Charel Krier, Julie Gerard
Loscht op Mord
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Author
Charel Krier, Julie Gerard
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 21, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episod 123 - De Fall Savannah Gold 21.06.2026 29:23
Am August 2017 mécht dat 21-järegt Savanna Gold sech op de Wee fir op seng Schicht am Bonefish Grill. Hei kënnt Savanna awer leider ni un. Säi Papp a säi Brudder kréie kuerz drop eng komesch SMS: hatt hätt ee Mann kenne geléiert, et kéint dat alles net méi an hatt géif mat deem fortlafen. Dat alles passt awer net zum Savanna an hatt gëtt alles vermësst gemellt. Dat Eenzegt, dat nach fonnt gëtt, as...
Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4 31.05.2026 55:48
Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.
Episod 121 - De Fall Heather Maples 17.05.2026 35:00
Am Januar 2015 plënnert dat 22-järegt Heather Nicole Maples aus Texas op Tennessee. Hatt erhofft sech hei méi Chancë fir seng Zukunft a säi Studium an esou kritt hatt dann och Ufank August 2015 endlech de Bréif, dass et un der Middle Tennessee State University ugeholl ass. Hatt freet sech immens op de Studium, mee leider sollt et ni dozou kommen, well de 7. August 2015 gëtt d'Heather vu senger bes...
Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes 04.05.2026 35:02
An dëser Episod vu Loscht op Mord schwätze mir iwwert de Fall Collien Fernandes. Hatt weess schonn zënter e puer Joer, dass am Internet sougenannten Deepfakes vun him verbreet ginn. Viru Kuerzem ass elo erauskomm, dass dës Deepfakes vu sengem Ex-Mann verbreet goufen. Net nëmme goufen dës verbreet, mee och huet hie komplett virtuell Affären am Collien sengem Numm opgebaut an dat ouni, dass d'Collie...
Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann 19.04.2026 38:50
De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schl...
Episod 118 - Germanwings Flug 9525 05.04.2026 28:32
De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden...
Episod 117 - Verschwonnen nom Casting 08.03.2026 39:43
Den 1. Dezember 2014 hätt d'Shannon Madill solle mat sengem Brudder iesse goen, hei daucht déi jonk Fra awer net op. Doropshi geet dem Shannon seng Schwëster bei hatt heem fir ze kontrolléieren ob alles an der Rei ass, mee d'Shannon ass och hei net unzetreffen. Just dem Shannon säi Mann de Joshua ass do a well dat Ganzt awer relativ komesch wierkt, gëtt d'Shannon als vermësst gemellt. Wochen a Méi...
Episod 116 - Dat falscht Geständnis vum Günther Kaufmann 08.02.2026 29:34
Den 1.Februar 2001 fënnt den däitsche Schauspiller Günther Kaufmann säi Kolleeg a Steierberoder Hartmuth Hagen dout a senger Wunneng op. De Günther verhält sech opfälleg géigeniwwer den Ermëttler a leet och e Geständnis of, an deem hie seet, dass hien an engem Kampf den Hartmut ëmbruecht hätt, andeems hien op hie gefall wier. Spéider sollt sech awer erausstellen, dass dem net esou war. Wien ass da...
Episod 115 - De Fall Annie Le 25.01.2026 40:53
Am September 2009 schafft dat 24-järegt Annie Le als Doktorandin an de Laboe vun der Yale University. Sou och den 8. September. Hatt ass moies nach ze gesinn, wéi hatt an d’Labosgebai era geet, mee hei sollt hatt ni méi rauskommen. Seng Matbewunner mellen hat owes nach als vermësst an et gëtt grouss nom Annie gesicht. Den 13. September fënnt een dann dem Annie seng Läich, verstoppt am Keller vum L...
Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi 14.12.2025 37:22
Am Mee 2010 fiert dem Samuel Herr säi Papp bei säi Bouf an d'Wunneng nodeems dësen net opgedaucht ass. An der Wunneng fënnt de Papp an der Wunneng d'Läich vun enger jonker Fra. Dobäi handelt et sech ëm dat 23 Joer alt Juri „Julie“ Kibuishi. Hatt ass eng gutt Frëndin vum Sam Herr. Alles weist drop hin, dass de Sam Sex mam Julie wollt hunn an hien sech gewaltsam un him vergraff huet an d'Julie dono...
Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi 30.11.2025 45:50
Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D’Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de V...
Episod 112 - D'Verschwanne vum Brian Shaffer 16.11.2025 31:46
Den 31. Mäerz 2006 geet de Brian Shaffer mat engem Kolleeg eraus a Baren a Clubben. Seng Mamm ass kierzlech gestuerwen an de Brian wëll sech bëssen oflenken. Tëschent 1:00 an 2:00 Auer kennt de Brian an der Bar mam Numm „The Ugly Toona Saloona“ un, hei gëtt hien um 1:57 Auer nach vun enger Kamera gefilmt, mee dono verléiert sech all Spuer vum Brian. An der Bar ginn nach säi Portmonni an seng Schlë...
Episod 111 - De Fall Kalinka Bamberski 02.11.2025 26:34
Am Joer 1982 verbréngt dat 14 Joer alt Kalinka seng Summervakanz mat sengem klenge Brudder um Bodensee bei senger Mamm a sengem Stéifpapp. Dëst leeft och souwäit ganz normal of, mee den 9. Juli geet et dem Kalinka net sou gutt an den Dr. Krombach, dem Kalinka säi Stéifpapp, sprëtzt him ee Mëttel. D'Kalinka geet an d'Bett a schléift an an aus dësem Schlof sollt hatt net méi erwächen. Moies fënnt de...
Episod 110 - D'Oetker-Entféierung 12.10.2025 20:05
De 14. Dezember 1976 kennt de Richard Oetker, Ierwe vum groussen Oetker-Konzern, grad aus dem Gebai vun der Uni Freising, wéi um Parking schonn e Bewaffneten op de Richard waart. De Richard Oetker gëtt iwwerwältegt an an eng kleng Këscht aus Holz gespaart an där hien ageenkt gouf a schlëmm Qualen iwwert sech ergoe muss loossen. Den Oetker gëtt vu sengem Entféierer 47 Stonnen an dëser Këscht gefaan...
Episod 109 - De St. Pauli Killer 28.09.2025 29:06
An den 1980er Joren ass Hamburg St. Pauli vun Drogen, Prostitutioun a Gewalt gepräägt. An genau hei fënnt de Werner Pinzner seng Beruffung. Hien gëtt zum Optragskiller an dësem Milieu a begeet op mannst véier Optragsmorden. Dat Ganzt geet op en Enn wéi de Pinzner verhaft gëtt a schlussendlech am Policebüro seng Fra, de Procureur an sech selwer erschéisst. Mee hei stécht nach vill méi derhannert. W...
Episod 108 - Den Déifstall vum Mona Lisa 14.09.2025 20:18
Dës Kéier gëtt et kee Mord, keng Entféierung, kee Fall vun enger vermësster Persoun. Mee d'Julie an de Charel schwätzen dës Kéier iwwert een Déifstall deen d'Konschtgeschicht fir ëmmer verännert huet. Si schwätzen iwwert den Déifstall vum Mona Lisa. Wéi konnt dat weltberüümte Bildgeklaut ginn? Wien war et? A wéi ass dës Persoun opgeflunn? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
Episod 107 - Mordfall Hinterkaifeck 27.07.2025 37:21
Am Mäerz 1922 entdeckt d'Famill Gruber um Haff Hinterkaifeck komesch Saachen, déi drop hindeiten, dass een sech am Haus ophält. Den Haff läit relativ isoléiert an et wunne sechs Persounen do. Den 31. Mäerz 1922 gëtt déi ganz Famill brutal ermort. Mee bis dat opfält vergi véier Deeg. Et schéngt wéi wann den Täter weider um Haff gewunnt, gekacht, gebak a souguer d'Kéi gestrach hätt. Et ginn e puer...
Episod 106 - Froen an Diskussioune Part 3 06.07.2025 38:16
Et ass scho bal eng alljärlech Traditioun, dass mir eis virun de Mikro setzen a Froe stellen iwwert True Crime am Allgemengen an dodriwwer diskutéieren. Dofir ass hei den 3. Part vun eiser Froen- an Diskussiounsronn. Zeck net a beäntwert eis gären déi gestallte Froe selwer mat enger Noricht. Vläicht hues du och eng Äntwert zu Froen, bei deene mir net wosste wat soen.
Episod 105 - Albert Fish - The Greyman 15.06.2025 47:34
An dëser Episod huele mir dech mat an de Fall vum Albert Fish – engem vun de grausaamsten Täter an der US-Kriminalgeschicht. Hie war net nëmmen ee Seeriemäerder, mee war och ee Sadist, ee Kannibal an ee reliéise Fanatiker. Mir zéien duerch säi Liewen – vu sengem traurege Start bis zu senge makabere Verbriecher.
Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier 01.06.2025 37:14
Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere ku...
Episod 103 - Den Happy-Face-Killer 18.05.2025 43:34
An dëser Episod vu Loscht op Mord geet et ëm de Keith Hunter Jesperson, ee Camionschauffeur, deen duerch seng Ënnerschrëft op Bréiwer den Numm Happy-Face-Killer krut. Tëschent 1990 an 1995 huet hien an de ganzen USA verdeelt eng Serie vu brutale Morden u Frae begaangen. Trotz senge bizarre Bréiwer un d'Medien - ënnerschriwwe mat engem Smiley - war et de Mord u senger Ex-Frëndin, dee schliisslech z...
Episod 102 - De Fall Pelicot 04.05.2025 58:55
Am Joer 2020 ass de systematesche Mëssbrauch um Gisèle Pelicot duerch hire Mann opgeflunn. Hei war allerdéngs net nëmmen dem Gisèle säi Mann als Täter verantwortlech, mee iwwer 50 weider Täter waren dodru bedeelegt a géint si goufen och Plainte gemaach. D'Gisèle wollt, dass de Prozess ëffentlech gemaach gëtt, well esou wollt si allen Affer weisen, dass een sech als Affer vun engem Mëssbrauchsfall...
Episod 101 - Geplatzten Dram an Norwegen 06.04.2025 35:41
Am Joer 2008 wanderen den Thomas an d'Agnes mat hire béide Kanner an Norwegen aus. Hei wëllen si sech en neit Liewen opbauen. Dëst klappt och relativ gutt, den Thomas an d'Agnes fannen nei Jobs, si kafen een Haus an de Kanner geet et gutt. Mee d'Agnes huet seng Schwieregkeete mam Führerschäin, mat der Sprooch an ass net méi sou glécklech do. Dëst alles féiert dozou, dass hatt erëm an Däitschland w...
Episod 100 - Mord am Schlof? 23.03.2025 47:54
De 16. Januar 1997 gëtt den Noper vun der Famill Falater duerch Kaméidi a Jäize wakereg. Wéi Dësen dann iwwert d'Clôture bei d'Nopere kuckt, gesäit hie Schréckleches. Den 41 Joer ale Scott Falater bréngt seng Fra am Gaart ëm. Mee wéi d'Police kennt kann de Scott sech un näischt erënneren? Alles déit op Schlofwandelen hin. Mee ass dat et wierklech de Fall? Oder ass dat nëmmen eng ausgefalen Ausried...
Episod 99 - De Fall Sarah H. 09.03.2025 56:48
Am Summer 2016 gëtt d Police geruff well ee Mann moies um 6 Auer plakesch Trompet am Gaart spillt. Dëse Mann ass keen Onbekannten, d'Nopere ruffen ëmmer rëm mol d Police wéinst dem Axel G. Mee wéi d'Beamten dës Kéier bei d'Haus kommen, ass et anescht wéi soss, et sténkt, all Fënster an d'Dier stinn op an et sténkt extrem. Am Buedzëmmer fannen se dann eng Läich, d'Iwwerreschter vum Sarah H. Wien as...
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.