Charel Krier, Julie Gerard
Loscht op Mord
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: www.eldo.lu
Autor
Charel Krier, Julie Gerard
Kategoria
Strona podcastu
Ostatni odcinek
21 cze 2026
Gdzie słuchać?
Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótcePodcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów
Odcinki
Episod 98 - D'Ragdoll an de Syko Sam 23.02.2025 52:06
Am September 2009 trëfft d'Ragdoll endlech op de Syko Sam. Si hunn sech online op MySpace kenne geléiert a schonn zënter engem Joer chatten an telefonéieren déi Zwee mateneen. D'Emma, dat sech online Ragdoll nennt, ass dann awer séier vum Syko Sam, dee gebierteg Richard heescht, enttäuscht. An vun der online Léift ass net méi vill do. Dat mierkt de Richard och an et gesäit een him d'Roserei an d'E...
Episod 97 - De Mord um Brian Thompson 09.02.2025 41:53
De 4. Dezember 2024 gëtt de Brian Thompson, den CEO vun der amerikanescher Gesondheetsversécherung United Healthcare, zu New York op oppener Strooss erschoss. Den Täter, de Luigi Manghone, gëtt zënter der Dot vu ville Bierger als Rächer gefeiert. Firwat dat esou ass a wat bis lo iwwert de Fall gewosst ass, fënns du alles an dëser Episod eraus.
Episod 96 - De Fall Shannon Graves 19.01.2025 36:21
epsiode #96
Episod 95 - Déi éischt a lescht grouss Léift: De Fall Ellie Gould 15.12.2024 34:56
2019 huet dat 17 Joer aalt Ellie Gould säin éischte Frënd, den Thomas an dobäi handelt et sech dann och ëm dem Ellie seng éischt grouss Léift. Hatt wäert sech awer am Mee vun him trennen a leider hëlt den Thomas dës Trennung net gutt op. Sou kennt et, dass de 17 Joer alen Thomas no der Trennung bei d'Ellie fiert a wéi den Thomas d'Haus erëm verléisst, ass dem Ellie säi Liewen eriwwer. Wat genee ge...
Episod 94 - Déidlech Party: De Fall Angie Barlow 01.12.2024 39:55
De 26. Oktober 2016 ass d'Angie Barlow engagéiert gi fir op enger privater Party als Dänzerin ze schaffen, dëst ass u sech näischt Besonnesches fir d'Angie, mee vun dësem Job soll d'Angie awer net méi Heem kommen. Et vergi Méint bis een dem Angie seng Läich fënnt an e puer Verdächteger huet een och. U sech ass alles offensichtlech, mee de Fall kann trotzdeem net geléist ginn. Firwat dat sou ass a...
Episod 93 - The Silent Twins 17.11.2024 42:09
folge #93
Episod 92 - Crime Fails 2.0 22.09.2024 43:17
Mir hu fir dech erëm d'Crème de la crème vun de net sou intelligente Verbriecher erausgesicht. Et sinn erëm Crime Fails bei deenen d'Verbriecher sech ganz blöd ustellen. Wat déi gemaach hunn a wat alles geschitt ass erziele mir dir an dëser bëssi méi witzeger Episod.
Episod 91 - D'Geiselnam vu Cheshire 08.09.2024 34:26
Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert. Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwe...
Episod 90 - Besiess vum Christina Grimmie 11.08.2024 46:54
D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass. De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst...
Episod 89 - De Fall Brianna Denison 28.07.2024 35:56
Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?
Episod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder? 30.06.2024 30:11
An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt. Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones 16.06.2024 30:17
Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn. Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer.
folge #86 - De Fall Hannah Graham 02.06.2024 26:58
2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne...
Episod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl 19.05.2024 36:35
Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet. Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 84 - De Fall Aileen Wuornos 05.05.2024 1:11:42
D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 83 - De Bréif aus dem Graf 21.04.2024 49:35
Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.
Episod 82 - De Mord um Yangjie Li 24.03.2024 44:25
Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.
Episode 81 - Verschwonnen op Aruba 10.03.2024 29:18
2005 ass dat 18 Joer alt Natalee Holloway mat Frënn op Aruba fir hire Schoulofschloss ze feieren. Mee um Dag vun der Ofrees ass d'Natalee net um Flughafen opgedaucht. Fir d'lescht gouf et mat 3 lokale Männer gesinn, mee déi wëssen och net wou d'Natalee ass... oder villäicht dach? Gitt et an eiser neier Episod gewuer.
Episod 80 - D'Verschwanne vum Branson Perry 25.02.2024 48:14
Den 11. Abrëll 2001 ass den 20-järege Branson Perry amgaangen d'Haus ze raumen an ze botze fir wa säi Papp aus dem Spidol heem kënnt. Dobäi fënnt hie Kabelen, déi hien an de Schapp brénge wëll. Mee de Jong kënnt aus dem Schapp ni zeréck. Vun him feelt all Spuer. Wat ass mam Branson geschitt? Firwat wierkt et sou wéi wann déi Stad Skidmore Verbrieche reegelrecht unzezéien?
Episod 79 - D'Verschwannevum Madeleine Maddie McCann 11.02.2024 1:03:04
Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass. Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 78 - D'Verschwanne vum Caleb Diehl 28.01.2024 35:30
Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.
Episod 77 - Karl Koch - Vum Hacker zum Spion 14.01.2024 33:13
An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod 17.12.2023 36:21
Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?
Episod 75 - Onkel Tick-Tack 03.12.2023 34:22
Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.
Episod 74 - Diskussioun pt.2 19.11.2023 1:08:25
Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.
Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS