radio 100,7
Fiasko Fest
Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...
No dejes de visitar la web del podcast y apoyar a su creador: www.100komma7.lu
Autor
radio 100,7
Categoría
Web del podcast
Último episodio
25 de oct. de 2026
¿Dónde escuchar?
Podcasts en la app Replaio Radio Muy prontoLos podcasts llegarán muy pronto a la app. Instálala ahora y sé el primero en descubrir una forma totalmente nueva de vivir los podcasts
Episodios
S03E25 Heiansdo deet et wéi: François Benoy 08.03.2026
Engagéiert sinn, voll a ganz un der Gesellschaft deelhuelen. An am Idealfall, klenge Spoiler, dës Welt e Stéck besser hannerloossen, wéi ee se virfonnt huet. Dat ass et, wat de François Benoy wëllt. An natierlech och méiglechst vill Leit op dëse Wee mathuelen, mee et muss een natierlech och entscheeden, wéini et genuch ass, well net all Mënsch bereet ass Léisungen op komplex Situatiounen ze fannen...
S03E24 Heiansdo deet et wéi: Ninon 01.03.2026
Just fir dass et kloer ass: Wann dir Anglizismen net verdrot, da musst dir elo ganz staark sinn. Et ass esou wéi d’Ninon sech am beschten ausdréckt an dat ass e Gléck, well d’Sängerin huet vill ze soen an och vill erlieft. Dat war net ëmmer einfach. Haut geet et hier awer gutt. Esou gutt, dass si Angscht huet et kéint all Moment eriwwer sinn, wat wierklech schued wier: Et ass grad sou schéin. Fias...
S03E23 Heiansdo deet et wéi: Laura Ferber 22.02.2026
D’Laura Ferber leet zesumme mat hirem Brudder an der 4. Generatioun eng grouss Firma. Et geet ëm Hoer, souvill sief verroden. Hoer schneide ka si selwer leider net méi an den Dram vum Modele gouf iergendwann ënnerbrach. Et koum ee Moment, wéi si 24 Joer al, deen alles verännere sollt. An et huet vun do un och eng Zäit gedauert, bis si soe konnt: Et ass awer gutt. Vläicht ass et souguer e Kaddo. Fi...
S03E22 Heiansdo deet et wéi: Céline Zimmer 15.02.2026
An engem Raum mat (dacks) nëmme Männer. Eng Situatioun, déi dem Luc Spada seng Invitée bei Fiasko Fest scho méi dacks huet missen erliewen. A wéi dat dann esou ass, fillt sech dat besote Geschlecht net seelen dozou auserwielt, ongefrot seng Meenung matzedeelen, obwuel d’Expertin an deem Raum d’Architektin Céline Zimmer ass. A si och genee aus deem Grond an deem Raum do sëtzt. Hei brauch et Trainin...
S03E21 Heiansdo deet et wéi: Nadine Robert 08.02.2026
D’Nadine Robert ass Influencerin, Model an eng Persoun, déi aus den Erausfuerderunge vum Alldag eppes mécht, wat schwéier a Wierder ze faassen ass. Ëmmer faarweg ugedoen, ëmmer gutt gelaunt, ëmmer um "klimperen". De Luc Spada huet awer an dëser Emissioun vu Fiasko Fest Asiicht an d’Vergaangenheet vu senger Invitée kritt. Et war net ëmmer faarweg, net ëmmer schéin, mä och dacks ganz ellen,...
S03E20 Heiansdo deet et wéi: Gérard Thein 01.02.2026
De Gérard Thein kennt seng Grenzen, et ginn der zwou. Eng no der éischter Bezéiung matt enger Etapp am Senegal an déi aner Grenz ass no Covid an engem schrecklechen Accident a sengem Betrib. Sécher ass: De Gérard Thein ass elo net méi "de Bouf vun", hien ass keng 10 Joer méi a muss elo Verantwortung droen. Och sécher: Zäit feelt ëmmer. De Luc Spada schwätzt hei an enger weiderer Folleg Fia...
S03E19 Heiansdo deet et wéi: Alain Wolff 25.01.2026
Et brauch am Liewe Grenzen. Dat heescht, datt et ënner anerem wichteg ass ze leieren Nee ze soen an op sech opzepassen. Wann een dat net mécht, kann et och mol séier schifgoen. Woubäi dat och net ganz richteg ass: et geet net séier, mee éischter lues, esou ee Gefill, dat ëmmer do ass, een net wierklech faasse ka bis et ze spéit ass an op eemol guer näischt méi geet. Dat huet och deen haitegen Hypn...
S03E18 Heiansdo deet et wéi: Nancy Braun 18.01.2026
Eng vun de Spezialitéite vum Luc Spada senger Invitée bei Fiasko Fest? Eckeg a kanteg Projeten. Ganz besonnesch déi mam Kulturjoer, de ville politesche Faarwen an Erwaardungen. An dertëschent iergendwou: d'Nancy Braun, déi et mam Familljebetrib net méi hikrut a frësch aus Japan zeréck ass. An elo? Gutt Fro. Wat ëmmer hëlleft: trëppelen a beim trëppelen zu sech fannen. No dem ganzen Trubbel, d...
S03E17 Heiansdo deet et wéi: Yannick Iannelli 11.01.2026
Authentesch sinn. Dat ass sou e Wuert ... All Mënsch wëllt et sinn. Oder mengt et ze sinn? Et ass net einfach soen ze kënnen, wou d’Floskel ufänkt an de Contenu ophält. Fiasko Fest mam Luc Spada huet den Influencer Yannick Iannelli agelueden, fir hei Äntwerten ze kréien. Mat Succès? Jo, vläicht, eigentlech, naja, net wierklech, vläicht e bëssi. Wat sécher ass: Et gëtt en direkte Lien tëschent dem...
S03E16 Heiansdo deet et wéi: Steffi Buchler 04.01.2026
Definitiv war fréier net alles besser an och un de Soziale Medie muss net alles schlecht sinn. Do sinn de Fiasko Fest Moderator Luc Spada a seng Invitée, d’Steffi Buchler, sech eens. An da wieren do nach d’Frëndschaften. Wat si gutt Frëndschaften a wat braucht et fir datt eng Frëndschaft och bleift? Sécher ass, datt et keen allgemengt Rezept gëtt. Awer et hëlleft natierlech, wann ee sech vertraue...
S03E15 Heiansdo deet et wéi: Maurice Molitor 28.12.2025
Bei dëser Emissioun vu Fiasko Fest huet de Luc Spada sech en Aarbechtskolleeg a seng Emissioun agelueden: de Maurice Molitor. An hei gëtt séier kloer: deen hausinternen Invité ass sech senge Privileegie bewosst. An dofir muss hie sech och net entschëllegen, dat ass puer Chance. Mee wat ass mat all deenen, déi keng Chance haten? Mënschen a Krisegebidder oder deenen aner Ongerechtegkeete passéiert s...
S03E14 Heiansdo deet et wéi: Nora Koenig 21.12.2025
Ganz éierlech. D’Nora Koenig gëtt elo einfach al. Dat muss een dann mol sou soen, wéi et ass, seet d’Schauspillerin. Do brauch de Moderator Luc Spada och guer net sou matt groussen Ae kucken. An ass dat schued? E bëssi, villäicht. Déi Energie ass eben net méi grad sou "wéi fréier". Dofir kennt eppes ewéi Rou an d’Plaz, e bëssi manner »et muss elo sinn« an dofir méi "dann ass et eben ne...
S03E13 Heiansdo deet et wéi: Georges Krombach 14.12.2025
Net jugéieren, nolauschteren an e Gespréich zouloossen, onofhängeg dovun, ob ee mateneen averstanen ass oder net. Dat ass wichteg fir eng gutt Diskussioun an och eng vun de Richtlinne bei Fiasko Fest. Dës Kéier agelueden ass de Georges Krombach, Chief Commercial Officer vun Heintz van Landewyck. Wéi ass et méiglech Mënsche gären ze hunn an awer och Gëft ze verkafen? Natierlech ass et net ëmmer jus...
S03E12 Heiansdo deet et wéi: Sylvia Camarda 07.12.2025
Eppes ass sécher. D'Sylvia Camarda gehéiert net an eng Këscht. Net am Liewen a ganz sécher och net duerno. Wat ass nach sécher? Disziplin ass wichteg, mee net nëmmen. D'Dänzerin a Politikerin ka béides, ofdauchen an zeréckkommen. Et ass vill geschitt: Vun der stolzer Massendéngerin zu Nidderkuer iwwer hir net ganz einfach Zäit beim Cirque du soleil bis hin zu dem Moment virum Spigel, bei...
S03E11 Heiansdo deet et wéi: Pit Arnold 30.11.2025
Guer näischt fillen? Jo, dat geet. Et huet alles mat engem Tinnitus ugefaangen an et huet, am beschte Sënn: mat engem besonnesche Mënsch opgehalen. Esou kéint een ofgekierzt en Deel vum Wee vum Fussballfan, Journalist, Konzept -Kreateur a Stand-up-Comedian Pit Arnold beschreiwen. A mëttlerweil kann hie mat engem gewësse Stolz soen, datt hien zanter 3 Joer d’Panikattacken hanner sech gelooss huet....
S03E10 Heiansdo deet et wéi: Indira Idrizovic 23.11.2025
Et huet alles mat engem Camping zu Stengefort ugefaangen a vun do aus huet d’Indira Idrizovic sech hiert Liewen zu Lëtzebuerg opgebaut. Haut ass si Grafikerin a Mamm vun dräi Kanner. Woubäi de Fokus ëmgedréit ass. Fir d’éischt d’Kanner an dann alles anescht. Dat huet d'Zäit net ëmmer zougelooss an dat bereit si bis haut. Famill huet absolut Prioritéit, dat gëtt ëmmer erëm kloer an dësem inten...
S03E09 Heiansdo deet et wéi: Michel Abdollahi 16.11.2025
An dëser Episod vu Fiasko Fest schwätzt de Michel Abdollahi oppen iwwer d'Liewen als Mënsch mat Migratiounsgeschicht an Däitschland. Wéi fillt et sech un, och no ville Joren ëmmer nach als “Auslänner“ ugesinn ze ginn? Mam Luc Spada geet et ëm riets Tendenzen, déi Leit dozou bréngen, iwwer en zweete, net-däitsche Pass nozedenken. A wat bedeit “däitsch sinn". Kann ee jeemools wierklech ukom...
S03E08 Heiansdo deet et wéi: Tessy Antony de Nassau 09.11.2025
Et ass ganz kloer: Mir schwätzen hei net iwwer den Elefant am Raum. Fiasko Fest mam Luc Spada ass ëmmerhin eng Show iwwer déif Gefiller a grouss Gespréicher a net iergendeng Klatsch an Traatsch Sendung. Okay, e bëssi vläicht, obwuel d’Tessy Antony de Nassau eigentlech net wëllt. Et gëtt nämlech vill méi ze soen, wéi just déi Saach do mat de Krounen an esou weider. D’Nidderkuerer Meedchen, dat gäre...
S03E07 Heiansdo deet et wéi: Sandy Heep 02.11.2025
Et ass wichteg sech Hëllef ze huelen, wann een Hëllef brauch. Dat kléngt eigentlech logesch, mee d’Theorie ass méi komplex wéi d’Ëmsetzung. De Kapp an de Mënsch souwisou. Dat weess och d’Sandy Heep, déi mat Suicidegedanken, Depressiounen a jo, et kann een et net anescht soen: mat sech selwer ze kämpfen huet. Déi gutt Noriicht ass: Hëllef ass méiglech. An déi fënnt een dacks scho beim Hausdokter an...
S03E06 Heiansdo deet et wéi: Maja Juric 26.10.2025
„Ach, ich glaube, ich bin ein Mensch, der ständig auf der Suche nach sich selbst ist (...)“. Dat ass den Ufank vun der Äntwert op d'Fro vum Luc Spada, wat seng Invité, d'Schauspillerin Maja Juric ausmécht. Eng ideal Basis fir Fiasko Fest, wou de Moderator sech zwar op den Invité preparéiert, awer keng konkret Froe virbereet. Dat hei ass ëmmerhin nach e Gespréich a keen Interview. Et geet...
S03E05 Heiansdo deet et wéi: Emilie Boland 19.10.2025
Wat d'Emilie Boland sécher net brauch, ass Opmierksamkeet. Dovun huet déi eemoleg Miss Luxembourg a Besëtzerin vum Moudelabel Bogere méi wéi genuch an dat huet si sech selwer verdéngt. Wat d'Gewalt an hirer Ex-Bezéiung ugeet, hat si keen anere Choix, wéi ëffentlech goen. Alles wat si wollt, ass, dass hier gegleeft gëtt. Awer einfach war de Wee net an de Luc Spada schwätzt bei Fiasko Fest...
S03E04 Heiansdo deet et wéi: Mara Stieber 12.10.2025
Mara Stieber ass Aktivist, politesch aktiv bei déi Lénk, spezialiséiert am Genderberäich a versteet sech selwer als non-binär. Et kann ee soen, datt Mara sech fir eng gerecht Gesellschaft fir all Mënsch asetzt. Oder wéi de Cliché vum ale wäisse Mann Mara bezeechne géif: woke. Wéi och ëmmer, et ass eng Welt, déi engem Angscht maache kann an dacks net vill Plaz fir Hoffnung léisst. De Luc Spada geet...
S03E03 Heiansdo deet et wéi: Luca De Michele 05.10.2025
De Luca De Michele huet am 6. Schouljoer vu senger Léierin gesot krut, hie soll sech ophänken. Déi brutal Ausso huet de jonke Maquilleur staark markéiert. Haut kann hien doriwwer laachen an dës Erënnerung huet him och gehollef sech vun allem, wat him net guttdeet, ze distanzéieren. An engem intensive Gespréich mam Luc Spada deelt de Makeup-Artist vill perséinlech Momenter aus sengem Liewen a Fiask...
S03E02 Heiansdo deet et wéi: Anne-Mareike Hess 28.09.2025
Als Dänzerin, Kënschtlerin a Fra schafft d’Anne-Mareike Hess sech ëmmer erëm un de Mëssstänn vun eiser Gesellschaft of. Dat ass engersäits Aarbecht, anerersäits eng ongeschriwwe Pflicht fir si. Dobäi ass d’Haaptinstrument als universell Sprooch de Kierper. Mee och deen ass net onendlech a stéisst u seng Grenzen. Virun allem wann den Drock vun Erwaardungen, Leeschtung an dem Alter schwéier op engem...
S03E01 Heiansdo deet et wéi: Julie Kieffer 21.09.2025
Mam Motto "Heiansdo deet et wéi" geet Fiasko Fest schonn an déi 3. Staffel. An dowéinst brauch et e puer Ännerungen, well och d'Scheiteren dierf net langweileg ginn. Et gëtt just nach en/eng Invité:e fir esou richteg an d'Déift ze goen. A fir déi éischt Show vun der neier Staffel ass dat d’Schauspillerin Julie Kieffer. Si erzielt dem Luc Spada vun hiren Ängschten, wéi onfair den...
Podcasts similares
Replaio no es editor de podcasts; los nombres de los programas, las portadas y el audio pertenecen a sus autores y se distribuyen a través de canales RSS públicos