Maggy an Anne
Coachseet
Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren. Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.
Author
Maggy an Anne
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 11, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episode 18: Keng Off-Season fir de Kapp 11.06.2026 53:30
An dëser Episod starte mir mat engem Réckbléck op mäi (Anne) Basketstage zu Barcelona. Ech erzielen vu mengen Andréck, den Trainingen, der Atmosphär an allem wat ech aus dëser Erfarung matgeholl hunn. Och wann d'Maggy dës Kéier net mat dobäi war, gouf et genuch Geschichten ze deelen. Duerno schwätze mir iwwert en Thema, dat all Sportler kennt: Drock. Firwat verschwënnt en eigentlech ni? Egal o...
Episode 17: Lëtzebuerger Basket am Fokus: Gläichberechtegung, nei Reegelen an All-Star Vibes 30.05.2026 53:28
An dëser Episod setze mir de Fokus op de Lëtzebuerger Basket. Mir diskutéieren iwwer d'Iwwerdroung vum Häre-Match op RTL an d'Fro, firwat de Basket vun den Dammen net déi selwecht Visibilitéit krut. Eng Diskussioun iwwer Gläichberechtegung, Mediepräsenz an d'Entwécklung vum Basket zu Lëtzebuerg. Donieft schwätze mir iwwer eng nei Regel, déi rezent decidéiert gouf, a wat si fir d'Sp...
Episode 16: Update eis Season ass eriwer 24.04.2026 47:18
An dëser Episod schwätzen d’Maggy an ech, d’Anne, iwwert d’Enn vun eiser aktueller Saison. Mir kucken zeréck op déi lescht Méint, deelen eis Erfarungen, Highlighten an och d’Erausfuerderungen, déi mir erlieft hunn. Ausserdeem schwätze mir driwwer, wat fir eis an der nächster Saison usteet – eis Ziler, Motivatioun an op wat mir eis am meeschte freeën. Natierlech geet et och ëm de Summer: wéi mir ei...
Episode 15: Mir sin zeréck: 2 Méint Paus & alles wat geschitt ass... 09.04.2026 50:59
No enger Paus vu ronn 2 Méint si mir endlech zeréck 🎙️ An dëser Episod huele mir eis Zäit fir alles nozeschaffen, wat an där Zäit geschitt ass. Mir schwätzen iwwert eis eege Basketball-Saison, déi elo fir d'Anne eriwwer ass, zéien e klore Fazit a deelen eis Erfarungen während eiser National Ekipp Paus mat Iech mat. Donieft kucke mir och op d’Playoffs, wou d’Maggy nach voll am Rennen ass, a ginn ei...
Episode 14: Vun der Virbereedung bis zur Victoire - mam Cathrin Wolff 12.02.2026 42:04
An dëser Episod schwätze mir mat der Cathrin Wolf iwwert d’Final vun der Coupe du Luxembourg am Fraenbasket. Mir kucken zeréck op d’Virbereedung, d’Emotiounen nom Ofpiff an d’Feierlechkeeten – an natierlech och op dat nächst grousst Zil: den Doublé
Episode 13: Gestresst, benodeelegt – an d'Reegel mécht et net besser 29.01.2026 50:35
Am Podcast vum Maggy an Anne schwätze mir oppen iwwert dat, wat vill betrëfft mee nach ze dacks ënner den Dësch gefall gëtt: Stress am Alldag, Ongläichheet tëscht Fraen a Männer, an och iwwert e Sujet, deen nach ëmmer tabuiséiert gëtt – d’Reegel. Mat Éierlechkeet, Humor an perséinlechen Erfarunge hannerfroe mir gesellschaftlech Normen, de Mental Load, an firwat Frae sou dacks „méi matdroen“. En Po...
Episode 12: No der Néierlag: D’Stëmmung an der Ekipp 08.01.2026 38:08
An dëser Episod schwätze mir, d’Anne an d’Maggy, iwwert déi Momenter, déi net ëmmer einfach sinn: wann d’Ekipp verléiert. Mir deelen eis Erfarungen a schwätzen doriwwer, wéi Traineren an esou Situatioune reagéieren, wéi sech den Toun an d’Atmosphär änneren, a wéi dat d’Ekipp als Ganzt beaflosst. Et geet ëm Frustratioun, Drock, Kommunikatioun – mee och ëm Zesummenhalt, Léieren a Respekt. Eng éierle...
Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis 18.12.2025 49:05
An dëser Episod schwätze mir kuerz iwwert dem Anne säi Match am Eurocup, ier mir zesummen e Réckbléck op eist Joer 2025 maachen. Wat ass gutt gaangen? Wat war méi schwéier? A wat hu mir doraus geléiert? Zum Schluss kucke mir no vir a schwätzen iwwert eis Ziler, Erwaardungen a Pläng fir 2026. Éierlech, reflektiv a mat enger Portioun Humor.
Episode 10 : Déi legendär Episod déi souwisou keen lauschtert 04.12.2025 42:22
An dëser Episode schwätze mir e bëssen iwwer Basket – jo, och wann eis Zuschauerzuelen éischter wéi eng Preseason-Statistik ausgesinn. Mir huelen eis selwer net ze sérieux a maachen e klenge Geck driwwer, dass mer net méi vill Leit hunn, déi eis nolauschteren… mee déi, déi do sinn, si wéi ëmmer déi Bescht! Duerno dréine mir d’Blat ëm an tauchen an d’Chreschtdaagsstëmmung eran. Mir schwätzen iwwer...
Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition 22.11.2025 41:03
An dëser Episode huele mir iech mat hannert d’Kulissen vun eiser Zäit mat der Nationalekipp. Mir schwätzen doriwwer, wéi eis “Fënster” ofgelaf ass – vun den intensiven Traininger bis bei déi méi roueg Momenter tëschendrun. Et geet natierlech och ëm déi vill witzeg Erfarungen, déi mir ënnerwee gemaach hunn: kleng Missverständnesser, spontan Improvisatiounen a Situatiounen, déi een einfach muss mat...
Episode 8: Wei wichteg ass d'Ënnerstetzung vun den Eltere wann een et weit packe well? 07.11.2025 42:06
Am dësem Episod schwätzen mir éierlech a mat vill Häerz driwwer, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill war op hirem Wee fir Profi-Basketballerinnen ze ginn. Vun de laangen Deeg an der Hal, iwwer emotional Héichten an Déiften, bis bei déi kleng Gesten, déi alles ausgemaach hunn – si deelen wéi Famill zesummenhalen, Motivatioun a Glawen un sech selwer zu engem richtege Erfollegsrezept ginn.
Episode 7: EuroCup - Training, Matcher an déi laang Reesen 23.10.2025 43:31
An dëser Episode schwätze mir éierlech doriwwer, wéi et eis momentan geet - sportlech an och mental. Vun intensiven Trainingseenheeten bis zu spannende Matcher am EuroCup, huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vum Profi-Basketball. Et geet ëm d'Erausfuerderungen vun de villen Deplacementer, déi vill Stonnen am Bus oder Fliger, a wéi mir probéiere, Energie, Motivatioun an Teamgeescht z'...
Episode 6: Zwee verschidden Weeër, een Zil: Profisportler 02.10.2025 54:08
An dëser Episod huele mir iech mat op eis Reesen: d’Maggy, huet säi Wee iwwer d’Arméi fonnt, an d’Anne, hat d’Méiglechkeet, an Amerika op e College ze goen. Zwee verschidde Startpunkten, mee dat selwecht grousst Zil – Profisportler am Basket ze ginn. Mir deelen mat iech déi schéin Momenter, mee schwätzen och éierlech iwwert d’Erausfuerderungen a Risiken, déi dëse Wee mat sech bréngt.
Episode 5: Mental Health am Fokus 18.09.2025 1:00:51
An dëser Episode schwätze mir, iwwer d’Roll vun der mentaler Gesondheet am Sport. Zumols d' Maggy deelt seng eege Erfahrungen, wéi hat mat senger Verletzungen ëmgaange ass a wéi wichteg et ass, net nëmmen de Kierper, mee och de Kapp ze stäerken. Mir diskutéieren, wéi mental Coaching hëllefe kann, erëm Vertrauen ze fannen, a wéi vill d'Ënnerstëtzung vum Team an der Famill bedeit. Zousätzlec...
Episode 4: Trainerwiessel bei der Fraenekipp - Wat bedeit dat fir eis? 28.08.2025 35:30
An dëser Episode schwätze mir iwwert eis Preseason: wéi mir eis agelieft hunn, mat wat fir klengen a grousse Problemer mir konfrontéiert waren – vum Auto deen nach net prett war bis bei Saachen déi am Appartement gefeelt hunn. Donieft huele mir och d’Ännerungen an der FLBB ënnert d’Lupp, dorënner de wichtegen Trainerwiessel bei den Dammen. Lauschter eran fir eis Insights a fir en éierleche Bléck h...
Episode 3: Pre-Season Talk & Erënnerungen un eis Saison zesummen zu Saarlouis 14.08.2025 47:34
An eisem Gespréich erzielen mir, wéi mir eis dëse Summer fit gehalen hunn – bal all Dag an der Hal, bal keng richteg Paus, ëmmer um Ball bliwwen. Mir schwätzen doriwwer, wéi eng Ziler mir eis gesat hunn a wéi et elo erëm zréck an de Veräin geet. Donieft erënnere mir eis un d’Zäit, wou mir zesummen zu Saarlouis gespillt hunn – mat villen witzegen Momenter. A mir schwätzen och iwwer d’Erfarunge mam...
Episode 2: Wou geet den Basket zu Lëtzebuerg hin? 31.07.2025 39:42
An dësem Episod hu mir mol serieux geschwat : Wéi steet et ëm de Basket zu Lëtzebuerg? Mir kucken op d’Entwécklung (oder de Manktem dovunner), schwätzen iwwert d’Struktur am Sport, d’Roll vu Vereiner – mee och iwwer eng Thema déi dacks ënner de Teppech gekéiert gëtt : Wéi gesäit et mat der Mentalitéit an der Astellung vun de jonke Spillerinnen aus?
Episode 1 : Wien si mir & firwat e Podcast? 17.07.2025 33:54
An der éischter Episode stelle mir eis vir - Dir kritt en Abléck an eist sportlech Liewen, wéi mir iwwerhaapt op d’Iddi komm sinn, zesummen e Podcast ze starten, a wat dir an de nächsten Episode kënnt erwaarden. Ob Dir selwer am Basket sidd oder einfach gäre méi hannert d’Kulisse vu passionéierte Sportler kuckt – dëst ass den Ufank vun eiser Rees.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.