gewinnt schlecht Wi...

Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht 07.01.2024

Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen. New year, old habits....

Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck 18.12.2023

Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser G...

Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer 11.10.2023

Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen. Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss. Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat eng...

Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm... 08.09.2023

Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen). A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut...

Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg 12.06.2023

Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.

Ep.96: Belsch Bashing um Europadag 10.05.2023

Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen. Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi. Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däisch...

Ep.95: Haut mam GRAND DUC HENRI 02.05.2023

Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wäit... S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wäissen Duebel-Kräiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast z...

Ep.94: Napalm aus Ne(a)pel 25.04.2023

De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do. An et gëtt vill Spannendes ze beschwätzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendäersten Hochzäit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi. Mir verspriechen: mat eis vergeet d'Zäit *net* wéi am Fluch. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetec...

Listen to the Erklär&Laach podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.