radio 100,7

Kultur

News LB ↓ 241 episoder

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Husk at besøge podcastens hjemmeside og støtte skaberen: www.100komma7.lu

Forfatter

radio 100,7

Kategori

News

Podcastens hjemmeside

www.100komma7.lu

Seneste episode

27. nov. 2026

Hvor kan du lytte?

Podcasts i appen Replaio Radio Kommer snart

Podcasts kommer snart til appen. Installer nu, og vær den første til at se en helt ny tilgang til podcasts

Hent den på Google Play Installer gratis Android 10 mio.+ downloads · 4,7+ i bedømmelse iOS snart

Episoder

27.11.2026
Filmkritik: "Paper Tiger" 27.11.2026

Zwee New Yorker Bridder gerode Mëtt den 80er Joren an d'Viséier vun hire russesche Geschäftspartner... Den Amerikaner James Gray knäppt mat sengem Thriller u fréier Filmer wéi "Little Odessa" oder "The Yards" un. Eng Kritik vum Michel Delage.

Chris Lauer - Alles Schöne ist mit Mehl bestäubt 27.11.2026

„Alles Schöne ist mit Mehl bestäubt“ ass den Titel vum neie Gedichtband vun der Chris Lauer, dat am däitsche Verlag Voland & Quit eraus komm ass. Valerija Berdi huet et gelies.

Quo vadis FerroForum? 27.11.2026

De Patrimoine an den Artisanat vun der Stolindustrie wäertschätzen a praktizéieren. Genee dat schreiwen sech d'ASBL FerroForum, d'Amis de l'histoire et du musée de la ville d'Esch an de Schmelzaarbechter-Musée op de Fändel. Déi dräi Veräiner proposéiere mam Projet vum "MinnettMusée" eng gemeinsam Zukunft. Wéi kéint de Wee bis dohin ausgesinn, a wat sinn déi nächst Schrë...

East of Eden 26.11.2026

Wien d'Buch East of Eden net kennt, dee kennt villäicht d'Verfilmung aus dem Joer 1955 mam James Dean an der Haaptroll an dem Elia Kazan als Regisseur.  71 Joer méi spéit bréngt elo deem seng Niess, d'Zoe Kazan, eng Serien-Adaptatioun eraus. D'Theeme wéi Rivalitéit, Schicksal an den eegene Choix bleiwen erhalen, d'Perspektiv aus där d'Famillje-Saga erzielt gëtt veränn...

Filmkritik: "Hexed" 26.11.2026

E Familljefluch, de Kampf géint eng Tyrannei an e rebellescht jonkt Meedchen, dat seng magesch Kräften entdeckt... Den neien Animatiounsfilm vun Disney setzt weiderhin op d'USA als d'Land vun der Fräiheet an den onbegrenzte Méiglechkeeten. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Congo Boy" 26.11.2026

Portrait vun engem jonke Krichsflüchtling, deen an enger politesch destabiliséierter République centrafricaine wëll Fouss faassen. A sengem éischte laange Fiktiounsfilm verschafft de Rafiki Fariala eegen Erfarungen. Eng Kritik vum Michel Delage.

Musek aus Lëtzebuerg: Nei Placke vum Lucas Ferraz a Sheebaba 26.11.2026

Eng musikalesch Zäitreess an eng Welt, déi wéi vun de perfektionisteschenan oft langweilegen Exigenze vum digitale Kapitalismus an der KI verschountbliwwen ass: De Marc Clement an de Jeff Schinker rezenséiere Placken ausLëtzebuerg: Haut, déi nei EP vu Sheebaba,der Band vum Kënschtler Julien Hübsch an der Nina Bodry vun den Choppy BumpyPeaches, a Riffs and Love, den zweeteSoloalbum vum deemolege Po...

Temps de trajet 25.11.2026

De leschte Sonnden hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage op de Walfer Bicherdeeg d‘Laureatinnen a Laureaten vum Lëtzebuerger Buchpräis an hir Valibrairie invitéiert. Elo héiere mer den Extrait aus der Live-Sendung, wou si mat der Jessica Lopes, dem Charl Vinz an hirer Editrice Anna Valentiny vum Point Nemo Publishing geschwat hunn. D‘Gewënnerbuch an der Kategorie Sachbuch ass „Temps de trajet“

"This Cursed Beautiful Land" vum Evan Gershkovich 25.11.2026

Den Evan Gershkovich ass ee jonke Journalist, deen fir den Wall Street Journal aus Russland bericht huet. Wärend enger Recherche hat den russesche Geheimdéngscht him eng Fal gesat. Him gouf Spionage virgeworf an en gouf zu 16 Joer Prisong verurteelt. An der Gefaangenschaft huet hie weider geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet säi Memoire fir eis gelies.

Tëscht dem CNA an der Cité de l’image huet et “Klick” gemaach 25.11.2026

Weltwäit gëtt de Bicentenaire vun der Fotografie gefeiert. D’Équipë vum CNA zu Diddeléng an der Cité de l’image zu Klierf wollten dozou eppes bäidroen, an zwar idealerweis a Kollaboratioun. De leschte Weekend war et dunn d’Nouvelle, dat se Enn Juni 2027 de “Foto Clierf” lancéieren, e Fotofestival, deen als Ophänkert dem Edward Steichen seng Family of Man notzt -de Weltkulturierwe gëtt jo vum CNA a...

Famil Jukebox Night: Lëtzebuerger Musek op Wonsch 25.11.2026

Eng Jukebox, hannert där keng Maschinn, mee eng richteg Band stécht? Haut den Owend gëtt dës Iddi am Gudde Wëllen Realitéit. Am Kader vun der Famil Jukebox Night kann de Public sech Lidder vu Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler wënschen, déi live gespillt ginn. Den Tun Biever verréit eis, wéi dat Ganzt funktionéiert a fir wat sech d’Musekerfederatioun Famil asetzt.

Luc François an Ian De Toffoli am Gespréich 24.11.2026

Lëtzebuerg vun haut, vu gëschter a vu muer, sinn d'Sujete vun den mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechente Wierker. Am éischten Deel vun der Literaturemissioun hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage mam Co-Auteur vum Gewënnerbuch an der Kategorie Literatur „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“, dem Luc François geschwat, grad wéi mat sengem Editeur, dem Ian De Toffoli vun Editions Hydre. Un...

Eng lieweg Duerstellung vum 12. Joerhonnert am Lëtzebuerg City Museum 24.11.2026

“Fundatio” ass den Titel vun enger Ausstellung, déi dir, momentan a bis den eelefte Juli dat anert Joer, am Lëtzebuerg City Museum entdecke kënnt. Oder vläicht sollt? Et geet näämlech ëm d’Joer 1123, an dat war decisiv fir d’Entwécklung vun der Grofschaft vu Lëtzebuerg. D’Kerstin Thalau huet mam Historiker Michel Margue ënnert anerem iwwert d’Aktualitéit vum Sujet, a mam Guy Thewes, Direkter vun d...

Nei am Kino 24.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

"Les crapauds fous" vun der Mélody Mourey 23.11.2026

Am Bar vum TOL leeft den Ament "Les crapauds fous", ee Stéck vun der Mélody Mourey, dat vun der TOL-Intendantin Véronique Fauconnet inzenéiert gëtt an eng onerfuerscht Geschicht vu Widderstand am Zweete Weltkrich erzielt. De Jeff Schinker war d’Stéck de Weekend kucken – a liwwert seng Andréck.

"Rendre public": Am Gespréich mat der Annick Kieffer 23.11.2026

De Projet "Rendre Public" vun der Annick Kieffer beschäftegt sech mat der Bedeitung vu kulturelle Plakater am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg. An ënnersicht déi politesch an ekonomesch Mechanismen, déi bestëmmen, wéi den urbane Raum genotzt a verdeelt gëtt. Dobäi geet et och ëm d’Fro, wéi de Raum méi gerecht tëscht Reklamm a Kultur opgedeelt ka ginn. Fir iwwer dëse Projet ze schwätzen, ass...

"Dans les paroles j'écoute le silence" am TNL 20.11.2026

Am Stéck "Dans les paroles, j’écoute le silence" ginn d’Yuko Kominami an d’Sophie Langevin der Anise Koltz hire Gedichter eng nei Form – net duerch Wierder, mee duerch Danz a Musek. D’Stéck war dëse Mount véiermol am TNL ze gesinn. Eng Theaterkritik vun der Emma Hizette an dem Jeff Schinker.

Filmkritik: "Soudain" 20.11.2026

D'Direktesch vun engem Paräisser Altersheem an eng kriibskrank japanesch Theaterregisseurin entwéckelen eng apaart Frëndschaft. Am Mëttelpunkt vum Ryusuke Hamaguchi sengem neien Drama steet eng Reflexioun iwwer eng méi mënschlech Begleedung vu kranke Leit. Eng Kritik vum Michel Delage.

20.11.2026
House of the Dragon 19.11.2026

Eng Fantasy-Serie an der et ëm politesch Intrigen, grouss Schluechten an Draache geet. Et ass d'Virgeschicht vun Game of Thrones an se spillt ronn 200 Joer virdrun. Et ass d'Geschicht vun engem grousse Biergerkrich, bei dem eng Famill am Mëttelpunkt stee, déi sech ënnerteneen zerstridden huet.

"1999 Meter über dem Meer" vun der Caroline Wahl 19.11.2026

Haut geet et bei eis ëm dem Caroline Wahl säin neie Roman "1999 Meter über dem Meer". Eng Geschicht iwwer eng jonk Fra, déi op der Sich no sech selwer ass, spontan an den Auto klëmmt an ëmmer méi déif an eng Welt vu Ligen a Selbstinzenéierung geréit. Wat hannert där Rees stécht a wéi gutt de Roman gelongen ass, dat erzielt eis d’Emma Hizette.

Thermos - dem Roland Wiltgen seng Uropféierung live um Opus 19.11.2026

Haut den Owend kann een um 19h30 entweder am grousse Sall vun der Philharmonie, respektiv och live um Klassiksender Opus dräi Éischtopféierungen zu Lëtzebuerg an eng Uropféierung erliewen. D'Kläng vum Komponist an Dirigent Jack Sheen, der Freya Waley-Cohen, dem Roland Wiltgen an dem George Lewis suerge fir de passenden, “hëtzege” Flair. Dem 69 Joer ale Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen sä...

Filmkritik: "Marie-Madeleine" 19.11.2026

Am Kontakt mat enger Prostituéierter geréit e gleewege jonke Mann op Haiti an e Gewëssenskonflikt. Déi haitianesch Realisatrice Gessica Généus spillt an der Lëtzebuerger Co-Produktioun selwer eng vun zwou Haaptrollen. Eng Kritik vum Michel Delage.

19.11.2026

Lyt til podcasten Kultur i Replaio

Radio og podcasts i én app - gratis og uden tilmelding. Installer i dag, og gå ikke glip af lanceringen

Hent den på Google Play

Replaio er ikke podcastudgiver; programmernes navne, coverbilleder og lyd tilhører deres ophavsmænd og distribueres via offentlige RSS-feeds.