Primula House
Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast Authentesch. Éierlech. Heelsam. Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet. All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren. 🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen. Sou vill Léift no Baussen. 💫 — Däi Bonnie 🌸
Não deixe de visitar o site do podcast e apoiar quem o produz: www.buzzsprout.com
Autor
Primula House
Categoria
Site do podcast
Último episódio
1 de jul de 2026
Onde ouvir?
Podcasts no app Replaio Radio Em breveOs podcasts estão chegando ao app. Instale agora e seja o primeiro a descobrir um jeito totalmente novo de curtir podcasts
Episódios
#018 - Zweifel un da Hand an Zukunft am Bléck 10.09.2025 26:44
Haut schwätze maer iwert ais Zweifel an ais Ängscht. Oft ennerhuele maer déi neideg Schrëtt net well maer Angscht hunn. Wéi oft gi maer net vir ais well maer Zweifel hunn. An dëser Episode schwätze maer driwer wéis du awer vir dech kanns lass goen an wéis du muteg vir déng Dreem gees. Wéi ee kléngen mutegen Schratt kéins du haut machen - obwuels du Angscht hues? Mat ganz vill Léift. Dai Bonnie
#017 - D'Gebuert vu méngen 2 Haerzensjongen 23.07.2025 26:58
Ech zielen an dëser Folg wéi ech méng 2 Gebuerten erlieft hunn. Et sinn 2 total ennerscheedlech Experienzen. Zeitweis ginn ech bessi emotional. Ausschwätzen heelt an d'Emotiounen daerfen fleissen. Ganz eierlech an riit eraus. Ganz vill Léift. Dai Bonnie
#016 - Wann d'Gebuert zum Albdram gëtt (Interview mam Yeliz) 09.07.2025 41:56
Wann dee schéinste Moment zum schlemmste gëtt. Vun Trauma Gebuert op anal Inkontinenz op zréck an séng Kraft an d'Léift zum Liewen. Ee mega wertvollt an heelend Gespréich mam Yeliz. Hat deelt vir déi 1. Kéier séng Geschicht a brecht een Tabu. Ech feieren hat mat ganzem Haerz. Wanns du d'Yeliz wells kontaktéieren fenns du hat op Instagram ennert @letzbreathe.lu Ganz vill Heelung. Dai B...
#015 - Eng Mama gëtt gebuer (Interview mam Sarah Holtgen) 25.06.2025 1:04:42
Dës Episode schwätzen ech mam Sarah iwert d'Zeit no da Gebuert. Net nemmen de Bébé gëtt gebuer mee och d'Mama. Wéi wichteg ass sech op déi Zeit ze preparéieren an wéi kann ech dat machen? Wéi ennerstetzt mech eng Doula dobei? Wat sinn déi wichteg Punkten am Wochenbett vir dass alles zum Beschten vir d'Wuel vun da Mama & vum Kand oofleeft. Wéi wichteg ass aist Emfeld bei deem gan...
#014 - Kraftvoll Fra & Mama sinn (Interview mam Sarah Holtgen) 11.06.2025 1:02:43
Haut hunn ech d'Sarah am Interview an d'Sarah ass Mama an Doula an begleed d'Fraen an all de Phasen. Maer schwätzen iwert d'Schwangerschaft, Gebuert an alles wat an enger Mama sou virgeet während deser Phase. Vill Drock vu baussen an esou vill Informatiounen sinn zeitweis iwerstimuléierend an et huet een d'Gefill wéi wann een net Meeschter iwert alles ka ginn. Eng Doula a...
#013 - PMA & Reebouschwangerschaft (Interview mam Jennie) 28.05.2025 40:03
Haut hunn ech erem d'Jennie am Interview an des Kéier ass d'Thema PMA (Kënschtlech Befruchtung) & Reebouschwangerschaft. Ganz grouss Tabuthemen an aiser Gesellschaft nach an dovir extrem dankbar iwert déi Oppenheet a Vertrautheet déi maer am Gespréich hunn. Erem soen ech main Merci un d'Jennie vir sain Deelen vun sénger ganz privater Geschicht, sai ganze Parcours an da Kënschtle...
#012 - Liewen mat Endometriose (Interview mam Jennie) 14.05.2025 59:06
Haut hunn ech d'Jennie am Interview. D'Jennie ass Life Enpowerment Coach an et begleed Menschen, Séilen wéi hat seet, op hierem Wee emmer méi zou sech selwer. D'Jennie ass betraff vun da Endometriose an doriwer dréint sech dann och des Podcast Episode. Hat gett ais en Abléck an d'Diagnos Endometriose an wéi sain Alldag ausgeseit. Wéi beaflosst d'Endometriose séng Bezeihung...
#011 - La symptothermie (Interview mam Sara De Oliveira) 30.04.2025 38:20
Haut hunn ech erem d'Sara De Oliveira am Interview an haut schwätze maer ganz spezifesch iwert d'Symptothermie. D'Symptothermie ass eng Technik déi eemol als Contraceptioun déngt an op daer anerer Seit awer och ennerstetzend ass beim Wonsch Kanner ze kréien. Alles weideres ges du am Interview gewuer :) Fill dech ganz vill inspiréiert. Fals du d'Sara wells kontaktéieren mach da...
#010 - Vivre en harmonie avec notre cycle (Interview mam Sara De Oliveira) 16.04.2025 36:54
Haut schwätze maer iwert den wéiblechen Zyklus all séng Phasen. Am Interview hunn ech d'Sara De Oliveira, hat ass Enseignante am Franséichen, Conseillère en Naturopathie an Conseillère an da Symptothermie. Fals du d'Sara wells kontaktéieren kanns du hat op Instagram fannen ennert Nature_en_toi (Sara De Oliveira) oder du kanns hat ereechen ennert dem Nummer +352 691 957 221. Gëff gären da...
#009 - Männlech & Weiblech Energie 02.04.2025 26:01
Haut geet et em d'Thema Mann & Fra. Männlech & Weiblech Energie. Yin & Yang. Maer schwätzen bessi iwert d'Ennerscheeder vun deenen 2 Energien an wéi se sech ergänzen. Wéi geseit et mat da Fra aus an aiser patriarchalescher Welt? Wéi daerf ech lues a lues méi a Verbindung zu ménger weiblecher Energie kommen? Dat alles beschwätze maer :) Love & Light Dai Bonnie
#008 - Wat well mai Kierper maer soen? Ee kléngen Abléck an d'Psychosomatik 19.03.2025 27:06
Haut huelen ech dech mat a méng Welt ;) Maer schwätzen iwert d'Psychosomatik. Wat well dai Symptom daer soen? Maer wesse jo dass aise Kierper aise Frend ass an dovir wesse maer och dass all Symptom ee Message vir ais huet :) 2 Bicher déi ech daer an da Psychosomatik recommandéieren sinn am déitschen vum Christiane Beerlandt - Der Schlüssel zur Selbstbefreiung. Enzyklopädie der Psychosomatik....
#007 - Vergebung & endlech méi Lichtegkeet 05.03.2025 25:02
Hei ginn ech daer 2 Übungen un d'Hand wéis du dech vun toxesche Menschen, Situatiounen oder Undeeler vun daer selwer daerfs energetesch trennen. Du fenns am Strichmännchen-Technik Dokument genau wéi Virgoen an wéi dës Technik op dech uwenden. D'Technik ass vum Jacques Martel an net vum Jean wéi ech an da Folg soen ;) Hei fënns du d'Technik: https://drive.google.com/drive/folders/1r...
#006 - Virwat Werter festsetzen? 19.02.2025 21:58
De 15/3 organiséieren ech ee klénge Krees wou ech dech dobei begleeden déng Werter ze erkennen an festzesetzen an esou kloer vir dech anzestoen an déng Grenzen ze weisen. Et ass essentiell vir an dénger Stabilitéit ze stoen an an dénger Secherheet. Well wann ech eppes geléiert hunn dann ass et dass alles an ais selwer ze fannen ass :) Ech fréeë mech voll op dech :) Ganz vill Léift vir dech, Bonnie
#005 - Wat ass Herboristerie & Naturopathie 05.02.2025 16:26
An dëser Episode kris du de Métier vum Herboriste & Naturopath vum Benoît méi no bruecht. Hues du den Impuls hien ze kontaktéieren kanns du dat ganz gären machen enner contact@primulahouse.com Fill dech inspiréiert :)
#004 - 7 Übungen vir an déng Kraft zekommen 22.01.2025 18:07
Hei déi 7 Übungen vir méi an déng Kraft ze kommen. Vir méi an d'Verbindung zu daer selwer ze kommen: 1. Setz déng Intentiounen 2. Schutz ufroen 3. Aerdungsübung 4. Vertrauen! 5. Otem 6. Schréiw 3 Sachen op vir déis du haut dankbar bass. 3 Sachen déi daer gudd gelonge sinn. Am Nachhinein ass maer eng weider Übung agefall. 7. Lachen. Einfach lachen 🤪😂 Hoffen du zits vir dech wertvoll Momenter...
#003 - Mat staarke Gefiller emgoen 15.01.2025 16:04
D’Thema vun haut ass Emotiounen. Wat geschitt an aisem Kierper bei starke Gefiller an virwat kommen déi emmer erem? Wéi kanns du besser mat sou Gefiller emgoen? An wéi kann dat alles an Zukunft méi licht ginn? Ais Emotiounen sinn Deel vun ais a maer därfen léieren se unzehuelen an se an aisem Liewen wëllkomm ze heeschen. Schréiw maer an deel déng Themen mat maer 💞 Mat all ménger Léift 💖 Bonnie...
#002 - 7 Changementer déi ech ennerholl hunn vir méi an méng Kraft ze kommen 08.01.2025 13:15
Hei déi 7 Changementer déi ech ennerholl hunn vir méi an méng Kraft ze kommen 😊 100% Eierlechkeet zu maer selwer Commitment mat maer a méngem Liewen Méng Werter & Standarten festsetzen Doduech entstinn méng Grenzen Mech op Nr 1 machen an esou prioretiséieren Main Herz ganz opmachen Déi Aner si lossen an naischt forcéieren
#001 - De Primula House Podcast: Dai Podcast fir déng Gesondheet 26.12.2024 13:09
De Primula House Podcast ass dai Podcast vir déng Gesondheet. Dai Podcast vir an déng Kraft zekommen. Dai Podcast vir an d'Verbindung mat daer selwer zekommen an dénger Emwelt an aiser wonnerschéiner Natur 🌸 Maer beschwätzen ais Themen, ais Ängscht, ais Symptomer, ob allen Ebenen. Maer schwätzen iwert Planzen & Kréider & ais Ernährung 🌱 Wéi komme maer emmer méi an ais Kraft? Emmer m...
Podcasts parecidos
O Replaio não é o publicador dos podcasts; os nomes dos programas, as capas e o áudio pertencem aos seus autores e são distribuídos por feeds RSS públicos