Ben Schlammes

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sports LB ↓ Odcinki: 13

🇱🇺 𝑺𝒑𝒐𝒓𝒕 𝒂𝒖𝒔 𝒅𝒆𝒓 𝑯𝒆𝒆𝒎𝒆𝒄𝒉𝒕: Ee sportleche Podcast iwwer Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen & Erfolleger - éierlech, emotional & no um Terrain. 🏆

Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: podcasters.spotify.com

Autor

Ben Schlammes

Kategoria

Sports

Strona podcastu

podcasters.spotify.com

Ostatni odcinek

28 cze 2026

Gdzie słuchać?

Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótce

Podcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów

Pobierz z Google Play Zainstaluj za darmo Android 5 mln+ pobrań · ocena 4,8 iOS niedługo

Odcinki

TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel? 28.06.2026

An der zweeter Episod vun der Fussball-Rubrik „Trivela“ ass de Christophe beim Ben op Besuch, fir iwwer d'WM ze schwätzen. Ganz trei dem Motto „no der Gruppephase ass virun der KO-Phase“ blécken si net just op dat zréck, wat scho geschitt ass, mee och op dat no vir, wat eis eventuell erwaarde kéint. Vill Spaass! :)

BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona 15.06.2026

Déi fënneft Episod vun der Formel-1-Rubrik „Box Box“ ass ee Réckbléck op den éischten europäeschen Doubleheader zu Monaco an zu Barcelona an een Ausbléck op deen zweeten europäeschen Doubleheader zu Spielberg an zu Silverstone. Vill Spaass! :)

TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes. 11.06.2026

An der éischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ diskutéiert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026. Kann de Cristiano Ronaldo säin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé säin Ego op d'Säit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei Däitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wäit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine...

#6 Louis Marasi: „Mir hunn eis ni Limitte gesat a mir waren zum Schluss einfach am Flow.“ 09.06.2026

Mat der Fussball-Weltmeeschterschaft steet dëse Mount dat wuel gréisste Sportevent vun der Welt um Programm. Dofir ass an der sechster Episod mam Louis Marasi een amtéierende Champion an U21-Nationalspiller am Fussball als Invité dobäi. Nieft aktuellen Theme ronderëm d'WM hëlt de Spiller vum FC Atert Bissen eis mat an d'Emotioune vu sengem entscheedende Gol um leschte Spilldag an erzielt, wat d'Am...

BOX BOX #4 D'Champions entginn hirer Wall zu Montreal & wat zu Monaco fir méi Spannung géif suergen 27.05.2026

Fir de Luc an de Ben war de Grousse Präis vu Kanada dee bis elo animéiertste Weekend vun dëser Formel-1-Saison. Nieft dem Duell ëm d'Spëtzt tëscht Russell an Antonelli hunn och den Hamilton an de Verstappen fir flott Momenter op der Streck gesuergt. Nieft der Streck huet virun allem McLaren mat engem Strategie-Debakel op sech opmierksam gemaach a bei enger Mëttelfeld-Ecurie gëtt d'Zukunft vun enge...

#5 Anne Simon: „Ech spillen net fir d'Statistiken, mee fir der Ekipp sou gutt et geet ze hëllefen.“ 20.05.2026

An der fënnefter Episod huet de Ben sech fir déi éischte Kéier an dësem Podcast eng Profisportlerin un d'Säit geholl: D'Anne Simon. Déi talentéiert an ambitionéiert Basketspillerin erzielt vun hirem Wee aus der Jugend vum AB Contern bis an déi grouss wäit Welt. D'Bundesliga war dobäi just eng Tëschestatioun, de Championstitel mam BBC Gréngewald de kréinenden Ofschloss zu Lëtzebuerg an de Stipendiu...

BOX BOX #3 Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen a wéi gesäit et mat eisen Hot Takes aus? 05.05.2026

An der drëtter Episod vum Podcast BOX BOX blécken de Ben an de Luc op de grousse Comeback vun der Formel 1 zu Miami zréck a stellen sech dobäi interessant froen: Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen? Wéi steet et ëm dem Max Verstappen seng Zukunft? Ass Williams endlech 2026 ukomm? Wéi wäit kann Aston Martin nach falen? etc. Mir wënschen iech vill Spaass. :)

#4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“ 07.04.2026

Fir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'Säit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger Karriär & hëlt eis mat op säi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp. Lauschtert elo déi véiert Episod vu „Sport aus der Heemecht - De Po...

BOX BOX #2 Bearman schléit an nodeems d'Fuerer Alarm geschloen hunn: Wéi geet et mat der F1 weider? 31.03.2026

An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Luc iwwer dat, wat si vum Grousse Präis vu Japan zréckbehalen hunn: Wat sinn d'Ursaachen & Konsequenze vum Bearman-Crash? Ass de Kimi Antonelli Favorit op de WM-Titel? Ass McLaren zréck am Kampf ëm Victoiren? Wat leeft beim Max Verstappen? Wee gëtt Teamchef bei Aston Martin & Audi? Zum Schluss kënnt et och zu engem Blind Ranking. Mir wënschen iech vill Spa...

BOX BOX #1 Nei Ära, nei Saison, nei Problemer: Ween huet am meeschten Energie? 17.03.2026

Mam grousse Start an déi nei Ära vun der Formel 1 ass och „Box Box“, de Formel-1-Talk vum Podcast „Sport aus der Heemecht“ elo lancéiert. An der éischter Episod probéieren de Ben an de Luc déi vill Froen, déi een sech no den éischten zwou Coursë ka stellen, ze beäntweren: Ass Mercedes iwwerhaapt ze klappen? Gett et eng Team-Order bei Ferrari? Wéi déif fale McLaren a Red Bull? Wat leeft schif bei A...

#3 Nathalie Neumann: „Zu Abu Dhabi eng Course ze fuere war onbeschreiflech a wéi een Dram.“ 04.03.2026

An der drëtter Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass d'Nathalie Neumann op Besuch. Am Gespréich mam Ben gëtt hat exklusiv Ablécker an hir Karriär als ambitionéiert Fra am Automobilsport & schwätzt iwwer hir Ziler am europäeschen NASCAR. D'Lëtzebuergerin huet Motorsport am Blutt & ëmmer eng enk Verbindung zu hirem Rennwon. Lauschtert elo déi drëtt Episod vun „Sport aus der Heemecht -...

#2 Mirko Mosr: „D'Goldmedail zu Sofia war ee groussen Highlight a menger Karriär & a mengem Liewen.“ 11.02.2026

„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ geet an déi zweete Ronn. Mam Mirko Mosr vun de Beaufort Knights diskutéiert de Ben iwwer interessant Themen aus dem Äishockey & Momenter, déi d'Karriär vum Nationalspiller gepräägt hunn. Egal wou de Mirko um Äis steet, hie lieft säi Sport zu 100 Prozent. Lauschtert elo déi zweet Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi een d'Zäit op...

#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“ 19.01.2026

„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass lancéiert. An der éischter Episod diskutéiert de Ben matt sengem Invité Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, déi d'Karriär vun engem Sportler hei am Land & am Profiberäich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger Karriär scho verschidde Profisportler begleet & gëtt eis ecklusiv Abléck a säin Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Be...

Słuchaj podcastu Sport aus der Heemecht - De Podcast w Replaio

Radio i podcasty w jednej aplikacji - za darmo, bez zakładania konta. Zainstaluj już dziś i nie przegap premiery

Pobierz z Google Play

Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS