RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

Sports LB ↓ 32 episodes

Vun Champions League bis bei d’Nationalekipp – de Sam Rickal an de Yannick Zuidberg beschwätzen zesummen déi neist Entwécklungen aus dem internationale Futtball.

Author

RTL Radio Lëtzebuerg

Category

Sports

Podcast website

play.rtl.lu

Latest episode

Jun 18, 2025

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Nospillzäit: "Time to say goodbye", 18/06/2025 18.06.2025

Déi leschten Episod ass och gläichzäiteg de Schluss vum Podcast. De Yannick an de Sam halen op. An der leschter Episod hu si mat hirem treiste Supporter Jeff Kettenmeyer iwwert d'Aktualitéit vum internationale Futtball geschwat.

Nospillzäit: "Spektakel an Enttäuschung", 08/05/2025 08.05.2025

An der neier Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer d'Halleffinalle vun der Kinneksklass.

Nospillzäit - "Remontada nix da", 17/04/2025 17.04.2025

An der 30. Episod schwätzen de Yannick an de Sam iwwert d'Retourpartien an de Véierelsfinalle vun der Champions League.

Nospillzäit - "PSG op eemol Favorit?", 15/03/2025 15.03.2025

An dem Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer d'Nationalekipp an d'Champions League.

Nospillzäit - "Lang, lang ist’s her", 04/02/2025 04.02.2025

D'Ligaphas vun der Champions League, d'Wanter-Transferten an d'Nationalekipp waren dem Sam an dem Yannick hir Theemen no hirer verlängerter Wanterpaus.

Nospillzäit - "Ofschloss vum Joer 2024", 12/12/2024 12.12.2024

An dëser Episod blécken de Yannick an de Sam zeréck op d'Futtballjoer 2024. Thema war ënner anerem de 6. Spilldag vun der UEFA Champions League, de Lëtzebuerger Futtball an och déi zwou Weltmeeschterschaften am Joer 2030 an 2034.

Nospillzäit Spezial - "Ralph Schon am Interview", 22/11/2024 22.11.2024

An dëser Episod schwätzt de Sam mam (fréieren) Nationalgolkipp Ralph Schon iwwert säi leschte Match an der Nationalekipp. Am Kader vun eisem Sonndesinterview um RTL.lu war de Sam beim Ralph Schon zu Wäiswampech op Besuch. Nieft sengem Récktrëtt an der Nationalekipp hunn déi Zwee och seng Karriär am Dress vun de roude Léiwe Revue passéiere gelooss.

Nospillzäit - "Rout Kaart fir de Maxime Chanot", 07/11/2024 07.11.2024

An dëser Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer d'Kader Presentatioun vum Luc Holtz. Donieft gouf awer och de 4. Spilldag an der UEFA Champions League an de Ballon d'Or ënnert d'Lupp geholl.

Nospillzäit - "Franséisch Veräiner top, däitsch Veräiner flop", 26/10/2024 26.10.2024

An dëser Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer den 3. Spilldag vun der Champions League.

Nospillzäit - "Zwee Punkte si besser wéi 0", 19/10/2024 19.10.2024

An der 23. Episod kucken de Yannick an de Sam zeréck op déi zwee Matcher vun der Hären-Nationalekipp an der Nations League. Donieft ass awer och Rieds vun de roude Léiwinnen, dem Jürgen Klopp an dem Thomas Tuchel.

Nospillzäit - "Mam Réck zur Mauer", 08/10/2024 08.10.2024

An der 22. Episod schwätzen de Yannick an de Sam ënnert anerem iwwer déi schwiereg Situatioun vun de Roude Léiwen an der Nations League.

Nospillzäit - "We are still alive", 24/09/2024 24.09.2024

Fir déi 21. Episod hunn de Yannick an de Sam sech gutt Zäit gelooss. No enger (e bësse méi) laanger Summerpaus sinn déi Zwee nees zeréck an hu sech den 1. Spilldag an der UEFA Champions League méi genau ugekuckt.

Nospillzäit - "England spielt wie eine Flasche leer", 03/07/2024 03.07.2024

An der 20. Episod schwätzen de Yannick an de Sam iwwert d'Véierelsfinalle vun der Futtball Europameeschterschaft an Däitschland.

Nospillzäit - "Es ist Zeit, dass sich was dreht...", 19/06/2024 19.06.2024

An der 19. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwert den 1. Spilldag vun der Futtball Europameeschterschaft an Däitschland.

Nospillzäit - "Real Madrid again", 02/06/2024 02.06.2024

An der 18. Episod huelen de Jeff an de Sam d'Champions-League -Finall ënnert d'Lupp. Donieft ass awer och Rieds vun den Trainerwiessele vu Bayern München an dem FC Barcelona, wéi och den Testmatcher vun de roude Léiwen an der EM.

Nospillzäit - "Heja BVB", 14/05/2024 14.05.2024

An der 17. Episod freet sech de Yannick beim Sam iwwert déi Dortmunder Participatioun an der Champions-League-Finall.

Nospillzäit - "Rangnick: Ich würde nie zum FC Bayern München gehen", 02/05/2024 02.05.2024

An der 16. Episod schwätzen de Yannick an de Sam iwwer d'Allersmatcher an den Halleffinallen vun der Champions League.

Nospillzäit - "Freed a Leed no beieneen", 18/04/2024 18.04.2024

An der 15. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer d'Véierelsfinalle vun der Kinneksklass an och iwwer déi international Championnater.

Nospillzäit - "Do war richteg Musek dran", 11/04/2024 11.04.2024

An der 14. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwer d'Allersmatcher an de Véierelsfinalle vun der Kinneksklass geschwat.

Nospillzäit - "Oh Jesus Maria...", 28/03/2024 28.03.2024

An der 13. Episod diskutéieren de Yannick an de Sam iwwer d'Hären Nationalekipp, U21-FLF-Selektioun an d'Dammen Nationalekipp.

Nospillzäit - "De Schnurres vun der Natioun", 15/03/2024 15.03.2024

An der 12. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer den Tirage vun de Véierelsfinalle vun de Kinneksklass an d'Nations-League-Playoffs.

Nospillzäit - "Traumabewältegung", 07/03/2024 07.03.2024

An der 11. Episod hunn de Yannick an de Sam iwwert déi éischt Retourpartië vun den Aachtelsfinalle geschwat. Donieft hu si awer och hir Dram-Eelef opgestallt.

Nospillzäit - "Jupp Heynckes a Sibirien ausgewandert", 22/02/2024 22.02.2024

An der 10. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwert d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle geschwat. Donieft gouf awer och nach iwwert den Dany Mota a verschidden Transferte vun de Lëtzebuerger Nationalspiller diskutéiert.

Nospillzäit - "Last dance fir 2023", 18/12/2023 18.12.2023

An der 9. Episod hunn de Yannick an de Sam zesumme mam Jeff Kettenmeyer e Bilan gezunn an hunn den Tirage vun der Aachtelsfinall ënnert d'Lupp geholl.

Nospillzäit - "Quiz Time", 30/11/2023 30.11.2023

An der 8. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwer d'Champions League geschwat an et gouf eng kleng Quiz-Ronn.

Listen to the Nospillzäit podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.