Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Buvette - De Fussballpodcast
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Author
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 3, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 112 - Vum Progrès bei d'Victoria 03.05.2023 35:01
Et ass eng Spezialfolg, et ass eng Pressekonferenz, et ass alles wat ee wësse muss. Eise Ben wiesselt vu Nidderkuer no der Saison op Rouspert zeréck an d´Buvette sinn déi éischt déi et gewuer ginn. Wat fir Erfarungen hëlt e vu Nidderkuer mat? Wéi eng Nummer kritt hien zu Rouspert? Wéi eng Roll spillt hien elo? Dat alles a nach vill méi hunn de Gilles an den Dylan de Ben gefrot.
Episod 111 - D'Babsi an der Experteronn 25.04.2023 35:26
Och wann et technesch Problemer ginn, geet d´Qualitéit vun den Themen an der Buvette net verluer. Mir schwätzen iwwer d´Babsi an der Experteronn, dem Gilles säin Ausfluch an de Borussia Park a mat wiem de Michael Ballack den Erling Haaland vergläicht.
Episod 110 - Buvette on Tour 18.04.2023 31:00
Endlech war et esou wäit... Déi 3 aus der Buvette hunn et gepackt zesummen e Fussballmatch kucken ze goen. Leider war et net den Opstigsmatch vu Luerenzweiler, mee den Toppmatch aus der 2.Bundesliga. Kaiserslautern vs Hamburg. Doriwwer gëtt an der aktueller Episod natierlech ausféierlech geschwat, mee ënnert anerem och doriwwer wat zu Berlin lass ass, wien den Trikot vu Luerenzweiler designed hue...
Episod 109: 160.000 Mëttelfanger 11.04.2023 33:08
Et war rëm méi lass wéi geduecht. Den Dylan huet et bis op Braunschweig gepackt an et war kee vun deene schéinen Auswäertsmatcher. De Gilles war zu Dortmund an huet och rëm eng vill erlieft, de Ben huet verschlof a Luerenzweiler huet verluer. Zwou Saachen, déi et dëst Joer nach net gouf.
Episod 108 - E beschassene Match fir de Mario 05.04.2023 28:38
Et ass eng vun deene stressegste Folgen an der Buvette-Geschicht. Op alle Fall fir de Ben. Trotzdeem kee Grond net iwwer déi aktuell Themen am Fussball ze schwätzen. Den Hermann Gerland hat de Weekend ee vun deenen authenteschsten Optrëtter am Doppelpass, den Maximilian Arnold ësst doheem Kelloggs mat Gin Tonic an den Dylan huet dem Gilles an dem Ben eng spannend Quizfro matbruecht.
Episod 107 - Dem Ben säi Fazit 28.03.2023 31:51
No enger klenger Paus ass d'Buvette rëm do. Zwar nëmmen zwee vun dräi mee dat sollt duergoen, fir iwwer d'Lännermatcher ze schwätzen. De Ben huet ganz drësche seng Meenung zum 0:6 géint Portugal ausgeschwat, hat alt nees e Virschlag wéi een den Toppmatch an der Éierepromotioun hätt kéinten ausspillen an huet sech gemellt fir eventuell mol rëm e Match ze päifen.
Episod 106 - Fréijoer am Fussball 15.03.2023 31:26
Et mierkt een dass dobausse Fréijoer gëtt. D'Villercher zwitscheren, et ass e bësse méi waarm an den HSV fänkt rëm un den Opstig ze verspillen. Grousst Thema an der aktueller Buvette ënnert anerem, wéi d'Arbitter am Fussball behandelt ginn a wat mir fir Erfarunge gemaach hunn. Ob mir d'Reegelen iwwerhaapt nach wëssen? Da war och nach d'Revierderby mat engem ganz sauere Foul un de Bülter.
Episod 105 - "Lücke in der Mannschaftskasse" 08.03.2023 37:15
Et war esou vill lass an deene leschten Deeg a wei ëmmer gouf an der Buvette iwwer all Quatsch diskutéiert. Verspiert e Ben Vogel iwwerhaapt Drock bei engem Eelefmeterschéissen? Wat huet de Gilles alles zu München am Grünwalder erlieft? Wou sinn d'Suen aus der Bremer Mannschaftskasse a wéi vill Matcher muss de Leo Barreiro lo nach an der Bundesliga spille fir de Jeff Strasser ze iwwerhuelen? Dat a...
Episod 104 - Do falen engem d'Eeër aus der Box 01.03.2023 34:03
Et ass erëm vill geschitt. De Gilles kuckt mëttlerweil 2. Bundesliga a bréngt do deen een oder anere Sproch mat an d'Buvette. Ënnert anerem sinn zwee Stiermer bei eis am Gespréich an et gëtt driwwer geschwat firwat de Selke erëm op de Buedem komme muss. Natierlech gouf och de Lëtzebuerger Fussball rëm geschwat a gekuckt wat iwwerall geschitt ass.
Episod 103 - Extra-Stonne fir den Dylan 22.02.2023 30:13
Den Dylan drénkt dann haut mol e Glas Waasser well Fuesent zu Köln dann dach méi haart war wéi erwaart. De Ben an de Gilles kréien et hin de Marc Thomé mam Julian Nagelsmann ze vergläichen an da gëtt och nach de Karim Adeyemi bis an den Himmel gelueft. Ënnert anerem gëtt e bëssen iwwer d'Champions League a verschidde skurril Geschichten an de Stadie gebraddelt.
Episod 102 - Gegen Gegen 14.02.2023 34:52
Dat nämmlecht Gebraddels wéi ëmmer: de Ben kritt et hin eng perfekt Zesummefaassung vu Bayern ze maachen, den Dylan war um Zappes-Cup Fan vun der Equipe Gegen Gegen an d'Sky-Moderatoren nerven ëmmer nach, woubäi de Ben do schonn e Nofollger fir den Didi Hamann fonnt huet.
Episod 101 - Haaptsaach e Jos 07.02.2023 33:30
Et war rëm immens vill lass. De Programm an der Buvette ass voll. Dem Ben fält op, dass zu Lëtzebuerg bal all Stadion e "Jos" am Numm huet an et gëtt de grousse Gewënner vum Gewënnspill genannt. Ënnert anerem schwätze mir iwwert déi aktuell Gefillslag vun all Lautern-Fan, de Frankfurt-President a wéi et méiglech ass vun der Ersazbänk e Goal ze schéissen.
Episod 100: Op déi Honnertst ustoussen 31.01.2023 32:17
D'Buvette huet déi Honnert voll gemaach an dat gëtt souguer mat engem Special Guest gefeiert. Iwwer de Fussball gëtt trotzdeem gebraddelt an do gouf et och genuch ze beschwätzen. De Christian Streich huet e super Interview ginn, de Gnabry war op der Fashion Week a Kaiserslautern huet 3:1 gewonnen. Fir de Ben e Grond och mol déi Lëtzebuerger Kaiserslautern-Fans ze luewen.
Episod 99 - Klappjuegd mam Puyol 24.01.2023 32:33
D´Buvette ass no enger laanger Wanterpaus an där vill geschitt ass nees do. An trotzdeem huet sech näischt geännert. Fussball hunn déi 3 tatsächlech net esou vill gekuckt, mee Theme ginn et genuch fir ze schwätzen. Sou ënnert anerem de Puyol, dee mat 100 km/h duerch de Bësch leeft an de weltbekannte Monaco-Stammtisch.
Episod 98 - An de Bierger ass et glat 13.12.2022 32:21
D´Buvette geet an d´Wanterpaus. An dëser Folg zeien de Ben, de Gilles an den Dylan nach eng kéier e klenge Bilan aus der Hironn. Ënnert anerem fält op, dass sech zu Nidderkuer sou munches geännert huet. Dann ass dem Ben en Opruff vu Schengen opgefall an de Gilles bréngt dem Manuel Neuer seng aktuell Situatioun op de Punkt. An zu gudder Lescht gëtt et einfach nëmmen e Merci vun eis, un iech.
Episod 97 - Buvette Liveticker 06.12.2022 32:21
Dobausse gëtt et esou lues fierchterlech kal an dat mierken och d'Jongen aus der Buvette. De Gilles fréiert schonn no 20m bei den Auto, den Dylan ass nom Match krank an de Fupa-Liveticker live Ticker léisst no. An trotzdeem ginn et do rëm herrlech Saachen ze berichten an dowéinst gëtt et an der Buvette elo déi nei Rubrik "De Liveticker". Soss gouf normal gebraddelt wei ëmmer an den Interview vum S...
Episod 96 - Schnell a flësseg, mee firwat? 29.11.2022 30:22
Wat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft.
Episod 95 - Danke Seb 22.11.2022 29:34
D'WM huet ugefaangen a soll awer net d'Haaptthema an der Buvette sinn. Bis op e puer kleng witzeg Saachen wéi eng ze héich Zuschauerzuel an en eidele Stadion no 60 Minutten, widmen déi dräi aus der Buvette sech deene wichtege Saachen. Den Dylan zum Beispill feiert dem Sebastian Vettel säi Karrieres-Enn op eng ganz besonnesch Aart a Weis an de Ben erzielt eis wéi ee de Match a 4 Méint géint Portuga...
Episod 94 - De perfekte Weekend 15.11.2022 32:07
Wat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft.
Episod 93 - Schnell gaangen 08.11.2022 36:02
Et war rëm vill lass an der Fussballwelt. Den Dylan war zu Bielefeld, zu Mënster war dem Gilles säin Toppmatch an d'Champions League gouf ausgeloust. Ënnert anerem kruten de Ben, de Gilles an den Dylan eng hannert d'Läffelen well net genuch iwwer déi ënnescht Lige geschwat gëtt. Ma guer kee Problem.
Episod 92 - Wann ech den Mbappé wier 01.11.2022 29:44
Et ass eng bësse méi roueg Episod: déi Dräi aus der Buvette sinn e bësse midd, wat se awer net dovunner ofhale soll iwwert dat wichtegt Thema vum Weekend ze schwätzen. Wat war bei Königsdorf erëm lass? Wat géif de Ben maachen, wann en den Mbappé wier, a wéi geet een amfong richteg mam Video-Assistent Referee em? D'Buvette huet och dës Kéier erëm op all Fro eng Äntwert.
Episod 91- Wegbier Becks 25.10.2022 35:02
Et ass erëm Dënschden an et gëtt vill ze beschwätzen. Firwat huet de Benzema ëmmer e Verband gedroen? A wéi enger Liga spillt den Dylan do a firwat heeschen d'Bouwen amfong d'Bouwen? Ënnert anerem kucke ma erëm an d'Bundesliga wou dem Gilles seng Dortmunder nees gewonn hunn an an d'Zweet Liga wou den Terrence Boyd erëm fir Lautern geknipst huet.
Episod 90 - Peaky Blinders oder Sherlock Holmes? 18.10.2022 31:02
An dëser Episod schwätzen de Ben, de Gilles an den Dylan doriwwer, dass dat Duell "Haaland vs Van Dijk" éischter ausgesäit wéi wann e Croisières-Schëff géint en AirBus360 spillt. Ënnert anerem gouf et a Spuenien bei Barcelona e ganz besonneschen Trikot an den Dylan fänkt d'Episod als Eminem un.
Episod 89 - Do ass den Oli bal vum Stull gefall 11.10.2022 34:07
Den Dylan hat e wonnerbare Weekend zu Hamburg an de Gilles huet sech Samschdes zu Mainz blécke gelooss. Ënnert anerem erzielt eis de Ben firwat d'Spiller vu Wolfsburg an Augsburg haut alleguer schwaarz Zéiwen hunn. Wat u kengem laanscht gaangen ass, beschwätzen déi dräi och nach a kucke firwat den Oliver Kahn bal vum Stull gefall ass.
Episod 88: Dräi Këschten zu Wëntger 04.10.2022 33:52
Déi 88. Episod Buvette an et gëtt gebraddelt wéi ëmmer. De Gilles gëtt relativ gutt mam BVB verglach, de Ben erzielt vu senger Weltrees op Wëntger an den Dylan huet eng Erklärung firwat de Füllkrug net an der Nationalequipe spillt. Ënnert anerem erzielt den Dylan vu sengem Lautern-Ausflug an et gëtt sech d´Fro gestallt wéi krass den Erling Haaland iwwerhaapt ass.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.