radio 100,7

Kultur

News LB ↓ 125 episoder

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

Husk at besøge podcastens hjemmeside og støtte skaberen: www.100komma7.lu

Forfatter

radio 100,7

Kategori

News

Podcastens hjemmeside

www.100komma7.lu

Seneste episode

13. okt. 2026

Hvor kan du lytte?

Podcasts i appen Replaio Radio Kommer snart

Podcasts kommer snart til appen. Installer nu, og vær den første til at se en helt ny tilgang til podcasts

Hent den på Google Play Installer gratis Android næsten 10 mio. downloads · 4,8 i bedømmelse iOS snart

Episoder

The Westies 01.10.2026

Eng Krimi-Serie déi sech mat enger New Yorker Gang beschäftegt, déi et och wierklech gouf. De Simon Larosche stellt eis d'Serie fir.

Vienna Design Week: Am Gespréich mat der Annick Kieffer 01.10.2026

Dëst Joer ass Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" dréit sech alles em d’Stëmm vum Design. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radi...

Filmkritik: "Verity" 01.10.2026

Eng Dräiecksbezéiung viru geféierleche literareschen Ofgrënn... Dem Amerikaner Michael Showalter säi psychologesche Thriller spillt mat de Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Digger" 01.10.2026

Dem Alejandro González Iñárritu seng satiresch schwaarz Komedie hëlt déi Responsabel vum Klimawandel op d’Schëpp. Mat engem Tom Cruise als esou eefältege wéi mächtege Petrolsmagnat. Eng Kritik vum Michel Delage.

E Gedicht - e Konschtwierk 30.09.2026

Haut nach en Extrait aus der Valibrairie vum leschte Sonnden, wou d‘Valerija Berdi mam Dichter Tom Nisse an den Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner iwwer d‘Poesie a Kombinatioun mat aner Konschtforme geschwat huet. D‘Emissioun war am Kader vum Poesie Plus Festival vun der Escher Kulturfabrik organiséiert, an am Café Mesa opgeholl ginn.

Guy Helminger 30.09.2026

Gëschter Owend huet de Schrëftsteller Guy Helminger de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk iwwerreecht kritt. Déi zeremoniell Präisiwwerreechung war am Park vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D‘Valerija Berdi war op der Plaz.

D’Fotografin Elina Brotherus presentéiert “The artist and her double” 30.09.2026

D’Finnin Elina Brotherus exploréiert d’Konschtgeschicht, d’Autobiografie, d’Spill, d’Presenz, den architektonesche Patrimoine plus d’Landschaft mat Hëllef vu Fotografie a Film. Ëmmer mat enger feministescher Approche. Als onbekannt Fotografin war si op der Sich no engem Modell gewiescht, deen ëmmer disponibel wier, an huet esou sech selwer entdeckt. D’Kënschtlerin ass 1972 zu Helsinki gebuer a pen...

D'Gedicht a méi Dimensiounen 29.09.2026

Haut dann nach e weideren Extrait aus dem Gespréich vum Valerija Berdi mat de Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner an dem Dichter Tom Nisse. Wann d‘Gedicht d‘Buch verléisst war de Sujet an der leschter Valibrairie, déi live ze Esch am Kader vum Poesie Plus Festival opgeholl ginn ass. Déi ganz Emissioun ass an eiser Mediathéik.

Literatur + Performancen = Poesie-Plus-Festival 29.09.2026

De Poesie-Plus-Festival vun der Escher Kulturfabrik de leschte Weekend ass mat engem poeteschen Trëppeltour duerch Esch op en Enn gaangen. Dëst mam plastesche Konzeptkënschtler Marco Godinho als Guide. Et gëtt Zäit, datt mir dat lescht Kapitel Poesie Plus opschloen, also Bilan zéien. An dofir ass d’Kerstin Thalau elo an de Studio komm.

Nei am Kino 29.09.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

Jeff Herr Corporation - 5 Moons nei um Like a Jazz Machine 28.09.2026

D'Jeff Herr Corporation erdenkt sëch nei, mam Pol Berlardi um Bass fir en neie Longplayer mam Titel "Five Moons", deen um Like a Jazz Machine den 11. Oktober dévoiléiert gëtt... De Jeff Herr ass op Besuch, an erzielt eis méi.

Wann d'Gedicht d'Buch verléisst 28.09.2026

Gëschter war eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibrairie“ live an der Mesa ze Esch opgeholl ginn. Am Kader vum Poesie Plus Festival vun der Kulturfabrik hat d‘Valerija Berdi de Schrëftsteller Tom Nisse an d‘Schrëftstellerinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner an hir Emissioun invitéiert. Wat geschitt mat engem Gedicht, wann et gelies gëtt, wann et mat aner Konschtforme verbonne gëtt? Mir lau...

Do AIs dream of fallible human writers? D’Affaire Thélyson Orélien 28.09.2026

Ee KI-Verdacht an der franséischer Literaturzeen huet d’Académie Goncourt dozou verluecht, "C’était ça ou mourir" vum haitianesch-kanadesche Schrëftsteller, ee vun de 16 Bicher op der Longlist vum Prix Goncourt, vun der Lëscht ze huelen. D’Affaire ass am gaang, ee reegelrechte Kulturkrich auszeléisen tëscht Gauche an Droite, KI-Verfechter a Skeptiker, Rassisten an Humanisten? Wat dat ausse...

Buchkritik: Oreste Sacchelli - "Le Contrôleur" (Ed. PassaParola) 28.09.2026

Ënner engem fréieren diktatoresche Regime war de Protagonist, den Antonio M, zoustänneg fir d'Zensur vu Bicher, Zäitschrëften a Filmer. A sengem éischte Roman zeechent den Oreste Sacchelli de Portrait vun engem Beamten, engem zwar äifregen mee net fanatiséierten Zännrad vum Faschismus. Eng Kritik vum Michel Delage.

Mat Molerei, Video, Sound hannerfreet d’Christine Sun Kim Kommunikatiounsfo 25.09.2026

Gëschter Owend sinn am Mudam zwou nei Ausstellungen opgaangen. D’Expo “Kaihō”, japanesch fir Befreiung, presentéiert 120 Wierker vu 40 japanesche Kënschtlerinnen, déi no 1945 Beandrockendes kreéiert hunn. Mat dobäi Fluxus-Aktivistinnen, wéi d’Yoko Ono, oder déi am August verstuerwe Yayoi Kusama. Dernieft huet déi koreanesch-amerikanesch Kënschtlerin Christine Sun Kim am Mudamer Lear-Pavilion hier...

Filmkritik: "Heart of the beast" 25.09.2026

De Brad Pitt ass e pensionnéierten Elittezaldot, deen, zesumme mat sengem Hond, säi Krichstrauma op engem Iwwerliewenstrip an Alaska muss bewältegen. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Sense and sensibility" 25.09.2026

Eng weider Verfilmung vun der Jane Austen hirem Klassiker vun 1811 ëm déi sozial deklasséiert Dashwood-Schwësteren, déi d'Héichten an d'Déiften an der Léift, dat heescht der Sich no enger gudder Partie, ënnerschiddlech erliewen. Eng Kritik vum Michel Delage.

The Rehearsal 24.09.2026

The Rehearsal ass eng HBO-Serie mam Nathan Fielder. Eng skurril Show, déi d'Technike vum Reality-TV a Fro stellt.

Filmkriticken: "Chopin, Chopin!" + "Garance" 24.09.2026

De polnesche Biopic "Chopin, Chopin!" behandelt déi lescht turbulent Jore vum Museker Frédéric Chopin zu Paräis. D'Alkoholsucht vun enger Actrice ass de Sujet vum franséischen Drama "Garance". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.

Poésie Plus an der Kulturfabrik 24.09.2026

Poesie Plus vereenegt 40 Kënschtler an der Escher Kufa, mam Ziil, de Kader vun der Eenzelkreatioun an dem übleche Liesungsformat ze briechen - an zwar dese Weekend. Wéi dat konkret ausgesäit, verréit den Initiateur vum Projet Georges Goerens zesumme mat séngem Geheimgaascht.

Ingo Schulze – Das Wasser im August 23.09.2026

D’Valerija Berdi presentéiert aktuell d’Bicher, déi op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis stinn. Ee Roman, deen et net dohi gepackt huet, ass an hiren Aen, en absolute Highlight. Dofir huet sech dem Ingo Schulze säin “Das Wasser im August” hei dotëscht geschlach.

Teenage Wasteland 23.09.2026

Teenager an Amerika haten an den 90er Joren an engem Schoulprojet e schlëmme Fall vun Ëmweltverschmotzung opgedeckt, deen schlussendlech Opmierksamkeet aus ganz Amerika kritt huet. Netflix huet elo aus dëser Geschicht een Documentaire gemaach. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.

3'000 Autoportraite géint Insomnia 23.09.2026

Zanter gutt 25 Joer stellt d’Véronique Kolber hier Fotoen aus. Eventuell hat si direkt en Nerv vun der Zäit getraff; si hat näämlech séier Succès. Och wann op sëllegen Opname Landschaften oder Alldagsgéigestänn dominéieren, d’Fotografin bréngt et duerch hire Cadrage, bestëmmt Faarwen duerch di richteg Beliichtung, fäerdeg, eng Zort Filmstills ze zauberen, déi dofir suergen, datt de Kino am Kapp vu...

Der Rachel Cusk hiert neit Buch "Life of M" 22.09.2026

Wat kann eng Schrëftstellerin präisginn, déi iwwert eng Celebritéit schreift? Dës Fro wërft der Rachel Cusk hiert neit Buch "Life of M" op. Dat ass eng fiktiv Biografie iwwer eng ganz bekannt Schauspillerin, déi zimmlech sécher op der Natalie Portman baséiert. An déi kënnt net gutt wech am Buch. D‘Claire Barthelemy huet fir eis era gelies.

Interview Tom Leick-Burns 22.09.2026

Och de groussen Theater um Glacis huet seng Saison 2026-27 virgestallt. D'Valerija Berdi beschwätzt de Programm mam Direkter Tom Leick-Burns.

Lyt til podcasten Kultur i Replaio

Radio og podcasts i én app - gratis og uden tilmelding. Installer i dag, og gå ikke glip af lanceringen

Hent den på Google Play

Replaio er ikke podcastudgiver; programmernes navne, coverbilleder og lyd tilhører deres ophavsmænd og distribueres via offentlige RSS-feeds.