Luxemburger Wort

And One - De Basketpodcast

Sports LB ↓ 49 episodes

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

Author

Luxemburger Wort

Category

Sports

Podcast website

www.wort.lu

Latest episode

May 7, 2024

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#23 - 10 Froe virum Start vum Championnat mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer 20.09.2022

Dëse Weekend geet hei am Land de Basketchampionnat nees un. Virum Start beäntweren d'Jenny Zeyen vum Tageblatt an de Jeff Kettenmeyer vun RTL zesumme mam Bob Hemmen déi wichtegst Froen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#22 - Anne Simon 17.05.2022

D'Anne Simon huet en Dram. D'Nationalspillerin wëll Profi ginn an ass 2019 mat deem Zil an d'USA gaangen, wou d'Lëtzebuergerin fir d'University of Maine am Asaz ass. Am Podcast erzielt d'Anne, wéi et him do um a nieft dem Terrain gefält. Ausserdeem äussert sech d'Basketspillerin an der leschter Episod vun der Saison zum Drock, mat deem et muss eens ginn an der Méiglechkeet, an d'WNBA ze kommen. Se...

#21 - Christopher Jones 03.05.2022

De Christopher Jones war jorelaang ee vun de beschte Basketspiller am Land, dunn huet e positiven Doppingtest alles verännert. Nodeems den Ex-Nationalspiller nees ugefaangen hat, gesäit een hien zanter dëser Saison net méi um Terrain. Am Podcast bléckt de Christopher op eng fir hie schwiereg Zäit zeréck, erkläert wéi en haut zum Basket steet an ob e sech virstelle kann, nach eng Kéier unzefänken....

#20 - Jo a Lynn Schreiner 19.04.2022

D'Jo an d'Lynn Schreiner sinn net just Zwillingen, mee och Teamkolleeginnen. Déi zwou Ex-Nationalspillerinne si virun der Saison vun Ettelbréck op de Gréngewald gewiesselt. Am Podcast erzielen d'Schwësteren, wéi et dozou komm ass a wisou si mat hirer neier Equipe schonn an der Véierelsfinall vum Championnat erausgeflu sinn. Ausserdeem geet et em hiert besonnescht d'Verhältnis, Gemeinsamkeeten an Ë...

#19 - Chris Dentzer 05.04.2022

Als administrativen Direkter vun der FLBB huet de Chris Dentzer genuch ze dinn. Dem 31-Järegen säin Aufgabeberäich geet vun der Organisatioun vun Eventer bis hin zu laangfristege Projeten. Am Podcast erzielt de Chris, wéi en zu dësem Job komm ass, wéi eng Aufgaben him am meeschte Spaass bereeden an u wat aktuell beim Verband geschafft gëtt. Ausserdeem verréit hien zum Schluss, wien de nächste FLBB...

#18 - Lou Demuth 22.03.2022

De Lou Demuth huet mat sengen 22 Joer scho vill erlieft. Den 2,13 m grousse Basketspiller war an der Jugend a Frankräich a Spuenien an dono um College an den USA. Säit dëser Saison spillt de Center nees zu Lëtzebuerg an huet et mat Hiefenech an d'Play-offs gepackt. Am Podcast erzielt de Lou, wéi en haut op déi eenzel Statiounen zeréckbléckt a wisou en heiansdo Drock hat. Ausserdeem verréit hien, w...

#17 - Billie Schulté 08.03.2022

D'Billie Schulté konnt dëst Joer nach net um Terrain stoen. D'Kapitänin vu Basket Esch misst coronabedéngt eng länger Paus aleeën an hofft elo, esou schnell wéi méiglech nees kënnen ze spillen. Am Podcast erzielt d'Basketspillerin, wisou de Sport schonn ëmmer eng sou grouss Roll fir si gespillt huet, wéi e perfekte Samschdeg ausgesäit a wien am schwéiersten ze verdeedege war. Ausserdeem geet et em...

#16 - Mike Feipel a Yannick Verbeelen 22.02.2022

Nationalspiller a Schlësselspiller bei der Sparta: De Mike Feipel an de Yannick Verbeelen sinn zwar nach jonk, am Lëtzebuerger Basket spillen déi zwee Bartrenger awer schonn eng wichteg Roll. Am Podcast erzielen si zwee, wéi et ass, bei der Nationalequipe dobäi ze sinn, wisou hire Veräinstrainer Chris Wulff heiansdo streng mat hinnen ass a wien fréier hir Virbiller waren. Ausserdeem trieden de Mik...

#15 - Marco Rock 15.02.2022

Am Lëtzebuerger Basket ginn et wéineg Persounen, déi esou bekannt si wéi de Marco Rock. De Rocky, wéi den Ex-Nationalspiller genannt gëtt, huet jorelaang um héchsten nationale Niveau gespillt. No der aktiver Karriär ass de Lakers-Fans dem Basket a verschiddene Funktiounen erhale bliwwen. An dëser Folleg schwätzt de Rocky iwwert seng sozial Engagementer, awer och iwwer d'Ënnerscheeder tëschent fréi...

#14 - Charlie Bidinger 25.01.2022

An dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass d'Charlie Bidinger zu Gaascht. D'Nationalspillerin erlieft eng staark Saison mat de Musel Pikes an ass esou gutt wéi nach ni. Am Podcast geet em der Basketspillerin hire Wee, Gläichberechtegung an der Berichterstattung a weiblech Virbiller. Ausserdeem ginn et e puer Tipps. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#13 - Philippe Arendt 11.01.2022

An der dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Philippe Arendt doriwwer, wéi schwéier déi vergaange Saison fir seng ganz Famill war a wisou hien d'Sparta misst verloossen. Ausserdeem erzielt den T71-Neizougang, wat hien hei am Land stéiert a wisou et him näischt ausmécht, als Fan op der Tribün och mol haart ze ginn. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#12 - Misch Engel 14.12.2021

An der zwielefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ënnerhält sech de Bob Hemmen mam Misch Engel. De Spilleragent schafft haaptberufflech als Infirmier an huet dowéinst genuch ze dinn. Am Podcast erzielt hien, wéi en zu sengem Niewenjob komm ass, wéi den Alldag als Beroder ausgesäit a wisou et net ëmmer einfach ass. Ausserdeem geet et em d'Zukunft vum Ben Kovac an dem Lëtzebuerger Basket. Se...

#11 - Magaly Meynadier 30.11.2021

An der eelefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Magaly Meynadier. D'Nationalspillerin ass säit dëser Saison nees zu Saarlouis, wou d'Profikarriär viru fënnef Joer ugefaangen huet. Am Podcast geet et ënnert anerem em d'Zäit an der Arméi an de Sprong an d'Ausland. Ausserdeem verréit d'Basketspillerin, wisou se dës Saison misst emotional iwwersetzen a wien an der Na...

#10 - Thomas Grün 16.11.2021

An der zéngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Nationalspiller Thomas Grün am Studio. De 26 Joer ale Profi vun Tréier erzielt, wéi et fir hie war, sou fréi an d'Ausland ze goen a wisou en haut manner Drock huet. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng perséinlech Zukunft an déi vun der Nationalequipe. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#9 - Georges Berna 02.11.2021

An der néngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Georges Berna. De President vum Racing erzielt, woufir him d'Verständnis feelt, mat wéi enge Probleemer säi Veräin ze kämpfen huet a wéi et fir hie perséinlech weidergeet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#8 - Cathy Donckel a Joe Greisch 19.10.2021

An der aachter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn d'Arbittesch Cathy Donckel an den Arbitter Joe Greisch zu Gaascht. Am Gespréich geet et em si perséinlech, awer och em Virurteeler, Challengen, mat deenen ee konfrontéiert gëtt an d'Rekrutéierung vu jonken Arbitteren. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#7 - Derek a Malik Wilson 05.10.2021

An der siwenter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn zwee Bridder zu Gaascht. Den Derek an de Malik Wilson kommen aus enger richteger Basketsfamill. Kee Wonner also, dass d'Jonge vun engem Ex-Profi hei am Land um héchsten Niveau spillen. Am Podcast schwätzen déi zwee Arantia-Spiller iwwer d'Integratioun vun Amerikaner, déi beschte Bridderduoen aus der LBBL an hir Relatioun zu Ettelbréck. S...

#6 - Virschau op d'Saison mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer 21.09.2021

Kuerz virum Start vun der neier Saison ass "And One - De Basketpodcast" zeréck aus der Summerpaus. An dëser Folleg si mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) zwee Experten zu Gaascht, déi zesumme mam Bob Hemmen ausféierlech iwwer all Equipe aus dem Championnat schwätzen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#5 - Ken Diederich 22.06.2021

An der fënnefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" erzielt de Ken Diederich, wat seng Pläng nom Meeschtertitel mam T71 sinn. Ausserdeem schwätzt de Nationaltrainer an der leschter Episode vun der Saison iwwer d'Problemer vum Lëtzebuerger Basket. De Coach verréit och, wat hie senge Spiller schnell ofgewinnt. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#4 - Jairo Delgado 15.06.2021

An der véierter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Jairo Delgado am Studio. Nom Aus géint Basket Esch an der Halleffinall vum Championnat ass dem Ettelbrécker seng Karriär eriwwer. Am Podcast erzielt de laangjäregen Nationalspiller, wat hien dës Saison am meeschte genervt huet. Ausserdeem schwätzt de 35-Järegen iwwert seng Roll als Politiker, Rassismus an d'Bezéiung...

#3 - Catherine Mreches 08.06.2021

An der drëtter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mat enger vun de beschte Basketspillerinnen aus dem Land. D'Catherine Mreches huet sech mat T71 an der Finall vum Dammechampionnat géint d'Résidence duerchgesat. Am Podcast erzielt d'Nationalspillerin, wéi den Dag vum Titelgewënn war. Ausserdeem geet et ëm dem Catherine Mreches säi Beruffswonsch an e Choix, dee misst fré...

#2 - Ben Kovac 01.06.2021

An der zweeter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass de Ben Kovac zu Gaascht. De jonke Profi verstäerkt Basket Esch bis zum Schluss vun der Saison. Am Podcast schwätzt de Nationalspiller iwwert den Doud vu senger Mamm, d'Zäit an der Arméi an d'Liewen als Profi. Ausserdeem verréit hien, wéi et em seng Zukunft steet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#1 - Frank Muller an Tom Schumacher 25.05.2021

An der éischter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen zwee vun de beschte Basketspiller, déi Lëtzebuerg jee gesinn huet. No dëser Saison halen de Frank Muller an den Tom Schumacher op. Am Podcast erklären déi zwee Diddelenger, wisou si ni gewiesselt sinn a wat sech an der Kabinn geännert huet. Ausserdeem mussen déi zwee Ex-Nationalspiller am Quiz beweisen, wéi gutt dass s...

Teaser 18.05.2021

Ab dem 26. Mee schwätzt de Bob Hemmen vum "Luxemburger Wort" all Woch mat Gäscht aus dem Lëtzebuerger Basket. Abonnéiert "And One" fir keng Folleg ze verpassen. Méi Informatioune fannt Dir op wort.lu. See omnystudio.com/listener for privacy information.

Listen to the And One - De Basketpodcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.