Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: sexpodcast.ara.lu

Autor

Méi wéi Sex

Categorie

Health

Site-ul podcastului

sexpodcast.ara.lu

Cel mai nou episod

30 oct. 2026

Unde asculți?

Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curând

Podcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor

Descarcă din Google Play Instalează gratuit Android aproape 10 mil. descărcări · nota 4,8 iOS în curând

Episoade

#200: Behind the scenes — 200 mol Méi Wéi Sex 30.10.2026

Méi Wéi Sex feiert säin 200 Episoden Jubiläum a säi bestoen säit 2018! Zu deem Ulass beschwätzen Kelly an Joël als dienst-älteste Memberen vum Team d'Geschicht vu Méi Wéi Sex a ginn an Abléck hannert d Kulissen: wéi décidéieren mir amfong eis Themen, wéi huele mir op, a wat geschitt nom Ophuelen? Mir hunn dann och gezielt wee vum aktuellen Team wéi oft mat dabäi war - an a wéienge Konstellatiounen...

Aktualitéit: Wéi steet et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg 23.10.2026

Déi éischt Ëmfro iwwert sexuell an affektiv Gesondheet zu Lëtzebuerg gëtt eis endlech Zuelen zu wichtegen Theme wéi Queerness, Verhütung, sexuell Bildung, sexualiséiert Gewalt, a nach vill méi. 2.371 Persounen iwwer 18 Joer goufe befrot. D’Studie soll et erméiglechen, d’Problemer a Bedierfnisser an dësem Beräich besser ze verstoen a nei Interventiounen ze entwéckelen déi un d’Realitéit um Terrain...

#199 Op sech eleng gestallt – Sexualitéit virun der éischte Kéier 16.10.2026

Schonn iert mir déi éischte Kéier mat enger anerer Persoun Sex hunn, hu mir eng Sexualitéit. D*e Robin an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi déi Zäit fir si ausgesinn huet: Dat bedeit engersäits Masturbatiounstipps aus der Bravo, Pornoen an Hentaien mat Kolleg*innen kucken an erotesche Begéinunge mat Uebst a Geméis, mä anerersäits awer och eng Zäit vun Allengsinn a Verlaangeren, déi n...

Rubrik –  Eng gutt Fro: Masturbéieren ech ze vill? 09.10.2026

Ech gi moies wakereg, a muss gläich an d’Schoul oder op d’Schaff. Mee e puer Minutte vir séier nach ze masturbéieren hunn ech vläit nach.  Et ass 10 Auer Paus. Séier op d’Toilette masturbéieren.  Mëttesstonn? Grad eppes giess, a lo nach Zäit vir ee Kaffie? Nee, de skippen ech léiwer a rubbele mer nach een.  Ze vill? Ze oft?  Dorëm geet et an dëser Rubrik. 

#198: Voll dobäi oder voll dernieft? – Sex a (keen) Alkohol 02.10.2026

Egal ob een*t selwer drénkt oder net, Alkohol ass e feste Bestanddeel vun eiser Feier- a Rausgokultur. Den Afloss vun dësem Rauschmëttel op eis sozial Dynamiken ass dobäi net ze ënnerschätzen. An der Episod erzielen den Elie, d'Ella a Robin iwwer hire Erfahrungen mat Alkohol - souwuel mat drénken wéi och mat niichter sinn. Si ginn drop an, wéi Alkohol eis Sexualitéit verännere kann, an wourop een*...

Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen 25.09.2026

An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together") huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi's du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt! Weiderféierend: – Beispi...

#197: Vu Myspace zu Tiktok – Éischt Social Media Notzungen 18.09.2026

Ob een*t lo mat myspace oder Tiktok grouss ginn ass, den Internet bleift den Internet - a Social Media e grousse Bestanddeel vum Liewe vu ville Leit. De Joël an den Elie diskutéieren an dëser Episod, wéi sech sozial Medien an hire Liefzäite verännert hunn, a wéi eng Risiken an Avantagen déi selwecht bliwwe sinn. A natierlech gi si och op déi géigewäerteg Diskussiounen zum potentielle Social Media...

#196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun 10.07.2026

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar. De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruati...

#195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit) 26.06.2026

Mir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medik...

#194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat? 12.06.2026

Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo ...

#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen 29.05.2026

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung e...

#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben 15.05.2026

Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Se...

#191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten 01.05.2026

Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme...

Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3) 17.04.2026

Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen? Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to...

#189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren? 03.04.2026

Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir...

#188: Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet 20.03.2026

Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt  Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statist...

#187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng 06.03.2026

D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser...

#186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen 20.02.2026

Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesu...

#185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun 06.02.2026

Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfar...

#184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2) 23.01.2026

Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con ? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Defi...

#183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn 09.01.2026

Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach...

#182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen 26.12.2025

D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwu...

#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech 12.12.2025

Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et  vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter...

#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten 28.11.2025

Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser...

#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1) 14.11.2025

Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus! Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „...

Ascultă podcastul Méi wéi Sex în Replaio

Radio și podcasturi într-o singură aplicație - gratuit și fără înregistrare. Instaleaz-o azi și nu rata lansarea

Descarcă din Google Play

Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice