Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Buvette - De Fussballpodcast
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.eldo.lu
Autor
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
7 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Episod 94 - De perfekte Weekend 15.11.2022 32:07
Wat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft.
Episod 93 - Schnell gaangen 08.11.2022 36:02
Et war rëm vill lass an der Fussballwelt. Den Dylan war zu Bielefeld, zu Mënster war dem Gilles säin Toppmatch an d'Champions League gouf ausgeloust. Ënnert anerem kruten de Ben, de Gilles an den Dylan eng hannert d'Läffelen well net genuch iwwer déi ënnescht Lige geschwat gëtt. Ma guer kee Problem.
Episod 92 - Wann ech den Mbappé wier 01.11.2022 29:44
Et ass eng bësse méi roueg Episod: déi Dräi aus der Buvette sinn e bësse midd, wat se awer net dovunner ofhale soll iwwert dat wichtegt Thema vum Weekend ze schwätzen. Wat war bei Königsdorf erëm lass? Wat géif de Ben maachen, wann en den Mbappé wier, a wéi geet een amfong richteg mam Video-Assistent Referee em? D'Buvette huet och dës Kéier erëm op all Fro eng Äntwert.
Episod 91- Wegbier Becks 25.10.2022 35:02
Et ass erëm Dënschden an et gëtt vill ze beschwätzen. Firwat huet de Benzema ëmmer e Verband gedroen? A wéi enger Liga spillt den Dylan do a firwat heeschen d'Bouwen amfong d'Bouwen? Ënnert anerem kucke ma erëm an d'Bundesliga wou dem Gilles seng Dortmunder nees gewonn hunn an an d'Zweet Liga wou den Terrence Boyd erëm fir Lautern geknipst huet.
Episod 90 - Peaky Blinders oder Sherlock Holmes? 18.10.2022 31:02
An dëser Episod schwätzen de Ben, de Gilles an den Dylan doriwwer, dass dat Duell "Haaland vs Van Dijk" éischter ausgesäit wéi wann e Croisières-Schëff géint en AirBus360 spillt. Ënnert anerem gouf et a Spuenien bei Barcelona e ganz besonneschen Trikot an den Dylan fänkt d'Episod als Eminem un.
Episod 89 - Do ass den Oli bal vum Stull gefall 11.10.2022 34:07
Den Dylan hat e wonnerbare Weekend zu Hamburg an de Gilles huet sech Samschdes zu Mainz blécke gelooss. Ënnert anerem erzielt eis de Ben firwat d'Spiller vu Wolfsburg an Augsburg haut alleguer schwaarz Zéiwen hunn. Wat u kengem laanscht gaangen ass, beschwätzen déi dräi och nach a kucke firwat den Oliver Kahn bal vum Stull gefall ass.
Episod 88: Dräi Këschten zu Wëntger 04.10.2022 33:52
Déi 88. Episod Buvette an et gëtt gebraddelt wéi ëmmer. De Gilles gëtt relativ gutt mam BVB verglach, de Ben erzielt vu senger Weltrees op Wëntger an den Dylan huet eng Erklärung firwat de Füllkrug net an der Nationalequipe spillt. Ënnert anerem erzielt den Dylan vu sengem Lautern-Ausflug an et gëtt sech d´Fro gestallt wéi krass den Erling Haaland iwwerhaapt ass.
Episod 87 - Lion King 27.09.2022 31:44
Et war Lännermatchpaus an trotzdeem gëtt et genuch ze zielen. De Ben an den Dylan hate fräi an hunn de Weekend genoss. De Gilles bréngt Gerüchter an d Gespréich an erzielt vu sengem Weekend zu München. Ënnert anerem gëtt de Gerson vun deenen dräi zum Lion King gekréint, op dem Pizarro säin Oofschlossmatch gekuckt an op e spezielle Podcast higewisen.
Episod 86 - Kung-Fu Panda 20.09.2022 32:16
An dëser Folg geet et nees "heiß hier". De Gilles huet net laang gebraucht fir ze wësse wiem säi Goal genau sou war wéi dem Haaland säin, den Dylan erkläert firwat den Neymar eng giel Kaart krut an de Ben faasst d'BGL Ligue ganz einfach zesummen. Ënnert anerem gëtt iwwer d'Bayern geschwat a firwat weder de Ben, nach den Dylan dëse Weekend gespillt hunn.
Episod 85 - Sponsor-Bingo 13.09.2022 38:38
An dëser Folg widmen de Ben, de Gilles an den Dylan sech dem Lëtzebuerger Fraefussball, et gëtt op dem Ben an dem Dylan säi Weekend gekuckt a weiderhin stellt sech d Fro wéini een dann elo Hänns päife kann. Ënnert anerem gi ganz geckeg Theesen opgestallt wat de Max Kruse dann no senger Karriäre mécht a firwat de Ben zu Nidderkuer ëmmer Sponsor-Bingo spillt.
Episod 84 - Wampe amplaz vu Sixpack 06.09.2022 32:18
00000126 00000126 00003BBC 00003BBC 00130492 00130492 00007E86 00007E86 00086C53 00086C53
Episod 83 - Schwalbe oder Vogel 30.08.2022 32:48
E Weekend fir d´Geschichtsbicher. De Ben gëtt mat giel rout vum Terrain geschéckt a verschidde Journalisten notzen dat natierlech fir en herrlecht Wuertspill. An dëser Episod schwätzen déi dräi och nach doriwwer, wei se de verréckte Match vu Kaiserslautern erlieft hunn a wat an der Bundesliga lass war. Ënnert anerem schéngt et sou wei wann déi dräi Loscht op e ganz bestëmmte Skandal hätten.
Episod 82: Geschnëtzeltes Crème Champignon 23.08.2022 34:16
Nodeems et lescht Woch Boulette gi sinn, dëschen d'Jongen aus der Buvette dës Kéier da mol nees eppes op, och wann et en zweete Versuch gebraucht huet. Ganz ongewinnt huelen déi Dräi des Kéier un engem Stéck op a braddele wei gewinnt iwwer de Weekend. Beim Dylan huet d'Saison ugefaange, de Ben war Kapitän an de Seba Thill bréngt lecker Flanken. Weidere Quatsch an dëser Episod.
Episod 81: Boulette Weekend 17.08.2022 34:10
Text: Dës Kéier treffen sech déi dräi aus der Buvette zu ganz ongewinnten Zäiten. Et ass zwar Feierdag zu Lëtzebuerg mee souvill gëtt et u sech net ze feieren... Goalkeeper déi eng Gaff maachen, Trainer, déi sech bal boxen a keng Punkten um Compte vum Ben. Ween ënnert der Woch e super Interview ginn huet beschwätzen déi Dräi och a schiele mat engem An op hier Kicker-Equipe.
Episod - 80 Merde, wou leeft da lo hei e Match? 09.08.2022 33:55
Wéi gewinnt gëtt an der Buvette erëm iwwer déi wichteg Theme geschwat. An der BGL Ligue rullt de Ball nämlech nees, d´Bundesliga huet och erëm ugefaangen, an an der zweeter Liga surft Lautern op enger Well. De Gilles an de Ben gi mëttlerweil och rëm a Stadiex Fussball kucken, wat dozou feiert mol déi eng oder aner prominent Persoun ze treffen. D´Fro ass nëmme wien.
Episod 79 - Zeréck an der Buvette 02.08.2022 30:25
No enger gefillten Éiwegkeet setzen de Gilles, de Ben an den Dylan rëm an der Buvette. D'EM vun den Damme gëtt Revue passéiere gelooss, de Ben schwäermt vun engem herrlechen Dag um Betze an de Gilles mécht op d´Kicker Managerspill opmierksam. E labbere Start an déi nei Saison Buvette.
Episod 78 - Teschnesche Grottekick 24.05.2022 36:54
Dei läscht Folg fir dës Saison an trotzdem eng ganz besonneg! Dei 3 aus der Buvette hu sech neemlech Gäscht agelueden fir op e ganz grousse Fussballsdaag opmierksam ze maachen! D'Missioun Grottekick an d FC Jeunesse Biwer sinn zu besuch an der Buvette a schwetze matt hinnen iwwer dei lescht Fussballswoch, an där zum Beispill d‘Hamburger Auer ass mee och firun allem fir op e besonnegen Daag anzelue...
Episod 77 - Granulat in der Ritze 18.05.2022 33:31
Den Dylan suergt alt nees fir eng Iwwerraschung a sengt eppes, et gëtt sech d´Fro gestallt ob den Duksch oder de Füllkrug vu Bremen méi drénkt an da fält dem Gilles nach op, dass den Dylan bal géint de Kevin Großkreutz gespillt hätt. Ënnert anerem gëtt gefillt all Opsteiger a Meeschter genannt a kräiz a queer duerch d Lige geflunn. Eng ganz well Folg.
Episod 76 - Blo-Wäisse Weekend 10.05.2022 37:16
Den Dylan ass Opsteiger a kënnt aus der Feierei net raus, den Immer freet sech rem op d‘Revier-Derby an de Ben zitt eng batter Niddkuer-Bilanz vun deene leschten 8 Matcher. Ënnert anerem kucke ma wie nach sou opgestigen ass, a froen eis op d‘Stad Sevilla prett ass fir den 18.05.2022.
Episod 75: De Magath dee Fuuss 03.05.2022 39:40
E Simon Terodde deem d‘Stëmmbänner gerass sinn, en Dylan dee beemol Zweekämpf gewennt an e Felix Magath, dee matt enger cleverer Aussoh fir déi nächst Bayern-Victoire suergt! Dat alles a nach weider Themen an der aktueller Folg.
Episod 74: Angry Birds 26.04.2022 32:16
Buvette, Episod 74: De Ben, de Gilles an den Dylan leeën de Fokus des Kéier méi op Lëtzebuerg an d'Bundesliga. En Davie Selke schéisst ee Goal a feiert zwee mol, d´Meeschterschaft vun de Bayern ass jidderengem egal an d'Mondorfer Angry Goats gi schnell mol mat engem bekannte Spill verwiesselt. Wat den Dylan e Samschdeg opgefouert huet a firwat de Ruhrpott sou schéin ass, an dëser Episod.
#73 Eeër, mir brauchen Eeër 19.04.2022 26:17
Et ass Ouschteren a ganz nom Motto "Eeër, mir brauchen Eeër" diskutéieren de Ben, Dylan a Gilles iwwert déi geckeg Woch an der Champions League, d'Frankfurter Invasioun zu Barcelona an dem Ben seng selwer ernannte schlechtste Prestatioun op engem Fussballterrain.
#72 3/3 Buvette 12.04.2022 37:27
D'Buvette ass endlech rëm komplett! De Gilles zielt vu senge Champions League Erliefnisser, dem Ben waart op den nächsten Zuch an den Dylan huet sech rëm erkritt, nodeems en flaach louch. Zu Berlin hat dem Felix Magath säin Interview méi Highlights wei seng Equipe wärend dem Match an an der Premier League gouf den absolutten Toppmatch gespillt.
#71 2/3 Buvette 05.04.2022 32:17
Zanter laangem erëm ee Stadionbesuch fir den Dylan, eng nei zukünfteg Nummer 1 beim Progres an e Gilles deen an der Aarbechtswelt ukomm ass. Dat alles a wei et bei de Bayern zum 12.Mann um Terrain koum, hu fir eng leschte Kéier nëmmen zwee vun deenen dräi aus der Buvette beschwat.
#70 Leben und leben lassen 29.03.2022 30:13
Mam Fussball hunn dei zwee sech de Weekend omfong net sou befaasst an trotzdem gouff et genuch ze beschwetzen. Wei kann een 8:0 verleieren, wat schreift de Werner sech fir Notizen op a mat wem huet de Gilles an de States eventuell e Patt gedronk?
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice