Lëtzebuerger Journal
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: de-journal-kaffisdesch.podigee.io
Autor
Lëtzebuerger Journal
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
13 aug. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
#5 Wat bedeit d'Pride fir dech? 13.08.2026 32:44
Am Joer 1999 gouf et fir déi éischte Kéier eng Pride zu Lëtzebuerg. Ugefaang huet alles ganz bescheiden, mat e puer Informatiounsstänn op der Place des Capucins ënnert dem Numm Gaymat. Haut schwätzt ee vun der Luxembourg Pride, an déi ass e konterbont Groussevent, mat enger Marche, Musek, Kënschtler*innen a virun allem och enger grousser, lieweger Community, déi gutt gelaunt duerch d'Stroossen bës...
#4 Traditiounen an enger polariséierter Welt 17.06.2026 22:08
All Joer kommen um Päischtdënnschden ongeféier 20.000 Leit zu Iechternach zesummen fir ze sprangen. D'Sprangpressessioun, déi säit 2010 am Patrimoine culturel immatériel de l'humanité vun der Unesco steet, ass en Danz, deen déi Gleeweg maachen, fir net krank ze ginn, esou den Alain Atten, pensionéierten Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller. Als jonke Bouf ass den Alain Atten nach matgesprongen...
#3 E Buttek an der Stad 02.10.2025 34:30
D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt. A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg". Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commericale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet...
#2 Demokratie fréi léieren 28.08.2025 33:00
Wat wier, wann eis Kanner un der Muecht wieren? D'Äntwert heescht Mini-Lënster. Eng Kannerspillstad an der Jongen a Meedercher tëscht 6 an 13 Joer an enger fiktiver Stad mat demokratescher Struktur Rollespiller spillen. Se gi schaffen, erliewe wirtschaftlech Prinzippien a gi wielen… fir d'Annabelle Fisch, wat déi zwou Wochen als Buergermeeschtesch ofgeschloss huet. Parallel start Jonglënster dëst...
#1 Kaf lokal 13.06.2025 31:35
Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt....
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice