Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Buvette - De Fussballpodcast
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.eldo.lu
Autor
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
7 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
#69 Nëmme Gezwitscher 22.03.2022 30:50
Eng Episod nëmme Gezwitscher. Wärend ee vun deenen 3 aus der Buvette Vakanz mécht, ginn déi aner zwee wei gewinnt hirem Job no. Nierwend Krämpercher vum Ben an engem gehalenen Eelefmeter vum Dylan, hunn déi zwee sech och nach dem Béierbecher zu Bochum gewidmet a verroden, wei een am Lëtzebuerger Fussball déi eng oder aner Wett gewanne kéint. Ganz besonnesch an der Folleg: D´Definitioun vun enger B...
#68 Come backer 15.03.2022 27:54
Beim Ben gëtt et Zäit, nei Schlappen auszepaken an den Dylan huet mat der TuS en Derby ënnert Flutlicht virun sech! An der Bundesliga dierf de legendäre Quälix seng Qualitéiten da lo beim Big City Club ënner Beweis stellen a Leverkusen muss eng batter Pell schlécken. A wärend de Messi a PSG doheem ausgepaff gëtt, hat de Ronaldo en Weekend, wei een sech en besser net hätt kéinte virstellen.
#67 Biwer Baal 08.03.2022 35:15
Eng nei Woch an der Buvette heescht e weidere laangen an onnéidegen Text, dee souwisou kee Mënsch duerchliest. Et fält warscheinlech guer net op, dass et hei ganz a guer net em de Fussball geet, mee just dorëm, d'Zeilen ze fëllen, fir dass et op Spotify net sou eidel ausgesäit. A wann et iergendeen tatsächlech bis heihinner gepackt huet a sech freet, wat der Däiwel dat hei soll, da schwätzen d'Jon...
#66 Mir brauchen en neien Kepa 01.03.2022 26:09
De Progrès ass rëm do wou mer en gär hätten an d'Preparatioun vun TuS Königsdorf geet mam Rosenmontag op en Enn. Karneval war de Weekend och am Kölner Keller, wou de VAR méi wei ee Mol als Jeck ënnerwee war, sou dass dem Max Kruse wéi och der beléifter Hertha vu Berlin net no Konfetti war. An da freet een sech an der Buvette, wéi et sech als Kepa ufillt, extra fir d'Eelefmeterschéissen agewiesselt...
#65 Lëfteg Affär 22.02.2022 28:15
Den zukünftege Snowboardlehrer ass nees do a soumat ass d'Buvette och rëm komplett. Fussballmatcher kennen heiansdo laang ginn, mee dat ass fir de Progrès grad sou gutt. Laang gëtt och deen oder anere Ball, wann een d'Rechnung ouni déi lëfteg Konditioune mécht, wei een dat de Weekend um Käerjenger Dribbel feststelle konnt. An wann Sonndes an der Bundesliga méi Goler fale wei Samschdes mëttes, da w...
#64 Schwarzgeld 15.02.2022 30:15
Et ass roueg! Dat läit éischtens dorun, dass deen Drëtten aus der Buvette nach ëmmer feelt an zweetens, dass am internationale Fussball net vill lass war, wouriwwer een sech déifgrënneg ënnerhale misst. Dofir war et dës Woch eng éischter labber Affär, mat ënner anerem engem Thema aus dem Amateurfussball, wat virun allem an Däitschland mëttlerweil e grousse Problem ass.
#63 Schwammmeeschter gesicht 09.02.2022 31:38
Dës Woch läit et rëm um Duo Ben a Gilles, well den Dylan d'Schipisten onsécher mécht an de Wee an d'Buvette net packt. Wärenddeem huet d'BGL-Ligue nees ugefaangen, och wann se op verschidde Plazen direkt rëm ënnergeet. An Däitschland war et en turbulente Weekend mat zwee Toppmatcher, engem Trainer, deen an der Stuff hin an hier sprengt an engem Lëtzebuerger Duell an der 2. Liga. An schliisslech ge...
#62 Kee Fussball, kee Probleem 01.02.2022 36:18
Kee Fussball, kee Probleem. An der Buvette vergeet d'Zäit och ouni dass den Weekend Lännermatcher waren oder an de Championnater gespillt gouf. Sou war eng jett um Transfertmarché lass, eng Doku op Netflix stoung um Programm an et huet ee souguer Zäit fonnt, iwwert aner Sportaarten ze schwätzen.
#61 Mir versti just Chineesesch 25.01.2022 30:09
D'Fussballwoch huet mat enger verréckter däitscher Coupe ugefaangen an hält mat chineesesche Paräis Tricoten op. Dotëscht ploen sech de Ben an den Dylan duerch d'Virbereedung, an der 2. Liga gëtt et neien Dramduo an em den Afrika-Cup ass et bësse méi roueg ginn. Mee vill Leit wäerten sech elo och froen, firwat nächste Weekend net gespillt gëtt.
#60 Do kann een sech froen, firwat? 18.01.2022 38:25
Eng ganz geckeg Episod mam Ben op der Äispist, dem Dylan, deen de Gabor Kirali imitéiert an de Gilles, deen eng oder déi aner ganz intressant Story vum Afrika-Cup matbréngt. Dann hunn déi zwee Knupperten aus der Bundesliga rëm geliwwert, an England ass den Zuch fir dem Tuchel seng Equipe fort an a Spuenien spillen déi eng e Match iwwert zwee Deeg, wärend déi aner souguer op engem anere Kontinent s...
#59 Kee Stil, just Goler! 11.01.2022 32:19
D'Buvette späert seng Diere fir 2022 op an och den Dylan ass rëm mat u Bord! Wärend d'Preparatiounen zu Nidderkuer a Königsdorf rëm uginn, geet et an der Bundesliga weider, wou Bayern souwuel mat Gladbach wei och mam Covid ze kämpfen huet. Dee Problem gesäit een och an England, wou d'Matcher entweder ganz ofgesot ginn, oder mat vollen Tribüne gespillt ginn. An dann dierfe mir op dem Gilles seng Aa...
#58 Déifferdenger Chrëschtmaart zu Wolz 14.12.2021 32:20
Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d’Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d’BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng ne...
#57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt? 07.12.2021 34:06
De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft.....
#56 De Ballon d‘Or knapps verpasst 30.11.2021 33:11
De Ballon d’Or ass gewielt, och wann de Ben de Weekend nach eng Kéier alles gemaach huet fir do e Wuert mat ze schwätzen. Wärenddeem setzt den Dylan weiderhin a Quarantän, de Gilles ass op Studierees an endlech gouf et mol rëm eng Bundesliga Samschdes Mëttes Konferenz, déi Spaass gemaach huet. A Portugal wees een net op et net awer Kreisliga war a wann ee mengt et hätt een alles gesinn, da muss ee...
#55 Skipper geht von Bord 23.11.2021 36:23
Eng turbulent Woch, an där et definitiv net langweileg ginn ass... Quarantän, Beaujolais mat Kéis a wichteg Punkte stinn déi Kéier ganz uewen op der Lëscht. Mee domat laang net genuch: an England raumt den Ole Gunnar mat frëndlecher Hëllef vun eisem beléiften Harry da lo awer säi Büro, a Frankräich sinn alt rëm Fläsche geflunn an an der Ukrain ass den Oli Thill guer net méi ze halen.
#54 Lännermatchvakanz 16.11.2021 32:33
Zum Ofschloss vun der WM-Qualifikatioun goufen et vun eise Roude Léiwen 3 Auswäertspunkten zu Baku an den éischte Match an engem ausverkaafte Léiwen-Park. De Gerson Rodrigues huet gezaubert, de Seba Thill trëfft monter weider an de Ralph Schon hat méi Grënn sech dëser Deeg ze freeën. An wat fir déi meescht eng Lännermatchpaus ass, ass fir de Ben ganz einfach Vakanz.
#53 Gänsehaut 09.11.2021 33:34
Zu Rodange gouf Bëton gemëscht an den Dylan huet e weidere Kreisligamatch am CV stoen. Am internationale Fussball huet de Gilles eng logesch Erklärung fir déi Dortmunder Resultater dem Ament an et schéngt, wéi wann den däitsche Meeschter scho rëm feststeet. Op der Insel ass Manchester scho rëm blo, an awer setzt den Ole Gunnar Solskjaer nach um Stull, och wann dat wuel just un engem gewëssene Rona...
#52 D'Brausepiraten 02.11.2021 32:55
Den Dylan huet säi Gebuertsdagsweekend richteg genoss, de Gilles huet sech och näischt entgoe gelooss an de Ben konnt mat sengem Eelefmeter dozou bäidroen, dass de Progrès de Swift vun Hesper aus der Coupe geheit. Deemno war et eng gelonge Woch mat intressante Resultater a Matcher an engem Iwwerraschungscadeau fir de Brausepirat Dylan.
#51 De Mo an der Telefonskabinn 26.10.2021 34:04
Nei Woch, nei Episod. De Ben a säi Progrès huelen 3 Punkten an enger weiderhi spannender BGL-Ligue mat, wärend den Dylan mat TUS Königsdorf op enger laanger Auswährtsfahrt déi éischte Kéier an dëser Saison keng 3 Punkte mathëlt. An der Bundesliga ass géint Bayern kee Kraut gewuess, egal wéi en Trainer op der Säitelinn steet. Highlight vum Weekend war awer den Toppmatch an England, dee méi wéi däit...
#50 Ee Scheich mécht der 100 19.10.2021 35:07
Gëllen Hochzäit an der Buvette! An der Jubiläumsepisod ass et no de Lännermatcher rëm Zäit ginn, an eng spannend BGL-Ligue ze kucken, an eng Bundesliga déi éischter wéineg Spannung versprécht an eng Premier League, déi ee Scheich-Club méi huet. An déi Euphorie zu Newcastle stéisst an der Buvette op wéineg Begeeschterung.
#49 Nations ween? 12.10.2021 30:30
Et war eng vun deene ganz rouege Wochen, well ausser eise Roude Léiwen, déi bëssen onglécklech géint d’Serbe verluer hunn, stoung just nach d’Nations League um Programm, déi deen een oder anere souwisou scho vergiess hat. Fir de Recht war an der Fussballwelt net vill lass, wat et de Jongen an der Buvette erméiglecht huet, bësse méi ronderëm de Bräi ze schwätzen. An dat kennen se gutt.
#48 Vun der Méimaschinn op den Troun 05.10.2021 34:34
Dës Woch gëtt et just een Thema an dat ass eise Seba Thill, dee Lëtzebuerger Fussballgeschicht schreift. Net nëmme kennt elo d'ganz Welt säi Numm, mee am Bernabeu sinn se och d'Spannennetzer lass. A well dat nach net genuch ass, huet säi Brudder Oli zwou Buden um Weekend zum Beschte ginn.
#47 Deen hat scho Giel 28.09.2021 31:27
Mir erliewen eng spannend BGL-Ligue Saison, wou gefillt jiddereen e Wuert em déi éischt Platze matzeschwätzen huet. An der Bundesliga sinn et rëm déi Dortmunder, déi dem Gilles Suerge maachen, och wann eng Arbitterdécisioun groussen Undeel dorun huet. A wann de Ronaldo den nächsten Eelefmeter schéisst, dierft dem Bruno Fernandes säi Ball dann och mëttlerweil ukomm sinn. Zu gudder Lescht steet rëm...
#46 Harmonesch ënnerwee 21.09.2021 34:30
Et harmonéiert an der Buvette, wat och doru läit, dass ee vun dem aneren, Woch fir Woch, léiert! Deck Loft gëtt et awer dogéint zu Käerjeng, och wann et alles anescht wéi schlecht leeft. A wärend zu Bremen de Mitchell Weiser um Terrain fir Gespréich suergt, mécht den Tim Wiese et uewen an der Buvette.
#45 No XXL kënnt Lukaku 14.09.2021 35:02
D'Lännermatcher sinn eriwwer an d'Spiller dierfen zréck bei hier Veräiner, och wann deen een oder aneren en Ëmwee maache muss. Wärend d'Bundesliga mat sengen net all ze spannende Samschdes-Mëttes Konferenze kämpft, huet d'Premier League rëm hier Attraktivitéit bewisen: de CR7 mellt sech, wéi och anescht, mat Goler zeréck a fir de Big Rom mussen se deemnächst vläicht nei Gréissten definéieren. Mee...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice