Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)

Vill am Kapp

„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen. Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis (souwuel Elteren, wéi och Kanner a Jugendlecher) a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn. Egal ob s du selwer betraff bass, berufflech domat ze dinn hues oder einfach nëmme virwëtzeg bass – hei bass du richteg.

Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.cc-cejhp.lu

Autor

Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)

Categorie

Education

Site-ul podcastului

www.cc-cejhp.lu

Cel mai nou episod

30 oct. 2026

Unde asculți?

Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curând

Podcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor

Descarcă din Google Play Instalează gratuit Android 10 mil.+ descărcări · nota 4,7+ iOS în curând

Episoade

Héichbegabung an ADHS (zesumme mam CDA) 30.10.2026

E Kand ka séier denken an awer Saache vergiessen. Et ka vill Potenzial hunn an trotzdeem am Schoulalldag u seng Grenze kommen. Wat geschitt, wann Héichbegabung an ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit- / Hyperaktivitätsstörung) zesummekommen? An dëser Episod schwätze mir zesumme mam Miriam Hale vum CEJHP an dem Manuelle Schank vum CDA (Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria T...

Héichbegabung a motoresch Entwécklung 07.07.2026

Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt. De Begrëff gëtt dacks benotzt, fir en Ënnerscheed zu neurodivergente Persounen ze maachen, zum Beispill bei Héichbegabung, Autismus oder ADHS – ouni dobäi eng Bewäertung oder Hierarchie aus...

Underachievement 07.04.2026

An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld. Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklär...

Em wat geet et bei "Vill am Kapp"? 13.02.2026

Teaser

Wat bedeit Héichbegabung? 13.02.2026

An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis....

Ascultă podcastul Vill am Kapp în Replaio

Radio și podcasturi într-o singură aplicație - gratuit și fără înregistrare. Instaleaz-o azi și nu rata lansarea

Descarcă din Google Play

Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice