Baschti, Philippe a Joe
Erklär&Laach
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung 26.06.2026 1:02:55
Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.
Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen 08.06.2026 58:30
Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt oc...
Ep.135: Blanne Jang Grindset 25.05.2026 47:27
Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop 12.05.2026 1:10:38
Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus P...
Ep.133: Hamster am Goldfëschglas 28.04.2026 1:06:15
An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung. De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet. Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen.
Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound 13.04.2026 56:29
Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten: Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen... Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol v...
Ep.131: Domm gelaf 23.03.2026 57:49
Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here). Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt F...
Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti 02.03.2026 1:10:58
An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn: Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen 4-fach...
Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt 04.02.2026 57:58
Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen...
Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt 19.01.2026 1:05:23
Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren. Mee de Podcast mat Primärschoulniveau ass lo nees do an dréit zum Chaos™️ bäi. Kommt mat eis an en auditiivt Wonnerland, wat alles bi...
Ep.127: Äddi 2025 23.12.2025 1:06:20
- Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck - Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem Food-Koma schonn no, a keng Loscht méi hutt op e besënnlecht Mateneen, dann ass hei är Chanc...
Ep.126: TAUMEL Awards 2025 08.12.2025 1:16:54
Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish. Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi wéi duerchwuessent Joer!
Ep.125: Synapsekierfecht 01.12.2025 1:03:53
Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte Präisser profitéieren (oder net), a virun allem: Wat huet et mam Ben Olinger Phänomen op sech?
Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land? 10.11.2025 59:50
Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat an d'Mëschung gebak: Wat ass eigentlech déi beschte Stad vum Land?
Ep.123: How do you do, fellow kids? 27.10.2025 39:20
Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn? Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un d'Jugend ze fannen. Dir kënnt dat lo cringe fannen, mee wann dir dat Wuert nach benotzt, sidd dir o...
Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger? 15.10.2025 1:02:54
Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass. Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen. Ooooder mir...
Ep.121: Good Vibes Only 01.10.2025 49:40
Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg... Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem Inklusiounsbeoptraagte validéiert ginn!
Ep.120: Erklär&Rentrée 22.09.2025 58:12
De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt. Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?" mat ären dräi Hosts, dem Gast Vogel jr., Raoul Roos a Joseph Bech.
Ep.119: Lescht Limoncello Lounge 08.07.2025 1:05:39
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker. Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden. Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de Joe de ganze Summer iwwer Kazen aus Beem rett, an de Baschti sech op Menorca a sengen Hedge-Fonds-Suen w...
Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament 30.06.2025 1:15:14
Den Zirkus reest op Bréissel! De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst. Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn ge...
Ep.117: Summer, Sonn & Shitstorm 16.06.2025 1:04:30
Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst schwieregen Aussoen, domme Witzer an inhaltslosem Gesabbels. Mir empfehlen, dëse Podcast beim Aschl...
Ep.116: Alternativen Zeenewiessel 02.06.2025 1:10:19
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppe...
Ep.115: Vulnerabel am Baumaart 21.05.2025 47:57
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach? Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe , bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert. D'Themen si variéiert: vun aktueller...
Ep.114: Mir si Poopst 28.04.2025 1:00:31
Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege Betrag. An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d&#...
Ep.113: Fro net sou domm! 21.04.2025 1:08:00
Dir wënscht iech eng Ulafstell fir är Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwätzen, déi iech scho laang beschäftegen? Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi Themen, déi soss vun der Gesellschaft ënnert de symboleschen Teppech gekiert ginn: Den Arschlach-Effekt,...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.