FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Mäin Element
E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
Autor
FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Categoría
Web del podcast
Último episodio
7 de jul. de 2026
¿Dónde escuchar?
Podcasts en la app Replaio Radio Muy prontoLos podcasts llegarán muy pronto a la app. Instálala ahora y sé el primero en descubrir una forma totalmente nueva de vivir los podcasts
Episodios
Mäin Element - Christine Schiltz 07.07.2026 39:01
Wat heescht et Dyskalkulie ze hunn a wéi geet en domadden ëm? Déi Fro stellt sech d’Christine Schiltz. Si ass Dozentin op der Uni.lu a fuerscht als Neurowëssenschaftlerin ronderëm Theema vun der Dyskalkulie. An der neister Episod vu Mäin Element schwätze mir virun allem doriwwer wat déi Diagnos an der Praxis bedeit a wéi d’Christine Schiltz dorobber komm ass vum Sportstudium an d’Neurowëssenschaft...
Mäin Element - Sophie Pilleron 09.06.2026 33:28
Kriibs als Diagnos verbannen déi meescht mat engem héijen Alter. An awer gëtt an der Fuerschung net genuch iwwert Kriibs am héijen Alter gefuerscht, esou d’Sophie Pilleron. D’Epidemiologin fuerscht mat hirem Team op der Uni Lëtzebuerg zu der Diagnos am Alter a well konkret rausfannen: Wat bréngt Dokteren dozou den diagnostesche Prozess bei eelere Leit an d’Liewen ze ruffen? Ëm dat, hiert Liewen a...
Mäin Element - Axel Hochkirch 16.04.2026 27:14
Déi meescht Leit denke beim Geräisch vun Heesprénger un eng waarm Summernuecht. Eisen Invité denkt dobäi u seng Fuerschung. Den Axel Hochkirch fuerscht nämlech am Beräich vun den Heesprénger. Den däitsche Biolog, deen sech op Naturschutz a Biodiversitéit spezialiséiert huet, erzielt dem Max, wéi en dozou komm ass. Zousätzlech schwätzt hien och iwwert aner Sujeten, wéi zum Beispill, ob et den Axel...
Mäin Element - Benoît Majerus 31.03.2026 37:17
Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Gespréichstheemen net aus. Virun allem dann, wann ee mat him iwwert déi faméis Bréifboite-Firmen zu Lëtzebuerg schwätzt. De Fuerscher erzielt eis iwwert säi Letterbox-Projet, bei deem hien iwwert d'Geschicht vun de Bréifboite-Firme fuerscht an iwwert den historesche Kontext, deen een aus den Tintin-Comics erausliese kann. Zousätzlech erzielt de Ben...
Mäin Element - Ann Kiefer 10.02.2026 35:21
Wat huet de Graf Zahl mam Manneke Pis ze dinn? Op den éischte Bléck net vill – an awer spille béid eng wichteg Roll am Liewe vun eiser Invitée aus dëser Episod „Mäin Element“. D’Ann Kiefer hëlt eis mat an d’Welt vun der Mathematik a schwätzt mat eis iwwer hire Parcours: vun der Schoul an d’Fuerschung a vun do aus erëm zréck an de Klassesall - just eben net als „typesch Mathésprof“, wat dat genau h...
Mäin Element - Jordi Cabot 13.01.2026 32:02
KI, Katalounien a Cabot - Dat kéint den Titel vun dëser Episode "Mäin Element" sinn. Zesumme mam Jordi Cabot maache mir ee Rant iwwert d'Recherche, blécken hannert d'kënschtlech Intelligenz a reesen op Plazen, déi bis ewell onberéiert vum Massentourismus bliwwe sinn. Vill Spaass mat der neier Episode vu Mäin Element!
Mäin Element - Christophe Ley 22.10.2025 32:26
Stellt Iech fir, dir wéisst virun all Sportevent schonn am viraus d‘Resultat? Onwarscheinlech, oder? Dobäi mécht eisen Invitée vun haut genau dat, wat soss just en Oktopus wärend der WM kann - e rechent d‘Gewënner vun der EM a WM am Fussball aus. De Christophe Ley huet zu Bréissel studéiert an huet sech do net nëmmen eng Expertise mä huet do nach eng weider Passioun vun sech kennen ausliewen: d'Lé...
Mäin Element - Dominique Santana 30.09.2025 36:01
Wann Film op Geschicht trëfft, dann denkt ee meeschtens un den Indiana Jones… Schued u sech. Fir dësen Episod hate mir d'Dominique Santana als Gaascht. Si verbënnt dës zwou Saachen – Film a Geschicht – a ganz spannend Projeten. Daucht mat hir a mam Max an dat "brasilianescht Esch", d'Success-Story vun RTL Radio an natierlech och an dem Dominique säi Wee vun der lokaler Tëlee bis zum multimediale F...
Mäin Element - Lindsay Flynn 17.07.2025 28:39
Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen. Du wë...
Mäin Element - Johannes Meiser 04.03.2025 30:02
Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Alexander Skupin 03.02.2025 32:22
Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet. Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, w...
Mäin Element - Nesryne Mejri 16.12.2024 30:46
Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a...
Mäin Element - Sean Takats 06.11.2024 36:11
Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji...
Mäin Element - Christiane Hilger 07.08.2024 30:07
Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet. A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift....
Mäin Element - Emmanuel Defay 23.05.2024 29:06
Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Ines Chihi 28.03.2024 32:12
Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport...
Mäin Element - Gilbert Fridgen 05.02.2024 31:28
NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen. De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wé...
Mäin Element - Constanze Weth 23.10.2023 28:31
An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun en...
Mäin Element - Maria Rita Palattella 28.07.2023 29:21
Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder opt...
Mäin Element - Emma Schymanski 05.06.2023 31:09
An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zu...
Mäin Element - Arianna Rossi 17.04.2023 32:13
Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg. Als Member vum IRISC Grupp fuerscht si a Beräicher wéi Droit, Design an Ethik, an interesséiert sech besonnesch fir den Dateschutz. D'Wëssenschaftlerin verréit dem...
Mäin Element - Ben Thuy 17.02.2023 35:38
Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wi...
Mäin Element - Sébastien Faye 09.01.2023 31:12
An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert...
Mäin Element - Leslie Ogorzaly 30.11.2022 31:27
Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin huet beispillsweis am "Corona-Step"-Projet kontrolléiert, wéi vill Spuere vum Coronavirus an de Kläranlagen ze fanne sinn. Ausserdeem gi mer gewuer, wéi sech d'Element Waasser duerch säi ganzt...
Mäin Element - Claudine Backes 11.10.2022 32:24
An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer du Grand-Duché du Luxembourg, RNC) ass ëmmer da motivéiert, wann si anere Leit hëllefe kann. Zesumme mam Max kläre mir d'Fro, ob e Summerteint gesond ass, wéi et hannert de Kulisse bei de...
Podcasts similares
Replaio no es editor de podcasts; los nombres de los programas, las portadas y el audio pertenecen a sus autores y se distribuyen a través de canales RSS públicos