Luxemburger Wort

And One - De Basketpodcast

Sports LB ↓ 49 Folgen

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

Autor

Luxemburger Wort

Kategorie

Sports

Podcast-Website

www.wort.lu

Neueste Folge

7. Mai 2024

Wo hören?

Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbar

Podcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts

Bei Google Play herunterladen Kostenlos installieren Android 5 Mio.+ Downloads · Bewertung 4,8 iOS bald

Folgen

#48 - Yves Braun a Max Reuter 07.05.2024

An der leschter Folleg schwätzt de Bob Hemmen mam Yves Braun a mam Max Reuter iwwert den Opstig vun Avanti Mondorf. De Veräi spillt nächst Saison fir d'éischte Kéier an der LBBL. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#47 - Maik Zirbes 23.04.2024

Der ehemalige deutsche Nationalspieler spricht im Podcast über seine Rückkehr nach Trier und die Gerüchte um einen möglichen Wechsel nach Luxemburg. Außerdem erklärt der 34-Jährige, warum er sich in Interviews nie besonders wohlgefühlt hat. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#46 - Vic Heuschling 09.04.2024

De Vic Heuschling schwätzt iwwert seng éischt Saison an der Fiels an erzielt, wisou och Zolwer e ganz spezielle Club ass. Ausserdeem verréit hien, wéi et ass, Géigespiller ze behandelen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#45 - Tessy Hetting 12.03.2024

D'Ex-Nationalspillerin huet sech am Lëtzebuerger Basket net just um Terrain en Numm gemaach, mee dréit och vill zu der positiver Entwécklung bei der FLBB bäi. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#44 - Ivor Kuresevic 27.02.2024

De jonken Nationalspiller huet de Schratt an d’USA gewot a spillt elo zu Wien. Am Podcast schwätzt hien iwwert d’Zäit zu Steesel, säi geplatzten Dram a seng Ambitiounen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#43 - Lisa Jablonowski 13.02.2024

D’laangjäreg Nationalspillerin erënnert sech am Podcast un d’Joren um College an den USA an als Profi an Italien. Ausserdeem erkläert et, wisou et villäicht net méi mam Basket ufänkt. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#42 - Rui Nunes 30.01.2024

E Beroder huet mat ville Virurteeler ze kämpfen. Am Podcast erzielt de Rui Nunes, wéi säin Alldag als Agent ausgesäit, wourop hie beim Recrutement oppasst a wat zu Lëtzebuerg am Ëmgang mat de Profie schif leeft. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#41 - Ehis Etute 16.01.2024

D'Ehis Etute ass wuel déi talentéiertst Basketspillerin, déi Lëtzebuerg jee hat. An d'T71-Spillerin liwwert net just um Terrain of. D'Ehis erzielt e puer witzeg Anekdoten a verréit, wisou et net onbedéngt an d'WNBA wëll. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#40 - Christophe Flammang 28.11.2023

Basket ass dem Christophe Flammang seng grouss Passioun. De Coach vun de Sparta-Männer ass scho fréi Trainer ginn an huet sech als éischt am Jugendberäich engagéiert. No e puer Joer zu Bascharage ass hien op Bartreng zeréckkomm, wou e vill verschidden Aufgaben hat, ier en an Däitschland innerhalb vu kuerzer Zäit esou munches geléiert huet. Am Podcast erzielt de Christophe Flammang, wéi een de Bask...

#39 - Cathrin a Yann Wolff 14.11.2023

D'Cathrin an de Yann Wolff sinn net just Geschwëster, mee och allen zwee leidenschaftlech Basketspiller. Am Podcast schwätzen si iwwert hir Kandheet an d'Bedeitung vum Sport am Liewen. Ausserdeem beäntwerten si, wien éischter mol géif en Training verpassen a wien heiansdo e Gebuertsdag vergësst.  See omnystudio.com/listener for privacy information.

#38 - Sam Ferreira 31.10.2023

De Sam Ferreira spillt net just an der LBBL fir Mamer, mee och fir d'3x3-Nationalequipe. Am Podcast erzielt hien, wéi et dozou komm ass a wisou him d'Ënnerstëtzung vun der Famill esou wichteg ass. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#37 - Liz Schmitz 17.10.2023

D'Liz Schmitz war Profi an huet hei am Land vill Titele gewonnen. Am Podcast bléckt d'Ex-Nationalspillerin net just op hir aktiv Karriär zeréck. D'Liz erzielt och, wisou et haut net just selwer coacht, mee och motivéierten Trainerinnen an Trainer hëlleft. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#36 - Oliver Vujakovic 03.10.2023

Den Olivier Vujakovic zielt zu de beschte Lëtzebuerger Basketspiller. Säit leschtem Joer ass hien zeréck am Land a spillt och nees fir Walfer. Am Podcast verréit de Nationalspiller, wéi d'Goldmedail zu Malta gefeiert gouf. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng Originnen a beäntwert zum Schluss e puer Quiz-Froen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#35 - Virschau op d‘Saison 2023/2024 mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer 19.09.2023

D‘Basket-Saison geet endlech nees un. Virum éischte Spilldag beäntwert de Bob Hemmen zesumme mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) déi wichtegst Froen zum Damme- an Härechampionnat. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#34 - Samy Picard 09.08.2023

De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem äussert hien sech zu aktuellen Themen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#33 - Jean Kox 18.04.2023

No dëser Saison zitt de Jean Kox e Schlussstréch. De laangjärege Nationalspiller trëtt am Alter vun 32 Joer zeréck. Am Podcast erzielt de Kapitän vun de Musel Pikes, wisou en dës Entscheedung getraff huet a wourob en sech elo besonnesch freet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#32 - Lou Mathieu a Christophe Mertzig 04.04.2023

D'Lou Mathieu an de Christophe Mertzig hunn sech duerch de Basket kennegeléiert. Wärend d'Lou zu Contern bei den Damme spillt, ass de Christophe fir d'Hären am Asatz. Am Podcast geet et em d'Roll vum Sport an hirer Bezéiung an d'Zukunft vum Club. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#31 - Philippe Gutenkauf 21.03.2023

De Philippe Gutenkauf huet e Samschdeg mat der Etzella d'Coupe gewonnen. Am Podcast erzielt den Ettelbrécker, wéi hien dëse speziellen Dag erlieft huet a wéi d'Party nom Match war. Ausserdeem schwätzt de Nationalspiller iwwert seng aner Aufgaben am Veräin an eng iwwerraschend Offer aus Mexiko. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#30 - Lena Mersch 07.03.2023

D‘Lena Mersch huet déi lescht Joren nieft dem Studium an Éisträich gespillt, elo ass et zeréck am Land a kämpft mat Sparta em Titelen. Am Podcast erzielt d‘Lena, wisou et op Bartreng gewiesselt ass, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit an ob et sech scho mat der Nationalequipe beschäftegt huet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#29 - Joe Kalmes 21.02.2023

De Joe Kalmes wëll dës Saison mat Diddeleng endlech säin éischten Titel gewannen. Am Podcast schwätzt de Joe awer och doriwwer, wisou ee beim T71 e gewëssenen Drock huet a wéi schwiereg et ass, Polizist a Basketspiller ze sinn. Dobäi ass och seng Gesondheet entscheedend. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#28 - Joy Baum 29.11.2022

Säit dëser Saison ass d'Joy Baum als Profi am Ausland aktiv. D'Nationalspillerin erzielt am Podcast, wéi et zum Wiessel op Chemnitz koum a wéi d'Lierwen an Däitschland ass. Ausserdeem schwätzt d'Joy doriwwer, wisou et bei der Arméi bemol Zweiwel krut a wien et schonn ëmmer inspiréiert huet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#27 - Alex Rodenbourg 15.11.2022

Den Alex Rodenbourg huet bal seng ganz Karriär fir Basket Esch gespillt an 2022 dann och säin éischten Titel um Terrain gewonnen. Am Podcast erzielt den Ex-Nationalspiller, wisou en et net emmer einfach hat a wéi eng Tipps en ambitionéieren Nowuesssportler géif ginn. Den Alex schwätzt awer och iwwert e neie Projet, deen him um Häerz läit. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#26 - Peter Rajniak 01.11.2022

De Peter Rajniak war selwer jorelang zu Lëtzebuerg an och am Ausland aktiv. Haut hëlleft hien ënnert anerem Basketspiller dobäi, hiere Schoss ze verbesseren. Am Podcast verréit hien e puer Tipps. Duerch seng Leidenschaft huet den Ex-Nationalspiller viru Kuerzem och en NBA-Star getraff. Ausserdeem erzielt de Peter, wéi eng Lëtzebuerger am beschte schéissen. See omnystudio.com/listener for privacy i...

#25 - Esmeralda Skrijelj 18.10.2022

D'Esmeralda Skrijelj huet schon vill erlieft. Nieft de gewonnenen Titelen mat Steesel arennert sech d'Basketspillerin besonnesch gär un d'Asätz fir d'bosnesch Jugendnationalequipe. Am Podcast erzielt d'Esmeralda, wisou et ni wierklech Zäit hat fir duerchzeootmen a wat et elo nach fir Ziler huet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

#24 - Malcolm Kreps 04.10.2022

De Malcolm Kreps ass ee vun de gréissten Lëtzebuerger Talenter. An dëser Folleg erzielt hien, wéi seng Zukunftspläng ausgesinn a wéi säi Papp him gehollef huet, esou wäit ze kommen. Ausserdeem verréit de Basketspiller, wien besonnesch schwéier ze verteidegen ass. See omnystudio.com/listener for privacy information.

Höre den Podcast And One - De Basketpodcast in Replaio

Radio und Podcasts in einer App - kostenlos und ohne Anmeldung. Installiere sie noch heute und verpasse den Start nicht

Bei Google Play herunterladen

Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet