radio 100,7
Invité:e vum Dag
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: www.100komma7.lu
Gdzie słuchać?
Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótcePodcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów
Odcinki
Markus Linden, Politolog vun der Uni Tréier 07.09.2026
No der Landtagswahl vu gëscht a Sachsen-Anhalt: Wéi geet et an deem Bundesland virun? A wéi eng Konsequenze kritt dat politescht Äerdbiewen zu Berlin?
Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé 04.09.2026
Wéi héich war d'Iwwerstierflechkeet während de Caniculen? A wéi eng Léieren zéien d'Gesondheets-Autoritéiten aus den Hëtztwelle vun dësem Summer?
Erik von Scholz, CEO Enovos 03.09.2026
Ass genuch Gas do fir den nächste Wanter ze iwwerbrécken? A wéivill wäert en de Client kaschten?
Nico Steinbach, neie Landrat vum Eifelkreess Bitburg-Prüm 02.09.2026
Den SPD-Politiker ass e Sonndeg schonn am 1. Tour mat absoluter Majoritéit gewielt ginn. Am Interview erkläert hien d'Funktioun an d'Erausfuerdeungen, déi sech stellen.
Claude Reuter, FGFC 01.09.2026
D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet sech selwer komplett reforméiert - a begréisst, datt d'Epreuve générale d'aptitude am kommunale Secteur ofgeschaaft ass. Domat geet eng laangjäreg Fuerderung an Erfëllung.
Gilles Feith, Luxair-Generaldirekter 31.08.2026
Direkt mat zwou Nouvellë war de Lëtzebuerger Flughafen d’lescht Woch an de Schlagzeilen. De Findel kritt den nächsten Abrëll mat United Airlines eng nei Direkt-Verbindung an d’USA. An d’Luxair huet e Freideg déi éischt zwou vun am ganze véier nei Boeing 737-8 empfaangen. Wat bedeiten déi Entwécklunge fir déi eenzeg Lëtzebuerger Passagéier-Fluchgesellschaft?
Steve Faltz, LSAP-Conseillier zu Esch 28.08.2026
Mir froen den Escher Oppositiounschef, wéi hien d'Aarbecht vun der schwaarz-blo-grénger Koalitioun no 3 Joer bewäert.
Landwirtschaftsministesch Martine Hansen 27.08.2026
D'Vertrieder aus der Landwirtschaft zéien en éischter negative Bilan vum Karschnatz 2026. Wéi kann a wëllt d'Politik elo dem Secteur ënner d'Aerm gräifen?
Paul Nathan, Direkter vu Poeckes a Vizepresident vun der Handwierkerkammer 26.08.2026
Zënter e Méindeg gëtt am Bausecteur nees geschafft – fir déi Geleeënheet maache mir de Point zu der Situatioun am Secteur vun der Constructioun. Deen huet mat Personalmanktem a Liquiditéitsproblemer ze kämpfen.
Charel Hary, President vun der FNCF 25.08.2026
Ass d'Schueberfouer ze deier? Wat kascht se eigentlech d'Forainen? A wéi bleift d'Kiermes fir déi Jonk attraktiv? Doriwwer schwätze mir mam President vun der Federatioun vun de Forainen.
Jean-Claude Muller, President vum Landesuebstbauveräin 24.08.2026
Hëtzt an Dréchent hunn den Uebstbeem massiv zougesat. Wéi steet et ëm d'Récolte 2026 a wéi mussen d'Uebstbaueren sech fir d'Zukunft opstellen? Doriwwer schwätze mir mam Jean-Claude Muller, dee säin Haff zu Contern schonn a 6. Generatioun bedreift.
Gilles Biver, héije Beamten am Ëmweltministère 21.08.2026
De Minett-Kompost soll Schmotzwaasser an de Kanal an an eng Baach lafe gelooss hunn. Wéi reagéiert den Ëmweltministère?
Ben Frin, Arthur Welter Transports 20.08.2026
Mam Finanzdirekter vun der Transportfirma geet ënner anerem rieds iwwer Dieselpräis, E-Mobilitéit (am Camionsberäich) a Recrutementsproblemer.
Dr. Chris Roller, President vun der AMMD 19.08.2026
De President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere reagéiert op déi neist Entwécklungen am Clinch mat Regierung a CNS.
Martine Deprez, CSV-Gesondheets- a Sozialministesch 18.08.2026
De Regierungsrot huet gëschter déi zwee Règlementgrand-ducallen ugeholl, déi d'Konventiounen tëschent (Zänn-)Dokteren an CNS ersetzen. Wat ännert?
Claude Mangen, Ex-Direkter vum Mierscher Theater 17.08.2026
No bal 8 Joer un der Spëtzt vum Mierscher Theater ass de Claude Mangen den 1. August a Pensioun gaang. Wéi gesäit hien d'Roll an d'Zukunft vun de regionale Kulturhaiser?
Luc Emering, Vizepresident vun der Chamber-Ëmweltkommissioun 14.08.2026
Geet et mat der aktueller Klimapolitik vun der Regierung duer, oder mussen CSV an DP méi ambitiéis ginn? Déi Fro stelle mir dem DP-Deputéierten, deen als Bauer d'Auswierkunge vun Hëtzt an Dréchent un éischter Front erlieft.
Carlos Pereira (OGBL), Member vum CNS-Verwaltungsrot 13.08.2026
Wéi reagéieren d'Salariatsvertrieder an der Gesondheetskeess op d'Ukënnegung vun der AMMD, keng nei Konventioun mat der CNS wëllen ze ënnerschreiwen?
Paul Galles (CSV), President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun 12.08.2026
Ass de Summer, dee mir grad erliewen, dat bescht Argument fir eng méi konsequent Klimapolitik? Dat hu mir den CSV-Politiker gefrot.
Michel Leytem, Direkter vun der ANF 11.08.2026
Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.
Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung 10.08.2026
D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.
Pascal Steichen, Direkter vum House of Cybersecurity 07.08.2026
Direkt e puer Lëtzebuerger Institutioune waren zënter dem Ufank vun der Summervakanz vu Cyberattacke betraff. Ass dat Zoufall? Mir froen de CEO vum House of Cybersecurity.
Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung 06.08.2026
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op d'Drénkwaasserversuergung? Dat froe mir de Chef vun der zoustänneger Verwaltung.
Josée Kirps, Direktesch vun de Nationalarchiven 05.08.2026
D'Nationalarchive sinn amgaangen op de Belval ze plënneren. Mir froen d'Direktesch, ob si d'Plënneraktioun nach ofgeschloss kritt, éier si am November an d'Pensioun geet.
Alexander Flassak, Generaldirekter vu Lux-Airport 04.08.2026
De Lëtzebuerger Flughafe soll an den nächste Joren ausgebaut ginn. Mir froen de CEO vun der Bedreiwergesellschaft, wat genee geplangt ass.
Podobne podcasty
Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS