Primula House

Zréck Zu Dir Podcast

Health DE ↓ 43 Folgen

🌿 Zréck Zu Dir Podcast Authentesch. Éierlech. Heelsam. Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.  All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren. 🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen. Sou vill Léift no Baussen. 💫  — Däi Bonnie 🌸

Autor

Primula House

Kategorie

Health

Podcast-Website

www.buzzsprout.com

Neueste Folge

1. Jul 2026

Wo hören?

Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbar

Podcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts

Bei Google Play herunterladen Kostenlos installieren Android 5 Mio.+ Downloads · Bewertung 4,8 iOS bald

Folgen

#036 - Iwwer Spiritualitéit, d'Liewen & sech selwer fannen (Interview mam Gilles Stahl) 01.07.2026

Haut hunn ech de Gilles Stahl bei mir am Zréck zu Dir Podcast. De Gilles huet schnell gemierkt, dass hien méi wéi aner Menschen wouer hellt an, dass do méi ass wéi nemmen dat wat mir mat eisen Aan gesinn. Hien erzielt sai Parcours an wéi hien Menschen begleed vir méi no bei sech selwer ze kommen. Mir schwätzen iwwert Spiritualitéit, iwwert d'Donkelseiten vun da Spiritualitéit, iwwert d'L...

Bonnie's Magic Moments - Mech voll a ganz weisen 15.05.2026
#035 - Am Chaos & Wandel - Hal dech selwer (Medi) 06.05.2026

Turbulent & transformatif Zeiten. Net nemme bei mir mee ech gesin bei ganz ville Léit vill Wandel. Genau dowéinst ass dës Folg kuez a knapp an ee Moment vir eis Kraft, eis selwer ze spieren. Wa mir emmer kléng Momenter vir eis huelen an eis Kraftmomenter eieren da kenne mir Chaos besser halen. Alles ass an dir. Du bass esou stark an ausdauerend. Komm hei an huel dir dain Auszeitsmoment vir kra...

#034 - Mech net verléieren an da Léift 22.04.2026

Mech net verléieren an da Léift D'Verbindung zu sech selwer halen och wann een aner Menschen ganz vill gären huet. Verbindung zu sech selwer halen a verbonne sinn mat dengem Geigeniwer. Ech quatschen an dëser Episode bessi iwwert al Muster, Attachment, Erwardungen, Werter & Grenzen a wat mir wichteg an enger Bezeihung ass. Partnerschaftlech Bezeihung, frëndschaftlech Bezeihungen an famili...

Bonnie's Magic Moments - Wann alles sech verännert 14.04.2026
#033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick) 08.04.2026

An dëser Episode hunn ech de Yannick Gaspar als Gascht am Zréck zu Dir Podcast a mir schwätzen iwwert ee wichtegt Thema - Suizid. De Yannick deelt seng perséinlech Geschicht vun déiwem Schmerz, ennere Kämpf an vun deene Momenter wou hien sech géint d’Liewen an dann awer vir d’Liewen entscheed huet. Mir schwätzen driwer, - wéi et sech ufillt wann alles zevill ass - wat an engem Mensch wirklech virg...

#032 - Virwat mir eis verléieren - A wéi Achtsamkeet eis zréck Heem feiert (Interview mam Nathalie Krier) 25.03.2026

Haut hunn ech d'Nathalie Krier am Gespréich a mir schwätzen doriwwer wéi mir méi déif a Verbindung mat eis selwer kenne kommen. Mir si gewinnt ze Rennen, ze Funktionéieren, ze Optiméieren an mir fillen eis getrennt. Oofgetrennt vun aisem Kierper, aise Gefiller, vum Moment. Virwat ass dat sou? Wéini hu mir dat esou décidéiert? A wéi fänke mir un nees Verbindung ze wielen? D'Nathalie an ec...

Bonnie's Magic Moments - Prayer vir Vertrauen & Wonner 16.03.2026
#031 - Vun Trauma, Angscht & Panikattacken (Interview mam Xenia) 11.03.2026

An dëser Episode hunn ech d’Xénia bei mir am Zréck zu Dir Podcast. Hat zielt ais vu sengem Trauma an d’Auswierkungen dorober. Wéi et verzweifelt géint seng Panikattacke gekämpft huet an sech emmer méi aus dem Liewen zréckgezunn huet. Wat war den Dréipunkt wou d’Xénia Stop gesot huet? Wéi geseit sain Heelungswee aus? Wéi geet et haut mat Herausfuerderungen em? Mir schwätzen iwwert Hoffnung, Heelung...

Bonnie's Magic Moments - Morning Prayer 09.03.2026
Bonnie's Magic Moments - Ech schwätzen. Ech sinn. Ech stinn. 02.03.2026
#030 - Liebessprochen an Familjen & am Alldag (Interview mam Fabienne) 25.02.2026

An dëser Episode hunn ech d'Fabienne Weber am Gespréich. Mir schwätzen iwwert d'Liebessprochen a wéi dës aist Familjeliewen, ais Partnerschaften an aisen Alldag beaflossen.  D'Fabienne ass Joffer & Familiencoach a begleed Familjen zréck an d'Verbindung. Dorëms geet et an d'Verbindung ze goen an genau nozelauschteren. Ais selwer an aisem Geigeniwwer. Dem Fabienne sai Ko...

Bonnie's Magic Moments - Du bass Licht 17.02.2026
#029 - De Wee aus da Häuslecher Gewalt (Interview mam Isabelle) 11.02.2026

Triggeralarm Dës Episode kann bereieren an eppes ausleisen. D'Isabelle erzielt vu senger Zeit wou et gefange war an den eegene 4 Wänn. Am permanenten Alarmzoustand an an da Angscht déi nächst Schlei ze kréien. Gewalt am Alldag. Gewalt als Normalzoustand. D'Isabelle huet de Wee aus dëser Gewalt fonnt an huet een immense Mut op dësem Wee entwéckelt. Eng grouss Léift zum Liewen an zu sech s...

Bonnie‘s Magic Moments - Wiel Vertrauen 05.02.2026

Bonnie’s Magic Moments ass dai Raum vir Wonner ✨ Dai Raum vir dech & mech. Ee Moment Verbindung. Erënneren. Ech deelen hei mat dir kuerz Impulser, Ding Dongs, Gebieder, Affirmatiounen an alles wat an d’Welt well. Kléng Momenter vir zréck an d’Verbindung zu dir, zum Liewen, zur Magie vum Moment 💫 Momenter déi dech rem drun erënneren wous du wirklech wells hin an dir erlaben dech richteg ausze...

#028 - Dai Moien ass ee Portal - Wéis du bewosst an dain Dag starts 28.01.2026

An dëser Episode huelen ech dech mat a mai Moien :) Wéi mir aisen Dag starten entscheed wéi mir en erliewen. De Moien ass en Iwwergangsraum, tëscht Dram a Realitéit, tëscht Ennerbewosstsinn an Alldag. An dëser Episode schwätzen ech driwer, - virwat déi Ausrichtung Moies so kraftvoll ass - wat et verännert sech Moies bewosst auszerichten - wat d'Bieden mat deem ganzen ze dinn huet a virwat et...

#027 - Entdeck däin ënnere Schatz 14.01.2026

Dech gëtt et nemmen eemol genau sou wéi mir hei sinn. An du dréis eng eenzegarteg Medizin an dir. Deng ganz eegen Medizin. Ech sinn iwwerzeegt, dass all Mensch seng eegen Medizin dréit an d'Welt huet se esou neideg. Wanns du mat dir an dengem hellege Raum verbonne bass hues du Accès op deng ganz Schöpferkraft an verbenns dech mat denger Medizin a kanns se raus an d'Welt droen. An dëser E...

#026 - Jubiläumsfolg 1 Joër Zréck zu Dir Podcast 31.12.2025

Mir feieren 1 Joër Zréck zu Dir Podcast :) 1 Joër voller Geschichten, Verbindung, Heelung, Mut a Wuesstum. Merci dass du hei bass an dëse Podcast lieweg mes. Merci un all Mensch deen a méngem Raum séng Geschicht gedeelt huet. Deen sech ausgeschwat huet. Deen gedeelt huet. Merci Merci Merci. Main Haerz danzt an ech sinn erfëllt. Ech wënsche mir vir dat nächst Joër dass dëse Raum weider wiist, nach...

#025 - Vun Trigger, Léift & Wuesstum - Mama-Sinn nei verstoen (Gespréich mam Michèle) 17.12.2025

An dëser aktueller Episode sinn ech am Gespréich mam Michèle Bloes. D'Michèle ass Fra a Mama a begleed aner Fraen a Mammen zréck an hier Kraft, an d'Verbindung zu sech selwer. Mir schwätzen zesummen iwwert Themen wéi: - Bedürfnisorienteiert Begleedung - Nerveregulatioun am Alldag - Trigger, al Glawenssätz & Konditionéierungen - wéi mir als Mama Heelung weiderginn - Virwat Verbindung...

#024 - Looss Lass & Wiel dech ganz (Meditatioun) 03.12.2025

An dëser Episode erward dech eng kléng Meditatioun déi dech erem bei dech selwer bréngt. Ee Moment mat dir vir an déng Rou & Entspanung ze kommen. Se leed dech dobei lass zelossen an dain Haerz opzemachen a ganz a Verbindung mat dir selwer ze kommen. Een hellege Moment. Geneiss dëse Moment mat dir. Wonnerschéin wéis du dir ee Moment vir dech hels. Ganz vill Léift. Dai Bonnie

#023 - Vun Alarm op Regulatioun (wéi geet et déngem Nervesystem?) 19.11.2025

An dëser Episode schwätzen ech ebessi iwwert d'Nervesystem Regulatioun. Vir mol an d'Bewosstsinn ze kommen an ze verstoen, dass aise Kierper eng Mémoire huet an ais kloer Signaler gëtt wat vir hien secher ass oder onsecher.  Vun all aisen vergangenen Erfahrungen huet aist Nervesystem eng Basis opgestallt wat secher an onsecher ass. An och wann dat vir aise Kapp verkéiert kléngt huet aist...

#022 - Tabuthema Stëllgebuert (Interview mam Méla & Joé) 05.11.2025

An dëser Episode schwätzen ech mam Méla & mam Joé iwert de Verloscht vun hierem Jong de Fynn. Si erzielen hier Geschicht, iwert Schmerz, Trauer an ganz vill Léift. Hiere Mut vir weider ze machen an sech nei ze entdecken an ee Licht vir aner Betraffener ze sinn. Wichteg Ulafstellen am Thema Deuil périnatal: 1. Stärekanner asbl 2. Eidel Ärm vun da Initiativ Liewensufank 3. Omega90 Dem Méla sai K...

#021 - D'Léift ass an ais selwer ze fannen (Interview mam Yannick) 22.10.2025

Haut schwätzen ech mam Yannick Gaspar iwert ais perséinlech Entwécklung. Ais individuell Perséinlechkeetsentwécklung. Wat waren d'Momenter déi ais gerëselt hunn, déi ais erwächt hunn? Wat huet ais geholef zou ais zekommen a wat heleft ais aktuell? Wéi si maer dozou komm zu ais selwer a Verbindung ze kommen? Wéi fänken ech un no maer ze kucken?  A virwat ass et wichteg iwerhaapt mol no Bannen...

#020 - Vun Ernährung zu Bewosstsinn: Eng Rees no bannen (Interview mam Fabrizio) 08.10.2025

Haut schwätzen ech mam Fabrizio Annicchiarico iwert gesond Iesssen, iwert bewoost Iessen, iwert Veganismus. Maer stellen ais d'Fro ass vegan automatesch gesond? Wat ass iwerhapt gesond Iessen? Wat ass wirklech nährend? Wéi wichteg ass mai Bewosstsinn an daer ganzer Iessensthematik? Dës Folg erweidert déng Perspektiv op een nährend Liewen. Du fenns de Fabrizio op Instagram ennert @fabrizioanni...

#019 - Daily Upgrade: Bewosst an d'Verännerung 24.09.2025

All Dag leeft et selwecht oof. All Dag hoffen op Besserung, op Changementer, op ee Wonner. Wat kanns du ab elo direkt machen vir an d'Verännerung ze kommen? Ee wichtegen Schlëssel ass - Dai Bewosstsinn. Wou kanns du mol méi Bewosstsinn an den Alldag bréngen? Ech ginn daer an dëser Episode puer Manéieren vir einfach mol méi an d'Bewosstsinn ze kommen an ze kucken wat iwerhaapt all Dag sou...

Höre den Podcast Zréck Zu Dir Podcast in Replaio

Radio und Podcasts in einer App - kostenlos und ohne Anmeldung. Installiere sie noch heute und verpasse den Start nicht

Bei Google Play herunterladen

Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet