radio 100,7

Wat s de net sees!

News LB ↓ 50 episodes

Sprooch, Méisproochegkeet, Lëtzebuergesch ... Eng Emissioun fir all sproochbegeeschtert Persoun

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jul 9, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Chrëschtdagslektür: Lëtzebuergesch. Vom Schnëssen und Schneeken 11.12.2025

D’Nathalie Entringer schwätzt an dëser Episod iwwer e flott a kompakt Buch, dat si zesumme mam Sam Mersch geschriwwen huet an dat am September beim Duden (Cornelsen Verlag) erauskoum.

Vu gefëllte Croissanten a selwergemaachte Boxemännercher 04.12.2025

An dëser Episod geet et ëm Grammaire, Variatioun an der Sprooch an den LOD. D’Nathalie Entringer erkläert eis, firwat verschidde Leit e gefëllten, anerer awer e gefëlltene Croissant iessen a wat fir Informatiounen een iwwer dëse Phänomeen am LOD fënnt.

Spréch a Riedewendungen am Lëtzebuergeschen an am Engleschen: Deel 3 27.11.2025

D’Sarah Hess an de Christopher Morse kucke sech e puer bekannt Spréch un a probéieren, méi iwwer d’Urspréng erauszefannen.

Queesch duerch den Déieregaart 20.11.2025

Wat ass eng Waasserjoffer, wat mécht e Päerd, wann et hénkelt, wat huet et mam Sproch “dat deet de Bock schnadderen“ op sech? Op dës Froe gëtt et am fuschneie Buch “Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen“, dat mir haut virgestallt kréien, eng Äntwert.

Nach méi Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen 13.11.2025

An dëser Episod schwätzen d’Sarah Hess an de Christopher Morse iwwer Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen.

Duschgel oder Duuschgeel? 06.11.2025

An dëser Episod dréit sech alles ëm d’Wuert "Duschgel“: Wéi eng verschidden Aussprooche ginn et bei deem Wuert, wéi ass de Pluriel a wéi gëtt et geschriwwen? Dat alles gëtt een am LOD gewuer.

Wierder, déi et net an den LOD gepackt hunn 30.10.2025

An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi iwwer de Formulaire "e Wuert virschloen“ um Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) erageschéckt goufen an et awer net an den LOD gepackt hunn.

Maschinell Iwwersetzung am Lëtzebuergeschen 23.10.2025

An dëser Episod schwätze mer iwwer d’Theema maschinell Iwwersetzung am Lëtzebuergeschen. Wéi gutt kënne Computerprogrammer aus dem Lëtzebuergeschen an aner Sproochen – respektiv ëmgekéiert – iwwersetzen? Wat brauch et, fir d’Algorithmen an Zukunft besser ze maachen, wéi gesäit d’Iwwersetzungsbranche vu muer aus?

En Tour duerch d’Stater Infoboxen am LOD – 2/2 16.10.2025

Wouhier kënnt den Numm „Knuedler“? A wéi eng Stater Bréck huet am Ganzen dräi Nimm? An de kulturhistoreschen Infoboxe vum LOD fannt Dir d’Äntwerten op dës an nach aner Froen.

En Tour duerch d’Stater Infoboxen am LOD - 1/2 09.10.2025

Wéi e Weltrekord huet d’Nei Bréck jorelaang gehalen? A wéi ee bekannte Komponist hat am Stater Casino säi leschten Optrëtt? An de kulturhistoreschen Infoboxe vum LOD fannt Dir d’Äntwerten op dës an nach aner Froen.

Mir gi liesen! 02.10.2025

Wat huet et mat deem "liesen“ op sech? Wat sinn "Herschtleit“, wat ass eng "Hatt“? Op all dës Froe gëtt et eng Äntwert vum Armand Becker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen: Deel 1 25.09.2025

Een Af mécht der honnert – one monkey makes a hundred? An dëser Episod schwätzen d’Sarah Hess an de Christopher Morse iwwer Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen.

Wat ass eng Schmis? 18.09.2025

An dëser Episod dréit sech alles ëm d’Wuert "Schmis“: Wéi eng verschidde Bedeitungen huet d’Wuert a wéi gëtt et geschriwwen? Dat alles gëtt een am LOD gewuer.

Wat fir eng Zort Dictionnaire ass den LOD? 09.07.2025

An dëser Episod kucke mir eis un, wéi eng Zorte vun Dictionnairen et eigentlech gëtt an a wéi eng Kategorie de Lëtzebuerger Online Dictionnaire fält. Wat ënnerscheet den LOD vun anere bekannten Dictionnairë wéi zum Beispill dem Duden oder dem Langenscheidt?

E Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS: déi administrativ Gestioun 02.07.2025

Mir geheien e Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS a schwätze mat der Noémie Santos doriwwer, wat hir Aufgaben als administrativ Gestionnairin am ZLS sinn. Wéi eng administrativ Aarbechte falen am ZLS esou un an inwifern sinn dës néideg, fir dem ZLS seng Missiounen ze erméiglechen?

E Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS: d’Orthografie 25.06.2025

Mir geheien e Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS a schwätze mam Helmuth Sperl doriwwer, wat seng Aufgaben als Linguist am ZLS sinn. Wat fir Aarbechte falen am Beräich Orthografie un? Wéi gëtt un dësen Dossiere geschafft?

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire am Iwwerbléck 18.06.2025

Wosst Dir, datt een am LOD op verschiddene Sprooche kann no Wierder sichen? A kennt Dir d’Funktioun vun der “erweiderter Sich“ am LOD? An dëser Episod gitt Dir gewuer, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire alles kann.

Kënne kommen oder komme kënnen? 11.06.2025

Wat ass e Modalverb a wuer setzt een et? Wéi ënnerscheet d’Lëtzebuerger Sprooch sech an där Hisiicht vum Däitschen, vum Franséischen a vun anere Sproochen? Dat alles kucke mir eis unhand vu Beispiller un ... a begéinen dobäi souguer eng Kéier dem Meeschter Yoda!

Wuertvirschléi fir den LOD: Wierder aus dem Alldag 04.06.2025

An dëser Episod geet et ëm Wierder aus dem Alldag, déi iwwer de Formulaire "e Wuert virschloen“ um Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) erageschéckt goufen. Wéi eng gängeg Wierder vermëssen d’Leit am LOD a wéi eng koume rezent bäi?

Familljenintern Sprooch 28.05.2025

An dëser Episod schwätze mer iwwer familljenintern Sprooch, also Wierder an Ausdréck, déi just an der Famill bekannt sinn a just do benotzt ginn. Wéi entsteet esou eng Sprooch, firwat ass se wichteg a wat sinn e puer Beispiller?

D'Kategorien am Lëtzebuerger Online Dictionnaire 21.05.2025

An dëser Episod kréie mir e klengen Abléck an d’Kategorien am LOD. Wat ass eng Kategorie, wou fënnt ee se a wéi vill gëtt et der? A mir gi gewuer, a wéi enger Kategorie d’Wierder "Noutbrems“ a "Pressing“ hir Plaz hunn.

Pärele vun der ZLS-Hotline 14.05.2025

An dëser Episod kréie mir nees e klengen Abléck an d’Hotline vum ZLS. Jidderee ka sech nämlech iwwer lod@lod.lu mat Froen iwwer d’Lëtzebuergescht beim ZLS mellen. Dës Kéier huet d’Sara Martin eng Fro iwwer eng Fruucht matbruecht: Ass et “e Kiwi“ oder “eng Kiwi“?

Vu Kierchen bis op Zowaasch: En Tuer duerch d'Uertschaften am LOD 07.05.2025

Wéi ass de lëtzebuergeschen Numm fir “Troisvierges”? Gëtt et fir “Buerglënster” nach en aneren Numm? Kënnt een “aus Éinen“ oder “vun Éinen“? Wéi gouf déi offiziell Schreifweis vun de Lëtzebuerger Uertschafte festgeluecht? Op all dës Froe gëtt et hei eng Äntwert.

Wéi ginn d’Audioe vun de Beispillssätz am LOD opgeholl? 30.04.2025

An dëser Episod geet et ëm d’Audio-Opname vun de Beispillssätz, déi een am Lëtzebuerger Online Dictionnaire mëttlerweil bei enger ganzer Partie Artikele fënnt, an ëm d’Aarbecht, déi derhannertstécht.

Nach Wierder, déi (relativ) rezent an den LOD opgeholl goufen 23.04.2025

Am LOD fënnt een zwar mëttlerweil schonn iwwer 33.000 Wierder, mee et kommen och ëmmer weiderer derbäi. An dëser Episod ginn zwee esou Wierder presentéiert: "Ritschratsch“ an "ula“.

Listen to the Wat s de net sees! podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.