Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)

Vill am Kapp

„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen. Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis (souwuel Elteren, wéi och Kanner a Jugendlecher) a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn. Egal ob s du selwer betraff bass, berufflech domat ze dinn hues oder einfach nëmme virwëtzeg bass – hei bass du richteg.

Auteur

Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)

Catégorie

Education

Site du podcast

www.cc-cejhp.lu

Dernier épisode

7 juil. 2026

Où écouter ?

Les podcasts dans l'appli Replaio Radio Bientôt disponible

Les podcasts arrivent très bientôt dans l'appli. Installe-la dès maintenant et découvre en avant-première une toute nouvelle façon de vivre les podcasts

Télécharger sur Google Play Installe-la gratuitement Android 5 M+ de téléchargements · note de 4,8 iOS bientôt

Épisodes

Héichbegabung a motoresch Entwécklung 07.07.2026

Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt. De Begrëff gëtt dacks benotzt, fir en Ënnerscheed zu neurodivergente Persounen ze maachen, zum Beispill bei Héichbegabung, Autismus oder ADHS – ouni dobäi eng Bewäertung oder Hierarchie aus...

Underachievement 07.04.2026

An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld. Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklär...

Em wat geet et bei "Vill am Kapp"? 13.02.2026

Teaser

Wat bedeit Héichbegabung? 13.02.2026

An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis....

Écoute le podcast Vill am Kapp sur Replaio

La radio et les podcasts dans une seule appli - gratuite, sans inscription. Installe-la dès aujourd'hui et ne rate pas le lancement

Télécharger sur Google Play

Replaio n'est pas éditeur de podcasts ; les noms des émissions, les visuels et l'audio appartiennent à leurs auteurs et sont diffusés via des flux RSS publics