Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
No dejes de visitar la web del podcast y apoyar a su creador: soundcloud.com
Autor
Jill & Yannick
Categoría
Web del podcast
Último episodio
24 de oct. de 2026
¿Dónde escuchar?
Podcasts en la app Replaio Radio Muy prontoLos podcasts llegarán muy pronto a la app. Instálala ahora y sé el primero en descubrir una forma totalmente nueva de vivir los podcasts
Episodios
#144 Dee mam Klaasohm Heufer-Umlauf 15.12.2024 1:27:37
Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta, d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0, skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster. Äre Bitcoin-Helpdesk verséisst iech d'Adventszäit mat de beschte Recommandatioune fir de Schluss vum Joer: ënner anere...
#143 Dee mat der Wicked-Erkenntnis 16.11.2024 1:05:06
Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht. Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Gerasche...
#142 Dee mat den Ice Cold Angels 03.11.2024 1:18:35
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag! Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul. E Film iwwer Jeans an Dance M...
#141 Dee mat der total sënnvoller Erklärung 20.10.2024 55:33
Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week! Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dus...
#140 Dee mam hellege Bimbam 06.10.2024 1:22:22
Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer. Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil. Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi...
#139 Dee mam Maale Gars 22.09.2024 1:21:35
Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era. De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen. Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontati...
#138 Dee mat de "Bore Worms" (Konditionsschwimmen) 08.09.2024 1:24:08
Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi...
#137 Dee mam sténkege Baggerweier 25.08.2024 1:00:04
Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself. Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi....
#136 Dee mam Gilles (heterosexuelle Quotenmann) 14.08.2024 1:13:21
Treffen sech dräi Labertaschen am "Quai" zu Maacher... Nee, et ass kee Witz, mee eis aktuell Summerepisod mam Gilles Reuter, dee vill iwwer Naturwäin, seng Dadaen an Éisträich (wou onsympathesch sinn an Haass en Deel vun der Kultur sinn) ze zielen huet. Tëscht Wiener Baren an engem feelende Kölner Stadzentrum geet et och ëm TV-Entspanung fir Leit mat rouden Aen, Serië fir d'Häerz an ugepisste Kann...
#135 Dee mam Télévie-Marielle 11.08.2024 1:22:28
It's a Susy Lentz Summer! Äre Liblingspodcast kritt 5 Joer a wéi kéint een dat besser feieren, ewéi mam (M)arielle, dat eis beim "Télévie" ersteet hat?! Herbert, Karen, Guy, Riccardo, Joel a Bill – dat si nëmmen e puer Nimm, déi an dëser Episod falen. Das literarische Quartett zu dräi schwätzt iwwer dem Frida Kahlo säi Mann beim "Lëtzebuerger Wort", "Fada's Family" am Bioskuer a Podcasts. De Pink...
#134 Dee mat Hamburg a Berlin 07.08.2024 1:20:49
E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn. Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht. Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Di...
#133 Dee mam mysteriéis-royale Gaascht 28.07.2024 1:32:39
Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepack...
#132 Dee mat den enttäuschten "Tokio Hotel"-Fans 21.07.2024 1:28:20
Är zukünfteg Maacher Wäikinniginne sliden haut mat 100 à l'heure an de Schwimmteich an engem Politiker an d'dms. Et geet ënner anerem ëm emotional Männer, historesche Gossip a naass Ënnerwäsch zu Düsseldorf. Et gi wichteg Froen opgeworf, wéi zum Beispill: Ween ass de neien Joy Hoffmann? Wéi geet onironeschen Horror 2024? Gëtt ee vun eis Portier vun der Ambassade? A wat ësst ee beim Dinner mam Ötzi...
#131 Dee mat der Khaki Straight Parade 30.06.2024 1:39:10
Willkommen, bienvenue, welcome! Aner Podcasts hu Summerbreaks, mee mir handelen entgéint eisem Numm a schenken iech eng XXL-Episod. Fuert mat eis d'"Rue Joseph II de la résistance" erof an erlieft eng Parad aus Tréinen, Police-Autoritéit an am Donkele molende Yolandas. Theme sinn ënner anerem d'"Fashion Week", den "Te-Dayum", d'Pub-Quiz mam Sam an Tam (an der Prinzessin) an en iconic (a leider ëmm...
#130 Dee mat der Mamm um Broadway 15.06.2024 1:22:39
Mir si Kultur... an nees do! Deen Anere vu Wham! an d'Mandy vun Ibiza bréngen iech haut JetSet, Kannererzéiung, Féiwerdreem vum "Usina" a ganz vill queer icons. Ee vun eis lauschtert Fraen no (awer just op Mammendag) an deen anere pöbelt an enger Bar. Niewt dem Nicki an dem Sandy, dem Tenor vun 3sat an "Tüll und Tränen mit vier Hochzeiten" ginn et nach epuer Hot Takes an en Touch Selbsthass. Et g...
#129 Dee mat der Kippi 01.06.2024 1:14:52
Bedéngt duerch den Jetset-Lifestyle gëtt et eng Episod, déi zwar ganz fréi opgeholl gouf, mee awer mat gewinnt vill Traumatainment©! Mir fuere mam Zecken-Hop on-Hop off-Bus a Richtung Broadway an hunn de Gregor Samsa (inklusive Death Drop), den amerikanesche Schoulsystem (but make it funny) an iconic Merch (fir Teenies) mat dobäi. Niewt Gossip-Schäiss aus dem Culture Forest a vum "Usina", feelende...
#128 Dee mam Europapaus 19.05.2024 1:37:11
Eng Woch nom "Eurovision Songcontest" gëtt et natierlech eng kleng Analys vum Event – oder vun deem, wat mir matkritt hunn. Thematiséiert ginn ënner anerem awer o nach Politprominenz an der Pizzaschlaang, a boy named Cornichon an eng Leidensgeschicht am Kölner Nuetsliewen. Tëscht pick me-Hypnose, engem antiken Cello am "Trifolion" a Standup-Recommandatioune gëtt et eng Alerte Rouge – net nëmme fi...
#127 Dee mam Loïc 21.04.2024 1:29:38
We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"! Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder. Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie. Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess...
#126 Dee mat der Ouschterfamill 07.04.2024 1:25:19
Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang,...
#125 Dee mat de biologesche Vollidiot*innen 17.03.2024 1:17:30
Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Car...
#124 Dee mat den zerstéierten Tomorrowland-Dreem 03.03.2024 1:09:30
Mein Gott, Leute! Et ass nees Sonnden an de Podcast eures Vertrauens schlittert mat iech queesch duerch den Themegaart: Et geet em d'glamouréist Liewen zu Bréissel a Köln, unskippable Serienintros an ënnerschaten däitsch Witzbolder. Mat dobäi sinn och de Maz mat der Pandamask, eng Lueweshymn op "Hunnegstrëpp" a grouss "Paus. and friends"-Dreem. D' (onfräiwëlleg) witzëgt J.Lo, Iwwersetzungs- a Schr...
#123 Dee mam Veltinsdag 18.02.2024 1:21:33
Hey oh! Halt op mat Schifueren a schwätzt mat eis iwwer Kamelott an der Ladies Night, den Zupperbowl mat engem echte Country Girl an dem Xav säi granzege Kolleeg. Mat dobäi sinn haut o nach Rugby-Kannibalen, de Merv the perv, Marvel-Dreem an d'Hüller. Apropos Hitler: Et geet o nach ëm eng verjuppte Schmis, de Michael Schumacher um Knuedler a Mobbing am Asia-Restaurant. You go, Griselda Coco!
#122 Dee mam Luxembourg Song Contest 04.02.2024 1:27:18
Haut dréit sech natierlech alles em den LSC (oder och nach "Désirée and Friends"). 50 Prozent vun dësem Podcast hunn d'Spektakel virum Fernseh verfollegt an déi aner Hallschent live an der "Rockhal" – freet iech also iwwer eng ëmfaassend Berichterstattung mat One Direction, diva-liken Dänzer an Drama vun der Afterparty. Nieft dégoutéierte Gesiichter, Verschwörungstheorien an online-Haass gëtt et a...
#121 Dee mam RTL1 21.01.2024 1:35:24
De Fanger an d'Luucht an d'Aen zougepëtzt, well elo gëtt et wichteg! Ären nischege Podcast ass a senger Kebab-Ära an diskutéiert alles, wat am neie Joer wichteg ass: e Periodendrama (literally), Broadway-Dreem, Basketsmammen op der Musel an After Work am Musée. Mir fueren a Richtung22 a begéinen Doktere mam Sailor Moon Stab, de Gossip Guy vum ESC a popkulturell Ignoranz. Huelt äre siwente Sënn era...
#120 Dee mam ale Joer 31.12.2023 1:24:27
Och um leschten Dag vun 2023 ass nees Zäit fir eng "Paus.". Mir kucken zeréck op e Joer voll Ups and Downs an deelen Erkenntnisser a Virsätz. Mat dobäi sinn d'Häipie vum Joer, Filmdiskussiounen, "Baccara" 1 an 2 an dem Luc seng Fritten. Ob den George Michael oder den George Fedder, Schnéi an Afrika oder Gucci-Flipflops am Krichsgebitt – et ass nees Spaass fir d'ganz Famill ugesot. Fir net an de so...
Podcasts similares
Replaio no es editor de podcasts; los nombres de los programas, las portadas y el audio pertenecen a sus autores y se distribuyen a través de canales RSS públicos