Primula House

Zréck Zu Dir Podcast

Health DE ↓ 53 episodes

🌿 ZrĂ©ck Zu Dir Podcast Authentesch. Éierlech. Heelsam. Ech schafen e sĂ©chere Raum fir dĂ©if GesprĂ©icher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et Ă«m Wuesstem, DĂ©ift an Heelung. Mat HĂ€erz a mat Oppenheet.  All Episode ass eng Invitatioun, dech erĂ«m mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng StĂ«mm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren. 🎧 Fir MĂ«nschen, dĂ©i no Éierlechkeet, AuthentizitĂ©it a spiritueller DĂ©ift sichen. Sou vill LĂ©ift no Baussen. đŸ’«  — DĂ€i Bonnie 🌾

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.buzzsprout.com

Author

Primula House

Category

Health

Podcast website

www.buzzsprout.com

Latest episode

Oct 28, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 10M+ downloads · 4.7+ rating iOS soon

Episodes

#042 - Traverser l'obscurité, pour retrouver sa lumiÚre (Interview mam Nathalie) 28.10.2026

Haut hunn ech d'Nathalie am Gespréich an hat zielt seng ganz perséinslech Liewensgeschicht. Mir schwÀtzen driwwer wéi d'Kandheet prÀgt, iwwert VerloschtÀngsch, Bezeihungen an déif Liewenskrisen. Iwwert de Mut sech selwer ze wielen an sain eegene Wee ze goen. Mir schwÀtzen iwwert d'Spiritualitéit, d'Bewosstsinn an déi perséinlech Transformatioun. Du fenns d'Nathalie op Inst...

Bonnie's Magic Moments - Merci Vergangenheet, ech gi weider. 21.10.2026
#041 - Tëscht de Beem zréck zu Dir (Interview mam Catalina) 07.10.2026

Haut hunn ech d'Catalina Kirsch bei mir am Podcast an eise Studio befennt sech matten am Bësch. Eng immens heelend an entspanend Kuliss. D'Catalina zielt eis wéi de Bëscht eis zu eis selwer bréngt a wéi mir Stéck vir Stéck méi an d'Verbindung zu eis selwer kommen. Mir schwÀtzen iwwert d'weiblech Energie, iwwert d'Verbindung zur GebÀrmutter a wat alles esou sech verÀnnere k...

#040 - Wee bass du wann sech alles verÀnnert? (Interview mam Nena) 23.09.2026

Haut hunn ech d’Nena  bei mir am Podcast an hat zielt seng ganz persĂ©inlech Geschicht. WĂ©i schnell sech am Liewen alles ka verĂ€nneren a naischt mĂ©i bleiwt wĂ©i et war. D’Nena huet ee Schlach hannert sech, huet een Deel vu senger MĂ©moire verluer an liewt mat da Diagnose Multiple Sklerose. Mir schwĂ€tzen iwwert Angscht, Verloscht, IdentitĂ©it an d’Fro: Wie sinn ech eigentlech, wa main alt Liewen esou n...

Bonnie's Magic Moments - Iwwert Bezeihungsdynamiken 07.09.2026
Bonnie's Magic Moments - Denk emmer rem mol un dech 01.09.2026
Bonnie's Magic Moments - Wann Léift wielen Lassloossen heescht 25.08.2026
#039 - Deng kloër Entscheedung verÀnnert alles 19.08.2026

Elo ass et u mir mech erem mol AUSzeschwÀtzen :) Meng lescht Méint waren herausfuerdernd an ech hu missten Entscheedungen treffen. An dat einfach zackeg a schnell. Net ze lang iwwerleen mee handelen a vir eppes lass goen. An dëser Episode zielen ech da mol bessi wat sou lass war a wat mengem Liewen Turbulenze bruecht huet. Ech gi mat dir duech meng Story an wéi ech Entscheedungen treffen an dat oc...

#038 - Zréck an de Kierper & an d'Vertrauen (Interview mam Sandy) 29.07.2026

An dëser Episode hunn ech d'Sandy Girotto bei mir am Podcast. D'Sandy ass d'Grënnerin vun Naturinstinkt a mir schwÀtzen iwwert d'Weisheet vum Kierper, iwwert d'Vertrauen, d'Naturverbonnenheet an doriwer wéivill Kraft ensteet wa mir leieren erem op eis selwer ze lauschteren. Mir tauchen an d'Welt vu Schwangerschaft, Gebuert a Begleedung. Mir schwÀtzen iwwert Glawe...

#037 - 7 Magic Tools vir turbulent Zeiten 15.07.2026

Ech hat jo eng kuez Podcastpaus well et a mengem Liewen bessi gestiermt huet. All Stuerm ass vir mech a leed mech a meng hëchste Versioun vu mir selwer. Ech gi gaere voll vir mech lass an Herrausfuerderungen ennerstetzen eis an eis StÀrkt ze kommen. Mut ze hunn vir eis lasszegoen a vir lass ze loossen wat eis dorunner hënnert. Ech deelen an dëser Episode 7 Tipps déi mech duech turbulent Zeite bren...

#036 - Iwwer Spiritualitéit, d'Liewen & sech selwer fannen (Interview mam Gilles Stahl) 01.07.2026

Haut hunn ech de Gilles Stahl bei mir am Zréck zu Dir Podcast. De Gilles huet schnell gemierkt, dass hien méi wéi aner Menschen wouer hellt an, dass do méi ass wéi nemmen dat wat mir mat eisen Aan gesinn. Hien erzielt sai Parcours an wéi hien Menschen begleed vir méi no bei sech selwer ze kommen. Mir schwÀtzen iwwert Spiritualitéit, iwwert d'Donkelseiten vun da Spiritualitéit, iwwert d'L...

Bonnie's Magic Moments - Mech voll a ganz weisen 15.05.2026
#035 - Am Chaos & Wandel - Hal dech selwer (Medi) 06.05.2026

Turbulent & transformatif Zeiten. Net nemme bei mir mee ech gesin bei ganz ville Léit vill Wandel. Genau dowéinst ass dës Folg kuez a knapp an ee Moment vir eis Kraft, eis selwer ze spieren. Wa mir emmer kléng Momenter vir eis huelen an eis Kraftmomenter eieren da kenne mir Chaos besser halen. Alles ass an dir. Du bass esou stark an ausdauerend. Komm hei an huel dir dain Auszeitsmoment vir kra...

#034 - Mech net verléieren an da Léift 22.04.2026

Mech net verléieren an da Léift D'Verbindung zu sech selwer halen och wann een aner Menschen ganz vill gÀren huet. Verbindung zu sech selwer halen a verbonne sinn mat dengem Geigeniwer. Ech quatschen an dëser Episode bessi iwwert al Muster, Attachment, Erwardungen, Werter & Grenzen a wat mir wichteg an enger Bezeihung ass. Partnerschaftlech Bezeihung, frëndschaftlech Bezeihungen an famili...

Bonnie's Magic Moments - Wann alles sech verÀnnert 14.04.2026
#033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick) 08.04.2026

An dĂ«ser Episode hunn ech de Yannick Gaspar als Gascht am ZrĂ©ck zu Dir Podcast a mir schwĂ€tzen iwwert ee wichtegt Thema - Suizid. De Yannick deelt seng persĂ©inlech Geschicht vun dĂ©iwem Schmerz, ennere KĂ€mpf an vun deene Momenter wou hien sech gĂ©int d’Liewen an dann awer vir d’Liewen entscheed huet. Mir schwĂ€tzen driwer, - wĂ©i et sech ufillt wann alles zevill ass - wat an engem Mensch wirklech virg...

#032 - Virwat mir eis verléieren - A wéi Achtsamkeet eis zréck Heem feiert (Interview mam Nathalie Krier) 25.03.2026

Haut hunn ech d'Nathalie Krier am Gespréich a mir schwÀtzen doriwwer wéi mir méi déif a Verbindung mat eis selwer kenne kommen. Mir si gewinnt ze Rennen, ze Funktionéieren, ze Optiméieren an mir fillen eis getrennt. Oofgetrennt vun aisem Kierper, aise Gefiller, vum Moment. Virwat ass dat sou? Wéini hu mir dat esou décidéiert? A wéi fÀnke mir un nees Verbindung ze wielen? D'Nathalie an ec...

Bonnie's Magic Moments - Prayer vir Vertrauen & Wonner 16.03.2026
#031 - Vun Trauma, Angscht & Panikattacken (Interview mam Xenia) 11.03.2026

An dĂ«ser Episode hunn ech d’XĂ©nia bei mir am ZrĂ©ck zu Dir Podcast. Hat zielt ais vu sengem Trauma an d’Auswierkungen dorober. WĂ©i et verzweifelt gĂ©int seng Panikattacke gekĂ€mpft huet an sech emmer mĂ©i aus dem Liewen zrĂ©ckgezunn huet. Wat war den DrĂ©ipunkt wou d’XĂ©nia Stop gesot huet? WĂ©i geseit sain Heelungswee aus? WĂ©i geet et haut mat Herausfuerderungen em? Mir schwĂ€tzen iwwert Hoffnung, Heelung...

Bonnie's Magic Moments - Morning Prayer 09.03.2026
Bonnie's Magic Moments - Ech schwÀtzen. Ech sinn. Ech stinn. 02.03.2026
#030 - Liebessprochen an Familjen & am Alldag (Interview mam Fabienne) 25.02.2026

An dëser Episode hunn ech d'Fabienne Weber am Gespréich. Mir schwÀtzen iwwert d'Liebessprochen a wéi dës aist Familjeliewen, ais Partnerschaften an aisen Alldag beaflossen.  D'Fabienne ass Joffer & Familiencoach a begleed Familjen zréck an d'Verbindung. Dorëms geet et an d'Verbindung ze goen an genau nozelauschteren. Ais selwer an aisem Geigeniwwer. Dem Fabienne sai Ko...

Bonnie's Magic Moments - Du bass Licht 17.02.2026
#029 - De Wee aus da HĂ€uslecher Gewalt (Interview mam Isabelle) 11.02.2026

Triggeralarm Dës Episode kann bereieren an eppes ausleisen. D'Isabelle erzielt vu senger Zeit wou et gefange war an den eegene 4 WÀnn. Am permanenten Alarmzoustand an an da Angscht déi nÀchst Schlei ze kréien. Gewalt am Alldag. Gewalt als Normalzoustand. D'Isabelle huet de Wee aus dëser Gewalt fonnt an huet een immense Mut op dësem Wee entwéckelt. Eng grouss Léift zum Liewen an zu sech s...

Bonnie‘s Magic Moments - Wiel Vertrauen 05.02.2026

Bonnie’s Magic Moments ass dai Raum vir Wonner ✹ Dai Raum vir dech & mech. Ee Moment Verbindung. ErĂ«nneren. Ech deelen hei mat dir kuerz Impulser, Ding Dongs, Gebieder, Affirmatiounen an alles wat an d’Welt well. KlĂ©ng Momenter vir zrĂ©ck an d’Verbindung zu dir, zum Liewen, zur Magie vum Moment đŸ’« Momenter dĂ©i dech rem drun erĂ«nneren wous du wirklech wells hin an dir erlaben dech richteg ausze...

Listen to the Zréck Zu Dir Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.