Shade
SPIRITUALITEIT riicht eraus
Deen éischten an eenzegen lëtzebuerger Podcast iwwer Spiritualitéit. Spiritualitéit, wou Licht und Liebe dee selwechten Waert hun wéi Schied, Zefriddenheet, Rou, Nuecht, Yin a Yang. Esoterik, déi buedemstänneg betruecht gëtt an déi och e kriteschen Bléck op den Fakt zouléisst, firwat së oft nët escht geholl gëttEn Podcast deen weist, wéi alles verbonnen ass an wéi vill Saachen, déi nët sichtbar sinn, trotzdem an eiser Welt interagéieren.-------------------Fir Froen en Feedback kënnt Der mëch gären kontaktéieren:https://www.facebook.com/groups/metacompass
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.facebook.com
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Spirituellt Erwächen: Etappen, Ego a falsch Erwaardungen 20.11.2026 36:19
Spirituellt Erwächen gëtt dacks als eng Reiefolleg vu festen Etappe beschriwwen. Mee wéi hëllefräich sinn esou Modeller wierklech? Dës Episod hannerfreet Checklëschte fir Erliichtung, d'Iddi vun enger néideger Liewenskris an de Kampf géint den Ego. Et geet ëm Identitéit, Authentizitéit an d'Integratioun vu verdrängten Undeeler – mat engem kritesche Bléck op spirituellt Konkurrenzdenken a mat Plaz...
Trigger 07.11.2026 12:35
Trigger a wéi mir domat ëmginn, stinn am Mëttelpunkt vun dëser Episod. Et geet ëm emotional Reaktiounen, perséinlech Grenzen an d'Fro, wéini den Ausdrock «Du bass getriggert» benotzt gëtt, fir Verantwortung ofzeginn. E kritesche Bléck op spirituell Hierarchien, bewosst Provokatioun an de Widdersproch tëscht der eegener Intuitioun vertrauen an déi eege Gefiller a Fro stellen.
Wann mer vun Zäit schwetzen 09.10.2026 15:24
Zäit ass näischt, wat een fënnt, wann een en Tirang opmecht. An wann et éischter eng Fro vun Prioritéit ass anstatt vun Zäit
Verstoen Verständnis Toleranz 04.10.2026 21:10
Vill Wieder ginn ganz bewosst an eng Schinn gedréckt, fir d'Menschen am Onbewossten an hierem Emgang ze manipuléieren.
Akasha 29.09.2026 18:47
An der New-Age-Esoterik gëtt vill vun der Akasha-Chronik geschwat. Hei e Bléck drop, wann een Akasha erem méi no um Ursprong vun dem Wuert betruecht.
Wat Froen mat eiser Realitéit maachen 24.09.2026 18:32
Mer ginn geléiert Froen ze beäntweren, mee net, wéi een se stellt, an wat se bewierken wann se wirklech den Sujet upaken. Hei eng kleng Reess iwwert den Tellerrand vun eiser Realitéitszopp eraus.
Verzeihen 19.09.2026 17:03
Oft heescht et, fir ze heelen, muss een enger anerer Persoun verzeihen. Hei mol erem en anere Bléck op dëst Thema.
Kommunikatioun: Jugementer 14.09.2026 29:23
Oft gebrauchen mer an eiser Kommunikatioun Waerter, déi dann e Jugement mat erabrengen, deen zu enger ongesonder Kommunikatioiun féiere kann. Hei maachen ech en Tour duerch déi Aspekter an wéi dat vun béiden Säiten kann ausgesinn.
Tarot Mythen 09.09.2026 54:21
Iwwert d'Joren begéinen engem ëmmer mol Spréch an Virurteeler wat Tarot betrëfft. Hei hunn ech 22 Mythen (interessant: sou vill Mythen wéi grouss Arcana ;) ) erausgesicht an erkläert. Wann Der zu engem Thema weider Detailler oder en Video wëllt hunn, oder wann Der nach en Mythe hudd, deen Der erkläert wëllt hunn, sot w.e.g. bescheed. 1. Zertificat oder Initiatioun 2. Nëmmen 1 Deck 3. Dat éischt De...
Label 'Ego' 04.09.2026 13:37
Hei eng Erklärung, firwat d'Verurteelung vum Ego op Dauer nët gesond ass.
Non Dualitéit 30.08.2026 15:05
Non-Dualitéit an 'alles as een an mer sinn just Illusioun' gëtt oft mateneen gedroen, an kann eng Art Programméierungsfehler an sëch droen. Duerch en anere Bléck probéieren ech, dat Ganzt mol ze nuancéieren.
Begleeder an professionnel Ethik 25.08.2026 41:09
Nodeems ech mat engem Thema (Stellprozesser) eng Lawine lassgeléist hunn, wou verschidde Leit fonnt hun, meng Argumenter lapidar ofzewimmelen an Geforen nët besonnesch eescht ze huelen, wollt ech allgemeng d'Thema fir déi Leit opsetzen, déi sëch gären mat energeteschen Techniken begleede loosse wëllen an nët onbedingt wëssen wourop se beim Begleeder oppasse kënnen. Hei fannt Der Beispiller, Argume...
An d'Liicht féieren 20.08.2026 17:50
Oft erklären Leit, déi energetesch schaffen, dass se Verstuerwener an d'Luucht schécken. Dat ass nët emmer esou, wéi sie sech dat virstellen an daerf och hannerfrot ginn. Ech erwähnen den Michael J. Roads am Podcast. Dobäi schwetzen ech vun folgendem Buch: "Journey into Oneness": https://www.amazon.com/-/de/dp/1942497067/ref=tmm_pap_swatch_0
Pygmalion Effekt 15.08.2026 11:48
Wat maachen eis Erwaardungen mam Client?
Léieren 10.08.2026 16:13
¨Wat kënnen Vir- an Nodeeler sinn, mat engem Lehrer oder mat engem Buch ze léieren? Fir Froen, weider Informatiounen an Rendezvousen: https://www.facebook.com/groups/metacompass
The Fool's path 05.08.2026 27:29
Eng Leeung, déi sëch no Joren an e Buch verwandetl huet, kann haut als Begleeder fir eng Reess an sech selwer ugewendt ginn: - Erklärungen zu engem anere Bléckwenkel op d'Kaarten - Dynamik tëschend den Kaarten - Aner Techniken, fir d'Leeung mat engem aneren Vokabular kënnen ze verstoen an besser anzesetzen. Bei Interesse kënnt Der Iech bei mer mellen an/oder d'Buch kafen: https://www.facebook.com/...
Wéi kann eng Sëtzung ausgesinn 01.08.2026 14:19
Eng Sëtzung huet verschidde Punkten, déi interessant kënne sinn, fir een deen sëch dofir interesséiert. Déi fannt Der hei am Podcast erkläert.
Metaphysesch Beroderin 28.07.2026 15:45
Heimat wëll ech Iech en Abléck driwwer gin, em wat et sech handelt, an woumat ech schaffen.
Karma 23.07.2026 17:35
Déi westlech Versioun vun Karma ass wéi villes chrëschtlech ugehaucht. Wat bleiwt iwwreg, wann een ënnert déi Schichten kuckt.
Spirituell Kabbeleien 18.07.2026 13:40
An der Episode 45 hunn ech d'Thema ugeschwat, sëch fir 'spirituell' Aarbeschten bezuelen ze loossen. Hei gräifen ech d'Thema nach eng Kéier op, well et zimmlich onspirituell Usiichten bei Leit eropbruecht huet.
Stellprozesser 13.07.2026 32:59
Stellprozesser ginn an der Welt vun der New-Age-Esoterik an der Pop-Psychologie ganz héisch gehalen. Iwwer Geforen an Konsequenzen gët manner geschwat.
Coaching an enger anerer Siicht 06.07.2026 19:41
Coaching ass eng wichteg Technik fir dass vill Leit Problemer léise kënnen. Mee aner Aspekter sollten nët ausser Uecht gelooss ginn, wéi d'Fro: Ween sinn ech, fir dass ech de Problem un éischter Stell hunn?
Den Schleier teschend den Welten 01.07.2026 9:04
an wann een éischter vun Frequenzen schwetze géif?
Meditatioun: E Ritual oder en Bewosstsäinszoustand 10.11.2025 9:09
Ganz no dem Ausdrock: Meditatioun ass méi wéi Dosëtzen an näischt maachen
Tarot En aneren Bléck op verschidden Kaarten 27.10.2025 20:52
Wat Schiedaarbecht mam Däiwel ze dinn huet an mat den Kaarte mëcht Den Tarot gëtt hei aus sengem chrëschtlechen Kostüm erausgeholl
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice