Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Buvette - De Fussballpodcast
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.eldo.lu
Autor
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
7 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
#44 Éischt 3 Punkten am Léiwen-Park 07.09.2021 32:20
Wärend den Dylan den Zenit vu senger Karriär erreecht huet, hat de Gilles d'Méiglechkeet, de neie Stadion beim Match géint Aserbaidschan ënnert d'Lupp ze huelen. Net nëmme konnt Lëtzebuerg komplett verdéngt 3 Punkten huelen, mee et ass och héich Zäit ginn, de legendäre Josy Barthel hannert sech ze loossen, well den "Léiwen-Park" huet alles, fir zum Hexekessel ze ginn, wann en mol bis voll ass. A w...
#43 Vu Buvette zu Buvette 31.08.2021 33:53
Et ass déi éischte Kéier, dass déi 3 aus der Buvette beienee sinn an ophuelen an zesumme schaffen si en Weekend op, bei deem et vun enger an déi aner Buvette gaangen ass. Sou stoung den nationale Fussball des Kéier am Virdergrond, och wann et international virun allem den Transfert vum Ronaldo war, dee bëssen aus dem näischt koum an iwwerrascht huet. An dann ass d’Virfreed op d’Lännermatcher des W...
#42 Ahoi Kapitän 24.08.2021 29:04
Ahoi ass d'Motto vun dëser Episod. De Kapitän Gilles mëllt sech live aus Sardinie vum Boot fir dem Ben a Dylan hir Victoiren ze kommentéieren. Ausser engem Platzstuerm zu Nice, engem Eelefmeter mat zwee Bäll a Schalker Konstanz, hunn d Jongen hir üblech Liblingstheme behandelt.
#41 Kreisligalegende 17.08.2021 37:08
Den Dylan lieft säin Dram a feiert säin Debut an der Kreisliga, de Ben verlaangt sech um Terrain alles of an de Gilles genéisst dat Ganzt vu baussen. Sou hat jiddereen op seng Aart a Weis en intressante Weekend mat vill Fussball, well nieft der Bundesliga, déi scho rëm mat engem VAR-Skandal an d’Saison start, huet och d’Premier League an d’spuenesch Liga ouni Messi ugefaangen. Ausserdeem sinn och...
#40 Waasserball um Progrès 10.08.2021 33:44
D’Buvette geet an déi zweet Saison an endlech leeft et rëm wéi een et gewinnt ass: Leit op den Tribünen, Béier an der Buvette a Wurschten um Grill. Zu Nidderkuer gouf méi Waasser- wéi Fussball gespillt a soumat hat de Ben leider e kuerzen Optrëtt um éischte Spilldag an der BGL-Ligue. An Däitschland start d’Saison dann sou richteg mam DFB-Pokal a genau sou wéi verschidde Bundesligiste Problemer hat...
# Den EM-Special aus der Buvette! (2) 14.07.2021 32:38
D’Europameeschterschaft ass dann och elo eriwwer an d’Jongen aus der Buvette gratuléieren dem wuel verdéngte Gewënner aus Italien, zéien e Bilan vum Tournoi a kucke mat engem Aen an déi nächst Saison.
# Den EM-Special aus der Buvette! (1) 22.06.2021 37:50
Den EM-Special aus der Buvette! D’Stëmmung ass mëttlerweil do, an dat läit och virun allem un den Zuschauer, déi rëm erlaabt sinn. Gefierften Hoer, en absolutte Schock-Moment, ongewéinlech Pressekonferenzen, Iwwerraschungen an Enttäuschungen, langweileg ass déi EM definitiv net. Déi 3 Hobby-Experte Ben, Dylan a Gilles si rëm do an huelen déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp a kucke wat bis elo sou ges...
#39 Duuscht an alle Ligaen 25.05.2021 31:44
Buvette déi lescht! Mir schléissen dës Saison mat enger Episod of, wou mer dem Ben säi Gol feieren an hien seng Equipe domat an der Course em déi 4. Plaz hält. Dat bedeit een oder deen anere Cageot fir hien an dat ass wuel d’Stéchwuert bei ganz ville Veräiner an deene verschiddene Ligaen an Europa, vu Championne wéi Lille oder Atletico iwwert Qualifikatioune vun Union Berlin bis zu Opsteiger wéi H...
#38 Extas zu München 18.05.2021 36:14
Dës Woch war et eng Buvette Late-Night-Show well de Gilles zu München ënnerwee war an eng Stad am Ausnamezoustand virfënnt. An et huet een d’Gefill, et gëtt manner iwwert d’Meeschterschaft geschwat wéi iwwert de Golrekord, wou d’Meenungen an der Buvette ausernee ginn. Eng perfekt Dortmunder Woch bréngt dann awer och Froe souwuel iwwert den aktuelle wéi och iwwert den zukünftegen Trainer op. Dramat...
# 37 Drama Baby Drama! 11.05.2021 36:59
Dramatesch spannend bleift et! An der BGL-Ligue, wou d’Fola d’Dier fir Diddeleng an Hesper nach eng Kéier opmécht an de Progrès a Racing sech weider em déi 4. Plaz streiden. A Spuenien, wou keen an den direkten Dueller vun den éischte 4 gewënnt. An zu gudder Lescht an Däitschland, wou net nëmmen an der 1. Liga géint den Ofstig gekämpft gëtt, mee wou virun allem an de Ligen ënnendrënner de Bam bren...
# 36 Rapp a Klapp 04.05.2021 34:09
Et huet gerabbelt de Weekend, an dat leider net nëmmen am Filet. Ob an der BGL-Ligue, an der Ligue 1 oder an der Premier League, an der Kabinn, um Terrain oder virum Stadion, et war quasi alles derbäi. Wat de sportlechen Deel ugeet, bleift et hei zu Lëtzebuerg weiderhi spannend an an Däitschland kënnt et an der Coupe zur erwaarte Final. An fir déi, déi net wësse wat se déi nächst Deeg kucke sollen...
# 35 Ticket wannechgelift! 27.04.2021 35:10
Se war sou séier fort, wéi se komm ass: d’Super League wäert et net ginn. De Problem awer bleift, well d’Reform vun der Champions League ass net wierklech besser, woumat mer rëm bei de Kolleege vun der UEFA wieren. Wéi gutt dass et d’BGL-Ligue gëtt, wou een dierf gespaant sinn, wien de leschten Ticket fir déi europäesch Plaze krit. Wat Ticketen ugeet, kennt sech de Ben spéitstens no dëser Episod,...
# 34 Super onnéideg 20.04.2021 34:59
Et ass eng Noriicht, déi engem als Fan just nach d’Flemm andreift an dofir gëtt an der Buvette och kee Blat virun de Mond geholl. D’Super League wäert de Fussball, wéi mir en kennen, zerstéieren an och wann et nach vill oppe Froe ginn, gouf eng éischt awer relativ kloer Analys gemaach. Dowéinst ass de ganze Recht aus dëser Fussballwoch och bësse vernoléissegt ginn, ausser dass en Lëtzebuerger d’Su...
# 33 Trauzeuge Sascha 13.04.2021 29:44
Quasi vum Terrain an d’Buvette virun de Mikro an domat nach voller Emotiounen, hellt de Ben eis rëm mat an d’BGL-Ligue. An der Bundesliga schéisst de Leandro Barreiro en Gol fir seng Faarwen, dee méi wichteg net kéint sinn an et freet een sech, wou säi Wee nach hiféiert. A wéi enger Hisiicht den Dylan d’Formel 1 léiwer huet wéi de Fussball a wéi eng zwee Spiller en Dramduo am Stuerm géife bilden,...
#32 Dylan mat der Schuffl 08.04.2021 33:06
Eis Rout Léiwe gi no engem excellente Match géint d’Portugise leider net belount. Dofir awer de Gerson Rodrigues, dee fir déi éischte Kéier am ‘Team of the Week’ lant. De Bundesliga Spilldag war absolut fir d’Kaz a fir de Recht war et eng Episod, déi vu méi oder manner gescheite Kommentaren a Gesabbels gelieft huet, dat mat engem Dylan, deen an Topform war.
# 31 Punkten um Compte 30.03.2021 31:45
En Weekend wéi een sech en virstellt: De Ben freet sech iwwert 3 Punkte mam Progrès an eis Rout Léiwe gewanne sensationell zu Dublin! Eng komplett verdéngte Victoire léist hoffen op méi, och wann lo keen anere Géigner wei Portugal am Josy ob si waart, mat engem Ronaldo, deen seng Roserei well rausloossen. An der Buvette versteet awer och keen, firwat et net an all Stadion Torlinientechnik gëtt a s...
# 30 Nach eemol Josy fir de Chrescht 23.03.2021 38:43
An der BGL-Ligue ginn d’Matcher lo endlech live iwwerdroen, och wann dat nach net ganz ouni Problemer leeft. D’Lännermatcher kéinten historesch ginn, well et hofft een, déi 3 Thill-Bridder zesummen um Terrain ze gesinn an d’Chance stinn och guer net sou schlecht. Donieft huet de Ronaldo nach eng Kéier d’Chance, sech vun de Soundboxen an dem wonnerbare Wuess am Stade Josy Barthel ze iwwerzeegen. De...
# 29 De Norweger aus dem Labo 16.03.2021 37:01
Géint d’Fola vun Esch ass de Moment kee Kraut gewuess, mee och de Progrès bréngt sech lues awer sécher an eng komfortabel Tabelleregioun. An der Champions League schéisst een am Labo geziichten Norweger alles kuerz a kleng an och wann d’Resultat eppes anescht seet, war Barcelona net ouni Chance am Duell géint de franséische Meeschter aus dem Katar. An der Buvette gëtt dann awer och iwwert de Nofol...
# 28 Sheriff Sébastien 09.03.2021 38:47
An der BGL-Ligue gëtt et en neie Leader a beim Progrès hätt ee gär ob en Déjà-vu verzicht. De Start an de Bundesliga Weekend war zimmlech null, an dat louch net nëmmen um Resultat, mee dofir war et nieft dem däitsche Klassiker virun allem eng rout Kaart, déi fir ganz vill Diskussioune gesuergt huet. Dann hofft een an der Buvette ob e weidere Lëtzebuerger Spiller an der Bundesliga a bei Liverpool b...
# 27 Wettkönig Jochen 02.03.2021 39:59
Derby zu Nidderkuer! Zwee Punkten an der Nospillzäit verluer, mee ëmmerhi kann ee rëm duschen am Stade Jos Haupert. A wann iergendeen mengt, et kéint net schlëmmer kommen, da kennt Schalke a beweist engem de Géigendeel: gefillt den hallwe Staff gëtt entlooss an och an der Buvette feelen engem esou lues d’Wierder. Zu Bielefeld ass een dann zur Conclusioun komm, dass een net méi Meeschter ka ginn a...
# 26 De Ball dee rullt 23.02.2021 33:38
Et ass endlech souwäit: no éiwegem hin an hier rullt de Ball an der BGL-Ligue rëm! Fir de Progrès ass de Start alles anescht wei optimal verlaf, mee de Ben ass optimistesch wat déi nächst Wochen ugeet. An der Champions League wéi och an der Europa League léist de Reesbüro UEFA d’Equippen duerch ganz Europa fléien an et kann een sech d’Fro stellen, ob dat de richtege Wee ass. Wärend Frankfurt d’Bun...
# 25 Reus oder Rose - Haaptsaach Dortmund 16.02.2021 33:55
Eng Episode ënnert ongewinnten Ëmstänn, mee nach ëmmer kee Grond zur Opreegung. Dat gëllt fir verschidden Häre vum “Mir stinn iwwert allem”-FC Bayern definitiv net, well do keng Geleeënheet ausgelooss gëtt, sech (nach méi) onbeléift ze maachen an dat kréien se an der Buvette ze héieren. A wéi kéint et um Rosenmontag anescht sinn: de Gladbacher Trainer wiesselt zur neier Saison ob Dortmund. Iwwerha...
# 24 Erëm keng BGL Ligue 09.02.2021 37:59
Et soll einfach net sinn... De Ben mat sengem Progrès, wéi och de Recht vun der BGL Ligue, kennt einfach net an d’Rullen. “Et kéint ee mengen, et hätt iergendeen eppes géint de Lëtzebuerger Fussball”, soll en gewëssenen Här Rummenigge gesot hunn. Trotzdeem war international rëm vill lass, vu geckege Matcher am DFB Pokal, iwwer VAR-Chaos an der Bundesliga a rëm en Toppmatch an England, wouropshin d...
# 23 All 11 Sekonnen e Meter Béier 02.02.2021 35:35
D’Rolle sinn des Kéier kloer verdeelt: De Ben fillt sech prett fir d’BGL, den Dylan fuddelt am Online Training an de Gilles kuckt sech dat Ganzt vu baussen un a geet an där Zäit villäicht mat deenen Dortmunder Eelefmeter trainéieren. International war nawell eppes lass um Transfertmaart, och wann aus Lëtzebuerger Siicht näischt aus engem ganz geckege Wiessel ginn ass. Eng Noriicht aus Spuenien ass...
# 22 Tooor in Mainz 25.01.2021 31:51
Eng Nouvelle, déi engem Äerdbiewen entsprécht, schockéiert d’Fussballwelt: De Kevin Großkreutz, de Mann mat sou villen Talenter, hänkt seng Fussballschong un de Nol an d’Buvette erweist him déi lescht Éier. Vun engem Skandal an den aneren: Zu Gladbach gi well Geschichten em de Schwäizer Embolo ronderëm, wat do stemmt a wat net, bleift elo mol nach e Rätsel. Fir de Moment vun der Woch huet awer def...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice