Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

Comedy LB ↓ 149 episodes

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Author

Baschti, Philippe a Joe

Category

Comedy

Podcast website

neon.page

Latest episode

Jun 26, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Ep.23: 'Mécht dat hei iwwerhaapt nach Sënn?' 01.12.2019

De genetesch manipuléierte Kaviar vum Podcastbuffet ass erëm do. Dës Woch: Wéi laang den CR7 Sex huet, eng schwéier Beleidegung an déifgrënneg Froen zum Thema Masturbatioun/Onanie. Mir kommen dem grousse Mysterium vum Prager Fenstersturz leider rëm net méi no... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/lic...

Ep.22: 'Hien ass mam Drock net eenz ginn' 26.11.2019

Erklär&Themen:  Déi gréisst Whatsappgrupp vun der Welt, Rassismus zu Lëtzebuerg an dem Joe seng schwéier Vergaangenheet als Skater Boy... An natierlech nach vill méi. Fir Risiken an Niewewierkungen consultéiert w.e.g. Ären Druid an/oder Schaman. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Ep.21: 'The band is back together' 10.11.2019

Podcastkrich, Pit Witzeg vs. Joe Mores, an eng onwarscheinlech Frëndschaft tëscht engem Tiger an enger Geess. Ausserdem: Dem Pippo seng Erliewnisser op der Spielemesse, Neies aus der Welt, an natierlech de Merci vun der Woch. Dëse Podcast eegent sech gutt als Medizin bei liichten Erkrankungen oder als Depressiva. Vergiesst net, e gudden Tacos ze iessen. Aiii. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompe...

Intermezzo 30.10.2019

20 Folgen E&L? Zäit fir e klengen Intermezzo! Opgepasst: Dëse Podcast enthält Clickbait a Sponsoring!

Episode 20: 'Papp erschéisst Mamm -> Kiffen -> Ouni Zänn op der Gare leien' 13.10.2019

Eng lëtzebuergesch Kaméidi iwwer kleng Leit, Cannabis, an de Kuwait. An de Rollen: Pippo Berscheid als Gyberien's Gast, Joe 'Capitani' Dennenwald als Billie Eilish, an de Baschti Gudenburg als dank Memelord (an immens léiwe Mënsch). A weidere Rollen: Fernand Kartheiser, d'Nationalequipe an eng Reklamm fir lëtzebuergesche Béier... Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Lice...

Ep.19: 'Vu Fësch an schwaarze Lächer' 08.10.2019

Dës Woch sin d'Bouwen e bësschen méi seriö ënnerwee, och si ginn aal. De Joe huet den Houscht an sech e puer intressant Themen iwwerluecht. An jo, mir schwetzen letzebuergesch Podcasts un, wei all dei aaner.. sorry<3 Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Ep.18: 'Aus Scheisse mach Blume' 28.09.2019

Sou oder sou ähnlech kann een d'Jongen des Woch beschreiwen. Et as e besschen Rou agekéiert an är dräi Lieblingsschlawiner konnten sech rem mat de wichtegen Themen vum Liewen beschäftegen. An deser Folg wier de Joe gär rem schwaarz. De Baschti ernimmt e béist Wuert. An dem Philippe freet sech op de Felix der Hase hautzedaags genausou reesen kéint wéi freier. LG E&L Meatball Parade Kevin Ma...

Ep.17: 'Saumon mat Schleeken op der Bowl' 18.09.2019

Är Lieblingsjongen schwätzen des Woch iwwer hier "Namensgeber": d'Kläranlagen. Aaner Themen sin Modern Kricher, d'Schoulrentrée, Expeditiounen an Draamberuffer. A wonnert Iech net.. de Joe kennt ze spéit.. Gros Bisous Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Ep.16: 'Brexit ouni Capitani' 11.09.2019

An der neier Episode vum EU-Commissaire Nicolas Schmit sengem offizielle Podcast geet et em déi nei RTL-Serie Capitani, Brexit, a Bowls. Et sinn Emotiounen am Spill, mee de Philippe ass zréck aus Grönland (mission failed), a kann de Joe an de Baschti mat senger engelsgläicher Stëmm berouegen.

Ep.15: 'Dem Joe säi roude Fuedem' 02.09.2019

Wärend de Philippe op geheimer Missioun ass, stellen de Joe a Baschti e Weltrekord op. De Joe moderéiert duerch di längst Episode vun ever, vun Statussymboler iwwer Viruerdeeler bis zu fléienden Taxien. Et war Ginpresso am Spill...

Ep.14: 'Lies mol rem e Buch' 19.08.2019

De Joe ass erëm operstaan! Doriwwer sinn déi aner zwee ganz vill frou :-* Bäi engem feinen Whisky an enger gudder Staang Ducal beschwätzen déi 3 des Woch ënner anerem d'Bicher déi se an der Schoul gelies hunn, Saachen déi se an de Koffer paken, Muséeën, den Epstein an virun allem kritt der déi nei E&L-Tapp gewisen.  Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Co...

Ep.13: 'Rest in Peace Joe' 12.08.2019

De Joe ass des Kéier net derbäi..mee wisou? Fannt et an senger leschter Voicemail eraus. Desweideren schwätzen de Baschti an de Philippe natierlech iwwert den Tornado, lëtzebuerger Spréchwierder, Festivals an wat geschitt wann een ze vill Viz drénkt. Donieft ass alt deen üblechen Blödsinn derbäi mam Ënnerscheed datt mer des Woch vill no ärer Hëllef froen. Mer zielen Iech awer dofir och dat gréisst...

Ep.12: 'Spotted Lëtzebuerg..:Studentenjobs' 04.08.2019

Des Woch steet en neien Special um Programm! Thema vun deser Episode: Vakanzenjobs an onnéideg Hobbies. Donierwt stelle mer eis awer och soss lauder onnéideg Froen an braddelen eis all Leed vun der Séil. Wei een an der Nuecht an den Auchan kennt, wei Versecherungen verkaaf gin an wat d'Dachsenfamill vun der N24 domat ze din huet, gidd der alles an deser Folge gewuer. GL HF Meatball Parade Kevi...

Ep.11: 'Eng nët immens deep Folg' 29.07.2019

De Joe, de Baschti an de Philippe si erëm vereent an kennen sech des Woch erëm richteg un d'Knéien fueren. Dofir schaffen se an dëser Episode ganz traumatesch Erliefnisser op... wat gutt Virsätz, de Konny Reimann an divers Kierperflëssegkeeten domat ze dinn hunn lauschtert der iech am beschten selwer un. Haut erëm mam Prager Fenstersturz an ouni de Frank Elstner. P.S. décke Kuss Meatball Parad...

Ep.10: 'Island, Lëtzebuerg, an eng Summerresidenz' 21.07.2019

De Philippe huet des Woch den Houscht, mee hien setzt op engem (schmelzende) Gletscher an Island! Dofir stellt hien stellt seng Froen un de Baschti a Joe per Fläschepost... Mir beschwätzen trotzdem rem vill Dommheeten, enner anerem di gréisst Fehler vun der Menschheet, Stars aus Hollywood, di bäscht Sprëch, Drohnen, Klima, bla bla bla. Dat Üblecht, just an engem anere Format.  Meatball Parade Kevi...

Ep.9: 'Donkel Säit vum Mound' 09.07.2019

Mer haten erëm eng ganz opreegend Woch... zielen awer näischt dovunner, de Joe zielt amplaz vun enger Kanddaf, de Sebastien sicht e Spill, well en seng Masteraarbecht ofginn huet an de Philippe war Geméis kucken. Desweideren hunn mer eis gefrot wat mer maachen géingen wann mer onsiichtbar wieren an wei eis Begriefnes géing ausgesinn. Natierlech ernimmen mer des Woch awer och d'Flintenuschi, d&...

Ep.8: 'Zäit as wéi en indeschen Zug' 30.06.2019

D'Summervakanz steet firun der Diir daat heescht fir eis: Zäit fir e Vakanzenspecial! Haut extra ouni den Camille Ney. Mir maachen eis Gedanken iwwert Vakanzen, ginn Tipps, erzielen vun Erliewnisser an probeieren d'Weltherrschaft rem un eis ze räissen. Selbstverständlech reegen mer eis och iwwert d'Temperaturen op. Mee ganz eierlech et as och waarm, et soll mol rem reenen... Meatball P...

Ep.7: 'Dei Woch hei hëllt eis keen' 23.06.2019

Net op der Plaatz, mee a Gedanken bäieneen. Mer hun eis des Woch zu enger SkypeSession getraff an schwätzen bessen iwwer de Passé.. an projetzéieren eis an d'Zukunft. Wat dat awer lo mat Nieren vum asiateschen Schwarzmaart an den Frais'en op lëtzebuerger Banken ze dinn huet, héiert der an dëser Episode. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com) Licensed under Creative Commons: By Att...

Ep.6: 'Diner for Yoang' 16.06.2019

 Summer zu Lëtzebuerg, gutt Wierder, Cocktailer, Steierhannerzéiung an eng Folg Erkläranlaag. Des Woch schwätzen mir iwwer Volleksfester, Erfindungen, Vëlosfuerer am Gruef, Dinnerparties, zerschreddert Schippelcher an extrem vill iwwert China.. mee wat hun Xenotransplantatiounen domat ze din?  Vill Spaass! 

Ep.5: 'Vu Speckbullen an Schubkaren' 10.06.2019

Des Woch schaffen mer rezent schlemm Erliewnisser an der Staat zesummen op, dir kritt eis geheim Lloret-Tipps an soss erwähnen mer unsech och all aaner extrem wichteg Aktualitéit dei et gett.  Waat dat awer lo mat Speckbullen an Schubkaren ze din huet, an eist Lidd vun der Woch, kennt der Iech hei ulauschteren. Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/ Music promoted by https://w...

Ep.4: 'Wat den Charles Manson an eng CSV-Ministesch gemeinsam hun' 02.06.2019

Hei kënnt eisen éischte Special! Crime Time bei der Erkläranlaach. Mir beschwätzen alles vun Charles Manson bis Aktenzeichen XY, mat e puer spektakuläre Geschichten aus Lëtzebuerg.  Niewebäi braddele mer natierlech iwwer Gott an d'Welt, wi emmer. Et geet leider och rem kuerz em de Joe Thein… Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/ Music promoted by https://www.chosic.com/fr...

Ep. 3 : 'Entweder..oder et ginn der an d'Miil!' 26.05.2019

Mir hunn eis erëm zesummegesat bäi enger gemittlecher Ronn Kamillentéi an Anabolika an hunn zesummen iwwert d'lescht Woch philosophéiert. Natierlech d'Europawahlen, de Ben Olinger, eis Posture zu Prisongsstrofen an dem Baschti säin GoT-Fazit sinn Thema des Woch. Vill Spaass!  Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/ Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all...

Ep.2: 'Papa, haal op mech ze superliken..' 20.05.2019

Mir loossen d'lescht Woch nach engkeier Revue passéieren an soen einfach emol MERCI.  E Wollef zu Letzebuerg?  Eng Welt ouni Suen? Dem Sebastien säin Dilemma mat Game of Thrones? ... an waat den Adam Sandler damat ze din huet, héiert der des Woch bäi der Erkläranlaag!

Ep.1: 'DuckFeiss: Endgame' 13.05.2019

Als Intro fir eisen neie Podcast hu mer nëmmen di bäscht Themen: Eis Vergangenheet mat Duck Féiss, eis nei Partei, an eis Gedanken zu der Zombieapokalypse. Vill Gesabbels eben, wi een et vun eis gewinnt ass. Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/ Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/ Creative Commons CC BY 3.0 https://creativecommons.org/licenses/by/3.0/

Listen to the Erklär&Laach podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.