Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Buvette - De Fussballpodcast

Sports LB ↓ 215 episodes

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

Author

Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Category

Sports

Podcast website

www.eldo.lu

Latest episode

Jun 3, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 137 - Dem Lena seng al Kamellen 20.02.2024

Um Racing gëtt protestéiert an d'Buvette kläert op firwat. Da schwätze mir nach iwwert de Match Rouspert géint Hesper, kucken eis d'Tabell un an huelen eis Tipps vum Ben. Ënnert anerem kucke mir weider op d'Protester an der Bundesliga an hu weider Iddie fir de Protest ze ëmgoen.

Episod 136 - Masterplang 13.02.2024

Och wa Rosenmontag ass, gëtt an der Buvette geschafft. Wat konnt de Ben mat der Victoria räissen? Gewënnt Königsdorf e Mëttwoch an der Coupe? Wéi eng Koppel brauch d'Bundesliga a wéi gutt ass wannechgelift Bayer Leverkusen? Déi 3 aus der Buvette hunn op alles eng Äntwert.

Episod 135 - Wenn das Leben dir Zitronen gibt… 06.02.2024

Wéi huet de Rousperter Terrain de Weekend ausgesinn? Wat gouf et fir e wansinnege Wiessel an der BGL Ligue? Wéi geheien d'Fans an der Bundesliga d'Tennisbäll esou wäit? Firwat muss den Aytekin un Zitroune lecken? An, an, an… De Ben an den Dylan hunn sech alt rëm mat deene wichtegen Themen am Fussball zesummegesat.

Episod 134 - Freibier Peter 30.01.2024

An alt rëm huet d'Fussballwoch genuch Theme fir d'Buvette geliwwert! Kritt de Jürgen Klopp eng Statu zu Liverpool? Kréien d'Frankfurter Fans nach eng leschte Kéier eng Ronn Fräibéier spendéiert? Kann den Dylan am Feld trainéieren? Wéi kenne 4 Arbitter an 3 Fändel um Terrain stoen? D'Buvette huet natierlech rëm all d'Äntwerten.

Episod 133 - 20 Joer méi jonk 23.01.2024

D'Buvette ass aus der Wanterpaus erëm an huet Energie getankt fir déi wichteg Froen am Liewen ze beäntweren. Wat war an der Wanterpaus lass? Firwat gesäit de Baumgart esou jonk aus? Wat mécht de Luke Littler a senger Fräizäit? Wéi gesäit de Rousperter Terrain aus? An an an... Wëllkomm zeréck an der Buvette.

Episod 132 - Geschmacksprobe an der Buvette 13.12.2023

An der leschter Episod Buvette fir dëst Joer ass net nëmmen de Fussball Gespréichsthema, mee och d'Gedrénks vu verschidde Veräiner. Natierlech gëtt de Rousperter Match ënnert d'Lupp geholl a sech gefrot: Firwat ass de Match iwwerhaapt ugepaff gi. Da kucke mir nach op d'Auslousung vum DFB-Pokal, froen eis firwat de Niki Süle jubelt wéi de Luca Toni a wënschen iech natierlech all schéi Feierdeeg!

Episod 131 - Heuer Fernandes, Piplica oder Kramer 05.12.2023

Wéi ëmmer ass rëm vill lass an der Fussballwelt. D'EM gouf ausgeloust a Lëtzebuerg spillt, falls et souwäit kënnt, alt nees rëm géint Portugal. An der BGL Ligue gëtt et och sou munches ze beschwätzen an an Däitschland gouf den Eegegol vun der Saison geschoss. D'Fro ass lo awer wie wier ee léiwer?

Episod 130 - Peffer an de Strëmp 28.11.2023

Wéi kënnt een drop Peffer an d'Strëmp ze maachen? Wat ass mam Rousperter Terrain lass? Wéi e Meilesteen huet de Petr Čech erreecht? A nach vill aner Froen. Buvette 130. De Ben, den Dylan an de Gilles sinn dësen an nach weider Froen op de Grond gaangen.

Episod 129 - Neururer fir Lëtzebuerg 22.11.2023

Froen iwwer Froen déi de Ben, de Gilles an den Dylan probéieren ze beäntweren. Bleift de Lux Holtz Nationaltrainer? Wéi gäil ass et, dass Lëtzebuerg esou vill Fans huet déi ëmmer matreesen? Deet een Händschen ouni en Thermo un? Tapezéiert een e Gästeblock? Mécht een am Stadion no enger Meeschterschaft vum Géigner einfach d'Luuchten aus? D'Buvette weess et.

Episod 128 - Den Harry mat de GEOX 14.11.2023

An dëser Episod gëtt et rëm genuch zu beschwätzen. Rouspert konnt leider nëmme 45 Minutte Fussball spille, mee dat liwwert der Buvette natierlech genuch Gespréichsstoff. Firwat setzt de Ben ëmmer nach am Donkelen? Wat ass zu Mondorf geschitt a wéi eng Folge bréngt dat mat sech? Wat ass an der Bundesliga geschitt a wéini spillt den Harry Kane endlech mat GEOX? All dat ginn de Gilles, de Ben an den...

Episod 127 Arjen Robben vu Wish 08.11.2023

Et war rëm vill lass am Fussball. Wéi geet et mam Tuchel a Sky weider ? Wat ass bei Rouspert géint den UNK geschitt? Wéi huet den Dylan de Match géint de Mike Wunderlich erlieft? Wéi kritt den Urs Fischer trotz 12 Nidderlagen d'Leit op seng Säit? Genau déi a nach wieder Froe beschwätzen de Ben an den Dylan an der neier Episod Buvette.

Episod 126 - Net gepickt, mee gestochert 31.10.2023

Eng nei Woch an eng nei Episod Buvette. De Fussball schléift ni! An dowéinst hunn sech de Ben an den Dylan rëm sämtlech Froe gestallt. Wat war deemools zu Péiteng lass, wou et onfaassbar vill gereent huet, firwat ass den Thorsten Mattuschka esou e sympathesche Moderator a wisou gëtt aktuell zu Saarbrécken gestochert a net gepickt?

Episod 125 - Don't drink and drive 24.10.2023

Et gëtt eppes ze feieren an der Buvette! Net nëmmen déi 125. Episod mee ochnach aner bestëmmte Saachen. De Fussball soll natierlech och rëm net ze kuerzkommen. Dowéinst ginn sech an dëser Episod ënnert anerem Froe gestallt, wat under Monnerecher Buvette esou gutt ass, wat de Gilles fir e Gedeessems huet derichtegen BVB-Trikot ze kréien a wat et an e puer Méint mat de Spiller vuSchalke geschitt.

Episod 124 - Euphorie 18.10.2023

En Thema iwwert dat dat ganzt Land geschwat huet. Eis Nationalekipp. An dëser Episod vun der Buvette huelen de Ben an den Dylan d'Matcher géint Island a Slowakei ënner d'Lupp a schwätzen iwwert Zockerflanken vum Laurent Jans, iwwert eng super Stëmmung am Stadion an iwwert eng gesamte Fussball-Euphorie am ganze Land.

Episod 123 - Den Eden beim Henssler 11.10.2023

123 Episode Buvette... Ufangs si mir nach zu zwee mee de Gilles gëtt och nach an dëser Episod agewiesselt. Mir schwätzen iwwert dem Ben seng Victoria Rosport, dem Dylan seng Königsdorfer a vill weider interessant Themen. Wat mécht den Eden Hazard elo no senger Karriär? Wat huet de Giroud net gepackt a firwat leeft et beim Ben a beim Dylan grad sou gutt, dass se rëm en 9 Punkte Weekend erliewen?

Episod 122 - Fehlendes Commitment 03.10.2023

Et war e laange Weekend fir déi dräi aus der Buvette. Den Dylan huet e fräie Sonndeg genoss a spillt en Dënschdeg eng éischt Coupe-Finall, de Ben huet mat Rouspert an der Coupe de Luxembourg fir eng Iwwerraschung gesuergt an de Gilles konnt sech alles a Rou ukucken. Iwwer d'Bundesliga gëtt dës Kéier natierlech och rëm geschwat an zemools iwwer dem Max Eberl säi feelend Commitment.

Episod 121 - D´Nuller-Vögel 27.09.2023

Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass. 24 rout Kaarten goufen et no 7 Spilldeeg an der BGL Ligue an de Ben ass der Saach natierlech op de Grond gaangen. Déi Mierscher sammelen als Opsteiger weiderhin hier Punkten an e Grond dofir ass de Stiermer Benny Bresch, iwwert deen de Gilles eng steil These opstellt. Beim Dylan an der TUS leeft et och an de Ben an den Dylan hunn an der lescht souguer eppes...

Episod 120 - Die Nummer sucht den Spieler 22.09.2023

Besser spéit wéi ni. D´Buvette ass rëm fir iech do. Wat ass mam Ben lass a wou kommen seng offensiv Aktiounen hier, géint wien spillt den Dylan an der nächster Coupe a wéi schéin war de Goal vum Golkipp vun Neapel wannechgelift? All dat a nach weider Froen hu sech de Ben an den Dylan an der néier Episod vun der Buvette gefrot.

Episod 119 - De klengen Iwwermotivéierte géint de grousse Faulen 13.09.2023

Eng Woch déi vill Theme fir ze beschwätze mat sech bruecht huet. Lëtzebuerg gewënnt engersäits souverän 3:1 géint Island a kasséiert ob der anerer Säit 9 Goaler géint Portugal. D'Buvette hëlt an dëser Episod net nëmmen dëse Match ënnert d'Lupp, mee och d'Dokumentatioun vum DFB, den Trainerwiessel bei deenen Däitschen an natierlech d'Lëtzebuerger Ekippen déi de Weekend gespillt hunn.

Episod 118 - De Co-Trainer Ben 08.09.2023

Et ass vill lass am Lëtzebuerger Fussball a villäicht kennt d'Lännermatchpaus genau richteg. Beim Ben wëssen se net méi op e nach Spiller oder Co-Trainer ass, d'Opsteiger glänzen an der Éierepromotioun an et ginn Diskussiounen iwwer eng speziell Nummer 1 zu Beggen. International huet dem Seba Thill säi Goal et an d'Nominatioun vum Tor des Monats gepackt an de Bonucci ass laut Buvette de Summertran...

Episod 117 - Hien ass Laurent 30.08.2023

Weider geet et an der Buvette mat der Episod 117 an dës Kéier hunn déi dräi aus der Buvette sech vill mam Lëtzebuerger Fussball ausenee gesat. D'BGL Ligue gëtt ënner d'Lupp geholl, de Kader vun der Nationalequipe, d'Éierepromotioun an och d'Eenzelspiller wéi eise Laurent Jans. Natierlech gouf awer och rëm iwwer d'Bundesliga geschwat an zum Beispill eng Doppelpass-Zeen vu leschtem Weekend opgegraff...

Episod 116 - Turnhal op Schalke 23.08.2023

D'Buvette ass no enger verdammt laanger Summerpaus rëm fir Iech do. An dëser Episod schwätze mir iwwer eng interessant Arbitter Doku, de Ben erzielt vu sengem Buchtipp, den Dylan erzielt wéi et beim Auswäertsmatch op Schalke war an de Gilles mécht drop opmierksam, dass och dës Saison rëm an der Buvette gespillt gëtt.

Episod 115 - Luerenzweiler meets Buvette 24.05.2023

Et gouf laang driwwer geschwat a laang ugekënnegt dass d'Luerenzweiler Ekipp e puer Minutten an der Buvette kritt. No sou enger Saison kréien se elo eng ganz Episod an der Buvette. Vill Gebraddels a vill Infoen iwwer d'Opstigssaison vu Luerenzweiler an dëser Episod Buvette.

Episod 114 - Das Wunder von Mersch 16.05.2023

Des Kéier sinn de Ben an den Dylan eleng an der Buvette mee dat sollt se net hënnere fir iwwer genuch interessant Themen ze schwätzen. Wéi ass déi spuenesch Fussballkultur? Wie steigt of? Wie steigt op? Wéi eng Legende verloossen no dëser Saison de Lëtzebuerger Fussball? Mat wéi enge Mëttele wëll d'Jeunesse uewen an der Tabell stoen a klappt "das Wunder von Mersch"? All déi Froe ginn an der aktuel...

Episod 113 - Speck an Ierbessen zu Paräis 10.05.2023

Et war vill lass an an der Buvette gi rëm déi wichteg Froe gestallt. Wat ass zu Paräis beim Messi lass? Wien ass zu Lëtzebuerg Meeschter ginn? Wien ass alles schonn opgestigen? Wéi gewënnt een en Derby géint Déifferdeng? Wat ass mam Davie Selke lass a wéi kann et sinn, dass den Gilles am Managerspill zweetleschten ass?

Listen to the Buvette - De Fussballpodcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.