Shade
SPIRITUALITEIT riicht eraus
Deen éischten an eenzegen lëtzebuerger Podcast iwwer Spiritualitéit. Spiritualitéit, wou Licht und Liebe dee selwechten Waert hun wéi Schied, Zefriddenheet, Rou, Nuecht, Yin a Yang. Esoterik, déi buedemstänneg betruecht gëtt an déi och e kriteschen Bléck op den Fakt zouléisst, firwat së oft nët escht geholl gëttEn Podcast deen weist, wéi alles verbonnen ass an wéi vill Saachen, déi nët sichtbar sinn, trotzdem an eiser Welt interagéieren.-------------------Fir Froen en Feedback kënnt Der mëch gären kontaktéieren:https://www.facebook.com/groups/metacompass
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
Coaching an enger anerer Siicht 06.07.2026 19:41
Coaching ass eng wichteg Technik fir dass vill Leit Problemer léise kënnen. Mee aner Aspekter sollten nët ausser Uecht gelooss ginn, wéi d'Fro: Ween sinn ech, fir dass ech de Problem un éischter Stell hunn?
Den Schleier teschend den Welten 01.07.2026 9:04
an wann een éischter vun Frequenzen schwetze géif?
Meditatioun: E Ritual oder en Bewosstsäinszoustand 10.11.2025 9:09
Ganz no dem Ausdrock: Meditatioun ass méi wéi Dosëtzen an näischt maachen
Tarot En aneren Bléck op verschidden Kaarten 27.10.2025 20:52
Wat Schiedaarbecht mam Däiwel ze dinn huet an mat den Kaarte mëcht Den Tarot gëtt hei aus sengem chrëschtlechen Kostüm erausgeholl
Jiu Gong Ming Li - Taoistesch Numerologie 20.10.2025 13:47
Wat sinn d'Ennerscheeder vun der östlescher op déi westlech Numerologie Wat ass mat der taoistescher Numerologie alles machbar
Wat huet Eidel mat Taoismus ze dinn 13.10.2025 13:49
Wann Taoismus d'Entwecklung vun Wieder erkläert.
En Ableck an mäin Sigillenbuch 28.09.2025 18:02
Ech wëll Iech heimat mäi Buch virstellen, wat sëch mat Sigillen befaasst. Et handelt sëch hei nët em eng Art "Dictionnaire" mat virgefaerdegten Sigillen, mee em e Buch wou Schratt fir Schratt erkläert gëtt, wéi Der Är eegen perséinlech Sigillen kënnt opbauen. Kafen kënnt Der et bei BOD: https://buchshop.bod.de/sigillen-maz-bour-9783695195909
Taoismus am Ganzen an eisen Import 26.05.2025 34:45
Meng nächst Etapp huet mëch an eng Déiwt gefouert, déi ech schonn laang hei an eise Richtungen gesicht hunn, an d'Ganzheet vun engem ursprenglechen Taoismus weist mër nët nëmmen, dass et nach vill ze léiere gëtt, mee weist och genau d'Lacunen vun dem Groussdeel vun eisen esotereschen Systemer op.
AI an der Esoterik 19.05.2025 12:16
An tëschenzäit ass AI en emstriddent Thema an der Esoterik, besonnesch wat Tarot betrëfft. Interessanterweis brëngt se awer och aner Schwaachpunkten zum VirschàIn déi honnertprozentesch menschgemaach sinn
Ethik an e Bléck op an fir Clienten 29.03.2025 40:01
Leider gëtt et um metaphyseschen an esotereschen Beräich keng festgelueten Déontologie wat dozou féiert, dass nët gewährleistet ka ginn, dass e Client och propper beroden ka ginn. Hei mol en klengen Tour, deen och engem Aussenstehenden d'Poblematik méi no brengt.
Gatekeeping 17.07.2024 16:26
Et ass en heikelt Thema ob mer d'Informatioune zu esotereschen an spirituellen Themen jidderengem sollen zur Verfügung stellen oder ob eng gewessen Grenz noutwendeg och, och wann mer dann als 'Gatekeeper' beschelltegt ginn.
Dualitéit 14.07.2024 11:28
En klengen Rondgang duerch d'Thema Dualitéit an Polaritéit an all den Nuancen dotëschend ---- #Dualitéit
Bescheidenheet 11.07.2024 15:53
Bescheidenheet gëtt als Waert an villen esotereschen extrem héisch gehalen, sou héisch, dass wann een sëch realistesch betruechten wëll, dat als Arroganz ofgestempelt gëtt. Wéi gesäit et also wierklech mat der Dychotomie aus [Fir Froen, weider Informatiounen an Rendezvousen:](https://www.facebook.com/Persathene) [Fir Austausch mat aneren Interesséierten, op der éischter spiritueller Facebooksäit v...
Léift 09.07.2024 19:00
Hei eng Invitatioun, Léift aus der Iddi vun Gefill an Emotiounen erauszehuelen. _____________ [Fir Froen, weider Informatiounen an Rendezvousen:](https://www.facebook.com/Persathene) [Fir Austausch mat aneren Interesséierten, op der éischter spiritueller Facebooksäit vun Lëtzebuerg:](https://www.facebook.com/groups/luxpagan)
Glécklech sinn 06.07.2024 15:49
Och an der spiritueller Welt ginn et der vill, déi mam Glécklechsinn haderen, déi eng, well se dodran keen Waert un sech fannen an Leed iwweruednen, déi aner, well se nët kënne wëssen, wat se sichen. --------------------- [Fir Froen, weider Informatiounen an Rendezvousen:](https://www.facebook.com/Persathene) [Fir Austausch mat aneren Interesséierten, op der éischter spiritueller Facebooksäit vun...
Gudd an schlecht Mënschen 04.07.2024 13:09
Kann een 'gudd' an 'schlecht' wierklech sou kategoriséieren wéi mer dat maachen?
Schold an Responsabilitéit 01.07.2024 15:21
E Bléck drop, dass Responsabilitéit eis och eis Macht erem gëtt
2 Grondregelen 29.06.2024 8:47
2 Grondregelen déi ech gären jidderengem op de Wee ginn, an och firwat Bleiw bei Der Jugéier d'Situatioun ,nët d'Persoun
Dreem, en éischten Usaz 28.06.2024 11:23
Vill Leit probéieren onbedingt sëch un Dreem ze erenneren, mee op dat wierklech emmer néideg ass, dat wëll ech hei kuerz klaeren.
Paranormal Fähegkeeten 24.06.2024 23:04
Wou setzen mer eis mat Normen Grenzen anstatt erauszefannen wat nach méiglech ass #paranormal
Meditativen Zoustand 21.06.2024 11:25
E meditativen Zoustand kann een iwwerall hunn an währenddem eppes aaneschtes maachen. Dëst kann invitéieren, sëch domat auseneen ze setzen, wann een un sëch keng Zäit huet ;)
Vun Talismanen an Sigillen 19.06.2024 21:13
Hei maachen ech eng Kéier den Tour duerch d'Thema Talisman, Amulett, Sigill an Binderunen
Fastfood Esoterik and Luxusesoterik 17.06.2024 17:08
Och am esotereschen an spirituellen fënnt een Leit déi gemäss eiser heuteger Gesellschaft funktionieren. Entweder wëllen se alles direkt oder si mengen, well si méi bezuelen wieren se coh qualitativ besser bedingt. Wéi gesäit et awer wierklech aus?
Genetik an Epigenetik 15.06.2024 16:20
Leider gët an der New-Age-Richtung den DNA Test dofir gebraucht, sëch hervirzehiwen, well een déi gewënschten Ofstaamung huet. Dass dëst allerdéngs nëmmen minim eng Roll spillt zu dem wat mer an d'Welt erausdréit, hunn déi mansten dovun um Schiirm
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet