komma
Still loading...
Real talk about life in-between. Cheryl and Laure share stories, doubts, struggles, and firsts (mainly in Luxembourgish) — from school, jobs, and relationships to dreams and decisions. Join them every two weeks for a mix of humor, honesty, and relatable moments.
Auteur
komma
Catégorie
Site du podcast
Dernier épisode
8 juil. 2026
Où écouter ?
Les podcasts dans l'appli Replaio Radio Bientôt disponibleLes podcasts arrivent très bientôt dans l'appli. Installe-la dès maintenant et découvre en avant-première une toute nouvelle façon de vivre les podcasts
Épisodes
#16 - "Mir gouf meng Identitéit wechgeholl" ft.Thuto 08.07.2026 51:46
Wat mécht ee wann dat eegent Liewen op den Erwaardunge vun anere Leit opbaut, an een d’Gefill huet, net fräi ze sinn? Fir den Thuto war scho fréi kloer, hie wëll säin eegene Wee schreiwen - och wann dat net deen Einfachsten ass: et soll säi sinn! Vun Adoptioun, Fortlafen, Therapie an dem Wonsch no Fräiheet an Identitéit – an dëser Episod erzielt de Konscht-Schüler dem Cheryl an dem Laure seng Gesc...
#15 - “du bass ni prett fir e Kand” ft. Nadia 10.06.2026 54:12
D’Laure huet mol rem eng Etüd dobäi an déi beseet,dass den Duerchschnëttsalter an deem Fraen zu Lëtzebuerg Kanner kréie bei 31,4 Joer läit. D’Nadia passt net an déi Statistik: hatt huet säi Jong mat 25 krut. Haut ass hatt, wéi d’Cheryl géif soen, “Entrepreneur-baddie a Single mom” a verréit firwat hatt dankbar ass, dass säi Liewen net där “typescher” timeline no gelaf ass. Mee wat ass schonn types...
#14 - "Am falsche Kierper gebuer" ft. Elias 20.05.2026 42:43
“Ech dierf net aus der Roll falen”, “ech muss mech der Gesellschaft upassen fir derzouzegehéieren”, “ech soll esou si wéi anerer dat vu mir erwaarden” – dat sinn alles Gedanken, déi den Elias Dag fir Dag hat. Bis hie realiséiert huet, dass et SÄI Liewen, an NET dat vun Aneren, ass an hien et dowéinst och genee esou liewe sollt wéi hien dat wëll: als Mann! Den Elias war "am falsche Kierper" gebuer....
#13 - vum Spidol an de Studio ft. Michelle Barthel 29.04.2026 45:20
Radio ass linear — d’Liewe vun de Leit, déi een op Antenn héiert, net onbedéngt. D’Michelle Barthel huet fir Infirmière anesthésiste geléiert an am Beruff geschafft, bis et sech agestoe misst, dass dee Wee et net méi erfëllt. Tatsaach ass, dass d’Michelle eppes mat Passioun maache muss, soss klappt et net. “ D’Tatsaach ” ass och den Numm vun enger Zeitung, déi hatt schonn als Kand wollt opmaachen....
#12 - Raus aus der Comfort zone ft. Luca 15.04.2026 43:23
En impressionanten CV, ee royale Wonsch a ganz vill Passioun fir Makeup - dat ass de Luca De Michele, fir deen d'Cheryl an d'Laure an dëser Episod vu Still loading... ganz vill Froen haten. D'Theme waren divers, villäicht méi divers wéi d'Modelbranche zu Paräis? Nieft Abléck an de Beruff Makeup artist a firwat, deen ëmmer nach ënnerschat gëtt, ass et awer och ëm perséinlech Erfarungen a Gedankecha...
#11 - Raum anhuele ft. Ceci 01.04.2026 47:46
“Ceci wat méchs du am Fong?” – Eng Fro, déi d’Cecilia Said Vieira als Freelancerin, Content Creatorin an Aktivistin méi oft ze héiere kritt an op déi och d’Cheryl an d’Laure eng Äntwert wollten. A kruten! Started from MSN, now we here – An dëser Episod vu Still loading... erzielt d’Ceci wéi a wou alles ugefaangen huet, fir wéi eng Zort vun Entreprisen hatt ni méi géif schaffen a firwat seng Meenu...
#10 - "Juckt" ft. argentdifficile 18.03.2026 49:05
Ass dem Philippe, besser bekannt als argentdifficile, wierklech alles egal oder ass ëm näischt egal? Dat wollten d'Cheryl an d'Laure an dëser Episod vu Still loading... wëssen an hu sech den TikToker an Englesch-Proff an déi 10ten Episod vum Podcast agelueden. Geyapped gouf iwwer Frisbee-skills, vegan Ernärung, d'Social media-secret sauce an d'Balance tëscht Education.lu an Influencer-Dasein. Ob d...
#9 - Gecancelt wéinst Comic Sans MS? ft. Yannick 04.03.2026 56:27
Yaya oder Yannick? Grafiker, Podcaster oder Social-Media-Personality? De Punkt op den i setzen oder sech upassen? Villäicht schléisst dat eent dat anert jo guer net aus, villäicht brauch ee guer keng Nische, just déi richteg tools am Liewen. Vun Diagnosen, verpasste Chancen, neien Dreem, Selbstvertrauen an dem richtegen Ëmfeld – an dëser Episod léieren d’Cheryl an d’Laure eng ganz Rëtsch u Facette...
#8 - “Et mussen onangeneem Froe gestallt ginn” ft. Laurent 18.02.2026 45:38
De Laurent ass oppen, mécht gäre Wuertspiller an en ass frëndlech, mengt e mol. Zum Schluss vun der Episod kënnen d’Laure an d’Cheryl dat dann och confirméieren, dat an de Fakt, dass seng Behënnerung zwar en Thema ass, ma hiennach laang net ausmécht. Esou erkläert sech dann och firwat et e bëssen dauert ier déi Dräi op déi offiziell Bezeechnung vum Laurent senger Aschränkung ze schwätze kommen a w...
#7 - "d'Liewen ass e Puzzel" ft. Amii Watson 04.02.2026 50:19
Weniger labern mehr machen, ganz no deem Motto huet d'Amii Watson a sengem Liewe scho ganz vill ausprobéiert: vu Fashion-Blog bis eng eege Kleedermark, vu Grafikdesign bis YouTube-Channel. Do huet hatt aktuell iwwer 800.000 Subscribers mam Projet Flavour Trip, deen et zesumme mat sengem Frënd dem Jimmy, lancéiert huet. Firwat grad dësen, vun allen hiren Iddien, esou gutt funktionéiert erkläert hat...
#6 - Sektiounen ofschafen?! ft. Miss B. 21.01.2026 1:00:07
Jiddereen huet eng Meenung zum Schoulsystème, mee elo mol ganz konkret: wéi gesi Leit aus dem Secteur dat eigentlech – wat ass still loading bei education.lu, wat misst een änneren a wat leeft gutt? Wärend d’Cheryl am franséische Schoulsystème war a sechfreet firwat eng G och mol als Poubellsklass bezeechent gëtt, huet d’Laure vun Dag 1 un de Parcours matgemaach, en Deel dovun och mat der Miss B....
#5 - irrational Entscheedunge ft. Christian 08.01.2026 43:40
Ganz genee ze wësse wat ee säi Liewe laang wëll schaffen, ass guer net esou evident. Déi meescht decidéiere sech iergendwann fir eppes a bleiwen dann dobäi. Anerer traue sech awer och hir Weeër ëmmer nees nei ze denken an zu där zweeter Kategorie, gehéiert definitiv de Christian. Vum Wonsch en Handwierk ze léieren, iwwer den Droit-Studium, bis an d'Welt vun den Immobilien an zu engem eegene Fitnes...
#4 - neit Joer, nei Virsätz?! 24.12.2025 32:07
Wat bleift eigentlech vun eisen Neijoersvirsätz iwwreg, wann d’Joer bal eriwwer ass? An ass et normal, dass d’Liewen sech méi no enger Achterbunn wéi no engem Vision board ufillt? An dëser Episod sëtzen d’Cheryl an d’Laure sech eng leschte Kéier fir dëst Joer zesummen a kucken zeréck op 2025: op déi grouss Ziler, déi kleng Erfolleger, d’Pläng, déi net ganz opgaange sinn – an op dat, wat se dobäi i...
#3 - staying sane in your 20s 10.12.2025 30:13
Deen een Dag sëtz de nach un dengen Hausaufgaben, den Nächste muss de scho wësse wat s de fir de Recht vun dengem Liewe wëlls maachen - an den 20er verännert sech esou vill, wéi soll een do roueg bleiwen a sech net permanent mat anere vergläichen? Genee doriwwer schwätzen d'Laure an d'Cheryl an der neister Episod vu Still loading... Vu Screen time reduzéieren, d'Hannerfroe vun Influenc...
#2 - "et muss méi gekrasch ginn" ft. Krick 26.11.2025 35:20
Wat mécht ee wann ee säi Liewe laang op eppes hi geschafft huet an een da mierkt "dat ass et net"? Iwwer déi Erkenntnis an alles wat duerno kënnt schwätzen d'Cheryl an d'Laure mat der Sängerin Krick. Wéi d'Laure hat d'Krick net ëmmer déi beschten Zäit an der Schoul, wéi d'Cheryl huet d'Krick deen Job opgi fir deen et esou laang geléiert huet a wéi déi Zwee zesumme...
#1 - Frëndschaften 12.11.2025 27:38
D'Laure an d'Cheryl si keng Frëndinnen, nach net! Si léiere sech an dësem Podcast kennen a wat wär e bessert Thema fir déi éischt Episod wéi "Frëndschaften". Séier gëtt hinne bewosst wéi ënnerschiddlech si sinn - wärend d'Cheryl sech freet wéi et nei Leit ka kenne léieren, ouni ze vill physical touch a Kommunikatioun, freet d'Laure sech wéi et säin daily hug vu senge Frëndinne ka kréien, lo wou et...
Trailer - Still loading... 10.11.2025 2:34
D'Cheryl a Laure am real talk mode ☝️ Anekdoten, struggles, Humor, villäicht e puer Tipps a ganz vill "omg same"!! Däi Liewen ass och still loading? Da kanns du zu 100% mat deenen Zwee relaten - all zweeten Donneschdeg schwätze si iwwer alles wat si am Alldag beschäftegt. 👉 Wat genee dat ass erkläre si iech scho mol am Trailer a wéi et da viru geet, dat fanne se Episod fir Episod mat iech zesumme...
Podcasts similaires
Replaio n'est pas éditeur de podcasts ; les noms des émissions, les visuels et l'audio appartiennent à leurs auteurs et sont diffusés via des flux RSS publics