radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Husk at besøge podcastens hjemmeside og støtte skaberen: www.100komma7.lu
Forfatter
radio 100,7
Kategori
Podcastens hjemmeside
Seneste episode
13. okt. 2026
Hvor kan du lytte?
Podcasts i appen Replaio Radio Kommer snartPodcasts kommer snart til appen. Installer nu, og vær den første til at se en helt ny tilgang til podcasts
Episoder
Nei am Kino 22.09.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Rentrée littéraire: Choses que je croyais perdues vun der Clémentine Mélois 21.09.2026
No den Romaner vun der Emma Marsantes, der Lilia Hassaine, dem Jean-Yves Jouannais an dem Olivier Grondeau entdecke mer haut dat fënneft vun de 16 Wierker, déi et op d’Longlist vum Prix Goncourt gepackt hunn. An "Choses que je croyais perdues" mécht d’Clémentine Mélois en Inventar vun engem Appartement, deen och en Tri am eegene Liewen ass. De Jeff Schinker huet de Roman fir eis gelies.
Catherine Ringer: Eng Dosis Mitsouko 21.09.2026
Hätt Dir d’Catherine Ringer, déi kierzlech verstuerwe Frontfra vu "Les Rita Mitsukuo", gären héiere Brecht sangen? De Marc Clement schonn. Mee dann hätte mir si schonn 1977 hätt misse kenneléieren, zwee Joer ier si hirem Mann a Musekspartner Frédéric Chichin begéint ass, op der Bün vun engem Paräisser Theater ...
Den Giovanni Trono ass neien Direkter vum KHN 21.09.2026
Den Giovanni Trono war elo laang Joren als Direkter fir de Museksberaich bei KulturLX, an domat fir d’Administratioun vu Kënschtlerënnerstetzung a Musekexport zoustänneg. Kierzlech gouf bekannt, datt hien elo eng nei Erausfuerderung als Direkter vum Kulturhaus Nidderaanwen ugeholl huet. Et ass ee Bou, dee bal dat ganzt Lëtzebuerger Kulturgeschéien a sech schléisst, an domat ee brennend interessant...
Véier Lëtzebuerger Acts um Reeperbahn Festival 18.09.2026
De Reeperbahn Festival ass een vun den dräi grousse Rendezvouse fir den europäesche Live-Musek-Secteur. Dëst Joer presentéiere sech véier Lëtzebuerger Projeten zu Hamburg. Den Yves Stephany mellt sech live aus der "Prinzenbar", wou dech d'Optrëtter vun "Ninon", "First Mote", "Englbrt" a "Raftside" um Freidegmëtteg enchaînéieren.
Filmkritik: "Frontera" 18.09.2026
D'Flucht virun den Nazien iwwer déi franséisch-spuenesch Grenz war no 1943 fir Judden illegal. Trotz allem kruten se Ënnerstëtzung vun der lokaler Populatioun. De Michel Delage schwätzt iwwer dësen a katalanescher Sprooch gedréinten historeschen Drama.
Filmkritik: "The Plague" 18.09.2026
Matleefertum oder couragéierte Widderstand géint de Gruppenzwang? Dësen amerikaneschen Debutfilm setzt sech mat der Gruppendynamik an enger Jugend-Waasserballekipp auserneen. De Michel Delage huet den Drama gesinn.
American Horror Story 17.09.2026
“American Horror Story’’ ass eng amerikanesch Anthologieserie aus dem Joer 2011 a gouf kreéiert vum Ryan Murphy. An all Staffel geet et em eppes anescht, well de Ryan Murphy sech mat verschiddenen Epochen an och mat verschiddenen Horror- an Erzielstiler ausernee gesat huet. “American Horror Story’’ ass definitiv eng Serie déi sech och u reell geschichtlech Evenementer a seriö Themaen eru getraut h...
Filmkritick: "Marcel et Monsieur Pagnol" 17.09.2026
De Marcel Pagnol huet Marseille an der Provence en Denkmal gesat. An engem mat Lëtzebuerger Bedeelegung produzéierten Animatiounsfilm erzielt de Sylvain Chomet dem franséische Schrëftsteller, Dramaturg a Cineast säi Liewen. Eng Kritick vum Michel Delage.
Filmkritik: "La vie d'une femme" 17.09.2026
De Michel Delage schwätzt iwwer de Film "La vie d'une femme"
Dana Vowinckel – Anton und Alma 17.09.2026
De 5. Oktober gëtt am Kader vun der Frankfurter Buchmesse den däitsche Buchpräis verginn. Am Virfeld stellt d‘Valerija Berdi eng Rei Bicher vir, déi d‘Chancen hunn, dëse renomméierte Literaturpräis ze gewannen. Haut ass et der Dana Vowinckel hire Roman „Anton und Alma“ , deen am Suhrkamp Verlag eraus komm ass.
Di kleng Theatere stellen hire Programm vir 17.09.2026
Kleng Theateren hun hiren eegene Charme: Proximitéit, Intensitéit, Engagement. Deementspriechent gléissend sinn d'Programmukennegunge vu Centaure, Kasemattentheater an TOL ausgefall. De Marc Clement rapportéiert.
Rentrée littéraire: "N'efface pas mes cercles" vun der Emma Marsantes 16.09.2026
Eng Duechter versicht, hirer Mamm hire Suizid ze verstoen an erzielt dofir, op knapp 160 Säiten, eng donkel Familljegeschicht: der Emma Marsante hire Roman "N'efface pas mes cercles", noméiert fir de Prix Goncourt, de Prix Femina an de Prix Médicis, verdicht traumatesch Themen zu engem wichtegen, poetesche Wierk. De Jeff Schinker huet d'Buch fir eis gelies.
Shida Bayzar . Die Lücken 16.09.2026
Mat hirem Roman "Die Lücken" (Kiepenheuer & Witsch) steet di däitsch-iranesch Schrëftstellerin Shida Bayzar op der Shortlëscht fir de Däitsche Buchpräis. D'Valerija Berdi huet dëse komplexe Roman mat grousser Begeeschterung gelies.
De Film "Naza" suergt fir Oprou 16.09.2026
Den israeelesche Film “Naza” ass am Festival zu Venedeg gelueft ginn. Ganzer 25 Minutten huet de Public bei der Première leschten Donneschde geklappt - esou laang wéi nach ni virdrun. An Israel selwer kennt de Film awer manner gutt un. Firwat déi zwee israeelesch Regisseuren, de Yuval Abraham an d'Rachel Szor, doheem als Verräter ugesi ginn, doriwwer schwätze mir mat eisem Korrespondent Léona...
Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun 15.09.2026
De Museker, Sänger an Theaterregisseur Schorsch Kamerun – ënner anerem bekannt als Grënnungsmember vun der däitscher Band "Die Goldenen Zitronen" – geet mat engem Stéck "Luxembourg All In" Froe vu Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no. D'Resultat ass kee konventionellt Theaterstéck: "Luxembourg All In" ass eng immersiv Concerts-Installatioun, déi an Zes...
Nei am Kino 15.09.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Déi nei Spillzäit am TNL 14.09.2026
Et ass eng speziell nei Saison 2026/2027 déi den Théâtre National du Luxembourg, den TNL gëschter presentéiert huet, et ass Saison vum 30. Anniversaire an esou munchereen huet sech bei der Presentatioun geduecht: “Gëtt et den TNL scho wierklech esou laang!” 30 Joer TNL sinn eriwwer an déi nächst 30 Joer fänken un, an et bleift derbäi datt déi theatralesch Produktioun a Kreatioun ee vun de Piliere...
Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine 14.09.2026
Nom Percival Everett sengem geniale Roman "James", deen d’Geschicht vum Mark Twain sengem "The Adventures of Huckleberry Finn" aus der Perspektiv vum Schwaarze Sklav erzielt, verëffentlecht d’Lilia Hassaine mat "JE" ee Roman, deen am Universum vun der Charlotte Brontë hirem "Jane Eyre" spillt an aus der Perspektiv vun der "verréckter" Fra um Späicher erzielt...
Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis 14.09.2026
Schoulufank ... Deen Här, un dee mir haut erënnere wëllen, huet dëst Ritual och eng Partie Kéiere matgemaach. De Bert Theis war haaptberufflech Schoulmeeschter, ier hien decidéiert huet, fräischaffende Kënschtler ze ginn. Iwwer d’Molerei, d’Experimentéiere mat Fotografie, Konzeptkonscht a Collage ass hien zu der Performance, der Schafung vu Situatiounen am ëffentleche Raum komm. Seng Aarbechte war...
Turning Point: Generation 9/11 11.09.2026
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet. D‘Claire Barthelemy huet e fir eis gekuckt.
Faux Real - "Poison Time" 11.09.2026
Schonn d'Singleauskopplungen hu gewisen, wou d'Rees higeet: "That Far" an "One & Done" zéien den Nolauschterer mat repetitive Synth-Linnen a punkiger Energie direkt an hire Bann. Wéi "Poison Time", den zweete Longplayer vu Faux Real soss esou kléngt, weess de Marc Clement.
D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star” 10.09.2026
Enn September/ Ufanks Oktober ginn eng ganz Rei interessant Ausstellungen op en Enn. Falls dir État bruit an der Escher Konschthal, d’Luxembourg Architecture Awards am LUCA am Gronn oder vu Lilien a Linnen am Nationalmusée um Fëschmaart nach net gesinn hutt, maacht iech bäi. Och wat di speziell Gebuertsdagsprogrammer am Casino an am Mudam ugeet. Am Pei-Musée kënnt dir traditionell all Summer en an...
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen 10.09.2026
D‘Vakanzezäit ass fir vill Leit elo eriwwer an et ass de richtege Moment e Buch iwwer d‘Reesen ze liesen, e Buch, dat sécher kee Reesguide ass. An domat huet d‘Valerija Berdi dann och e ganz besonnesche Liestipp. Der Felicitas Hoppe hire Roman „Reisen“ aus dem Hanser-Verlag.
De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen... 09.09.2026
Gëschter ass d’Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis bekannt ginn. Sechs Bicher huet d’Jury ausgewielt, déi d’Chance hunn de 5. Oktober, zum Optakt vun der Frankfurter Buchmesse ausgezeechent zeginn. Wéi eng Bicher dat sinn, dat erzielt eis elo d’Valerija Berdi.
Lignende podcasts
Replaio er ikke podcastudgiver; programmernes navne, coverbilleder og lyd tilhører deres ophavsmænd og distribueres via offentlige RSS-feeds.